Zesummen Fir All
Politik ABC
K-L
​
Kafkraaft:
D'Kafkraaft ass eng ekonomesch Statistik fir déi ausgerechent gëtt wéi vill Suen engem Haushalt am Duerchschnëtt bleiwen nodeems all reegelméisseg Rechnungen (Loyer, Versécherungen, Steieren, etc.) bezuelt sinn. Domat well een erausfannen wéi vill den Famillen “zum Liewen” bleift.
​
Kale Krich:
Ee Kale Krich ass allgemeng ee Krich zwësche Konfliktparteien, deen ouni Waffe „gekämpft“ gëtt. De Konflikt ass rëell, mee et geet méi ëm ekonomesch Sanktiounen an et ginn oft Bedrohunge gemaach. Virun allem rüsten d’Konfliktparteien hiert Waffenarsenal op.
Kanzler(in):
De Kanzler (D’Kanzlerin) ass den Regierungschef an Däitschland an domadder responsabel vir all wichteg Decisiounen an allen Politikberäicher. Hien/Hatt decidéiert iwwert d’Ernennen an d’Demissionéieren vun Ministeren. Beispiller vun Leit an dëser Funktioun sinn: den Konrad Adenauer; den Helmut Schmidt; den Gerhard Schröder; an d’Angela Merkel.
Kapitalismus:
Eng Ideologie, déi vun der Konkurrenz vun de Bierger ausgeet. Et existéiert een liberale Marché. Bierger hunn ee Privatbesëtz an duerch hier Aarbecht kënnen si sech hire Privatbesëtz finanzéieren. Et gëllt d’Regel vun „Angebot und Nachfrage“, also de Marché reguléiert sech selwer.
Kolonialzäit / Kolonialismus:
Déi europäesch Staaten hunn aner Territoiren entdeckt an wéinst hiren Buedemschätz oder aner Saachen versicht ënner hir Kontroll ze bréngen. Déi ënnerdréckten Staaten nennt een Kolonie an goufen vun deem Land, wat si besat huet, politesch gesteiert. D'Awunner vun den Kolonien sinn oft versklaavt oder ëmbruecht ginn.
Kommunismus:
Eng Ideologie, déi dovun ausgeet, dat Bierger kee Privatbesëtz hunn an dat all Produkt der Allgemengheet gehéiert. Et existéiere keng sozial Schichten a Mënsche sinn doduerch och all gläich. D’Ekonomie ass duerch de Staat geregelt an si ass net liberal. De Kommunismus geet op de Karl Marx zeréck an ass vum Lenin weiderentwéckelt ginn.
​
Konflikt am Südchineseschem Mier:
Am südchineseschem Mier gëtt et en Konflikt tëscht den Länner déi ronderëm dësen Deel vum Pazifik leien. Et geet drëm dass d’Länner sech net eens ginn wéi eng Inselen an Deeler vum Mier wéi engem Land gehéieren. Dat ass wichteg well dat festleet wiem déi grouss Fësch an aner Ressourcen am Mier gehéieren. Verschidden Länner versichen mam Bau vun kënschtlechen Inselen hiren Usproch un dës Gebitter ze ënnermaueren.
Konstitutioun:
Déi fundamental Prinzipien no deenen en Staat fonctionnéiert. D'Dokument an deem dat festgehalen ass, gëtt och Konstitutioun genannt. Beispiller sinn: déi Amerikanesch Konstitutioun; déi Lëtzebuergesch Konstitutioun.
​
Korruptioun:
Als Korruptioun gëtt all Aktioun bezeechent an där eng Persoun seng Positioun (an enger Administratioun, Firma, ONG, etc.) mëssbraucht fir sech selwer oder enger drëtter Persoun en Virdeel ze verschafen. Dozou gehéieren Bestiechung, Befërderung vun net-qualifizéierten Leit oder Mëssbrauch vun Gelder déi der Persoun net zoustinn.
Kyoto Protokoll:
De Kyoto Protokoll ass am Februar 2005 a Kraaft getrueden. D'Zieler vum Kyoto Protokoll sinn déi verschidden Treibhausgasen vun den developpéierten Länner ëm 5,2% ze reduzéieren an engem Zäitraum vun 2008-2012. Den Kontrakt ass 2012 vun 37 developpéierten Länner verlängert ginn an gëllt bis 2020.
​
Legislative:
D'Legislative besteet normalerweis aus dem Parlament. Si ass zoustänneg fir d’Diskutéieren, d’Schreiwen, an d’Ofstëmmen vun Gesetzer. D’Legislative ass nieft der Exekutive an der Judikative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesummen ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vuneneen getrennt sinn an sech géigesäiteg iwwerwaachen fir en Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren.
​
Lissabon-Traité:
Den Lissabon-Traité ass den aktuellen tëschent den 27 EU-Länner deen d’Kompetenzen an d’Funktiounsweis vun der EU definéiert. Dësen ass 2007 ënnerschriwwen ginn an gëllt säit 2009 als Gesetz. Déi gréissten Ännerungen waren: eng méi wichteg Roll fir d’Europäescht Parlament; d’Reduzéieren vun den Méiglechkeeten fir en Gesetz am Conseil vun der EU mat engem Veto ze blockéieren; d’Aféieren vun engem Europäeschen “Ausseminister”; an d’Aféieren vun der Europäescher Biergerinitiative.
I-J
Ideologien:
Et ginn vill politesch Ideologië wéi zum Beispill: Kommunismus, Kapitalismus, Liberalismus, Sozialismus...). Si verdeedegen verschidden Wäerter. Wann een eng Ideologie huet, ass ee mat deene Wäerter d’Accord an et wëll een dat och sou am Liewen oder an der Politik vertrieden. Wann een awer nëmmen nach seng Ideologie als richteg empfënnt, ass een net méi oppen fir Diskussiounen. Meeschtens probéieren déi Persounen och aner Ideologien ze verbidde wéi zum Beispill an enger Diktatur.
Ieweschten Geriichtshaff:
Et ass déi lescht juristesch Instanz an engem Land, wat bedeit dass all Decisioun vun dësem Geriicht definitiv ass an net méi nei verhandelt kann ginn. Zu Lëtzebuerg: d'Cour Constitutionnelle.
​
Import:
Als Import bezeechent een en Produkt wat vun engem aneren Land bruecht gëtt. Dat Land wat dat Produkt unhëlt ass den Importateur. Dat bedeit gläichzäiteg dass engem Land säin Import engem aneren Land säin Export ass.
​
Inflatioun:
Dorënner versteet een an der Ekonomie eng Erhéijung vun de Gelder déi an Ëmlaf bruecht ginn, verbonne mat enger Erhéijung vun de Präisser an engem Wäertverloscht vun enger Währung. Als Konsequenz kann een zum Beispill mat engem Euro dann manner kafen wéi d’Joer virdrun.
International Atomic Energy Agency (IAEA):
D'International Agence fir Atomenergie ass 1957 gegrënnt ginn an versicht den friddvollen Gebrauch vun Atomenergie ze ënnerstëtzen, während den militäreschen Gebrauch kontrolléiert an decouragéiert gëtt. 167 Länner sinn Deel vun der Agence.
​
Internationale Währungsfong (IWF):
Den IWF ass eng Organisatioun vun de Vereenten Natiounen, déi Kreditter u Staaten vergëtt, déi net méi genuch Suen hunn. Si probéieren ausserdeem d’Relatiounen tëschent den Währungen vun der Welt stabil ze halen, d’Geldpolitik ze kontrolléieren an de Welthandel ze fuerderen.
Iranesch Revolutioun:
An den Joren 1978 an 1979 gouf an der Iranescher Revolutioun den Herrscher, den Shah Pahlavi, duerch en neien Staatschef ersat, den Ajatollah Khomeini. Haut huet dem Khomeini säin Nofolger quasi-komplett Muecht iwwert déi grouss Decisiounen an der iranescher Politik, well hien als ieweschten reliéisen Führer ugesinn gëtt.
Islameschen Staat:
Den Islameschen Staat ass eng islamistesch Grupp, déi versicht en neien reliéisen Staat am Irak an Syrien ze grënnen, deen op den Gesetzer vun der Scharia opgebaut ass. En huet Territoire an Syrien, Irak an Libyen, an verübt Attentater an Europa an am Mëttleren Osten.
​
Judikative:
D’Judikative besteet aus den ënnerschiddlechen Geriichter an engem Land. Si ass dofir zoustänneg Streidereien iwwert d’Implikatiounen vun Gesetzer ze klären. D’Judikative ass nieft der Exekutive an der Legislative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesummen ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vuneneen getrennt sinn an sech géigesäiteg iwwerwaachen fir en Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren.