Wat ass den "Brexit"?

Muer treffen sech d’Regierungschefen vun der EU fir iwwert den sougenannten “Brexit” ze diskutéieren. Den “Brexit” – et setzt sech aus “Britain” an “exit” zesummen - ass d’Méiglechkeet, dass England d’EU verléisst. Säit déi konservativ Partei 2015 d’Wahlen gewonnen huet, ass et kloer dass England en Referendum doriwwer ofhalen wäert. Mee firwat drot England auszetrieden? Wat wëllen si un der EU änneren? An wat wieren d’Konsequenzen fir d’EU an Lëtzebuerg?
England huet säit jeehier eng skeptesch Bezéiung mat der EU. Schonn 1946 huet den deemolegen Premier Winston Churchill eng Europäesch Unioun ënnerstëtzt, mee ënnerstrach dass England keen Deel soll sinn. Trotz dem Bäitrëtt 1973, ass des Skepsis ni fort gaangen. An den leschten Joren sinn d’Zweiwel rëm méi grouss ginn, wat een virun allem un der wuessender Popularitéit vun UKIP (United Kingdom Independence Party) kann gesinn. UKIP ass komplett géint d’EU an huet an den leschten Nationalwahlen 12.6% vun den Stëmmen kritt. An den Europawahlen war et souguer déi stäerkst Partei an huet 22 Europaparlamentarier.
Dës Skepsis, UKIP, an Deeler vun senger eegener Partei, déi och euroskeptesch sinn, hunn den Premier David Cameron dozou bruecht en Referendum ze verspriechen. Hien perséinlech well awer an der EU bleiwen an huet dofir Reformen proposéiert mat deenen hien d’Bevëlkerung iwwerzeegen well. Éischtens well hien eng Versécherung, dass déi Länner déi net am Euroraum sinn net kënnen vun den Euro-Länner iwwerstëmmt ginn, virun allem an Finanzfroen. Zweetens soll England d’Méiglechkeet kréien keng Sozialleeschtungen (z.B. Aarbechtslosengeld) un Immigranten auszebezuelen, déi manner wéi 4 Joer an England gelieft hunn. Drëttens well hien eng explizit Erklärung dass England net gezwongen ass d’Ziel vun enger “ëmmer méi enker Unioun” ze verfollegen. Véiertens well hien dass d’EU sech d’Ofschafen vun iwwerflëssegen Regulatiounen als een Haaptzil setzt.

Ëmfroen no ass d’Populatioun an England quasi 50-50 gespléckt, ënner anerem tescht jonk/aal; an Schotten/Englänner. D’politesch Parteien sinn och op déi zwou Säiten verdeelt, woubäi virun allem déi konservativ Partei déi gréissten intern Differenzen opweist. An och d’Industrie ass sech net eenz. Déi englesch Handelskammer huet fonnt, dass 53% vun Firmen géint en kompletten Austrëtt aus der EU sinn, mee vill Firmen sech gläichzäiteg wënschen dass d’EU reforméiert gëtt.
An der EU ass et virun allem d’Angscht, dass aner Länner och géifen ufänken mat engem Austrëtt ze droen an tatsächlech austrieden géifen, falls England domat ufänkt. Dëst kéint am schlëmmsten Fall zum kompletten Zesummebroch vun der EU féieren. En Austrëtt géif d’EU och diplomatesch an militäresch méi schwaach maachen, well England den gréissten Militärbudget an der EU huet an en Vetorecht an den Vereenten Natiounen.
Vir Lëtzebuerg géif et och Vir- an Nodeeler ginn am Fall vun engem “Brexit”. Engersäits kéint et dozou féieren, dass Firmen England verloossen an Lëtzebuerg als eng attraktiv Alternative gesinn. Anerersäits, warnt den Finanzminister Gramegna, dass London net nëmmen Konkurrenz ass, mee och an villen Hinsichten d’Finanzplaz zu Lëtzebuerg ergänzt.
D’Risiken kéinten also net méi grouss sinn. Am Fall vun engem “Brexit” kéint et sinn, dass jiddereen verléiert. Virun allem well et net kloer ass ob d’Reformen vum Premier Cameron akzeptéiert ginn an ob se genuch sinn fir d’Bevëlkerung ze iwwerzeegen bleift dëst en spannent Thema.
Sourcen vir weider ze liesen:
Däitsch:
- En Artikel iwwert d'Gefor dass aner Länner d'EU verloossen wëllen, wann England domat ufänkt.
http://www.spiegel.de/wirtschaft/soziales/die-brexit-falle-muellers-memo-a-1076014.html
- En Artikel iwwert den Spëtzenpolitiker hir Angscht virun engem "Brexit".
http://www.zeit.de/news/2016-02/16/eu-schulz-zu-briten-poker-lage-dramatisch-wie-nie-16114603
Franséisch:
- Eng Analyse vun den Differenzen tëschten England an Frankräich.
- En Video iwwert d'Konsequenzen vun engem "Brexit".
http://lci.tf1.fr/monde/europe/royaume-uni-quelles-consequences-en-cas-de-brexit-8716156.html
Englesch:
- Eng Analyse vum Premier Cameron sengen Fuerderungen an ob se eppes änneren géifen.
- Eng Warnung dass jiddereen verléieren kéint am Fall vun engem "Brexit".
http://www.nytimes.com/2016/02/05/opinion/everyone-loses-if-britain-exits-the-eu.html
Source vun den Biller:
Bild 1: http://interelinsight.com/wp-content/uploads/2015/07/150302-Impact-Brexit-Barometer.jpg
Bild 2: http://www.thesleuthjournal.com/wp-content/uploads/2016/01/britain-424x300.jpg