top of page

Firwat den Islam keng Gefor fir Europa ass


Dësen Dënschden hunn zu Bréissel iwwert 30 Leit hiert Liewen gelooss an em déi 200 weider Leit goufen blesséiert. Den Islameschen Staat huet dës Attacken revendiquéiert. Während an den meeschten Länner d’Leit hir Solidaritéit iwwer sozial Medien ausdrécken, gëtt et och puer déi dës Attack als Beweis gesinn, dass den Islam eng Gefor fir Europa ass. Alt erëm eng Kéier huet den Donald Trump gemengt den Problem wier d’Flüchtlingswell säit Summer 2015. Déi traureg Wourecht ass, dass sou Kommentaren och ewell zu Lëtzebuerg ukomm sinn. Virun allem den Bäitrag vum Joé Thein huet op den sozialen Medien vir Opreegung gesuergt. Dem Member vun “adrenalin” an Conseiller vun der Gemeng Péiteng säin Bäitrag ass hei ënnen drënner ze gesinn. Well dësen esou symbolesch fir all d’Argumenter steet déi een am Zesummenhang mam Islam an Terror héiert, gëtt dësen Punkt vir Punkt analyséiert. Dat heescht och dass eisen Blog dës Woch net neutral bleift, mee kloer Stellung bezitt an den Auteur alleng Responsabilitéit fir dësen Artikel huet.

“Wéini léiere Si, datt mir ons mat hirer Politik, friem, kulturell a reliéis Konflikter importéieren, déi dann op europäeschem Buedem ausgedroe ginn?”

Hei verbënnt den Herr Thein d’Terrorattacken direkt mat der Flüchtlingssituatioun. Als éischt muss do gesot ginn, dass et keng Beweiser gëtt, dass Flüchtlingen Attentater ausüben. Si lafen virun Krich an Terror fort an bréngen en net mat. En einfacht Gespréich mat engem Flüchtling géif dat kloer stellen (Ech géif den Herr Thein och dovir op een vun eisen Intégratiouns-Iessen anlueden). Mee Zuelen hunn déi selwechte Message. Säit den Attacken vun 9/11 huet Amerika 785.000 Flüchtlingen opgeholl an net en Eenzegen ass wéinst Terrorattacken veruerteelt ginn. Bis Oktober 2015 hat déi däitsch Police ganzer 10 Leit am Verdacht mat Terroristen an Kontakt ze stoen - vun der Millioun vun Flüchtlingen déi ukomm ass. Dat ass alles dovun ofgesinn, dass et keng eendeiteg Beweiser gëtt, dass och nëmmen een vun den Paräis-Attentäter als Flüchtling an Europa komm ass.

Ausserdeem gëtt den richtegen Konflikt net an Europa mee am Mëttleren Osten selwer ausgedroen. Syrien ass säit iwwert 5 Joer am Krich, iwwer 300’000 Leit sinn gestuerwen, bal 5 Milliounen Leit sinn aus dem Land geflücht an eng weider 6.6 Milliounen flüchten innerhalb vum Land. Den richtegen Konflikt fënnt also net “op europäeschem Buedem” statt.

“Wéini versti Si, datt daat alles zu Biergerkrichszoustänn, Haass an d’Futtigoen vun ons’rem Wäertesystem féiert, wou de soziale Fridden an d’Nächstenléift verluere geet?”

Hei fält et schwéier den Herr Thein serieux ze huelen. Wéi en kann vun Nächsteléift schwätzen an gläichzäiteg wëllen all d’Moslemen aus Europa geheien ass e Mysterium. Wann et iergendwou zu Biergerkrichszoustänn komm ass, dann meeschtens do wou rietsradikal Leit gewalttäteg ginn sinn. An Frankräich zum Beispill ass no den Paräiser Attacken eng Moschee mat Granaten - ja, Granaten – ugegraff ginn. Tatsächlech sinn säit 2012 an Däitschland d’Delikter géint Flüchtlingen em 2496% an d’Lut gaangen, sou dass 2015 iwwert 1600 sou Delikter gezielt goufen.

“Wéini gesi Si, datt ons Demokratie an Uerdnung destabiliséiert gëtt, an alles zu Weimarer Verhältnisser féiert?”

Uerdnung an Demokratie, wéi am Punkt virdrun ugedeit, sinn méi an Gefor vun rietsradikalen Parteien wéi vun Flüchtlingen oder Moslemen. Tatsächlech ass d’Beispill vun der Weimarer Republik dat wahrscheinlech schlechtesten wat den Herr Thein hätt kéinten wielen. D’Weimarer Republik ass neemlech net vun reliéisem Terror zerstéiert ginn, mee vum Adolf Hitler an senger rietsradikaler NSDAP, déi, deemools mam Fanger op d’Judden gewisen hunn. Et sinn also éischter esou haasserfëllten Proposen déi hautdesdaags op d’Moslemen ofzielen déi eis rëm kéinten an eng Situatioun vun der Weimarer Republik féieren.

“Wéini handle Si, fir nees hir souverän Staatsaufgab wouer ze huelen, fir hir Grenen ze schützen an ze verdeedegen, hir Auslännerpolitik nei ze denken, a Multikulti als Politiërrtem z’erklären?”

“Grenzen schützen an verdeedegen” gëtt oft an gären gesot. Wéi genau dat ausgesinn soll ass méi komplizéiert. En Droot oder eng Mauer ronderem ganz Europa ass schwéier méiglech – ëmmerhin huet Europa iwwert 13’000km Landesgrenzen an nach eng Kéier bal 66’000km Küsten. Ausserdeem huet “verdeedegen” en Klang, deen militäresch Mëttelen net ausschléisst. Sou eng Ausso erënnert un d’Frauke Petry vun der AfD, déi gemengt huet et misst een och driwwer nodenken op Flüchtlingen ze schéissen, déi versichen iwwert d’Grenz ze kommen – eng zu déifst onmoralesch Propositioun déi hoffentlech net méi Erklärungen brauch.

Den Herr Thein kéint also net méi wäit ewech vun der Realitéit liewen. Terroristesch Attacken ginn emmer vun fundamentalisteschen an radikalen Gruppen organiséiert. Eng ganz Bevelkerungsgrupp dovir responsabel ze maachen ass einfach ignorant - d'Terroristen sinn och baal all Männer, dovir geheien mer net 50% vun eiser Bevëlkerung aus Europa eraus. Ganz dovun ofgesi, dass déi momentan Auslännerpolitik genau dat vertrëtt wat den Herr Thein sou vermësst – Nächsteléift – beweegt hien sech geféierlech no un eng Ideologie déi den Islam sou veruerteelt wéi den Juddentum an Däitschland an den 1930er Joeren veruerteelt gouf. En Retour an déi Zäiten wënscht hoffentlech keen sech.

Source vum Bild:

- https://www.facebook.com/theinjoe

#Politik #IslameschenStaat #Terrorist

39 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page