top of page

Landtagswahlen an Däitschland


Dësen Sonnden waren Regionalwahlen an Däitschland an 3 Bundeslänner: Rheinland-Pfalz, Baden-Württemberg, an Sachsen-Anhalt. An den Noriichten sinn dës Wahlen oft duergestallt ginn als éischten Stëmmungstest ob d’Leit mat der Flüchtlingspolitik vun der Kanzlerin Angela Merkel averstanen sinn. An allen 3 Länner huet d’CDU – d’Partei vum Merkel – Stëmmen verluer an d’Alternative für Deutschland (AfD) – déi Partei déi d’Flüchtlingspolitik am meeschten kritiséiert – huet iwwerall Stëmmen gewonnen. Dofir froen mer dës Woch: wat ännert sech fir d’Merkel? An wéi ass den Erfolleg vun der AfD ze erklären?

Den däitschen System ass föderalistesch opgebaut. Dat heescht dass et eng Zentralregierung an 16 Landesregierungen gëtt, déi sech d’politesch Kompetenzen opdeelen. Um zentralen Niveau hunn d’Landesregierungen awer och Afloss duerch den Bundesrat, deen aus den Ministerpresidenten vun allen 16 Bundeslänner besteet. An aneren Wierder, sinn do nëmmen Parteien déi Deel vun enger Landesregierung sinn. Hei gëtt iwwert all Gesetzer ofgestëmmt, déi am däitschen Parlament mat enger Majoritéit gewielt goufen. Wann d’Merkel also nei Gesetzer zur Flüchtlingskris well duerchsetzen, muss och den Bundesrat säin Accord ginn.

Virun den Wahlen waren 14 vun 16 Ministerpresident vun der CDU oder SPD, also vun den selwechten Parteien déi an der Zentralregierung sinn. Dorun wäert sech wéineg änneren, well d’SPD weiderhin am Rheinland-Pfalz an der Regierung bleift an déi Gréng weiderhin zu Baden-Württemberg. Nëmmen zu Sachsen-Anhalt huet d’AfD eng Chance an d’Landesregierung ze kommen. D’Majoritéit vum Bundesrat bleift awer egal wéi dominéiert vun der CDU an der SPD, wat d’Positioun vum Merkel op mannst objektiv net wierklech schwächt. Allerdéngs sinn vill Leit der Meenung, dass déi vill Stëmmen vir d’AfD eng Aart Denkziedel vir d’Merkel an hir Flüchtlingspolitik ass. Vir dat ze verstoen, muss een awer als éischt d’Positiounen vun der AfD verstoen.

D’AfD ass eréischt virun 3 Joer gegrënnt ginn. Deemools vum Wirtschaftsprofesser Bernd Lucke – deen haut net méi Deel vun der Partei ass – mam Haaptzil d’EU-Länner déi ze vill Scholden hunn aus dem Euro rauszegeheien. Dëst ass nach ëmmer EU-Politik vun der AfD, mee säit der Verschäerfung vun der Flüchtlingskris am Summer 2015 huet d’Partei sech méi op Migratiounsfroen etabléiert. Lues a lues ass d’AfD op dësem Thema méi radikal ginn – vun ëmmer méi Verbindungen mat PEGIDA, iwwert Aussoen déi no vun Rassenbiologie ënnert dem Nationalsozialismus sinn, bis hin zur Idee op Flüchtlingen ze schéisse déi illegal iwwert d’Grenz kommen.

Doduerch dass dës Partei immens vill Stëmmen krut – bis zu 24.2% an Sachsen-Anhalt – gesinn vill Leit eng Bestätegung vun der kritescher Positioun zur Flüchtlingspolitik an domat eng Schwächung vun der Kanzlerin. Virun allem Leit déi normalerweis net wielen hunn d’AfD gewielt, wat dorop hindeit, dass si Leit unzéien déi sech normalerweis vum politeschen System am Stach gelooss fillen. Op der anerer Säit, huet d’CDU am Rheinland-Pfalz an an Sachsen-Anhalt manner wéi 4% verluer. An zu Baden-Württemberg hunn virun allem déi Gréng gewonnen ënnert dem Winfried Kretschmann, deen d’Flüchtlingspolitik vum Merkel ënnerstëtzt.

Egal wéi een d’Resultater interpretéiert, et ass offensichtlech dass d’Land sech ëmmer méi iwwert d’Flüchtlingskris deelt. Däitschland huet gläichzäiteg eng staark Flüchtlings-kritesch Partei an staark pro-Flüchtlingspolitiker wéi dem Winfried Kretschmann zu Baden-Württemberg. Dës Wahlen hunn also bei wäitem dës Fro net gekläert. Am Géigendeel, se schéngt sou polariséierend wéi nach ni.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwer Bitterfeld, déi Stad wou d’AfD mat am meeschten Stëmmen gewonnen huet.

http://www.spiegel.de/politik/deutschland/afd-erfolg-in-bitterfeld-die-schmutzigste-stadt-deutschlands-a-1082329.html#utm_source=politik#utm_medium=medium#utm_campaign=plista&ref=plista

- En Artikel iwwert d’Wichtegkeet bei den Landtagswahlen vun den Leit, déi normalerweis net wielen.

http://www.welt.de/politik/deutschland/article153251707/Sehen-Sie-hier-die-ehrlichen-Wahlergebnisse.html

Franséisch:

- En Artikel deen d’AfD als Gefor fir d’SPD gesäit – net nëmmen fir d’CDU wéi déi meescht Kommentatoren.

http://www.lefigaro.fr/international/2016/03/13/01003-20160313ARTFIG00013-allemagne-la-percee-electorale-de-l-extreme-droite-menace-le-spd.php

- Eng Analyse vun den Wahlgewënner vun der AfD.

http://www.lemonde.fr/europe/article/2016/03/07/allemagne-percee-du-parti-populiste-afd-lors-d-elections-locales_4877766_3214.html

Englesch:

- En Profil vun der AfD-Chefin, Frauke Petry.

http://www.theguardian.com/world/2016/feb/07/frauke-petry-smiling-face-resurgent-right

- Eng gutt Iwwersiicht vun den eenzelnen Wahlen.

http://www.bbc.co.uk/news/world-europe-35796831

Source vun de Biller:

- Bild 1: http://specials-images.forbesimg.com/imageserve/5637dc3de4b0ffa7afe690ad/320x486.jpg?fit=scale&background=000000

- Bild 2: http://bilder.t-online.de/b/77/26/67/60/id_77266760/tid_da//index.jpg

#Politik #Wahlen #Däitschland

14 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page