top of page
  • Kim

Wat ass den Zypern-Konflikt?


Medien mëllen de Sonndeg, dat am Zypernkonflikt ee grousse Schrëtt gemaach gouf fir eng Léisung ze fannen. Dëse sougenannten Zypernkonflikt existéiert scho méi wie 40 Joer. Zypern ass neemlech an zwee gedeelt. Wann ee vun der Republik Zypern schwätzt, ass et de südlechen griichesch-orthodoxen Deel vun der Insel an deen ass 2004 der EU bäigetrueden. Den nërdlechen Deel ass déi tierkesch-moslemesch Republik Nordzypern. Wéi ass dëse Konflikt entstanen? Wéi probéiert een dësen Konflikt ze léisen? Do wëlle mir dës Woch méi drop agoen.

Fir de Konflikt ze verstoe muss ee bis an déi britesch Kolonialzäit zeréck goen. Zypern war 1925 een Deel vun den briteschen Kolonien. Mee een Deel vun den Zypriote, déi sech „Enosis“ genannt hunn, wollten zu Griicheland gehéieren. Mee Groussbritannien huet déi Bewegung duerch eng diktatoresch Politik ënnerdréckt, well Zypern fir si ee strategesch wichtege Militärstützpunkt war. Dat huet sech beim Kale Krich an der NATO-Grënnung dann als richteg erwisen, well Groussbritannien hir Spionagefligeren an Atombomber zu Zypern stationéieren konnten.

Déi tierkesch Zypriote ware géint „Enosis“ an si waren dowéinst op der britescher Säit. Déi zwou Säiten hunn extra Kampforganisatione gegrënnt, „Enosis“ huet EOKA an déi tierkesch Zyprioten TMT. Des Konflikter si virun allem entstanen, well Groussbritannien Griicheland an d’Tierkei géinteneen ausgespillt huet, fir dat Zypern seng Onofhängegkeet net virun d’UN brénge kann.

1959 hunn Groussbritannien, Tierkei an Griicheland , ënnert dem Drock duerch d’USA dann een Kontrakt ënnerschriwwen, fir d’Republik Zypern als onofhängeg ze erklären. Mee de Staatspresident vu Zypern, Makarios, huet probéiert eng nei Verfassung duerchzebréngen, déi tierkesch Minoritéit ënnerdrécke sollt. Doduerch koum et zu immensen Attacken, déi nëmmen duerch een Agrëff vun den UNO-Friddenssoldaten zum Enn koumen. Als Léisung gouf dann d’Deelung vun der Insel ugekënnegt.

Ee wichtege Schrëtt fir eng Léisung war den Annan-Plang, deen nom deemolegen UN-Generalsekretär Kofi Annan benannt ass. Deen Plang huet virgesinn Zypern ze vereenegen, wann si an d’EU bäitrieden. Sou sollt Zypern dann als eng Confederatioun, wéi d’Schwäiz, opgebaut ginn. Mee déi griichesch Zyprioten, also de südlechen Deel huet mat Nee ofgestëmmt. Si hunn kritiséiert, dat de Plang hinnen net garantéiere kann erëm zréck an Nordzypern ze goen. Des Weideren hunn si Angscht gehat, dat déi Vereenegung fir si ze deier kéint sinn. Well de Referendum am Süden negativ ausgaangen ass, ass dann och just de südlechen Deel, Republik Zypern, an d’EU opgeholl ginn, wouduerch si mat EU-Gelder Hëllef kritt haten.

Ee weidere Punkt vun engem Léisungsvirschlo war am Joer 2008, do huet de nei gewielten griichesch-zyprioteschen Präsident Christofias an den tierkeschen Volleksgruppechef Talat decidéiert déi sougenannte „Gréng Linn“ an der Haaptstad opzemaachen. Doduerch kënnen déi tierkesch-moslemesch an déi griichesch-orthodox Zyprioten op déi aner Säit vun der Staat goen. Trotzdem ginn et nach Kontrolle bei dësen oppenen Punkten.

Dëse Sonndeg ass eng Pressepublikatioun vun den zypriotesche Medien verëffentlecht ginn. Do huet den tierkeschen-zypriotesche Volleksgruppechef Mustafa Akinci an den zypriotesche President Nikos Anastasiades matgedeelt, dass si bereet sinn hier Konflikter ze léisen. Si weisen sech an der Ëffentlechkeet zesummen a fir Neijorësusprooch hunn si sech fir eng Federatioun Zypern ausgeschwat.

Si mussen sech nach a verschidde Punkte fir de gemeinsame Wee eenegen. Am Moment sinn si op engem Wee fir Zypern ërem als een Staat ouni Grenzen a Maueren ze veränneren, Am Laf vun dësem Joer héiere mir bestëmmt méi konkret Pläng, sou dat an der EU keng gedeelte Länner méi existéieren.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Een Artikel aus dem Joer 1974, deen ganz gutt erkläert, wéi den Konflikt ugefaangen huet.

http://www.spiegel.de/spiegel/print/d-41659894.html

- Den Artikel geet op den Alldag vun den Mënschen an op hir Meenungen zur Situatioun an.

http://www.taz.de/!5189759/

Franséisch:

- An dësem Artikel geet et em d'Reouverture vun der Strooss "Ledra", déi als Symbol fir eng méiglech Vereenegung vun Zypern steet.

http://www.lefigaro.fr/international/2008/04/04/01003-20080404ARTFIG00016-la-rue-ledra-symbole-du-conflit-chypriote-est-rouverte.php

- Dësen Artikel analyséiert déi eenzel Punkten déi op eng méiglech Léisung vum Konflikt hiweisen.

http://www.latribune.fr/economie/union-europeenne/chypre-sera-t-elle-reunifiee-en-2016-539520.html

Englesch:

- Den Artikel weist, wéi sech déi zwee Akteuren probéieren zesummen ze weisen an wéi et zu enger Léisung kommen kéint.

http://www.theguardian.com/world/2015/may/31/mustafa-ankinci-advocates-focus-future-for-splintered-cyprus

- Den Artikel aus dem Joer 1997 weist wéi prekär d'Situatioun am Zypernkonflikt war.

http://www.independent.co.uk/news/uk/europes-coming-war-over-cyprus-1284661.html

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://blogs.reuters.com/photographers-blog/files/2014/04/New_12.jpg

- Bild 2: https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/96/Cyprus_districts_named.png/400px-Cyprus_districts_named.png

#Politik #EU #Zypern

8 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page