top of page

Zesummen Fir All

Politik ABC

A
P

X-Z

Zentralbank:

Eng Zentralbank ass fir d’Geldpolitik vun enger Währung zoustänneg. Si huet normalerweis verschidden Aufgaben. Se soll dofir suergen dass: d’Präisser stabil bleiwen; d’Suen net drastesch un Wäert gewannen oder verléieren; Banken déi an Geldnout geroden, Suen geléint kréien; an d’Ökonomie net an eng Rezessioun fält. Ausserdeem print an mënzt eng Zentralbank d’Schäiner an d’Mënz vun enger Währung. Wichteg Zentralbanken sinn d’Fed an Amerika, d’EZB an Europa an d’Zentralbank vun Groussbritannien.

 

UKIP
Vereenten Natiounen
UN-Klimakonferenz
UKraine Konflikt

U-W

Ukrain-Konflikt

Ukrain ass gespléckt, de Westen vu der Ukrain wëll méi zum Westen gehéieren an de Osten ass méi prorussesch agestallt. Op der Hallefinsel Krim hunn déi russeschsproocheg Bierger bei engem Referendum ofgestëmmt, dat si zu Russland gehéiere wëllen. Dann hunn och Donezk a Lugansk sech entscheet zu Russland ze gehéieren an wëllen dëst mat Waffegewalt duerchsetzen. Obwuel eng Wafferou (Minsk I an Minsk II) verhandelt gouf, hält dës net ganz.

UNCLOS:

D’UNCLOS ass en international Ofkommes dat d’Rechter iwwert d’Mierer an der Welt regléiert. Se leet zum Beispill fest wéi vill Kilometer an d’Mier eran en Staat exklusiv d’Recht huet d’Ressourcen ze notzen. Ausserdeem deklaréiert dësen Traité dass bis op déi éischt Kilometer vun der Küst ewech den Rescht vum Mier der Mënschheet gemeinsam gehéiert.

 

UN-Klimakonferenz:

Eng Konferenz déi all Joers stattfënnt mat all den Länner déi an der UNFCCC (Accord vun den Vereenten Natiounen iwwert Klimaverännerungen) sinn. Hei gëtt iwwert Problemer an Léisungen am Klimaberäich diskutéiert an een vëlkerrechtleche Kontrakt fest gesat fir Klimaschutzpolitik ze verbesseren.

 

United Kingdom Independence Party (UKIP):

UKIP ass gegrënnt ginn mam Ziel England aus der EU zeréck ze zéien. Mëttlerweil huet d'Partei awer och eng Positioun zu aner Themen an ass ënnert dem Virsetzenden Nigel Farage zu enger wichteger Partei an England ginn. Innerhalb vum Europaparlament ass UKIP déi englesch Partei mat den meeschten Sëtzer (22).

 

Vereenten Natiounen (UN/UNO):

D'Vereenten Natiounen ass en Zesummeschloss vun 193 Staaten mat Haaptsëtz zu New York City. D'Organisatioun ass den 26. Juni 1945 gegrënnt ginn an déngt virun allem de Fridden op der Welt ze erhalen an d'Mënscherechter ze schützen. Aus dëser Organisatioun sinn vill aner Institutiounen ervirgaangen (UNICEF, UNHCR, UNESCO, etc.)

 

UNCLOS
Zentralbank
bottom of page