Fussballs-Tournoi
D'Ziil vum Tournoi war et frëndschaftlech Bezéihungen tëschten den Awunner vun Lëtzebuerg an Flüchtlingen ze établéieren an domader eventuell Viruertdeeler aus der Welt ze schaafen. Dowéinst hunn mier d'Equipen mat Awunner an Flüchtlingen gemëscht fir dass d'Leit sech besser kennen léieren.
Den Tournoi war en groußen Succès. D'Spiller waren voll zefridden an vill hunn schonn ugekënnegt, dass si dat nächst Joer nach eng Kéier mat maachen géifen. Vill Spiller hunn dann och ënnert eneen T-Shirten an Fussballsschong verschenkt. Och d'Benevollen an d'Visiteuren hunn d'Ambiance an d'Iessen genoss.
Mir wollten dem Fussballsclub Alisontia Steesel an der Gemeng Steesel villmols Merci soen, dass si et eis erméiglecht hunn den Tournoi op hierem Terrain ze organiséieren. Och den villen Benevollen an Sponsoren - Pizza Hut, Brasserie Munhowen, Infopla, SNJ, Axa Agence Zenner an Groupe Manuel Cardoso - en groußen Merci fir d'Hëllef.
![]() | ![]() | ![]() |
---|---|---|
![]() | ![]() | ![]() |
![]() | ![]() | ![]() |
![]() |