top of page

Zesummen Fir All

Politik ABC

O-P

​

Oppositioun:

Als Oppositioun bezeechent een déi Parteien an enger Demokratie déi net an der Regierung sinn. An enger Demokratie ass d’Aarbecht vun enger Oppositioun immense wichteg, well si dem Vollek eng Alternative zur Regierung ubidden kënnen an d’Regierung iwwerwaachen sou dass si keen Abus vun hirem Pouvoir maachen.

​

OSZE:

D’Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa besteet aus 57 Staaten an ass den 1. August 1975 gegrënnt ginn. D’Aufgab ass d’Sécherung vum Fridden an Europa ze stabiliséieren. Si huet net déi militäresch Mëttele wéi d’NATO, mee am Fall vun engem Konflikt gëtt sinn als eicht kontaktéiert. Si huet hiren Haaptsëtz zu Wien.

 

Parlament:

Den legislativen Deel vum Staat, wat bedeit dass et den Deel ass deen iwwert Gesetzer ofstëmmt, d'Regierung kontrolléiert an d'Bevëlkerung representéiert. Een Parlament besteet aus enger festgesater Unzuel vun Deputéierten. Zu Lëtzebuerg: d'Chambre des Députés.

 

PEGIDA:

PEGIDA steet fir "Patriotische Europäer Gegen die Islamisierung Des Abendlandes". Säit Oktober 2014 versicht des politesch Bewegung duerch wöchentlech Demonstratiounen méi streng Regelen fir Immigranten an Moslemen duerchzesetzen. Zënterhier kënnt et reegelméisseg zu Konfrontatiounen mat aner Protestgruppen, Journalisten, an der Police.

 

Permanent Five:

Dëst ass den Numm fir déi fënnef permanent Memberen vum Sécherheetsrot vun den Vereenten Natiounen. Dëst sinn d'Länner déi den zweeten Weltkrich gewonnen hunn. Si besetzen all Atomwaffen an hunn all en Vetorecht fir all Decisiounen vun den Vereenten Natiounen. D'Länner sinn: Amerika, China, England, Frankräich an Russland.

​

PKK (Partiya Karkerên Kurdistanê):

D'PKK ass eng kurdesch Aarbechterpartei mat kommunistescher Ideologie. Si kämpft politesch a militäresch fir d'Grënnung vun engem onofhängegen Land fir d'Kurden, Kurdistan. Wéinst hirer Gewaltuwendung gëtt si international als terroristesch Organisatioun agestuuft.

​

PIB (Produit Intérieur Brut):

Als “Produit Intérieur Brut” bezeechent een den gemeinsamen Wäert vun all den Produkter déi innerhalb vun engem Joer um Territoire vun engem Land produzéiert goufen. Et ass eng vun den meescht benotzten Statistiken fir den Räichtum vun engem Land ze bestëmmen. Momentan huet d’Europäesch Unioun den héchsten BIP, virun den USA an China.

​

Politescht Exil:

Als politescht Exil bezeechent een eng Situatioun an där eng Persoun an engem aneren Land lieft wéi sengem Heemechtsland, well him/hier do eng Prisongsstrof dréit.

​

President:

An enger Republik ass den President gläichzäiteg den ieweschten Representant vum Staat an den Regierungschef – am Geigensatz zu enger konstitutioneller Monarchie wou den Kinnek Staatschef ass an den Premierminister Regierungschef. Et hänkt vun der Konstitutioun vum Land of wéi vill Muecht en President als Eenzelen huet fir d’Politik an sengem Land ze bestëmmen.

 

Primaries:

Primaries - op Lëtzebuergesch "Virwahlen" - sinn Wahlen innerhalb vun enger Partei virun den entscheedenden nationalen Wahlen fir d'Feld vun den Kandidaten ze verklengeren. An Amerika zum Beispill halen béid Parteien Virwahlen of fir hiren Kandidat fir d'Nationalwahlen ze bestëmmen.

​

Putsch:

Bei engem Putsch handelt et sech em den Versuch vum Militär fir d’Muecht am Land mat engem schnellen, oft gewaltsamen, Plang ze iwwerhuelen. Dobäi ginn gezielt symbolesch Platzen, Medien an wichteg Regierungsgebai besat an déi bisheereg Regierung festgeholl.

 

Parlament
National Rifle Association
Mettelstand
Migrant
PEGIDA
Permanent 5
Nuclear Non-Proliferation Treaty
Primaries
NATO
Polit- Exil
NPD
OSZE
Mësstrauensvote

M-N

 

Mësstrauensvote:

E Mësstrauensvote fënnt dann statt, wann d'Parlament doriwwer ofstëmmt ob d'Regierung am Amt soll bleiwen. Wann eng Majoritéit géint d'Regierung oder e puer Memberen vun der Regierung ofstëmmt, dann verléieren déi concernéiert Persounen hiert Amt.

 

Mëttelstand:

Déi sozial Grupp déi tëscht d'Aarbechterklass an déi iewescht Klass fällt. Dëst sinn haaptsächlech Leit, déi en Unisdiplom hunn, professionell Beruffer hunn (z.B. Dokter, Affekot) an déi en Haus besetzen.

 

Migrant:

Et gëtt keng genau Definitioun vum Begrëff. Mee am Generellen, ass all Persoun déi während 12 Méint oder méi an engem aneren Land lieft wéi se gebuer ass, en Migrant. Gréisstendeels maachen déi Leit dat aus wirtschaftlechen Grënn - also fir en Job ze fannen. En Lëtzebuerger deen an Frankräich liewen an schaffen geet wier also och en Migrant.

​

Minister:

En Minister ass normalerweis den politeschen Chef vun op mannst engem Ministerium. Zesummen forméieren all d’Ministeren d’Regierung – och Cabinet genannt. Zu Lëtzebuerg kënnen si Gesetzer proposéieren an si sinn dofir responsabel dass Gesetzer an Reegelen déi am Parlament ofgestëmmt goufen deementspriechend ausgefouert ginn. Dat mécht si zu engem Deel vun der Exekutive.

 

National Rifle Association:

Eng amerikanesch ONG déi sech dofir asetzt, dass all Amerikaner kann weiderhin seng Waffen fräi kafen an benotzen, sou laang en d'Gesetz net briecht. Se gëllt als eng vun den dräi mächtegsten Lobby-Gruppen an Amerika.

 

NATO (North Atlantic Treaty Organization):

D'NATO ass eng Allianz vun 28 Länner - virun allem Amerika an en groussen Deel vun Europa - déi sech all géigesäiteg assuréiert hunn, dass am Fall wou een Land ugegraff gëtt, all Länner bei der Verteidegung hëllefen. D'Organisatioun ass kuerz nom Zweeten Weltkrich gegrënnt ginn an huet am Kalen Krich  Europa géint Attacken vun der Sowjetunioun geschützt.

 

NPD:

D'Nationaldemokratesch Partei vun Däitschland (NPD) ass 1964 gegrënnt ginn an verfollegt ähnlech Zieler wéi d'NSDAP ënnert dem Hitler. Si baséiert vill vun hiren Politiken op Rassentheorie an ass géint d'Gläichberechtegung vun Fraen an Homosexueller. D'Partei huet Memberen am Regionalparlament vun Mecklenburg-Vorpommern an am Europaparlament.

 

Nuclear Non-Proliferation Treaty:

Den Nuclear Non-Proliferation Treaty ass en international Ofkommes tëscht 190 Länner, dat et nëmmen Amerika, China, England, Frankräich an Russland erlaabt Atombommen ze besetzen an si dozou verflicht se no an no ofzebauen. Vun all den Ofkommen déi Waffen limitéieren ass dëst deen wou am meeschten Länner ënnerschriwwen hunn.

 

PKK
Putsch
President
PIB
Minister
Oppositioun
  • Facebook Social Icon
  • LinkedIn Social Icon

Contact:

bottom of page