Zesummen Fir All
Politik ABC
E-F
​
Electoral College:
Den Electoral College ass den System an deem den President an Amerika gewielt gëtt. Wann d'Leit an Amerika wielen, stëmmen se net direkt iwwert d'Kandidaten of. Si wielen un sech "Electors", déi dann am Normalfall fir deen Kandidat ofstëmmen deen an hirem Staat déi meeschten Stëmmen krut. Déi 538 Electors sinn opgedeelt op d'Staaten wéi d'Setz am Parlament.
Emigratioun:
Ënnert Emigratioun versteet een en Mouvement vun Mënschen aus engem Staat eraus. Et ass den Géigendeel vun Immigratioun wat den Mouvement vun Leit an en Staat eran bezeechent. All Emigrant ass also och en Immigrant an engem aneren Land. Zum Beispill eng Persoun déi aus Amerika an Däitschland plënnert, gëtt an Amerika als Emigrant bezeechent während en an Däitschland en Immigrant ass.
Entwécklungslänner:
Een Land dat nach grouss ekonomesch an sozial Problemer huet, sou wéi z.B. eng niddreg Liewenserwaardung; en niddregen Salaire; an wéineg Bildung. Vill Länner an Afrika (z.B. Nigeria), mee och an Südamerika (z.B. Brasilien) an Asien (z.B. Thailand) ginn als Entwécklungslänner bezeechent.
EOKA:
National Organisatioun zypriotescher Kämpfer, déi fir d'Onofhängegkeet vun Groussbritannien gekämpft hunn. Si wollten, dat Zypern sech Griicheland uschléisst.
EPA:
„Economic Partnership Agreement“ sinn Wirtschaftlech Verhandlungen zwëschent der EU a verschiddene Staaten haaptsächlech an Afrika. Si ginn dowéinst och kritiséiert, well verschidden Experten an NGOs Angscht hunn, dat d’EPAs déi aarm Staaten nach méi aarm maache kéinten.
​
Euro:
Den Euro ass 2002 agefouert ginn an huet déi national Währungen vun 19 Länner ersat. D'Europäesch Zentralbank zu Frankfurt ass responsabel fir d'Printen an den Management vun der Währung. Obwuel den Euro säit puer Joer an enger Kris ass, ass en déi zweet wichtegst Währung vun der Welt, nom Dollar.
Eurokris:
D'Eurokris besteet un sech aus puer eenzelen Krisen, déi all gemeinsam hunn, dass puer Länner an Europa (Griicheland, Irland, Spuenien, Portugal, Italien) ze vill Scholden haten/hunn, woubäi d'Grënn firwat se souvill Scholden hunn ënnerschiddlech sinn. Op Grond vun dësen héijen Scholden konnten déi Staaten net méi nei Suen léinen fir al Scholden zeréck ze bezuelen. Dofir hunn aner Euro-Länner mat Honnerten vun Milliarden ausgehollef.
Europaparlamentarier:
Als Europaparlamentarier bezeechent een eng Persoun déi Deel vum Europaparlament ass. Et ass den europäeschen Equivalent vun engem Deputéierten.
Europäesch Kommissioun:
D'Europäesch Kommissioun ass den exekutiven Deel vun der Europäescher Unioun, wat bedeit dass se nei Gesetzer virschléit, d'Ëmsetzen vun Gesetzer iwwerwaacht an sech em den Dagesmanagement vun der Europäescher Unioun këmmert. All Land stellt een Kommissär, deen een Portfolio betreit an am Kollegium zesummen mat all aner Kommissär iwwert all Decisioun ofstëmmt. Am Moment ass den Jean-Claude Juncker President vun der Kommissioun.
​
Europäescht Parlament:
Am Europäeschen Parlament stëmmen 751 gewielten Vertrieder iwwert all d'Proposen fir nei EU-Gesetzer of. All EU-Länner sinn hei mat méi oder manner - baséierend op Populatioun - Politiker vertrueden. Obwuel d'Parlament schonn 1952 gegrënnt gouf, ass et eréischt an den leschten 25 Joer zu enger vun den wichtegsten Institutiounen an der EU ginn.
Europäesch Unioun:
D'Europäesch Unioun besteet momentan aus 28 Memberen, mee geet op en Verbond vun 6 Staaten aus den 1950er Joren zeréck. Haut stellt d'EU den gréissten ekonomeschen Marché duer, representéiert iwwer 500 Milliounen Leit an ass un villen politeschen Beräicher bedeelegt. Déi wichtegst Institutiounen sinn: Europäeschen Rot; Europäescht Parlament; Europäesch Kommissioun; an Europäeschen Geriichtshaff.
​
Europäesch Zentralbank (EZB):
D'Europäesch Zentralbank ass 1998 gegrënnt ginn fir déi nei gemeinsam Währung vun 11 Länner - den Euro - ze verwalten. D'EZB huet folgend Aufgaben: dofir suergen dass d'Präisser stabil bleiwen an dass et weder ze staark Inflatioun nach Deflatioun gëtt; ze versichen Rezessiounen ze vermeiden. Säit 2014 ass d'EZB och den Superviseur vun den wichtegsten Banken an der EU.
Euroskeptiker:
Als Euroskeptiker bezeechent een eng Persoun déi fannen dass d'Europäesch Unioun ze mächteg ginn ass an d'Länner sollten hier Souveränitéit zeréck huelen an hir Politik méi national gestalten.
​
Exekutive:
D'Exektuive besteet normalerweis aus der Regierung an den Administratiounen. Si ass responsabel fir d’Ausféierung vun den Gesetzer. D’Exekutive ass nieft der Legislative an der Judikative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesummen ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vuneneen getrennt sinn an sech géigesäiteg iwwerwaachen fir en Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren.
​
Export:
Als Export bezeechent een en Produkt wat an engem Land produzéiert gouf an dann an en anert bruecht gëtt. Dat Land wat dat Produkt fort schéckt ass den Exportateur. Dat bedeit gläichzäiteg dass engem Land säin Export muss engem aneren Land säin Import sinn.
Finanzkris:
D'Finanzkris vun 2007/2008 huet mat der Finanzbloos am amerikaneschen Haiser-Marché ugefaangen. An den 10 Joer virdrun sinn massiv Suen geléint ginn un Leit déi sech et net leeschten konnten. Wéi dës geléinten Suen net méi zeréck bezuelt konnten ginn, sinn souguer déi gréissten Banken an Problemer komm, wat zum Bankrott vun Lehman Brothers gefouert huet. D'Kris gëtt oft als déi schlëmmst säit 1930 genannt, well d'Bourssen all vill Wäert verluer hunn, vill Firmen Bankrott gaangen sinn an vill Leit hir Aarbechten an Haiser verluer hunn.
Flüchtling:
Der Genfer Konventioun vun 1951 no - déi vun bal all Land ënnerschriwwen ass - zielt een als Flüchtling wann een virun Krich oder politescher Verfolgung op Grond vun senger Hautfaarf, Relioun, Nationalitéit oder politescher Iwwerzeegung fortleeft.
Föderalismus:
Föderalismus bezeechent en politeschen System, deen op zwou Stufen opgedeelt ass – eng Zentralregierung an méi kleng Provënzen oder Staaten. Beispiller sinn: Amerika, Däitschland oder Indien.
Fräihandelszone:
Eng Fräihandelszone ass eng Regioun an där all d'Länner sech eenz ginn sinn, d'Produkter déi an aneren Länner vun dëser Regioun produzéiert goufen an hirem Marché ouni Barrièren oder Steieren unzëerkennen. Den gréissten sou een Marché ass momentan d'EU.
​
Freiheitliche Partei Österreichs (FPÖ):
D'FPÖ ass eng rietspopulistesch Partei déi sech als däitsch-national Lager gesäit. Si sinn Islamophob, auslännerfeindlech, EU-skeptesch an vill Memberen hunn Kontakter zu der rietsextremer Zeen. Verschidden Politiker sinn och wéinst NS-Aussoen oder Verhetzungen verklot ginn.
Front National:
Den Front National ass eng politesch Partei ënnert der Leedung vum Marine Le Pen. Se ass virun allem bekannt fir hier Oflehnung vun Immigratioun an hirem Wëllen Frankräich aus der Europäescher Unioun ze huelen. Laang als "onwielbar" bezeechent, huet den FN an den leschten Joren ëmmer besser Resultater gehat.
G-H
Gewerkschaft:
Gewerkschaften sinn Vereenegungen mat gewielten Vertrieder, déi no berufflechen Beräicher an politeschen an/oder reliéisen Usiichten gegliddert sinn. Si vertrieden d'Aarbechter an hier sozial an ekonomesch Interessen virum Staat an aneren Institutiounen. Zu Lëtzebuerg sinn déi zwou gréissten Gewerkschaften den LCGB an den OGBL.
Golden Dawn:
Golden Dawn ("Gëllen Morgendämmerung") ass eng griichesch rietsextrem Partei, déi säit 1993 unerkannt ass. Si diskriminéieren géint Leit mat enger anerer Hautfaarf oder sexueller Orientéierung an wëllen dass nëmmen Leit mat "rengem, griicheschem Blutt" d'Wahlrecht sollen hunn. All Partei-Member muss "Mein Kampf" vum Adolf Hitler gelies hunn.
​
Gréng Partei:
Déi gréng Parteien an Europa sinn éischter liberal, géint Atomkraaft an setzen sech fir eng Friddenspolitik an. Hir Haaptthemen sinn: Ëmweltpolitik, Gläichstellung vun Mann an Fra, Gender-Mainstreaming, Bildung an Sozialpolitik. Mee se hunn och eng Plattform opgebaut fir déi méi klassesch politesch Themen, wéi Wirtschaft, Aussepolitik, Europapolitik, asw.
Hezbollah:
D'Hezbollah ass eng Islamistesch Miliz an politesch Partei am Libanon, déi dem schiiteschen Islam ugehéiert an sech kloer géint d'Existenz vun Israel asetzt. Obwuel se vun puer Länner als terroristesch Grupp bezeechent ginn, ass d'Hezbollah am libaneseschen Parlament.