top of page
  • Rick

Wat bestemmt den Uelegpräis?


An der Lescht gëtt an den Medien des öfteren iwwert d’Bensin an Mazout Präisser geschwat. Mee wisou ass Ueleg eigentlech esou wichteg fir déi global Ekonomie an wisou ass den Uelegpräis momentan esou niddereg?

Ueleg ass eng vun den wichtegsten Sourcen vun Energie an gëtt als Basis vir en Groussdeel vun Produiten gebraucht: vum Bensin deen Autoen, Camionen, Baggeren an Fligeren undreift, bis zu den verschiddensten Plastiksartikelen deenen een am Alldag begéint. Dëst mëscht Ueleg, an méi spezifesch den Uelegpräis, esou een wichtegen Faktor vir déi global Ekonomie.

Wann d’Uelegpräisser an d’Luucht ginn bréngt dat méi héich Käschten vir d’Produzenten/Firmaen mat sech, wat dann zu méi niddregen Beneficer oder méi héijen Präiser fir Konsumenten féiert. Wann d’Uelegpräisser falen, dann falen d’Bensins- an Heizkäschten fir d’Konsumenten. Mat den Suen déi d’Leit spueren kënnen si dann aner Saachen kafen, wat d’Demande fir aner Produit’en an d’Luucht hieft.

Den Graphique weist dass den Uelegpräis vun méi wéi 110 $ pro Barrel ob ëm 50$ pro Barrel gefall ass.

Fir dëst ze verstoen, muss een wëssen, dass am Normalfall den Preis vun engem Produit duerch d’Offer an Demande festgeluecht gëtt. Wann d’Offer erop oder d’Demande erof geet, dann ass méi vun engem Produit am Marché wéi gebraucht gëtt. En Verkeefer kann net méi souvill Suen froen, well den Keefer den Choix huet bei wiem hien den Produit keeft.

Op der Säit vun der Offer, ass d’OPEC ganz wichteg. D’OPEC ass en Groupe vun 13 Länner déi 42% vum weltwäiten Ueleg produzéieren. Dowéinst kann een d’OPEC als Kartell bezeechnen. Dat bedeit, dat si an enger Positioun sinn, wou hir Aktiounen direkt den Preis beaflossen. Wann si bewosst wéineg produzéieren, bleift den Uelechpreis héich.

Dëst fonctionnéiert awer net méi. Engersäits sinn sech d’OPEC-Länner net méi eens wéi vill si produzéieren sollen. Well all Land probéiert esouvill wei méiglech ze verkafen, gëtt et méi Ueleg ze kafen an den Preis fält. Anerersäits, gëtt et och méi Ueleg um Marché wéinst der amerikanescher Fracking-industrie.

Als Reaktioun dorop huet Saudi-Arabien seng Produktioun an d’Luucht gesat. Well et dann nach méi Ueleg ze kafen gëtt, soll den Preis nach méi falen. Saudi-Arabien huet gehofft domadder déi amerikanesch Fracking-Industrie onprofitabel ze maachen. Och wann dat kuerzfristeg zu Verloschter feiert, hätt dëst den OPEC-Länner erméiglecht eng méi grouss Partie vum Marché ze kontrolléieren. Wann dann bis déi aner Produzenten faillite sinn, hätten si d’Produktioun erëm reduzéiert an den Preis an d’Luucht gedriwwen. Dësen Plang ass awer net opgaangen. Eng Rei vun technologeschen Entwécklungen huet et den amerikaneschen Produzenten erméiglecht weider profitabel ze bleiwen.

Mee den Uelegpräis ass och gefall wéinst enger liichter Reduktioun an der Demande. Éischtens wiisst d’Ekonomie an Europa an China net méi sou wéi virdrun. Wann manner produzéiert gëtt, gëtt och manner Ueleg gebraucht. Ausserdeem ginn Autoen an Fligeren ëmmer méi effizient an brauchen manner Ueleg. Een schwaachen Wirtschaftswuesstem an Europa an an den Schwellelänner, kombinéiert mat ëmmer méi effizienten Autoen, Fligeren etc. huet dozou gefouert dass d’Demande fir Ueleg licht méi schwaach gewuess ass wéi an der Vergaangenheet.

Als Conclusioun kann een dann soen dass eng niddreg Demande gekoppelt mat enger ze grousser Offer d’Ulegpräisser niddreg hält.

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: bloomberg.com

- Bild 2: opec.com

#Ekonomie #Ueleg #OPEC #Amerika

15 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page