Wat ass den Islameschen Staat?

Nieft den europäeschen Diskussiounen iwwert d’Flüchtlingskris war dës Woch nach en weidert Thema an den Noriichten: en Liewenszeechen vum Steve Duarte, een vun den 6 Lëtzebuerger déi sech dem Islameschen Staat (IS) ugeschloss hunn. Well mer schonn iwwert den IS am Kontext vum Syrien-Krich an der Flüchtlingskris geschwat hunn, ginn mer dës Woch an den Detail iwwert dës Organisatioun. Wéi ass den IS entstanen? Wat hunn se bis elo gemaach an wat wëllen se nach erreechen?
Déi direkt Originen vum IS sinn op d’Invasioun vum Irak am Joer 2003 zeréck ze féieren. Deemools huet den Abu Musab al-Zarqawi eng nei Terrorgrupp gegrënnt an sech der Al-Qaeda ugeschloss fir d’Occupatioun vun den amerikaneschen Truppen ze bekämpfen. Säit 2006 war d’Grupp awer duerch den Dout vum Zarqawi geschwächt. Den momentanen Chef Abu Bakr al-Baghdadi huet dann 2010 d’Organisatioun erëm opgebaut. Säit deem huet den IS ëmmer méi Attentater am Irak gemaach an 2012 ugefangen Territoiren am Irak ze besetzen.
2013 huet den IS sech dann ëmmer méi am Irak an an Syrien ausgebreet. Am Irak hunn se ausgenotzt, dass d’Amerikaner hir Truppen zeréck gezunn hunn an d’Sécherheet am Irak eng Zäit net garantéiert war. Am Moment kontrolléieren si déi zweetgréissten Stad am Irak – Mosul – an sinn bis kuerz virun d’Haaptstad Bagdad avancéiert. An Syrien hunn se vum Biergerkrich profitéiert deen 2013 ëmmer méi Chaos geschaf huet. An Syrien ass Raqqa déi gréissten Stad déi den IS kontrolléiert an dat schonn säit Januar 2014.
An den leschten zwee Joeren ass den IS sou zur räichsten an geféierlechsten Terrororganisatioun vun der Welt ginn. Räich sinn se virun allem duerch Uelech, deen se an Syrien an am Irak produzéieren an um Schwaarzmaart verkafen fir 1-3 mio. $ pro Dag. Geféierlech sinn se well se et engersäits fäerdeg bréngen vill Leit aus aner Länner ze rekrutéieren – sou wéi den Steve Duarte an bis zu 30’000 anerer. Anerersäits sinn se geféierlech well se oft Waffenarsenaler vun der syrescher an irakescher Arméi eroberen an sou un modern Waffen kommen.

An den Territoiren wou den IS regéiert, bedreiwen se reegelméisseg Kräizegungen, ëffentlech an gefilmten Exekutiounen an Sklaverei. Souguer kleng Kanner ginn schonn als Spiounen, Henker, Zaldoten an Selbstmordattentäter ausgebilt. Mee den IS ass och global zu enger Gefor ginn. Si hunn eng Attack op en Musée zu Bréissel organiséiert, en Attentat zu San Bernardino, eng Attack op Touristen zu Sousse an Tunesien, an d’Terrorattacken zu Paräis am November 2015. Den IS huet sech selwer d’Ziel gesat all déi “Ongleeweg” (an aneren Wierder, jiddereen ausser si – och moderat Moslemen) ëmzebréngen an déi ganz Welt ze eroberen.
Wéinst dësen Geforen féiert Amerika – zesummen mat aner Länner – säit Juni 2014 Loftugrëffer op den IS am Irak aus. Am September 2014 sinn dës Ugrëffer dann op Syrien erweidert ginn. Allerdéngs ginn et nëmmen lues Fortschrëtter. An der noer Zukunft gesäit et net dono aus wéi wann den IS géif een vun sengen zwee Haaptzentren – Mosul an Raqqa – verléieren. Déi meeschten Experten sinn sech eenz, dass eng laangfristeg Léisung nëmmen méiglech ass wann den Chaos an Syrien an am Irak kann geléist ginn.
En 3-Minuten-Video zu den Originen vun IS am Irak-Krich:
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- En Feature vum Spiegel an deem 20 Froen zum Islameschen Staat beäntfert ginn.
http://www.spiegel.de/politik/ausland/islamischer-staat-alles-wichtige-zum-is-a-1042664.html
- Eng Warnung vum Chef vun Europol - der europäescher Police - dass den Islameschen Staat weider Attentater plangt.
Franséisch:
- En Artikel vun enger fréierer Geisel vum Islameschen Staat.
http://www.theguardian.com/commentisfree/2015/nov/19/etat-islamique-daesh-syrie
- En Video deen erkläert wéi den Islameschen Staat méi staark ginn ass.
Englesch:
- Eng Iwwersicht zum Entstoen, der Finanzéierung an den Zieler vum Islameschen Staat.
http://www.cfr.org/iraq/islamic-state/p14811
- En Artikel iwwert d'Liewen zu Raqqa, déi Stad déi säit langem vum Islameschen Staat kontrolléiert gëtt.
http://www.theguardian.com/world/2015/dec/09/life-under-isis-raqqa-mosul-giant-prison-syria-iraq
Sourcen vun den Biller:
Bild 1: http://mashable.com/2014/08/20/islamic-state-al-qaeda-iraq/
Bild 2: http://soufangroup.com/wp-content/uploads/2015/12/TSG_ForeignFightersUpdate4.pdf