Iran an d'Atombomm

Dës Woch war d'nuklear Sécherheet gläich zweemol an den Noriichten. Déi éischt Kéier huet Nordkorea annoncéiert, dass et eng Thermonuklearwaff getest huet – wat international Experten awer bezweifelen. Déi zweet Kéier huet Iran all d’Konditiounen erfëllt, déi am Accord vun Wien opgelëscht waren, an domadder goufen d'Sanktiounen géint Iran opgehuewen. Mee em wat geet et an deem Accort? Wat ass d’Ziel an wéi wärt et weider goen?
Den Problem, deen den Accord probéiert ze léisen, ass dass vill Natiounen fäerten Iran géif heemlech eng Atomwaff bauen. Iran huet allerdéngs ëmmer insistéiert, dass säin nuklearen Programm ausschliisslech Energie fir friddlech Zwecker produzéiert. Eng Bomm bauen wär illegal, well Iran den Nuclear Non-Proliferation Treaty (NTP) ënnerschriwwen huet an domadder säin Recht fir eng Atombomm ze bauen opginn huet. Ausserdeem ass Iran an vill regional Konflikter verwéckelt – se erkennen zum Beispill Israel net als Land un. Dowéinst well Amerika, an vill aner Länner, net, dass Iran eng Atombomm kritt. Virun allem Amerika huet feindseeleg Relatiounen mat Iran, säit 1979 am Kontext vun der Iranescher Revolutioun den Schah, een Verbündeten vun Amerika, duerch en neien Staatschef ersat gouf.
Aus dësen Grënn hunn d’Vereenten Natiounen (UN), d’Europäesch Unioun (EU), an Amerika säit Joren militäresch an wirtschaftlech Sanktiounen géint Iran erriicht. Am Joer 2013 huet Amerika dann d’Initiative geholl fir zesummen mat den “Permanent Five” an Däitschland mat Iran ze verhandelen fir eng friddlech Léisung ze fannen. D’Verhandlungen hunn dann am Juli 2015 zum Accord vun Wien gefouert, em deen et dës Woch geet.
Den Accord gesäit eng ganz Rei un Critèren fir, déi Iran erfëllen muss an déi dorop zielen all Méiglechkeet zur Konstruktioun vun enger Bomm ze ënnerbannen. Fir des ze kontrolléieren, kritt d’IAEA – d’International Atomagence – d’Recht déi Platzen ze besichen wou Iran Atomenergie benotzt. Als Géigenzuch hunn déi aner Länner Iran versprach d’Sanktiounen opzehiewen, wat dës Woch geschitt ass, well Iran seng Unzuel un radioaktivem Material an Zentrifugen drastesch op deen Niveau reduzéiert huet, deen am Accord festgesat war.

Obwuel d'Oofkommes elo seng éischt Erfolleger feiert, ass et nach ëmmer haart ëmstridden, virun allem an Amerika. Do gräifen d’Republikaner et reegelméisseg un. Zwee Republikanesch Kandidaten fir d’Präsidentenamt hunn ëffentlech gesot se géifen den Accord net ënnerstëtzen. Anerer sooten se géifen en annuléieren, wann se gewielt géifen ginn. Hir Haaptkritiken sinn dass een Iran net vertrauen kann wéinst senger Roll an villen Konflikter am Mëttleren Osten an d'Oofkommes dowéinst geféierlech ass; dass den Iran Terrorismus sponsort; dass et net genuch Kontrollen gëtt; an dass den Iran net genuch Sacrificen huet missen maachen fir dass d’Sanktiounen opgehuewen ginn.
Och am Iran ass d'Oofkommes ëmstridden. Den ieweschten Chef vum Land, den Ajatollah Khamenei, huet schonn kloer gemaach, dass den Accord d’Relatioun mat Amerika – oder wéi d’Iraner soen: “den groussen Däiwel” – net verännert. Ausserdeem insistéiert hien dorop dass d'Oofkommes och keen transformativen Moment fir Iran selwer ass. D’Land wärt weider un senger momentaner Regierungsform festhalen, wou den Islam d’Politik dominéiert.
Den Accord vun Wien ass also eng Affaire à suivre. En entscheedenden Moment wäerten d’amerikanesch Wahlen am November dëst Joer sinn, een Thema op dat mer geschwen an eisem Blog ze schwätzen kommen.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- Eng kuerz Iwwersiicht vum Accord tëscht den Permanent Five, Däitschland an Iran:
https://www.tagesschau.de/ausland/iran-atomabkommen-101.html
- En Artikel iwwert d'Reaktioun vun Israel op d'Nuklear-Ofkommen:
http://www.zeit.de/politik/ausland/2016-01/iran-atomabkommen-inkraft-reaktionen
Franséisch:
- Eng Analyse vun den Détailler vum Nuklear-Accord:
- En Editorial deen déi méiglech Konsequenzen vum Nuklear-Accord beschreift:
http://www.liberation.fr/planete/2016/01/17/que-fera-l-iran-de-la-levee-des-sanctions_1427063
Englësch:
- En Guide fir d'Détailler vum Accort - mat einfachen Graphiken fir d'bessert Verständnis:
- Eng Analyse vun den Reaktiounen zum Accord vun Länner am Mëttleren Osten:
http://www.theguardian.com/world/iran-blog/2015/jul/14/arab-states-react-iran-nuclear-deal
Sourcen vun den Biller:
- Bild 1: https://en.wikipedia.org/wiki/Iran_nuclear_deal_framework
- Bild 2: http://time.com/4027123/donald-trump-ted-cruz-rally/