top of page

Den amerikaneschen Wahlsystem


Dësen Méinden huet den Wahlprozess fir amerikaneschen President ze ginn mam sougenannten Iowa Caucus ugefangen. Mat nach 279 Deeg bis déi entscheedend Wahlen tatsächlech sinn ass et een vun den längsten Wahlprozesser op der Welt. Mee wéi fonctionnéiert dësen System? Caucus, Convention, Super Tuesday, Electoral College – wat hunn all déi Saachen mat der Wahl zum “mächtegsten Posten” vun der Welt ze dinn

Déi amerikanesch Konstitutioun setzt dräi Konditiounen fest fir sech kënnen als Kandidat ze stellen: et muss een an Amerika gebuer sinn; minimum 35 Joer al sinn; an säit 14 Joer an Amerika wunnen. Wéi d’Konstitutioun geschriwwen gouf, war déi nächst Etapp dann direkt d’Wahl. Mee säit deem huet sech eng laangwiereg Prozedur etabléiert, déi als Virwahlen bekannt sinn an innerhalb vun den Parteien stattfënnt. Am Kloertext heescht dat dass déi zwou Parteien an Amerika – d’Demokraten an d’Republikaner – een Kandidat auswielen, deen fir si an der Haaptwahl untrieden soll. Tatsächlech gouf et nëmmen een Kandidat deen kenger Partei ugehéiert huet an zwar den alleréischten President, den George Washington.

Innerhalb vun der Partei ginn dann, jee no Staat, d’Kandidaten entweder mat “Primaries” oder

engem “Caucus” ausgewielt. Am éischten stëmmen all d’Memberen vun der jeeweileger Partei an deem Staat wéi bei enger normaler Wahl of. Bei engem “Caucus” stëmmen d’Parteimemberen vun engem Staat fir Delegéierten of, déi dann op enger Versammlung – oder “convention” - diskutéieren an zesummen entscheeden wéieen Kandidat se ënnerstëtzen wäerten. Den éischten sou een Caucus ass an Iowa an war dësen Méinden. Bei den Republikaner huet den Ted Cruz gewonnen an bei den Demokraten d'Hillary Clinton. Den wichtegsten Dag ass awer den “Super Tuesday” Ufank Mäerz, wou am Ganzen an 12 Staaten iwwert d’Kandidaten ofgestëmmt gëtt. Dës “Primaries” an “caucus” sinn wichteg fir d’National Party Conventions déi béid Parteien halen an wou offiziell den Kandidat vun der jeeweileger Partei ausgewielt gëtt.

Wann d’Leit dann den 8. November an den Haaptwahlen ofstëmmen, wielen se technesch gesinn net direkt fir een vun den Kandidaten, mee fir en “Elector”. Dës sinn Deel vum Electoral College, wou all Staat souvill Stemmen huet wéi en Setzer am Parlament huet. D’Unzuel variéiert also jee no Populatioun an kann tëscht 3 (Alaska) an 55 (Kalifornien) Stemmen schwanken. Am Ganzen ginn et am Electoral College 538 Stëmmen, wat bedeit dass een Kandidat muss op mannst 270 dovunner kréien fir President ze ginn. Dësen komplizéierten System kann an ganz extremen Fäll dozou féieren, dass een Kandidat méi Leit huet déi fir hien wielen an awer verléiert. Am Joer 2000, zum Beispill, krut den Al Gore 500’000 méi Stëmmen wéi den George Bush an huet awer verluer well den Bush 271 Stëmmen am Electoral College krut.

Den Wee fir President ze ginn an Amerika ass also een vun den komplizéiertsten vun der Welt. En ass net nëmmen immens laang – den Ted Cruz huet seng Kandidatur bal 600 Deeg virum Wahldag annoncéiert – mee och immens deier. Déi lescht Presidentschaftswahlen waren déi deierst jeemools an den Barack Obama huet mat 1,1 Milliard $ déi meescht Suen jeemools ausginn fir seng Kandidatschaft. Virun allem awer well dësen Posten esou wichteg ass fir Amerika an fir d’Welt ass et wichteg den Prozess ze verstoen an ze verfollegen.

Hei nach en kuerzen Video op Englesch deen den amerikaneschen Wahlsystem erklärt:

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En ausféierlechen Guide zum amerikaneschen Wahlsystem.

http://www.zeit.de/politik/ausland/2012-11/usa-wahl-wahlsystem

- Eng Iwwersiicht vun den wichtegsten Präsidentschaftskandidaten fir 2016.

https://www.tagesschau.de/multimedia/bilder/wahl-usa-107.html

Franséisch:

- En Artikel iwwert d'Finanzementer vun den Wahlkampagnen.

http://www.lemonde.fr/ameriques/article/2015/10/11/etats-unis-comment-seulement-158-familles-financent-l-election-presidentielle_4787161_3222.html - En Artikel iwwert d'Resultater vum Iowa Caucus.

http://www.rtl.fr/actu/international/presidentielle-americaine-2016-que-reserve-l-iowa-a-hillary-clinton-et-donald-trump-7781658424

Englesch:

- En Resumé vun den Kandidaten déi 2016 zur Wahl stinn.

http://graphics.wsj.com/elections/2016/candidate-tracker/#/announced

- Eng Iwwersiicht vun den Resultater vum Iowa Caucus.

https://www.washingtonpost.com/2016-election-results/iowa/?tid=sm_fb

Source vun den Biller:

- Bild 1: http://2012election.procon.org/files/1-2012-election-images/how-to-become-president-chart-dehahs-picture.png

- Bild 2: http://theresurgent.com/wp-content/uploads/2016/01/TedCruzWide.jpg

- Video: https://www.youtube.com/watch?v=lG5w4GeCZJY

#Politik #Amerika #Demokratie

49 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page