top of page
  • Kim

Vir- an Nodeeler vun Atomkraaft


D’lescht Woch war den 30ten Joresdag vun der Tschernobyl-Katastrophe. Virun 5 Joer huet dunn Fukushima fir Ëmweltverschmotzung a méiglech Konsequenze fir Mënschen duerch Radioaktivitéit gesuergt. Dowéinst huet, zum Beispill, Däitschland entscheed aus der Atomkraaft auszesteigen. Mee firwat ass Atomkraaft sou ëmstridden? An wat sinn d’Vir- an Nodeeler?

Als éischt muss een verstoen wéi een Atomkraaftwierk fonctionnéiert. Zum Beispill benotzen déi zwee an der Belge, zu Tihange an zu Doel, Drockwaasserreaktoren. Hei gëtt Waasser duerch d’Deelung vun Atomen erhëtzt, wat Waasserdamp produzéiert. Mat der Kraaft vum Waasserdamp gëtt eng Turbin bedriwwen déi duerch ee Generator Stroum produzéiert. Dat radioaktiivt Material wat hei benotz gëtt ass Uran – wat an sougenannten Brennstief am Waasser gehal gëtt fir ze verhënneren, dass si ze waarm ginn. Déi éischt Haaptgefor an der Atomkraaft ass d’Schwieregkeet vir d’Deelung vun Atomer ze kontrolléieren. Zweetens kann et zu enger Kernschmelz kommen, wann d’Brennstief ze waarm ginn. Et ass och hei wou d’Begrëffer GAU an Super-GAU wichteg ginn. Een GAU („Gößter Anzunehmender Unfall“) bedeit dass bei engem Accident nach kann verhënnert ginn, dass radioaktiv Strahlung an d’Ëmwelt austrëtt. Aneschters ass et bei engem Super-GAU, wou déi Schutzmechanismen dat net méi kennen garantéieren, wéi dat zum Beispill zu Tschernobyl oder Fukushima den Fall war.

Hei eng Kaart vun den Atomkraaftwierker an der Géigend vun Lëtzebuerg - rout sinn aktiv Atomzentralen; schwarz sinn ofgeschalt:

Déi belge Atomkraaftwierker Doel an Tihange besetzen kleng Rëss an hire Reakteren, wat méiglecherweis dozou féieren kann, dass d’Schutzmechanismen bei engem Accident net fonctionnéieren. Dowéinst ass Lëtzebuerg mat aner Länner fir en Ofschalten vun deenen zwee Atomkraaftwierker. An Frankräich ass Cattenom – wat direkt un der lëtzebuergescher Grenz läit – ënner Kritik. Hei huet Lëtzebuerg ugebueden Finanzmëttelen bereet ze stellen fir d’Atomkraaftwierk zou ze maachen. An béiden Fäll sinn all des Beméiungen bis elo ouni Resultat. Déi belge Regierung behaapt dass d'Atomkraaftwierker all Sécherheetstests bestanen hunn an dowéinst nach bis 2025 weiderlafen wäerten.

Mee firwat ginn et Länner déi un Atomkraaft festhalen? Als éischten Virdeel gëtt déi bëlleg Stroumproduktioun genannt. Entreprisen kennen vun den niddregen Stroumpräisser profitéieren vir méi bëlleg ze produzéieren, während et vir d’Konsumenten eng méi bëlleg Stroumrechnung bedeit. En zweeten Virdeel ass, dass et sech em eng verlässlech Energiesource handelt. En Atomkraaftwierk kann den ganzen Dag selwecht vill Energie produzéieren – wat erneierbar Energien net onbedéngt kennen. D’Atomenergie ass och attraktiv vir Länner déi wéineg aner Ressourcen hunn vir Energie ze produzéieren – sou wéi Japan. Schlussendlech ass et – verglach mat Kuelen oder Gas – eng méi ëmweltfrëndlech Energiesource.

Et gëtt allerdéngs och genuch Kritiken. Éischtens ass et net kloer, dass et manner kascht. D’Konstruktioun vun engem Atomkraaftwierk ass zum Beispill immens héich. An dann muss een och d’Käschten vir d’Entsuergung vum radioaktiven Offall dobäi rechnen. Et brauch vill Forschung vir ze kucken wou dësen Offall kann gelagert ginn – well en op eng Plaatz muss kommen wou déi richteg Gestengsaart virkënnt an keen Waasser eran kennt. Dat sougenannten Endlager – wat oft vum Staat bezuelt gëtt – muss dann och iwwert Milliounen Joer bestoen vir dass den Offall sech zersetzt. Eng zweet Kritik ass, dass d’Atomkraaft nëmmen méi ëmweltfrëndlech ass sou laang weder am Atomkraaftwierk, nach am Endlager, en Accident geschitt. Et ass hei wou neierdéngs och terroristesch Attacken wichteg ginn. No den Terror-Attacken zu Bréissel gouf an den Atomkraaftwierker d’Unzuel vun den Aarbechter reduzéiert vir se alleguerten ze iwwerpréiwen.

D’Atomkraaft wäert sécherlech nach een Thema bleiwen. Frankräich wëll zum Beispill en Endlager zu Bure bauen, wat lëtzebuergesch Politiker schonn kritiséiert hunn, well et no bei Lëtzebuerg läit.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel zu den Konsequenzen fir Tschernobyl 30 Joer no der Katastrophe.

http://www.faz.net/aktuell/gesellschaft/tschernobyl-atom-katastrophe-besuch-30-jahre-spaeter-14182711-p6.html

- En Artikel deen d'Roll vun der Atomenergie an Europa erkläert - och vis-à-vis vum Klimabilan.

http://www.welt.de/wirtschaft/article12806523/Vor-allem-Europa-ist-abhaengig-vom-Atomstrom.html

Franséisch:

- Konsequenzen vun Tschernobyl op d'Atomenergie an der Welt.

http://www.rtbf.be/info/dossier/30-ans-Tchernobyl/detail_l-impact-de-l-accident-de-tchernobyl-sur-le-nucleaire-dans-le-monde?id=9279421

- En kriteschen Artikel iwwert déi franséisch Energiepolitik.

http://www.lefigaro.fr/vox/politique/2014/08/01/31001-20140801ARTFIG00269-transition-energetique-le-nucleaire-la-mauvaise-cible.php

Englesch:

- Éisterräich an Lëtzebuerg sinn géint den Ausbau vun enger britescher Atomzentral, déi och vun EU-Mëttelen soll finanzéiert ginn.

http://www.theguardian.com/environment/2015/jan/21/austria-to-launch-lawsuit-hinkley-point-c-nuclear-subsidies

- En Artikel zu den Konsequenzen fir Tschernobyl 30 Joer no der Katastrophe.

http://www.mirror.co.uk/news/world-news/chernobyl-30-years-on-people-7864348

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/1/16/VOA_Markosian_-_Chernobyl02.jpg

- Bild 2: https://www.google.com/maps/d/viewer?mid=1oEnDHXcU0w7HcbkmtGssSXZm4UY

#Politik #Atomkraaft #Emwelt

30 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page