top of page

Em wat geet et am Syrien-Krich?


Dës Woch war den Biergerkrich an Syrien erëm een vun den Haaptthemen an den Noriichten. Zu London konnten d’Vertrieder vun villen developpéierten Länner sech dorop eenegen fir 6 Milliarden Dollar bis Enn vum Joer un d’Affer vum Krich ze spenden. Gläichzäiteg huet an Syrien selwer eng nei Regierungs-Attack op déi gréissten Stad vum Land, Aleppo, dozou gefouert, dass zéngdausenden Leit Richtung Tierkei geflücht sinn. Mee wéi ass et zu deem Krich komm? Ween bekämpft ween? An firwat ass et sou schwéier eng Léisung ze fannen?

D’Grënn wéi et zum Biergerkrich komm ass, sinn villfälteg. Engersäits sinn déi éischt Protester am Kontext vum Arabeschen Fréijoer geschitt, wou Demonstranten d’Policegewalt veruerteelt hunn. An deem Sënn gëtt den Ufank vum Krich oft op den 18. Mäerz 2011 datéiert. Deen Dag hunn Demonstranten an der Stad Deraa protestéiert, nodeems eng Grupp Schüler festgeholl an gefoltert gouf well si en kriteschen Graffiti op eng Mauer gemoolt haten.

Anerersäits sinn vill Experten der Meenung, dass den eigentlechen Grond, deen zu Onrou an der Bevëlkerung gefouert huet, sozial an ökonomesch Problemer waren. 2011 war méi wéi all zéngten Syrer als “extrem aarm” agestuuft. Aarbechtslosegkeet an den ländlechen Géigenden war immens héich – virun allem bei Jugendlechen. Dëst ass och dorop zeréck ze féieren, dass d’Joeren säit 2006 immens dreschen waren an doduerch vill Leit an der Agrarkultur hir Aarbecht verluer hunn.

Dës Grënn – an nach anerer – hunn zu landeswäiten Protester gefouert, déi d’Regierung probéiert huet mat Policegewalt ze ënnerdrécken. Doropshin hunn d’Demonstranten ugefangen sech Waffen ze besuergen an hunn zeréck geschoss. 2011 waren also d’Haptgéigner d’Regierung ënnert dem President Assad an d’Fräi Syresch Arméi. Säit deem hunn sech awer lauter nei Gruppen an den Konflikt agemëscht. D’Kurden am Norden vum Land hunn sech vun der Fräier Syrescher Arméi getrennt an beschützen hiren Territoire. Den Islameschen Staat versicht den Chaos ze notzen fir en neien islamisteschen Staat op den Gesetzer vun der Sharia opzebauen.

Vun 2012 un hunn vill vun den Nopeschlänner vun Syrien sech och ëmmer méi agemëscht. Den Iran mat der Hëllef vun der Hezbollah ënnerstëtzt säit laangem den President Assad mat Waffen, Suen an Truppen. Op der anerer Säit ginn d’Rebellen vun der Tierkei, Saudi Arabien, an dem Qatar mat Waffen an Suen ënnerstëtzt, woubäi déi zwee lescht Länner sech op radikal Gruppen fokusséieren.

Mee mëttlerweil sinn och puer international Länner am Krich involvéiert. Nodeems zwee Amerikaner vum Islameschen Staat gekäppt goufen, huet Amerika zesummen mat enger Dosen Alliéierten ugefangen d’Territoiren vum Islameschen Staat ze bombardéieren. Russland, op der anerer Säit, ënnerstëtzt den President Assad säit Ufank vum Krich an säit September 2015 mat Bombardementer vun den Rebellen.

Dës immense komplizéiert Situatioun erklärt och firwat et sou schwéier ass eng Léisung ze fannen. Zum Beispill ënnerstëtzt Amerika d’Kurden mat Waffen. Gläichzäiteg bekämpft d’Tierkei d’Kurden mat Bombardementer. Mee Amerika an d’Tierkei sinn offiziell Alliéierter an der NATO. An dësem Krich kënnen sech also mol net Verbündeter eenz ginn wéi et soll weider goen. En weideren Haaptgrond firwat all bishereg Friddensversich versot hunn ass dass d’Parteien sech net eenz ginn wéi Zukunft vum President Assad ausgesinn soll: ob en dierf President bleiwen fir eng Zäit; ob en an den Prisong muss; oder ob en an d’Exil dierf. Leider gesäit et also dono aus dass dësen Krich nach wäert weider goen.

Hei ass en Video vun engem Drohnenflug iwwert der Stad Homs, eng vun den gréissten an emkämpftesten Stied vun Syrien:

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel deen déi momentan Situatioun zu Aleppo beschreift.

http://www.welt.de/politik/ausland/article152013323/Das-endlose-Sterben-in-der-Mutter-aller-Schlachten.html

- Eng Iwwersiicht vun den verschiddenen Rebellen-Gruppen.

http://www.zeit.de/2013/36/syrien-wichtigste-gruppen

Franséisch:

- En kuerzen Video mat engem Expert deen versicht ze erklären wat wahrscheinlech am Rescht vum Joer an Syrien geschéien kéint.

http://www.lefigaro.fr/international/2015/12/24/01003-20151224ARTFIG00112-quel-avenir-pour-la-syrie-en-2016.php

- Eng Chronologie vum Konflikt bis Mäerz 2015.

https://news.vice.com/fr/article/la-syrie-4-ans-apres-une-chronologie-du-conflit

Englesch:

- Eng Beschreiwung vun den Haaptprobleemer bei den Friddensverhandlungen.

http://www.vox.com/2016/2/4/10910360/syria-peace-talks-geneva-doomed

- En Artikel deen eng Momentanalyse vum Krich mecht an pessimistesch fir d'Zukunft ass.

http://www.theguardian.com/world/2016/feb/08/syria-war-neither-political-solution-nor-military-victory-are-anywhere-in-sight

#Syrien #IslameschenStaat #Politik #Krich

11 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page