top of page
  • Kim

Wat ass den Klimavertrag?


Lescht Joer am November hunn sech 195 Staaten bei enger sougenannten UN-Klimakonferenz zu Paräis getraff, fir iwwert een neie Vertrag ze verhandelen. Bei der Konferenz goung et drëms iwwert déi aktuell Problemer vun der Äerderwäermung ze diskutéieren an Léisungen ze fannen. Mee firwat gëtt et eng Klimakonferenz? Wat war d’Resultat? An wou kënnen Problemer opkommen fir Léisungen ze fannen?

D’Klimakonferenz - och COP 21 genannt - war vum 30. November bis den 12. Dezember 2015. An deenen Deeg hunn déi 195 Staaten mat Wëssenschaftler an Experten zesummegeschafft fir gemeinsam CO2-Emissiounen an doduerch och d’Äerderwäermung op ënner 2°C ze verklengeren. Déi gréissten Ursaach vun der Äerderwäermung sinn CO2-Emissiounen. Déi Emissiounen entstinn wann verschidde fossil Brennstoffer wéi zum Beispill Gas, Benzin/Diesel, Kuele asw. verbrannt ginn. Dat geschitt beim Auto fueren, Fliger fléien oder bei der Stroumhierstellung. Duerch déi Emissioun ginn et méi extrem Wiederännerungen, wat zum Beispil och zu Iwwerschwemmungen féiert, well d’Äis um Nordpol schmëlzt an dann de Mieresspigel an d’Lut geet.

Well all Land op der Welt betraff ass vun den Folgen vum Klimawandel, sinn och all Staaten op der Konferenz vertrueden. Mee et ass net sou einfach fir dass déi 195 Länner sech all eenegen. Well all Land seng eege Virstellunge huet wéi dee Kontrakt ausgesi soll, sinn déi Staaten och déi ganzen Zäit um Verhandelen. Op der enger Säit sinn déi räich développéiert Länner, déi d’Technologie hunn fir CO2-Emissiounen ze reduzéieren. Op der anerer Säit ginn et Entwécklungslänner, deenen déi néideg Suen feelen fir hir CO2 Emissiounen ze reduzéieren.

Trotz den Schwieregkeeten, koum et zu engem historeschen Accord. Et gouf decidéiert, dass d’Äerderwäermung zwëschen 2°C an 1,5°C begrenzt soll ginn. Et géif ab dem Joer 2020 dann all 5 Joer kontrolléiert ginn ob d’Länner dann och hier CO2-Emissioune verklengeren. An et ass och decidéiert ginn, dass déi räich développéiert Staaten (Industriestaten) den Entwécklungslänner Suen ginn fir dat si och déi néideg Mëttelen hunn fir hire Klimaschutz op de Wee ze bréngen.

Den gréissten méiglechen Probleem ass dass vielleicht net all d’Länner sech drun halen. Als Beispill kann een d’USA nennen. Beim Kyoto Protokoll am Joer 1997 hunn si ganz aneschters agéiert wéi dat am Kontrakt virgesin war. Den deemolege President Bill Clinton huet zwar de Kontrakt ënnerschriwwen, mee den amerikanesche Kongress huet sech an de Wee gestallt an en net ratifizéiert. Dass Amerika sech net un den Kyoto Protokoll gehaal huet war en groußen Probleem, well si zu deenen Natiounen gehéieren déi am meeschten CO2- Emmissiounen produzéieren.

Eng aner Kritik zielt op China an Saudi-Arabien. Dëst sinn räich Staaten, mee ginn nach als Entwécklungslänner ugesinn. Si konnten duerchsetzen dass si net mussen de méi aarmen Länner Suen ginn. Hei gëtt kritiséiert, dass dës Länner awer mëttlerweil déi finanziell Mëttelen hätten fir den méi aarmen Länner ze hëllefen.

Fir Ofzeschléissen heescht dat fir d’Zukunft, dat sech baal all d’Länner vun der Welt eenz ginn sinn d’Äerderwäermung ënnert 2C ze halen. Dofir missten, Schätzungen no, d’CO2-Emissiounen wahrscheinlech bis 2050 op 0 reduzéiert ginn. Dat ass fir all Natioun eng grouss Aufgab.[4]An wéi uewen beschriwwen stellt sech déi grouss Fro, ob sech all d’Natiounen un de Kontrakt halen. Well wann sech d’Länner méi spéit entscheeden de Kontrakt net ze respektéieren, kann hinnen näischt geschéien, well keng Strofe dofir virgesinn sinn.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Een Interview mat der lëtzebuergescher Ëmweltministerin Carole Dieschbourg zu Paräis.

http://www.spiegel.de/wissenschaft/mensch/klimagipfel-in-paris-carole-dieschbourg-ist-europas-stimme-a-1066635.html

- Eng Analyse vun der Klimakonferenz:

http://www.handelsblatt.com/technik/zukunftderenergie/analyse-zum-klimagipfel-der-paris-deal-ausgewogen-statt-ambitioniert/12715326.html

Franséisch:

- Eng Zesummefaassung wat alles op der Klimakonferenz décidéiert gouf.

http://www.lefigaro.fr/sciences/2015/12/12/01008-20151212ARTFIG00094-cop21-un-ultime-texte-a-prendre-ou-a-laisser.php

- Eng Chronologie vun den Klimaverhandlungen

http://www.lemonde.fr/cop21/visuel/2015/11/30/les-negociations-climatiques-internationales-en-10-dates_4820353_4527432.html

Englesch:

- Een kriteschen Artikel zu den Resultater vun der Klimakonferenz.

http://www.independent.co.uk/environment/climate-change/cop21-paris-deal-far-too-weak-to-prevent-devastating-climate-change-academics-warn-a6803096.html

- D'Klimakonferenz aus der Siicht vun den USA.

http://www.nytimes.com/2015/12/13/world/europe/climate-change-accord-paris.html?_r=0

#Politik #Emwelt #VereentenNatiounen

17 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page