top of page

Wat ass den TTIP?


Dësen Weekend war den amerikaneschen President Obama op senger leschter Visite an Däitschland. Do huet en virun allem probéiert Werbung vir den Transatlantic Trade and Investment Partnership – kuerz TTIP – ze maachen. Mee et waren och bal 35’000 Leit op Hannover komm vir géint TTIP ze protestéieren, nodeems 2015 schonn 150’000 zu Berlin demonstréiert haten. Mee wat ass den TTIP? An firwat ass den Traité sou emstridden?

TTIP ass en Traité deen säit 2013 vun der Europäescher Unioun an Amerika verhandelt gëtt vir eng Fräihandelszone tëschent deenen zwee Akteuren ze schafen. Dat géif bedeiten, dass Produkter déi op enger vun den zwou Platzen geschaaft ginn kënnen ouni zousätzlech Steieren oder Bürokratie op der anerer Plaatz verkaf ginn. Den TTIP wier den gréissten Traité vun dëser Zort mat engem Marché vun iwwert 800 Milliounen Leit.

Den Obama an aner Supporteren vun TTIP sinn iwwerzeegt, dass esou en Traité géif dobäi hëllefen d’Welteconomie erëm un d’Wuessen ze bréngen – virun allem déi europäesch Economie soll dovunner profitéieren. Ausserdeem gëtt argumentéiert dass TTIP Milliounen Aarbechtsplazen op béiden Säiten vum Atlantik schafen géif. D’Supporteren vun TTIP verspriechen och, dass d’Konsumenten géifen méi Choix kréien tëschent Produkter wat hëllefen géif Präisser erof ze bréngen – well méi Kompetitioun em d’Konsumenten entsteet.

Allerdéngs gëtt et och Kritikpunkten um Traité. Den éischten betrëfft d’Verhandlungen selwer. Et gëtt kritiséiert, dass d’Verhandlungen streng geheim sinn. Souguer d’Parlamentarier aus den eenzelnen Länner – déi um Enn mussen iwwert den Traité ofstëmmen – hunn nëmmen limitéierten Zougang zu den Pabeieren. Si kennen nëmmen zu Bréissel an engem gesecherten Sall zu bestemmten Auerzäiten d’Texter liesen goen – ouni Méiglechkeet eppes ze kopéieren oder matzehuelen. Souguer doriwwer schwätzen ass hinnen verbueden.

Déi zwou aner Haaptkritiken fokusséieren sech op den Inhalt vun TTIP. Op der enger Säit gëtt am Traité eng Klausel verhandelt déi et Firmen erméiglecht Natiounen ze verkloen wann den Investitiounen onfair behandelt ginn. Op dëst den Fall ass entscheeden 3 Riichter, wou een vun der Firma genannt gëtt, een vun der Natioun an een vun den zwee zesummen. Et gëtt gefaart, dass Firmen sou eng Klausel benotzen kéinten vir demokratesch Entscheedungen iwwert Sozial- an Emweltsrechter erof ze dreiwen oder ze emgoen.

Eng lescht Kritik betrëfft en ähnlecht Thema. Fir dass eng Fräihandelszone funktionéiert, mussen Standarden an den Industrien gläichgestallt ginn. Et gëtt gefaart, dass dat an den meeschten Fäll dozou féiert, dass d’Länner sech op en méi niddregen Standard wéi den bisheregen an der EU eenegen. D’Géigner vun TTIP gesinn dës Gefor virun allem bei Standarden an Verbindung mat Gesondheets- an Ëmweltrisiken. Als speziellt Beispill gëtt oft d’Méiglechkeet geholl, dass den Traité den Verkaf vun genetesch modifizéiertem Iessen an der EU erlaben géif, well dëst vir verschidden Produkter an Amerika erlaabt ass.

Et ass schwéier ze soen ob TTIP méi Vir- oder Nodeeler bréngen géif. Zum Beispill gëtt et sou Investorenschutz-Klauselen schonn an aneren Kontrakter. Vattenfall huet Däitschland verklot well hier Investitiounen an zwee Atomkraaftwierker an Däitschland duerch den Ausstig aus der Atomenergie keen Profit wäerten bréngen. D’Verteideger vun TTIP soen dass déi Klauselen déi et bis elo gëtt, net dozou gefouert hunn, dass Firmen d’Kontroll iwwert enger Natioun hir Politik hunn.

Et ass allerdéngs kloer, dass d’Verhandlungen iwwert TTIP am nächsten Joer nach oft wäerten an den Noriichten sinn – wat et ëmsou méi wichteg mécht ze verstoen wat den Traité ass an wat d’Argumenter op béiden Säiten sinn.

Hei en kuerzen Video deen TTIP ganz gutt mat Biller erkläert:

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Feature vun der FAZ iwwert d'Vir- an Nodeeler vun TTIP.

http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/ttip-und-freihandel/freihandelsabkommen-ttip-vorteile-und-nachteile-13409629.html

- En Artikel iwwert d'Skepsis an Däitschland an Amerika iwwert TTIP.

http://www.spiegel.de/politik/deutschland/ttip-angst-und-skepsis-vor-freihandelsabkommen-waechst-a-1088392.html

Franséisch:

- En Artikel deen alles wat wichteg ass vun TTIP resuméiert.

http://www.lemonde.fr/les-decodeurs/article/2015/10/13/si-vous-n-avez-rien-suivi-au-tafta-le-grand-traite-qui-effraie_4788413_4355770.html

- En Interview mam franséischen Professor Frédéric Farah, deen TTIP an engem Buch kritiséiert.

http://www.liberation.fr/planete/2016/04/25/tafta-l-augmentation-du-pouvoir-d-achat-ici-et-la-bas-est-un-vaste-mensonge_1448527

Englesch:

- End détailléiert Iwwersiicht vun TTIP: vun den wichtegsten Industiren am Traité bis zu den Positiounen vun eenzelnen Politiker.

http://www.bbc.co.uk/news/uk-politics-30493297

- En Artikel deen eng Reih vun Kritikpunkten iwwert TTIP analyséiert.

http://www.theguardian.com/business/2016/jan/02/ttip-terms-growth-markets-worker-protection

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://static.independent.co.uk/s3fs-public/styles/article_large/public/thumbnails/image/2016/04/25/10/obama-merkel-ttip.jpg

- Bild 2: http://economyincrisis.org/wp-content/uploads/2013/11/TTIP-map.jpg

#Politik #TTIP #EU #Amerika

21 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page