D'Wahlen an Eisterräich

De leschte Sonnde war an Eisterräich déi zweet Stéchwahl fir d’Bundespresidentenwahl, well am eichte Wahlgang kee vun de 5 Kandidaten sech duerchsetze konnt. Zudeem waren dës Wahlen ënnert engem groussen Interessi vun internationalen a virun allem vun de lokale Medien verfollegt ginn. De Grond ass, dat fir déi éischten Kéier ee rietspopulistesche Politiker, Norbert Hofer (FPÖ), eng Chance hat d’Staatsoberhaupt an engem westlechen Land ze ginn. Säin Konkurrent an de Gewënner vun der Wahl ass den Alexander van der Bellen – vun de Gréngen ënnerstëtzt - gewiescht. D’Resultat ass mat 50,3% zu 49,7% fir den van der Bellen zimlech knapp gewiescht 49,7% zu 50,3%. An Stemmen ausgedréckt ass et een Ënnerscheed vun nëmmen 31.026. Wéi ass dat alles ofgelaf? An firwat ass déi Wahl och fir Europa sou wichteg gewiescht? Dat gëtt alles am Artikel wieder opgegraff.
Als éischt ginn mir op den Norbert Hofer an seng Partei FPÖ an. D’FPÖ gëtt oft als eng rietspopulistesch Partei bezeechent, well si eng Politik bedreift déi sech géint Auslänner, etabléiert Parteien an d’Europäesch Unioun stellt. Dobäi kommen nach vill Veruerteelunge vu Parteimemberen ënner anerem wéinst Verhetzung (Susanne Winter) an NS-Wiederbetätigung (John Gudenus). Den Norbert Hofer selwer, ass un groussen Deeler vum Parteiprogramm vun der FPÖ bedeelegt. Hien gehéiert zu der Burschenschaft Marko-Germania, déi steet fir dat däitscht Vollékstum, si erkennen eng eegen kulturell an éisträichesch Identitéit net un an bezeechnen déi éisträichesch Natioun als Fiktioun, déi säit 1945 existéiert. Dobäi huet hien eng auslännerfeindlech an EU kritesch Astellung. Am Parlament huet hien, zum Beispill, eng „Kornblume“ gedroen, déi als Nazi-Symbol gëllt.
De Gewënner an neie Bundespresident fir déi nächst 6 Joer ass awer den Alexander van der Bellen. Hien ass een Uni-Professer a war Parteichef bei den éisträichesche Gréngen an seng politesch Astellung ass proeuropäesch an oppen vis-à-vis vun Auslänner.
Hei ass d'Wahlergebnis opgedeelt op Regiounen:

An villen TV-Dueller hunn déi zwee Kandidaten debattéiert, woubäi et heiansdo mat brisanten Aussoen oder Verhalen zu Blamagë komm ass. Zum Beispill, huet den Norbert Hofer huet an enger Sendung gesot „Sie werden sich noch wundern“ wou en dorop higewisen ginn ass, dass d’Kompetenzen vum Bundespresident an Eisterräich limitéiert sinn. Déi grouss Blamage vun den zwee Kandidate war awer beim Sender ATV, wou d’Sendung ouni Moderator gelaf ass. Mee an der Mëtt vun der Sendung ass et mam Niveau schnell erof gaangen an si hunn sech géigesäiteg beleidegt. De Van der Bellen huet him de „Scheibenwischer“ gewisen, also ob den Hofer se net méi all hätt. Den Norbert Hofen huet als „oberlehrerhaft“ an him virgeworf alles nozesoen. Am grousse ganze war dat Duell den Medien no „Kindergarten-Niveau“.
Mee wat heescht dat knappt Resultat fir Europa? Vill europäesch Staaten respektiv Politiker hunn Angscht dat an hire Länner och eng rietspopulistesch Partei zu enger Gefor vun den etabléierte Parteien an dem demokrateschen System feiere kéint. Als Beispill kann een Däitschland huelen, wou d’AfD am Moment och ëmmer méi staark gëtt – oder Frankräich wou den Front National säit Joren ëmmer besser Resultater kritt. Als Grond fir dës Erfolleger ginn virun allem déi wuessend Onzefriddenheet mat der ekonomescher Situatioun, der Flüchtlingspolitik an dem Terrorismus genannt. Allerdéngs gesinn och vill aner Parteien an Politiker dës rietspopulistesch Parteien als eng Gefor fir d’Demokratie un an fäerten, dass hiren Erfolleg zu Konflikter féieren kéint, déi en sou net méi an Europa säit den 1930er Joren gesinn huet.
Zum Schluss wëlle mir nach drop hiweisen, dass dës Wahlen virun allem eppes weisen: wei wichteg et ass wielen ze goen. Wei een an Eisterräich gesäit, kann bei enger Wahl wierklech all Stëmm immens wichteg sinn. Dat weist, dass een sech ëmmer gutt iwwerleeën soll, wien ee wielt a firwat.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- Eng dubios Geschicht vum Norbert Hofer an engem TV Duell wou en iwwert seng Israel-Rees schwetzt.
http://www.salzburg24.at/was-hat-norbert-hofer-wirklich-am-tempelberg-gesehen/4727994
- En Artikel deen erkläert wei déi éisträichesch Gesellschaft gedeelt ass.
Franséisch:
- Een Artikel deen sech mat den Argumenter vun der Entwécklung vun den rietspopulisteschen Parteien auserneen setzt.
http://www.la-croix.com/Monde/Europe/Pourquoi-extreme-droite-progresse-Europe-2016-05-20-1200761507
- Eng Analys vum Chômage an Eisterräich am Zesummenhang mat den Wahlen.
Englesch:
- Een Artikel iwwert een vun den Haaptthemen vun den Wahlen: Migratioun.
- Een Artikel deen iwwert d'Zukunft vun der FPÖ spekuléiert.
Sourcen vir d'Biller:
- Bild 1: http://analyzingeurope.com/wp-content/uploads/2016/05/hofer.png
- Bild 2: http://wahl16.bmi.gv.at/