top of page

Zesummen Fir All

Partenariat - Firmen

Als Firma kennt dir eis op vill verschidden Weeër ënnerstëtzen: vun finanzieller, iwwert organisatoresch, bis hin zu materieller Hëllef. Dir fannt d'Detailler iwwert déi méiglech Formen vun Co-operatioun déi mir eis virstellen kennen, hei ënnen drënner. Mier freeën eis vun Iech ze héieren!

An eiser Associatioun ass et och méiglech fir eng Firma permanenten Member ze ginn. Duerch d'Bezuelen vun enger Cotisatioun vun 250€ kritt een Représentant vun ärer Firma dann en Stëmmrecht op eiser Assemblée Générale, grad sou wéi d'Recht Projeten fir d'Associatioun virzeschloen. Vis-à-vis vun materieller Hëllef (méi weit ënnen) soll des Méiglechkeet als eng méi laangwiereg an permanent Zesummenaarbecht tëscht der Associatioun an der Firma gesinn ginn. Mellt Iech per E-mail fir méi Informatiounen!
Wann der wëllt een spezifeschen Projet vun eiser Associatioun ënnerstëtzen, kennt der natierlech och eng finanziell Spent maachen, déi dann sou benotzt gëtt wéi dir et ugitt. Eis Coordonnées fannt der hei an ënnen drënner kennt der en direkten Don iwwert Kreditkaart oder PayPal maachen.
PayPal ButtonPayPal Button
Je nodeem an wéienger Industrie dir täteg sidd, kennt dir d'Realisatioun vun eisen Projeten och mat materieller Hëllef immens ënnerstëtzen. Et hänkt natierlech vum Projet of wat fir eng Hëllef mier gebrauchen kennen. Fir den Projet "Intégratiouns-Iessen" ass zum Beispill all Hëllef beim Fannen vun engem Sall an der Preparatioun vum Iessen méi wéi wëllkomm. Falls dir mengt är Entreprise kéint eis an sou enger materieller Form hëllefen bei engem vun eisen Projeten, dann zeckt net eis ze kontaktéieren.

Partenariat - Associatiounen

Mir freeën eis iwwert all Méiglechkeet mat aner Associatiounen zesummen ze schaffen an sinn oppen fir all Proposen fir Projeten déi mat eisen Zieler iwwerteneen stemmen. Ausserdeem begréissen mer all Offer vun aneren Associatiounen fir eis beim Ausféieren vun eisen Projeten ze hëllefen. Wann dir mengt, dass är Associatioun kann eppes zu eisen Zieler bäidroen, mellt Iech einfach bei eisem President, Michel Scholer, oder bei eiser Directrice Générale, Amandine Rafael.  

bottom of page