top of page

Wat sinn d'Panama Papers?


Dës Woch widmen mir eis engem méi ökonomeschen, mee dofir net manner brisanten Thema: den Panama Papers. Hei geet et em Daten aus Panama, déi den 3. Abrëll erauskomm sinn an déi iwwert 11 Milliounen Dokumenter vun engem Affekoten-Bureau beinhalten. Den Bureau Mossack Fonseca huet iwwert 500 Banken weltwäit dobäi gehollef 214.000 “offshore”-Firmen ze etabléieren. Mee wat ass hei den Problem an wat sinn d’Konsequenzen vun dësen Enthüllungen?

Dat Wichtegst ass ze verstoen, wat “offshore” bedeit. Dat sinn Länner oder aner kleng Territoiren, déi versichen mat manner strengen Reegelen an méi niddregen Steieren Firmen an Privatpersounen dozou ze bréngen hir Gewënner bei hinnen ze verbuchen am Plaatz do wou se produzéiert goufen. En Beispill hëlleft dat ze verdäitlechen: eng Firma aus engem Land wou se d’Steieren ze héich oder d’Reegelen ze streng fënnt, ännert hir intern Struktur sou, dass een Deel an engem méi attraktiven Land ass wou dann der Firma hir Gewënner versteiert an regléiert ginn.

D’Problematik entsteet bei den Grënn firwat Firmen an Privatpersounen sech fir sou Strukturen entscheeden. Et ass wichteg ze betounen, dass d’Existenz vun enger Firma an engem “offshore” Gebiet net ëmmer illegal ass. Zum Beispill schafen Firmen aus onsécheren Länner heiansdo esou eng “offshore” Firma fir d’Suen op enger sécherer Plaatz ze hannerloossen bis se vir en neien Investissement kënnen benotzt ginn. Et mécht och Sënn fir Firmen heiansdo hier Gewënner an puer Länner an Währungen ze verdeelen fir den Risiko op Verloscht ze minimiséieren.

Eng Iwwersiicht vun den Länner wou den Affekoten-Bureau Mossack Fonseca "offshore" Firmen opgemaach huet

Allerdéngs ginn sou Firmen och oft gegrënnt aus negativen oder souguer kriminellen Grënn. Zum Beispill stinn an den Panama Papers 33 Persounen oder Firmen, déi wéinst Finanzementer vun Terror oder Drogenmafien op Sanktiounslëschten stinn. Den gréissten Deel vun den Firmen déi eng “offshore” Firma grënnen, benotzen et awer fir manner Steieren ze bezuelen. Dëst kann legal oder illegal sinn. Wat vill Leit stéiert ass allerdéngs d’Moral dohannert, dass superräich Leit d’Méiglechkeet hunn Steieren ze entgoen, während “normal” Leit keng sou eng Opportunitéit hunn – och wann dësen Ënnerscheed legal ass.

E weideren Deel vun den Panama Papers betrëfft Spëtzepolitiker déi an den Dateien optauchen. Dat geet vum argentineschen President Mauricio Macri, iwwert den Kinnek Salman vun Saudi Arabien bis zum President vun der Ukraine, Petro Poroshenko. Den éischten Politiker deen huet missen zeréck trieden well an den Panama Papers eraus komm ass, dass hien net all seng Besëtzer uginn huet war den islänneschen Premierminister Sigmundur Gunlaugsson.

Dat ass den zweeten Grond firwat d’Panama Papers fir souvill Opreegung suergen. An Entwécklungslänner kéinten déi Suen déi déi superräich an “offshore” Firmen bréngen, gebraucht ginn fir d’Land ze developpéieren. Währenddessen gëtt an villen Länner gespuert an oft gesot dass jiddereen do matmaachen muss. D’Pabeieren weisen awer elo, dass et fir déi Superräich eng Ausnahm gëtt.

Et bleift also op allen Fall en Thema wat een iwwert déi nächst Méint an den Aen halen soll, well nach net all d’Dokumenter analyséiert goufen an wahrscheinlech nach nei Enthüllungen wäerten kommen. Ausserdeem ass nach net kloer wien vun deenen wou bis elo mat den Panama Papers an Verbindung bruecht ginn ass och tatsächlech eppes Illegales gemaach huet.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwert der EU hir Pläng fir Steiertricks ze verhënneren.

http://www.spiegel.de/wirtschaft/soziales/panama-papers-vorschlag-der-eu-kommission-fuer-mehr-transparenz-a-1086700.html

- En Artikel iwwert d'Konsequenzen vun den Panama Papers fir d'Länner wou d'Steieren entginn.

http://www.zeit.de/kultur/2016-04/panama-papers-globalisierung-steuern

Franséisch:

- D'Définitiounen zu 7 wichtegen Begrëffer ronderem d'Panama Papers.

http://www.liberation.fr/planete/2016/04/04/les-panama-papers-en-sept-definitions_1443872

- Eng gutt Erkläerung zum Thema vun "offshore" Firmen.

http://www.lemonde.fr/panama-papers/article/2016/04/03/panama-papers-a-quoi-sert-l-offshore_4894881_4890278.html

Englesch:

- Eng Iwwersiicht vun den wichtegsten Leit déi mat den Panama Papers an Verbindung bruecht ginn sinn.

https://projects.icij.org/panama-papers/power-players/?lang=en#

- Een 2-Säiten Rapport iwwert "offshore" Firmen vum Tax Justice Network.

http://www.taxjustice.net/cms/upload/pdf/Price_of_Offshore.pdf

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://panamapapers.sueddeutsche.de/wp-content/uploads/2016/02/firma_aufmacher_final.jpg

- Bild 2: https://d28wbuch0jlv7v.cloudfront.net/images/infografik/normal/chartoftheday_4587_the_most_popular_tax_havens_in_the_panama_papers_n.jpg

#Politik #PanamaPapers

26 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page