top of page
  • Sarah

Neit Aarbechtsgesetz an Frankräich


D’Raffinerien si blockéiert, d’Aarbechter ginn op d’Strooss an d’Produktioun vun den Atomkraaftwierker soll erofgedréint ginn: dat sinn e puer Auswierkungen déi d’Protester géint de Gesetzesentworf zum Aarbechtsgesetz a Frankräich no sech zéien. Mä wéi genee ass et dozou komm, a wat steet an deem Entworf iwwerhaapt?

De Gesetzesentworf, och no der Aarbechtsministesch El Khomri genannt, gesäit Ännerungen am Aarbechtsgesetz fir. D’Aarbechtsgesetz besteet aus legislativen a reglementären Texter, déi d’Aarbechtsrechter betreffen an ëmsetzen. Ziel vum neie Gesetz ass et, den Entreprisen méi Fräiheeten ze loossen, woumat d’Regierung d’Intentioun verfollegt, d’Entreprisen méi maartfäheg ze maachen a soumat d’Ekonomie unzekuerbelen. Allerdéngs kënnen dës Ännerungen och negativ Konsequenzen fir d’Salariéen hunn.

De Gesetzesentworf beinhalt e puer gréisser Ännerungen, wouvun déi zwou déi am stäerksten kritiséiert ginn déi folgend sinn:

  • Laut Artikel 2 sollen Accorden déi innerhalb vun Entreprisen iwwert d’Aarbechtszäiten getraff ginn elo iwwert Accorden vun den eenzelen Secteuren gestallt ginn. Domat gëtt d’Hierarchie renverséiert a kann dozou féieren, dass d’Gewerkschaften manner Afloss op d’Reegelungen hunn. Dësen Artikel betrëfft ënner anerem d’maximal Aarbechtsstonnen, d’Iwwerstonnen an de bezuelten Congé.

  • D’ Entreprisen kënnen hiren Mataarbechter no enger festgeluechter Unzuel vun Trimesteren mat schlechter Konjunktur kënnegen. An aneren Wieder heescht dat dass eng Firma méi einfach kann Leit entloossen wann si manner Emsaatz mécht.

Am Februar 2016 gouf en éischten Entworf zum Aarbechtsgesetz am franséischen Parlament, der Assemblée Nationale, deposéiert a gouf staark vun den Gewerkschaften kritiséiert. Doropshin gouf de 24. Mäerz eng nei Versioun deposéiert. D’Gewerkschaft CFDT (Confédéreation française démocratique du travail) ass mat der neier Versioun esou wäit averstanen, dass si sech net opposéieren. Déi gréissten Gewerkschaft a Frankräich, den CGT (Confédération générale du travail), allerdéngs sprécht sech staark géint den neien Entworf aus a wëll d’Gesetz verhënneren. D’Grënn heifir sinn haaptsächlech eben déi zwee genannten: d’Vereinfachung vun der Kënnegung aus ekonomeschen Grënn esou ewéi déi nei Entscheedungsgewalt vun den Entreprisen iwwert d’Aarbechtszäiten.

De Premierminister Manuel Valls huet dunn den 10. Mee 2016 annoncéiert, dass d’Regierung decidéiert huet den Artikel 49:3 vun der Konstitutioun a Kraaft ze setzen. Deemno ass et dem Gouvernement erlaabt, a bestëmmte Fäll de Vote vum Parlament un en Mësstrauensvote ze bannen. Wann d’Parlament an deem Fall nach ëmmer d’Gesetz blockéiert, muss d’Regierung automatesch demissionéieren.

Als Reaktioun op dem Premierminister seng Decisioun an aus der Onzefriddenheet mam Gesetzesentworf eraus huet de CGT zum Streik opgeruff. Zu Paräis, Bordeaux an Havre gouf beispillsweis demonstréiert, woubäi et och zu Gewaltausschreitungen komm ass. Zu Marseille, Bordeaux a Perpignan ginn d’Stroossen blockéiert, an vill Raffinerien am Land si mëttlerweil och vun den Demonstranten besat. Doduerch wäert Frankräich geschwënn d’Bensinsreserven ausgoen. Zousätzlech sollen elo och d’Atomkraaftwierker hier Produktioun erofschrauwen, wat eng Uschafung vu Stroum aus dem Ausland néideg maache kéint. Dat ganzt ass en enormt Drockmëttel vun der CGT, déi mat allen Mëttelen wëllen den Gouvernement dozou kréien den Gesetzesentworf zeréckzezéien.

Et bleift also ofzewaarden, wéi de Muechtkampf tëscht der Gewerkschaft an der Regierung sech elo weiderhin entwéckelt, a mat wat fir Konsequenzen d’franséischt Vollek nach konfrontéiert wäert ginn.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Eng Iwwersiicht iwwert déi aktuell Situatioun vun den Protester an den Kritiken:

https://www.tagesschau.de/ausland/arbeitsmarktreform-frankreich-107.html

- Eng kuerz Duerstellung vun der Problematik aus béiden Perspektiven.

http://www.nzz.ch/meinung/kommentare/mit-streiks-gegen-die-arbeitsmarktreform-sinnlose-machtprobe-in-frankreich-ld.84986

Franséisch:

- Méi détailléiert Informatiounen iwwert den Inhalt vum Gesetzesentworf.

http://droit-finances.commentcamarche.net/faq/52536-loi-el-khomri-loi-travail-ce-qui-va-changer

- Eng Erkläerung vum Artikel 49:3 vun der franséischer Konstitutioun an eng Begrënnung firwat den Manuel Valls dësen benotzt huet.

http://www.gouvernement.fr/l-article-49-3-comment-ca-marche

Englesch:

- Eng Erkläerung vun den Haaptmesuren am Gesetzesentworf an eng Virstellung vun den Haaptkritiker.

http://www.theguardian.com/world/2016/may/26/why-france-labour-reforms-proved-so-contentious

- Eng Duerstellung wéi déi franséisch Institutiounen mat den Protester ëmginn.

http://www.theguardian.com/world/2016/may/28/france-gripped-by-escalating-protests-over-labour-bill-police-woman-throw

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://i.tmgrup.com.tr/dailysabah/2016/03/09/HaberDetay/1457524705563.jpg

- Bild 2: http://medias.mensquare.com/wp-content/uploads/2015/04/07103638/manuel-valls.jpg

#Politik #Frankräich #Aarbechtsmaart

13 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page