top of page

Ass d'Demokratie a Gefor?


An dëser Woch huet erëm d’Flüchtlingskris d’Noriichten dominéiert. An der Tierkei an an Griicheland setzen Dausenden vun Flüchtlingen fest an ginn um Weidergoen gehënnert. Zu Calais gëtt en ongeplangten Flüchtlingscamp – “Jungle” genannt – vun Bulldozer geraumt. Am Zesummenhang mat dëser Thematik stellen vill Leit sech d’Fro ob dësen Problem d’Gesellschaft spléckt. Ass hei souguer d’Demokratie europawäit an Gefor?

Fig. 1: Aarbechtslosegkeet an Griicheland, Spuenien, Portugal an Irland (2008-2014)

Den Problem ass akut ginn am Joer 2008 wou d’Finanzkris – an dono d’Eurokris – zu extremer Aarbechtslosegkeet an Deeler vun Europa gefouert huet wéi am Graphik gewisen. Tëscht 2008 an 2013 ass an Griicheland d’Aarbechtslosegkeet vun 8% op iwwer 27% geklommen – an Spuenien vun 9% op 26%. Déi Zuelen ignoréieren nach den Fakt, dass alleng 2013 iwwert 500’000 Spuenier an aner Länner emigréiert sinn. Déi immens ökonomesch Kris huet d’Zweiwel um Fonctionnéieren vun der Demokratie gestäerkt.

Mat der Flüchtlingskris sinn dës Zweiwel dann och am Norden vun Europa opkomm. Virun allem an Däitschland ass d’Bild opkomm, dass den Staat d’Kontroll iwwert säin eegenen Territoire verluer huet. Virun allem fält awer op dass innerhalb vun der Bevëlkerung e groußen Rass entstanen ass. Wann Demonstranten zu Heidenau en Bus vun Flüchtlingen ugräifen, gëtt dat vun villen veruerteelt. Gläichzäiteg hunn Szenen wéi d’Sylvester-Nuecht vun Köln, wou Honnerten Fraen belästegt an ugegraff goufen, vill Leit zum Zweiwlen bruecht, dass d’Police d’Sécherheet nach garantéieren kann. Deen Rass kann een och an den Ëmfro-Wäerter vum Angela Merkel gesinn. Zäitweis war eng Majoritéit vun den Bierger géint hier Flüchtlingspolitik.

Dës zwou Krisen ginn oft als Versoen vum Staat an der Demokratie ugesinn, wat zum Erstaarken vun rietsextremen Parteien gefouert huet, déi oft wichteg Deeler vun der Demokratie an Fro stellen. An villen Fäll sinn dës Parteien wäit ewech fir an d’Regierung ze kommen. Golden Dawn an Griicheland oder d’NPD an Däitschland, hunn zwar vill un Stëmmen gewonnen, mee net genuch fir eng serieux Kraaft an engem Parlament ze sinn. D’Popularitéit vun Parteien wei dem Front National oder der AfD weisen awer, dass vill Leit den momentanen Reigerungssystem net gutt fannen. Op puer Platzen – virun allem Ungarn an Polen – sinn extrem konservativ Parteien elo och un der Muecht. Dës sinn net direkt rietsextrem Parteien, mee se stellen awer eng Gefor fir d’Demokratie duer, well se massiv d’Medien an d’Oppositioun schwächen – zwee wichteg Deeler vun enger Demokratie.

Den Trend vun wuessendem Mësstrauen vis-à-vis vun politeschen Institutiounen ass Wëssenschaftler schonn méi laang bekannt. An Frankräich, zum Beispill, ass d’Zuel vun den Leit déi dem nationalen Parlament net trauen säit 2000 vun 50% op iwwer 70% geklommen. An Griicheland huet déi Zuel 2013 souguer 90% erreecht. En ähnlecht Bild entsteet beim Vertrauen vun den Leit an hir national Regierung.

Natierlech ass dësen Trend net nëmmen op d’Grënn aus dësem Artikel zeréck ze féieren. Zum Beispill hunn och vill Leit d’Gefill, dass wichteg Décisiounen net méi vun Leit geholl ginn, déi si beaflossen kënnen. Allerdéngs ass et kloer, dass den Trend eng Gefor fir d’Demokratie duerstellt. Et muss een sech awer drun erënneren, dass Demokratie en wäertvollt Gutt ass – oder wéi den Winston Churchill sot: “Demokratie ass déi schlëmmsten Form vun Gouvernement, außer fir all déi aner Formen déi bis elo probéiert goufen”.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel deen der Fro nogeet ob d'Spaltung an Däitschland an Zukunft wäert weider bestoen.

http://www.spiegel.de/politik/deutschland/fluechtlinge-debatte-spaltet-deutschland-die-argumente-beider-seiten-a-1074613.html

- En Artikel zu enger Studie déi schon 2008 firun wuessendem Messtrauen vis-à-vis vun Demokratie an Däitschland gewarnt huet.

http://www.welt.de/politik/article2493580/Was-die-Deutschen-von-der-Demokratie-halten.html

Franséisch:

- En Artikel deen diskutéiert ob den Front National eng Partei ass déi den Werter vun enger Demokratie entsprecht.

http://www.leparisien.fr/le-fn-est-il-un-parti-republicain-12-12-2015-5362969.php#xtref=https%3A%2F%2Fwww.google.co.uk%2F

- En Artikel deen vun engem méiglechen Zesummenschloss vun PEGIDA an der AfD schwätzt.

http://www.euractiv.fr/section/justice-affaires-interieures/news/l-afd-et-les-islamophobes-de-pegida-entament-un-rapprochement-en-allemagne/

Englesch:

- En Artikel zu Podemos, eng grouß spuenesch Partei déi momentan politesch Parteien kritiséiert.

http://www.bbc.co.uk/news/world-europe-31072139

- En Artikel iwwert Golden Dawn hir Erfolleger bei den leschten Wahlen an Griicheland.

http://www.theguardian.com/world/2015/sep/16/greek-election-2015-golden-dawn-austerity

Source vun den Biller:

- Bild 1: https://data.oecd.org/unemp/unemployment-rate.htm

- Bild 2: https://encrypted-tbn3.gstatic.com/images?q=tbn:ANd9GcSWB_gy4yO42iOlQij_pfdNenpv49e3QB5NTv11QENAtyCs9qdCTg

#Politik #Demokratie #Flüchtlingskriis

14 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page