Top 5 Mythen - Flüchtlingskriis

1. Mir kënnen net d'ganz Welt ophuelen
Dat freet och keen. Weltwäit ginn et knapp 60 Milliounen Leit déi op der Flucht sinn. Vun dësen 60 Milliounen liewen 80% an der Regioun wou och hiert Heemechtsland läit. Déi meescht Flüchtlingen kommen aus Syrien, wou se virun engem Diktator, engem Biergerkrich, dem Islameschen Staat an Loftattacken vun aner Länner fortlafen. Aner Länner wou vill Flüchtlingen hier kommen sinn: Afghanistan, Erithrea an Irak – alles keng Länner déi an Europa leien. Bei wäitem d’Majoritéit vun den Flüchtlingen kënnt also net an Europa. Tatsächlech liewen nëmmen 15% vun den Flüchtlingen an developpéierten Länner.
2. D'Majoritéit sinn net Flüchtlingen, mee Migranten
Der Genfer Konventioun no, ass en Flüchtling een deen virun Krich oder politescher Verfolgung fort leeft. En Migrant ass eng Persoun déi an engem aneren Land lieft wéi se gebuer ass, meeschtens an der Hoffnung am neien Land eng Aarbecht ze fannen. Mee d’Majoritéit vun den Leit déi 2015 ukomm sinn, falen ënner Flüchtlingsstatut. Schätzungen no sinn 81% vun deenen déi an Griicheland ukommen aus Länner wou definitiv Krich ass an dofier och gudd Chancen hunn als Flüchtling unerkannt ze ginn. Et ass awer wouer dass an Däitschland an Italien méi Migranten ukommen wéi an Griicheland, awer Experten no nach ëmmer net d’Majoritéit.
3. Ënnert den Flüchtlingen sinn sécher Terroristen
Natierlech kann keen ausschléissen, dass ënnert den Flüchtlingen net en eenzegen Terrorist ass. Mee d’Zuelen an d’Analysen vun Experten schwätzen dogéint. Éischtens sinn bis elo eppes iwwert 1 Millioun Flüchtlingen an Däitschland ukomm an déi däitsch Police huet géint nëmmen 5 Leit eng Enquête ugefangen. Och an Amerika sinn säit 2001 750’000 Flüchtlingen ugeholl ginn an net en eenzegen ass fir terroristesch Attacken veruerteelt ginn. Ausserdeem mécht et wéineg Sënn fir Terroristen fir iwwert sou een geféierlechen Wee an Europa ze kommen, wann se schonn bewisen hunn, dass se duerchaus fäheg sinn Leit op aner Weeër an Europa ze bréngen.
4. Déi Flüchtlingen wou kommen sinn guer net aarm

Een Flüchtling ass net onbedéngt och aarm gewiescht wéi en aus sengem Land fortgelaf ass. Dat Schlëmmt un Krich ass dass et jiddereen betrëfft – egal ob räich, Mëttelstand oder aarm. Virun allem aus Syrien kommen och vill Leit aus dem Mëttelstand, well mëttlerweil méi wéi d’Halschent vun der Populatioun entweder innerhalb vum Land oder aus dem Land raus geflücht ass. Vill hunn hiert Haus verluer an dat Läscht wat se haten missen verkafen fir den Schmuggler an Europa ze bezuelen. Virun allem en Smartphone ze halen mécht Sënn well een domat ëmmer eng Landkaart bei sech huet an am Fall wou een sech verléiert den Rescht vun senger Famill rëmfannen kann.
5. Matt all deenen Flüchtlingen sinn mer geschwen all Moslemen
Des Angscht kann een haaptsächlech am staarken Ofschneiden vun rietsradikalen Parteien wéi dem Front National an Frankräich an dem Opkommen vun der Biergerinitiativ PEGIDA an Däitschland erkennen. Och hei schwätzen d'Zuelen awer géint des Angscht. Den Ufank vun enger Islamiséierung géif fir déi meescht Leit bei enger muslimescher Populatioun tëscht 20 an 30% vun der gesamter Populatioun ufänken. Allerdéngs ass di tatsächlech Moslem-Populatioun an Frankräich tëscht 7 an 8% an an Däitschland nëmmen 5.3%. An der ganzer Europäescher Unioun liewen nëmmen 15 Milliounen Moslemen op iwwer 500 Milliounen Awunner - oder 3%.
Hei ënnen drënner nach en kuerzen Video op Englesch deen d'Flüchtlingskriis an den Syrien-Krich kompakt erklärt:
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- Eng Timeline vun der Flüchtlingskriis, wéi se sech developpéiert huet an Däitschland
http://www.zeit.de/gesellschaft/fluechtlinge-in-deutschland
- En Kommentar zu den Probleemer virun deenen Däitschland steet an der Flüchtlingskriis
Franséisch:
- En Artikel iwwert den Accord tëscht der EU an der Tierkei fir d'Zuelen vun Flüchtlingen ze limitéieren, déi iwwert Tierkei an Griicheland an Europa kommen
- En Artikel deen beweist wéi den Front National weider Mythen iwwert d'Flüchtlingen verbreet fir den Leit Angscht ze machen an hir eegen Chancen an den Wahlen ze erhéichen
Englesch:
- Eng Zesummenfaassung vun den wichtegsten Zuelen an Graphiken an der Flüchtlingskriis
http://www.bbc.com/news/world-europe-34131911
- En Artikel iwwert d'Flüchtlingsdebatt an Amerika an den Republikaner hir Positioun zum Thema
Sourcen vun den Biller:
1. Bild: http://www.theatlantic.com/photo/2014/11/living-in-war-torn-syria/100857/
2. Bild: http://www.politicoscope.com/unsung-heroes-hungary-activists-help-refugees-by-smartphone/
#Politik #Syrien #Terrorist #IslameschenStaat #Flüchtlingskriis