top of page
  • Kim

Wat ass d'NATO?


Am Moment gëtt an de Noriichten oft iwwer d’ NATO geschwat. Well dës international Organisatioun de Méindeg hier 67 Joer gefeiert huet, wëllen mir dës Geleeënheet notzen vir d'Roll an d'Funktion vun der d’NATO ze erkläeren. NATO (North Atlantic Treaty Organization) besteet aus 28 Memberstaten, woubäi Lëtzebuerg ee vu de Grënnerstaaten ass. D’Organisatioun ass de 4. Abrëll 1949 gegrënnt ginn, wéinst dem wuessendem Mësstrauen teschend de westleche Staaten an der Sowjetunioun.

Dësen Mësstrauen ass entstanen well nom Zweeten Weltkrich déi westlech Länner hir Waffen an Militär verklengert haten, während d’Sowjetunioun dat net gemaach huet. Eng vun den éischten Krisen vir d'NATO war d'Berlin-Blockade. 1945 ass dann Däitschland gedeelt ginn: West-Däitschland ënnert der Kontroll vu Frankräich, Groussbritannien an den USA an Ost-Däitschland kontrolléiert vun der Sowjetunioun. Berlin gouf och vun deenen Mächte gedeelt - bis dann 1948 d'Sowjetunioun den westlechen Deel vun Berlin ganz zougema hunn. Duerch dës an nach aner Faktoren, wéi zum Beispill de Koreakrich, Kubakris etc., ass de Kale Krich entstanen. De Kale Krich ass een Krich gewiescht, deen ouni Waffen a Militär ausgeübt ginn ass, mee deen duerch verschidden Ideologien entstanen ass. Den Westen hat Angscht, dat Sowjetunioun hier Ideologie vum Kommunismus vergréissere wärt. An d’Sowjetunioun wollt net, dat de Kapitalismus sech an hirem Territorium verbreed. Während dësem ganzen Krich war et d’Aufgab vun der NATO déi westlech Staaten ze verteidegen an hir liberal Politik ze beschützen.

Wéi de Kaale Krich duerch den Zerfall vun der Sowjetunioun opgehalen huet, huet d’NATO eng nei Aufgab kritt. Sécherheet a Fräiheet steet och nach an hirer Agenda, mee haut sinn nach puer nei Punkten zu den Aufgaben dobäi komm. Zum Beispill soll de Fridden erhale bleiwen, déi wirtschaftlech, politesch a militäresch Sécherheet solle gestäerkt ginn. Desweideren ënnerstëtzt d’ NATO ,d ’UNO an OSZE, bei Krisen a bei der Friddenserhalung.

Als zu New York den 11. September 2001 World Trade Center a Pentagon attackéiert gi sinn, hunn d’NATO-Membere fir déi éischte Kéier, säit hirer Grënnung, vum Artikel 5 aus dem NATO-Kontrakt gebrauch gemaach. Dat heescht, all Member huet sech ugegraff gefillt an huet den USA bäigestanen, obwuel d’Attack vun Al-Qaeda nëmmen d’USA ugegraff huet. Den Artikel 5 gouf nëmmen fir den Afghanistan-Krich benotzt an net fir den Irak-Krich. Déi am Moment wichtegst Rollen vun der Organisatioun sinn den Ukraine-Konflikt an d’Flüchtlingskris.

Obwuel nom Kale Krich en NATO-Russland-Rot gegrënnt ginn wor fir dat déi zwou Säiten an een Dialog triede kënnen, ass Russland ënnert dem Präsident Vladimir Putin ëmmer méi mësstrauesch ginn. Wéinst dem Ukraine-Konflikt ass deen Rot säit 2014 net méi aktiv. D’Organisatioun ass duerch déi Kris aktiv ginn, well Russland hiert Waffenarsenal an Atomwaffen erhéicht huet. En plus bedeit de Ukraine-Konflikt eng erhéichte Secherheetsgefor fir Europa well d'Ukraine direkt un NATO-Länner grenzt.

D'NATO hëlleft och bei der aktueller „Flüchtlingskris“ andeems si mat der Agentur Frontex zesummeschafft fir déi sougenannte „Schleuser“ an der Ägäis ze bekämpfen. Schëffer vun der NATO huelen Flüchtlingen nëmmen op d'Schëff, wann si a Gefor sinn. Si stoppen keng Booter, well si keng Kompetenz dofir kruten. Hier Roll ass also op Iwwerwaachung an Opklärung beschränkt.

Allgemeng huet d’NATO am Laf vun hirer Geschicht vill Entwécklunge gemaach fir sech un nei Situatiounen op der Welt an Europa unzepassen. Si hunn am Kär nach ëmmer dofir ze suergen de Fridden ze erhalen, mee hunn och nei Kompetenzen dozou kritt. An Zukunft wäert ee vun der NATO, duerch déi géigenwäerteg Konflikter a Problemer, nach méi oft héieren.

Weider Artikelen

Däitsch:

- Kriteschen Artikel iwwert den NATO-Asaatz an der Ägäis

http://www.zeit.de/politik/ausland/2016-02/nato-einsatz-aegaeis-tuerkei-griechenland-fluechtlinge-massnahmen

- Aktuellen Artikel iwwert d’Aktivitéit vu der NATO an Russland

http://www.sueddeutsche.de/politik/nato-die-usa-schicken-panzer-nach-osteuropa-russland-reagiert-1.2928241

Franséisch:

- NATO verstärkt hir Presence am Osten

http://www.lemonde.fr/europe/article/2015/02/06/l-otan-renforce-sa-presence-dans-l-est-de-l-europe_4571294_3214.html

- Den Trump kritiséiert d’NATO, mee Pentagon hällt dogéint

http://www.lepoint.fr/monde/etats-unis-le-pentagone-au-secours-de-l-otan-apres-les-critiques-de-trump-30-03-2016-2028995_24.php

Englesch:

- Een Artikel iwwert d’NATO an de Warschau-Pakt

http://www.history.com/topics/cold-war/formation-of-nato-and-warsaw-pact

- Een Artikel iwwert NATO an de Ukraine-Konflikt

http://www.independent.co.uk/news/world/europe/ukraine-crisis-analysis-the-us-and-nato-cannot-solve-this-only-ukrainians-can-do-that-10034887.html

Source vir d'Biller:

- Bild 1: http://www.conservativehome.com/wp-content/uploads/2014/01/NATO.png

- Bild 2: http://cdn.phys.org/newman/gfx/news/hires/natos28membe.jpg

#Politik #NATO #UkraineKriis

18 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page