Association Narin goes #blogging

Nodeems eisen Projet "Jugend a Politik" vill positiv Reaktiounen erwier bruecht huet an deenen Lycéeën wou mer eng Presentatioun gehalen hunn, wëllen mer elo en wöchentlechen Blog, spezifesch fir Jugendlecher, iwwert en aktuellt politesch Thema schreiwen. D'Ziel ass et Jugendlecher fir Politik ze intresséieren an hinnen eng Basis an Themen ze ginn mat där si kennen mat aneren diskutéieren an sech kennen weider informéieren.
De Blog wärt fir den groußen Deel op Lëtzebuergesch geschriwwen ginn. Obwuel den Fokus op Europa an Lëtzebuerg wärt sinn, wäerten Themen vun iwwerall an der Welt behandelt ginn, well d'Haaptzil et ass Jugendlecher fir Politik ze intresséieren. Vu dass si och oft Noriichten aus Amerika oder aner Länner mat kréien an des och oft en Afloss op Europa an Lëtzebuerg kennen hunn, ass et wichteg och des Themen ze behandelen.
Gläichzäiteg zum Blog wäerten mer och en reegelméissegen Concours fir Schüler starten. Dësen wärt jeeweils an engem aneren Lycée statt fannen, wou Schüler vun 4e, respektiv 10e, kennen hiert Wierk bei eis eraschécken an dem Gewënner säint op eisem Blog publizéiert gëtt. Dëst Wierk kann all Form unhuelen, soulaang et en aktuellt politescht Thema behandelt (Text, Gedicht, Video, Bild, Lidd/Rap, etc.). Falls en Schüler sech fir eng textlech Form entscheed ass en och an der Sprooch fräi gestallt fir tëscht Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch ze wielen. All Mount kritt den Gewënner dann och een klengen Preis vun eiser Associatioun, sou wéi en Certificat dass hien/hatt matgemaach an gewonnen huet. Um Enn vum Joer gëtt en Voting op eiser Facebook-Säit gemaach wou de Public tëscht all den monatlechen Gewënner den Jores-Gewënner aussicht, deen dann en weideren groussen Preis mat heem hellt.
Mir hoffen dass et wärt Spaass maachen eisen Blog ze liesen an dass en zu engem gudden Startpunkt fir intresséiert Jugendlecher gëtt, déi sech méi iwwert Politik informéieren wëllen. Fir dass dat awer funktionéiert sinn mer op all Hëllef ugewisen. Dofir deelt eis Säit an zielt ären Frënn vun dësem Blog fir dass mer en Maximum un Leit erreechen. Dir kennt Iech och op der rietser Säit an eis E-Mail Lescht androen, dass der keen Post verpasst!
An dësem Sënn, vill Spaass beim Liesen!