Firwat ass den Schengenraum an Gefor?
Dës Woch war d’Flüchtlingskriis rëm am Zentrum vun den Noriichten. Et ass dobäi virun allem em den Schengenraum gaangen. Nodeems Schweden an Éisterräich, zwee vun den Länner déi am meeschten Flüchtlingen opgeholl hunn, rëm Grenzkontrollen agefouert hunn ass d’Zukunft vum Schengenraum ongewëss. Béid Länner hunn och domat gedro Griicheland aus dem Schengenraum auszeschléissen wann et net méi mécht fir d’Unzuel vun den Flüchtlingen ze reduzéieren. Mee wat ass den Schengenraum? Firwat ass en wichteg? An wat huet en mat der Flüchtlingskriis ze dinn?
Den Schengenraum, deen nom lëtzebuergeschen Duerf Schengen benannt ass, besteet aus 26 Staaten, déi säit 1995 all Passkontrollen op den Grenzen déi se mateneen hunn ofgeschaf hunn. Obwuel et offiziell en Traité vun der Europäescher Unioun ass, sinn net all EU-Länner Deel (zB England an Irland). Ausserdeem hunn puer Länner ausserhalb vun der EU den Traité ënnerschriwwen (zB Schwäiz).

Firwat et sou attraktiv ass Grenzkontrollen ofzeschafen läit virun allem an ökonomeschen Erklärungen. Engersäits erlaabt et den Awunner vum Schengenraum einfach iwwert Grenzen ewech ze schaffen an anzekafen – wat virun allem fir kleng Länner wéi Lëtzebuerg grouß Virdeeler huet. Am Joer 2010 sinn iwwer 150’000 Leit (oder 44% vun all den Aarbechter zu Lëtzebuerg) all Dag iwwert d’Grenz gefuer fir zu Lëtzebuerg ze schaffen. Géifen d’Grenzkontrollen rëm agefouert ginn, wär dëst quasi onméiglech, wéi mer am November 2015 gesinn hunn wéi Frankräich fir zwou Wochen rëm Kontrollen agefouert hat an et zu massiven Stauen op der Grenz koum. Anerersäits, ass d’Absenz vun Grenzen immens attraktiv fier Firmen, well si hir Wueren kënnen einfach vun engem Land an en anert bréngen an se do verkafen. Den Schengenraum verbënnt also iwwert 400 Milliounen Leit an engem eenzelnen Marché, wat méi Konsumenten sinn wéi am amerikaneschen Marché. D’Schengenoofkommes ass awer och politesch wichteg, well en, zesummen mam Euro, een vun den wäitreechendsten an kloersten Symboler vun der Europäescher Unioun ass. Tatsächlech, huet den Kommissiounspresident Juncker gewarnt, dass den Euro ouni “Schengen” wéineg Sënn hätt an och an Gefor géif kommen wann den Schengenraum auserneen briecht.

Den Grond firwat d’Schengenoofkommes sou oft am Zesummenhang mat der Flüchtlingskriis genannt gëtt, ass well ëmmer méi EU-Länner an den leschten Méint rëm Grenzkontrollen agefouert hunn. Säit Ungarn am November 2015 domat ugefangen huet, ginn et mëttlerweil rëm Grenzkontrollen an Kroatien, Slowenien, Éisterräich, Däitschland, Dänemark an Schweden.
Nieft den Bannengrenzen funktionéieren awer och verschidden extern Grenzen net méi no den Prinzipien vum Schengenoofkommes. Wéi uewen schonn ugedeit, mengen munch EU-Länner dass Griicheland seng extern Grenz net méi sou kontrolléiert wéi et dat misst maachen. Ofgesinn vun der Flüchtlingskriis steet den Schengenraum och an der Kritik am Zesummenhang mat den Terror-Attacken vun Paräis den 13. November 2015, wou den Virworf ass dass Terroristen déi eemol an den Schengenraum agedrongen sinn, wéineg Angscht virun weider Kontrollen brauchen ze hunn.
Den momentanen Zoustand vum Schengenoofkommes ass also alles anescht wéi gutt. Et ginn mëttlerweil souguer schonn Pläng ausgeschafft wéi een méiglecherweis kéint den Schengenraum verklengeren oder souguer ganz ofschafen. Allerdéngs géif dat d’Existenz vum Euro an och der Europäescher Unioun an Fro stellen. Et ass also definitiv en wichtegt Thema, dat jidder Eenzelnen betrëfft.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- En Artikel iwwert dem Merkel seng Optiounen an der Flüchtlingskriis - ënner anerem an Verbindung mam Schengenraum.
http://www.spiegel.de/spiegel/print/d-140273585.html
- En gudden Resumé vum Schengenraum an sengen Probleemer.
Franséisch:
- En Artikel deen den Schengenraum erklärt an d'Positiounen vun den franséischen Parteien analyséiert.
- En Artikel iwwert den Zesummenhang vun den Terrorattacken zu Paräis an dem Schengenraum.
Englesch:
- Eng Sammlung vun den Äntferten op déi wichtegst Froen zum Schengenraum.
http://www.bbc.co.uk/news/world-europe-13194723
- En Artikel iwwert dem Kommissiounspresident Juncker seng Positioun zum Schengenraum.
Sourcen vun den Biller:
- Bild 1: http://ec.europa.eu/dgs/home-affairs/what-we-do/policies/borders-and-visas/schengen/index_en.htm