top of page

Zesummen Fir All

Politik ABC

S-T

 

Schengenoofkommes (Schengenraum):

D'Länner déi den Schengenaccord ënnerschriwwen hunn, hiewen all Grenzkontrollen mat aneren Signatairen op an verflichten sech d'Baussegrenzen gemeinsam ze kontrolléieren. Den Accord, deen 1995 zu Lëtzebuerg ënnerschriwwen gouf, ëmfaasst haut 26 Länner an iwwert 400 Milliounen Leit. Hei eisen Artikel zum Thema.

 

Sowjetunioun

Sowjetunioun ass de 30.12.1922 duerch de Zesummeschloss vu 15 Staaten entstanen, bis dohin war et dat gréisste Land op der Welt.D’Aufgab vun der Sowjetunioun oder och UDSSR genannt war et politesch zesummen ze schaffen ënnert der Kontroll vu Russland. D’Staaten waren all kommunistesch duerch déi bolschewistech Revolutiounen.  Den 21 Dezember 1991 ass Sowjetunioun opgeléist ginn, Grënn waren ënner anerem Revolutiounen, de Fall vun der Berliner Mauer an dat déi verschidde Staaten vun der Sowjetunioun verschidde Gesetzer autonom regele kënnen.

 

Super Tuesday:

Den Super Tuesday ass den Dënschden Enn Februar oder Ufank Mäerz op deem déi meeschten US-Staaten hir Virwahlen ofhalen fir d'Presidentschaftswahl vun deem Joer. Wann d'Resultater vun deem Dag fest stinn, sinn d'Virwahlen an deenen meeschten Fäll entscheet an d'Kandidaten fir d'Haaptwahlen stinn fest.

 

Syrien-Krich:

Den Syrien-Krich huet 2011 am Kontext vum Arabeschen Fréijoer mat Protester géint den President Assad ugefaangen an huet sech zënterhier zu engem Biergerkrich gewandelt an deem 4 verschidden Haaptgruppen sech bekämpfen. Säit 2014 sinn och iwwert eng Dosen Länner mat Loftattacken um Krich bedeelegt.

 

Terrorattacken zu Paräis:

Den 13. November 2015 ass et zu Paräis zu puer gläichzäitegen, koordinéierten Terrorattacken komm. D'Terroristen déi en Café, en Stadion, en Restaurant an eng Concertshaal mat Maschinnegewierer an Bommen ugegraff hunn, hunn 130 Leit ëmbruecht. Den Islameschen Staat huet des Attacken organiséiert an se als Revanche fir Loftugrëffer vun Frankräich op hir Positiounen an Syrien an am Irak duergestallt.

 

Terrorist:

Weder an der Politik nach an der Wëssenschaft gëtt et eng kloer Definitioun. Déi meescht Leit verstinn dorënner eng Persoun déi versicht Schrecken an der Populatioun ze erzeugen fir en politescht Ziel ze erreechen. Terrorismus ass deemno net onbedéngt op Relioun zeréck ze féieren. Beispiller sinn: RAF an Däitschland, ETA an Spuenien, Al-Qaeda an Islameschen Staat am Mëttleren Osten.

 

Transatlantic Trade and Investment Partnership (TTIP):

Den Traité 'Transatlantic Trade and Investment Partnership' gëtt säit 2013 tëschent der EU an Amerika verhandelt fir eng Fräihandelszone ze schafen. Obwuel d'Supporteren vill ekonomesch Virdeeler gesinn, ass den Traité virun allem an Däitschland an Amerika immens onbeléift.

 

TMT:

Déi tierkesch Widderstandsbewegung déi géint d'Deelung vun Zypern. Si sinn duerch d'Tierkei ënnerstëtzt ginn fir dat si géint d'EOKA kämpfen.

 

Terrorist
Republikanesch Partei
Schengenraum
Super Tuesday
Regierungschef
Ratifizéieren
Terrorattacken zu Paräis
Syrien-Krich
Sowjetunioun
TTIP
TMT
Rietspopulismus

Q-R

 

Ratifizéieren:

Als Ratifikatioun bezeechent een an enger Demokratie d'Zoustëmmung vum Parlament zum Ënnerschreiwen vun engem internationalen Accord. Dëst ass néideg fir dass der Regierung hir Ënnerschrëft gülteg ass an den Accord offiziell unerkannt ass.

Referendum:

An engem Referendum dierf all Bierger deen och bei normalen Wahlen wielen dierf, iwwert eng prezis Fro entscheeden. Normalerweis ginn Referenden benotzt fir spezifesch Froen ze entscheeden iwwert déi sech d’politesch Parteien net eens ginn oder déi immens wichteg Konsequenzen hunn. Dofir gouf et zu Lëtzebuerg en Referendum iwwert spezifesch Froen zur neier Konstitutioun an en Referendum an England iwwert dem Land seng Zukunft an der Europäescher Unioun.

 

Regierungschef:

Als Regierungschef bezeechent een den iewechten Politiker vun enger Regierung. En Regierungschef huet normalerweis grouss Muechten fir d'Politik vum Land ze bestëmmen. Dat kann en President sinn (z.B. Amerika) oder den Premierminister (z.B. Lëtzebuerg). En Regierungschef ass net onbedéngt och Staatsoberhaupt, deen haaptsächlech zeremoniell Flichten erfëllt (z.B. den Grand-Duc).

 

Republikanesch Partei:

D'Republikaner ass eng vun den zwou Parteien an Amerika an ass 1854 gegrënnt ginn. Generell verfollegen d'Republikaner eng konservativ Politik an setzen sech fir eng staark Arméi; traditionell - oft chrëschtlech - Valeuren; an fräi ekonomesch Marchéen an. Déi bekanntsten Leit aus der Partei sinn: den Abraham Lincoln, den Dwight Eisenhower, den Ronald Reagan, an den George W. Bush.

Rezessioun:

D’Ekonomisten ënnerdeelen e Joer an der Reegel a véier Quartalen. Eng Rezessioun läit da fir, wann an zwee Quartale hannerteneen keen ekonomesche Wuesstem oder e Réckgang vun dësem stattfënnt.

Rietspopulismus:

Eng politesch Stréimung, déi Uerdnung, Autoritéit an Identitéit als wichteg empfannen. Déi Parteien weisen sech oft mat EU-skepteschen, Islamophobeschen oder auslännerfeindlechen Parolen. Aner Parteien an Medien gesinn dës Parolen als Gefor fir d'Demokratie.

 

Rezessioun
Referendum
bottom of page