top of page

Firwat ginn et sou vill Waffen an Amerika?


De Grupp "Oath Keepers" - deen aus Zivilisten besteet - patrouilléiert gären mat hiren schwéiren Waffen.

Iwwert 400 Leit sinn dëst Joer an Massenschéissereien an Amerika gestuerwen. Et goufen méi Massenschéissereien wéi Deeg am Joer. Am Ganzen sinn 2015 32'000 Leit un Waffen gestuerwen an eng weider 76'000 verletzt ginn. Des Zuelen maachen aus Amerika een vun den developpéierten Länner op der Welt wou am meeschten Leit un Waffen stierwen. Am Duerchschnëtt sinn och pro Woch 5 Leit ugeschoss ginn vun Kanner déi mat Waffen gespillt hunn, déi se doheem fonnt hunn.

Bei dësen Ausmoossen fält et schwéier ze verstoen firwat näischt sech ännert. Säit 2013 ënnerstëtzen iwwert 80% vun den Leit an Amerika dass jiddereen deen Waffen kafen well, virweisen muss, dass en keng Verbriechen begaangen huet. D'selwecht vill Leit wëllen och dass mental krank Leit keng Waffen kréien sollen. Mee firwat deet sech dann näischt?

Den gréissten Grond firwat et sou schwéier fält eppes ze änneren ass dass d'Recht op Waffen an der amerikanescher Konstitutioun geschützt ass - am sougenanntenen "Second Amendment". Fir dëst ze änneren geet en einfacht Gesetz net duer. Dofir gëtt et just zwee Weeër: eng Verfassungsännerung oder en Uerteel vum Iewechten Geriichtshaff. Fir den éischten Wee missten an béiden Deeler vum Parlament zwee Drëttel vun den Députéierten an dräi Véirel vun den eenzelnen Staaten dofir ofstëmmen, wat momentan onméiglech ze realiséieren ass. Den zweeten Wee ass 2008 probéiert ginn, mee d'Geriicht huet ofgestëmmt dass d'Verfaassung d'Recht of Waffen garantéiert.

Säit 2008, ginn et méi Waffen wéi Leit an Amerika

En weideren Grond firwat, trotz dësen erschreckenden Zuelen, wéineg geännert gëtt ass wéi vill Waffen et an Amerika gëtt. Säit 2008, ginn et an Amerika méi Waffen wéi Leit - an aneren Wieder, iwwert 350 Milliounen Waffen. Allerdéngs sinn des Waffen op nëmmen 37% vun den Famillen verdeelt - also eng Minoritéit. Mee des Minoritéit gëtt vun enger Lobby-groupe verteidegt, der National Rifle Association (NRA), déi säit Jorzéngten als ze staark gëllt fir dass Politiker sech trauen géint se ze goen. Bei den 2008 Wahlen, zum Beispill, huet d'NRA 40 Milliounen Dollar ausginn fir Campagnen géint den Obama, well hien méi streng Waffegesetzer duerchsetzen wollt. Obwuel den Obama awer gewielt gouf konnt och hien bis elo wéineg ausriichten, well den amerikaneschen System sou opgebaut ass, dass hien alleng nemmen schwéier Waffegesetzer méi streng maachen kann. Säin Versuch vun dëser Woch wäert wahrscheinlech op Probleemer am Parlament stoussen an den nächsten Méint.

En leschten Grond, ass dass d'Amerikaner - am Verglach mat Europäer - wéineg Vertrauen an d'Police an an den Staat generell hunn - 69% am Joer 2011 sooten se hätten wéineg bis guer keen Vertrauen an de Staat. Dovunner ass een Deel wou Waffen als hir Méiglechkeet ugesinn sech ze verteidegen wann den Staat, deem se net vertrauen, eppes mécht wat si an Gefor bréngt. Niddregt Vertrauen an d'Police huet als Folge dass vill Leit sech eng Waff kafen aus Selbstschotz fir sech an hir Famill.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- E Beispill vun engem amerikaneschen Unis-President, deen Waffen um Campus verteidegt

http://www.spiegel.de/unispiegel/studium/anschlag-in-san-bernardino-praesident-von-us-uni-ruft-studenten-zu-den-waffen-a-1066435.html

- En Interview mam "Armed Citizen Project" dee sech fir méi Waffen an Amerika asätzt

http://www.sueddeutsche.de/politik/treffen-mit-einem-us-waffenfanatiker-mehr-gewehre-bedeuten-weniger-verbrechen-1.1655580

Franséisch:

- Eng méi déif Analyse vun den Grënn firwat et an Amerika sou vill Waffen gëtt

http://www.huffingtonpost.fr/2015/10/09/armes-etats-unis-renoncer-jamais_n_8267854.html

- En Artikel iwwert den politeschen Parteien hir Positioun iwwert Waffegesetzer an Amerika

http://www.lemonde.fr/ameriques/article/2015/10/02/aux-etats-unis-l-impossible-controle-des-armes-a-feu_4781642_3222.html

Englesch:

- Een bekannten Editorial vun der New York Times iwwert "Waffen-Epidemie" an Amerika

http://www.nytimes.com/2015/12/05/opinion/end-the-gun-epidemic-in-america.html?action=click&pgtype=Homepage&clickSource=story-heading&module=opinion-c-col-top-region&region=opinion-c-col-top-region&WT.nav=opinion-c-col-top-region&_r=1

- En Artikel iwwert di verschidden Weeër an deenen Waffen Leit an Amerika embrengen

https://www.washingtonpost.com/news/wonk/wp/2015/12/07/mass-shootings-are-distracting-from-the-real-danger-of-guns-in-america/

Source vun de Biller:

- Bild 1: http://www.telegraph.co.uk/news/worldnews/11797696/Oath-Keepers-bearing-assault-rifles-patrol-Ferguson-riots.html

- Bild 2: https://www.washingtonpost.com/news/wonk/wp/2015/10/05/guns-in-the-united-states-one-for-every-man-woman-and-child-and-then-some/

#Amerika #Waffen #Politik #Republikaner

19 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page