Zesummen Fir All
Politik ABC
A-B
Aarbechtsgesetz:
D'Aarbechtsgesetz sammelt all d'Gesetzer an Reglementer zesummen, déi d'Aarbechtswelt am privaten Secteur bestëmmen.
AfD (Alternative für Deutschland):
D'Alternative für Deutschland (AfD) ass eng däitsch Partei déi sech 2013 gegrënnt huet fir sech fir d'Opléisen vum Euro anzesetzen. Säit den Parteigrënner Bernd Lucke allerdéngs 2015 ofgewielt gouf, huet d'Partei sech virun allem an der Flüchtlingskris fir eng immens streng Politik agesat, déi och net d'Schéissen op Flüchtlingen déi illegal iwwert d'Grenzen kommen ausgeschloss huet.
Ajatollah Khamenei:
Den Ajatollah ass den wichtegsten Personnage an der Islamescher Republik vun Iran. Hien entscheet iwwert all grouss Decisiounen an der Politik. Am Moment ass den Sayyed Ali Khamenei Ajatollah, nodeems hien den Ruhollah Khomeini am Joer 1989 ersat huet.
Arabescht Fréijoer:
Als Arabescht Fréijoer bezeechent een eng Well vun Protester an Zivilkricher déi am Dezember 2010 an Tunesien ugefaangen hunn an gréisstendeels am Ufank op méi Demokratie gezielt hunn. Déi bekanntsten Episoden sinn d'Revolutioun an Egypten an d'Biergerkricher an Libyen an Syrien.
Berlin Blockade:
West-Berlin ass duerch d’Sowjetunioun total blockéiert ginn, well ronderëm vu West-Berlin Ost-Däitschland an Ost-Berlin loungen, déi ënnert der Kontroll vu der UDSSR stoungen. Duerch déi Blockade konnte Bierger vu West-Berlin, kontrolléiert vun den Fransousen, Briten an den Amerikaner, net méi mat Liewensmëttele versuergt ginn. Dofir missten si mat Fligere Këschten iwwer West-Berlin erofgeheien. (Berliner Luftbrücke)
​
Biergerkrich:
En Biergerkrich ass en Krich tëschent op mannst zwou Gruppen um Territire vun engem Land. Et gëtt ënnerschiddlech Grënn fir Biergerkricher. Et kann dobäi em d'Onofhängegkeet vun enger Regioun; em d'Muecht am ganzen Land; oder em ethnesch an reliéis Motivatiounen goen. Momentan gëtt et weltwäit iwwert 20 Kricher déi ënnert dës Definitioun vun Biergerkrich falen.
Brexit:
"Brexit" setzt sech aus den Wierder "Britain" an "exit" zesummen an bezeechent d'Méiglechkeet, dass England aus der Europäescher Unioun austrieden kéint.
​
Burschenschaft Marko Germania:
Dëst ass eng Aart Studenteverbindung an Eisterräich, déi mengt dat all Vollek seng Platz an senger Natioun huet. Vill Memberen gesinn deemno Eisterräich als Deel vun Däitschland un an sinn der Meenung dass Auslänner zeréck an hiert Land sollen goen. Et kann een verschiddener als däitschnational an rietsextrem ugesinn. All 3. Politiker vun der FPÖ war an sou enger Burschenschaft.
C-D
Caucus:
Jee nodeem ob et sech em en geschlossenen oder oppenen Caucus handelt, ass en Caucus eng Versammlung vun Parteimemberen oder -Ënnerstëtzer. Op dëser Versammlung gëtt driwwer diskutéiert wéien Kandidat ënnerstëtzt soll ginn an den Wahlen.
CDU (Christlich Demokratische Union):
D’CDU ass eng däitsch Partei déi 1945 gegrënnt gouf an sech fir liberal-konservativ Politik asetzt. Si verdeedegen kulturell Traditiounen, wëllen d’Staatsfinanzen am Grëff halen an sinn pro-EU. Bekannt Memberen sinn: den Konrad Adenauer, den Wolfgang Schäuble, d’Angela Merkel, an d’Ursula von der Leyen.
​
CETA:
„Comprehensive Economic and Trade Agreement“ sinn Verhandlungen zwëschent der EU a Kanada fir eng Fräihandelszone opzebauen. Ugefaangen hunn d’Verhandlungen 2014 a sinn wéi och TTIP-Negociatiounen onbeléift béi de Mënschen.
​
Chavinismus:
Dëse Begrëff ass nom Hugo Chávez, dem eemolege venezolanesche Staatspresident, benannt. Et beschreift eng lénks-sozialistesch autoritär Politik, déi fir staatlech Interventioun an der Ekonomie, eng Verdeelung vum Wuelstand, eng Verstaatlechung vun Entreprisen an d’Fuerderung vun der sozialer Ënnerstëtzung steet.
​
Confederatioun:
Dat ass een Bündnis vun selbstännegen Gebieter, déi duerch een Kontrakt festgehale ginn an hir Souveränitéit bäibehalen. Bei enger Confederatioun sinn déi Gebieter méi autonom, wéi bei enger Federatioun. Als Beispill vun enger Confederatioun kann een d'Schwäiz nennen.
COP21:
COP21 ass eng englesch Ofkierzung fir Conference of the Parties, woumat all déi Länner gemengt sinn déi den Kontrakt ënnerschriwwen hunn fir bei den verschiddenen Konferenzen matzemaachen. D'Zuel 21 steet fir déi 21. Versioun vun der Klimakonferenz.
​
Conseil vun der Europäescher Unioun:
Den Conseil vun der Europäescher Unioun ass d'Institutioun an där d'Ministeren aus den EU-Länner zesummen kommen. Hei huet all Land eng Stëmm fir iwwert all EU-Gesetz ofzestëmmen. Fir Ëmweltgesetzer kommen zum Beispill d'Ëmweltministeren zesummen. Dësen Ministerroot ass net ze verwiesselen mam Europäeschen Conseil, wat den Sommet vun den Staats- an Reigerungscheffen ass an wou iwwert déi generell Trajectoire vun der EU diskutéiert gëtt.
CO2-Emissiounen:
CO2 - oder Kuelendioxid - ensteet virun allem duerch d'Verbrennen vun Kuel, Äerduelech an Gas, mee och als Niewenprodukt vun der Déierenhaltung. Si sinn Haaptgrond fir d'Äerderwäermung an sollen dofir reduzéiert ginn.
Demokratesch Partei:
D'Demokraten ass eng vun den zwou Parteien an Amerika an ass 1828 gegrënnt ginn. Generell verfollegen d'Demokraten eng liberal Politik an setzen sech fir eng staark sozial Politik; ëmweltfrëndlech Politik; an Gläichberechtegung an. Déi bekanntsten Leit aus der Partei sinn: den Franklin D. Roosevelt; den John F. Kennedy; an den Barack Obama.
Developpéiert Land:
Een Land dat ekonomesch fortgeschratt ass an avancéiert Technologien besetzt, relativ zu aner, manner developpéiert Länner. Beispiller sinn: Amerika; Däitschland; Frankräich; Japan.
Deputéierten:
Een Member am Parlament. Hien representéiert d'Vollek, kontrolléiert d'Regierung, stëmmt iwwert Gesetzer of an ass normalerweis Deel vun enger politescher Partei. Zu Lëtzebuerg ginn et der 60, déi all 5 Joer nei gewielt ginn an sech momentan an 6 Parteien opdeelen.
Diktator:
En Diktator ass eng Persoun déi alleng, oder mat Hëllef vun enger klenger Grupp, iwwert en Land regéiert. An enger Diktatur ginn normalerweis d'Mënscherechter net berécksiichtegt, d'Justiz an d'Press sinn net onofhängeg an Wahlen sinn net fräi. Beispiller sinn/waren: Saddam Hussein am Irak; Baschar al-Assad an Syrien; Muammar al-Gaddafi an Libyen.