Wat ass d'Böhmermann-Affaire?

An de leschten Deeg koum et zu enger hëtzeger Discussioun iwwert d’Tierkei an hiren Ëmgang mat der Pressefräiheet. Et ass vun „extra 3“, dem EU-Tierkei Deal, Jan Böhmermann Schmähkritik an Majestéitsbeleidegung geschwat ginn. An dat Ganzt an engem hekteschen Chaos, wou et schwéier ass duerchzeblécken – dofir hei eis Erklärung zu der ganzer Affaire.
Als éischt huet eng Satire Show (extra3) een Video iwwert den türkeschen President Erdogan verëffentlecht. Den President huet sech vun deem Video ugegraff gefillt an huet den däitschen Botschafter aberuff. Doropshin huet den Jan Böhmermann an senger Show mat der sougenannter „Schmähkritik“ een Beispill ginn, wéieng Aart vu Satire an der Ëffentlechkeet verbueden ass. Well dës „Schmähkritik“ och em den President Erdogan goung, huet hien sech ugegraff gefillt an op een däitscht Gesetz (Paragraph 103-Beleidegung vun auslännesche Staatsoberhäupter) beruff an zousätzlech nach eng perséinlech Uklo géint den Jan Böhmermann gemaach. Déi däitsch Bundeskanzlerin ass kritiséiert ginn, well si sech per Telefon mam türkesche Ministerpresident Ahmet Davutoglu iwwert d’Sendung ënnerhalen huet an si sot dat et sech ëm ee „bewosst verletzenden Text“ handelt an well si hiren Accord ginn huet, dass d’Justiz den Fall op „Majestätsbeleidegung“ ënnersichen kann.
Als Verständnis muss een verstoen wou den Ënnerscheed zwëschen Satire an Schmähkritik läit. Satire ass eng Konschtform, déi probéiert politesch-gesellschaftlech oder allgemeng Problemer an enger ironescher, heiansdo iwwerdriwwener Aart an Weis ze kritiséieren oder dorop opmierksam ze maachen. Eng Schmähkritik ass, wann et sech ëm eng reng Beleidegung handelt, an et sech net méi kritesch mat engem Inhalt beschäftegt.

Den Paragraph 103 – op deen sech den President Erdogan berifft – gouf 1871 agefouert, fir déi auslännesch Monarchen virun Beleidegungen ze schützen. Bei enger Beleidegung vun engem auslänneschen Monarchen hätt et déi Zäit schnell zu engem Krich kommen kënnen. Dowéinst gëtt och vun „Majestéitsbeleidegung“ geschwat.
Den Fall ass virun allem aus zwee Grënn immens brisant. Éischtens sinn vill Leit iwwerzeegt, dass d’Tierkei Däitschland keng Lektiounen ze ginn huet wann et em d’Press geet. D’Pressefräiheet an der Tierkei ass an engem internationale Ranking vun der Organisatioun „Reporter ohne Grenzen“ op d’Plaatz 149/180 geranked ginn. Et ginn lauter Beispiller wéi d’Regierung d’Pressefräiheet aschränkt. Zwee türkesche Journalisten droe wahrscheinlech liewenslänglech Prisong, well si iwwert Waffeliwwerunge vun der Tierkei un islamistesch syresch Rebelle geschriwwen haten. Dobäi kënnt nach, dat Tierkei streng Internetgesetzer huet, wouduerch 2014 Twitter kuerzzäiteg gesperrt gouf. Déi auslännesch Journaliste kënnen hiren Beruff och net richteg ausüben – zum Beispill krut een Spiegel-Journalist keng Erlaabnis méi fir an der Tierkei schaffen ze kënnen.
Den zweeten Grond ass, dass vill Leit der Meenung sinn, dass den President Erdogan probéiert d’Kanzlerin Merkel an Däitschland ze erpressen. D’Tierkei spillt nämlech am Moment eng wichteg Roll fir d’Europäesch Unioun, well den EU-Tierkei-Deal beschloss ginn ass. Den EU-Tierkei-Deal ass een Ofkommes wou Däitschland Leit déi keng Chance op Asyl hunn an d’Tierkei ausweist an dofir am Géigenzuch Flüchtlingen aus der Tierkei ophëllt. Donieft kritt Tierkei bis 2018 6 Mrd. Euro, d’ EU-Bäitrëttsverhandlunge ginn liicht beschleunegt an déi tierkesch Bierger sollen ouni Visum an d’EU verreesen kënnen.
Well déi däitsch Justiz iwwert den Jan Böhmermann réischt ugefaangen huet ze ermëttelen an d’EU den Deal mat der Tierkei net op d’Spill setzen well, wäert dat Thema och an den nächsten Wochen nach fir Noriichten suergen.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- En Artikel iwwert eng Norwegesch Journalistin déi net méi an der Tierkei dierf schaffen.
- Eng Iwwersiicht vun verschiddenen Usiichten zur Affaire.
http://www.br.de/nachrichten/tuerkei-erdogan-satire-100.html
Franséisch:
- En Artikel iwwert d'tierkesch Zeitung "Zaman" déi vun der Police gestiermt gouf.
- En Artikel iwwert d'Pressefräiheet an der Tierkei an déi negativ Auswirkungen dofunner op en méiglechen EU-Bäitrett vun der Tierkei.
http://fr.euronews.com/2016/03/08/presse-bafouee-la-turquie-s-eloigne-d-une-adhesion-a-l-ue/
Englesch:
- En kriteschen Artikel iwwert d'Reaktioun vun der Kanzlerin Merkel.
- En Artikel deen d'Reaktioun vun der EU kritiséiert.
Source vun den Biller:
- Bild 2: http://image1-cdn.n24.de/image/7466830/3/large16x9/yss/erdogan_620x349.jpg