Jugend a Politik
Kontaktpersoun:
Michel Scholer
Den Projet bis elo
Mier hunn bis elo 9 Schoulen besicht: den Lycée Belval, den Athénée Luxembourg, den Lycée Michel Rodange, den Lycée des Garçons Luxembourg, den Lycée Robert Schuman, den Lycée Technique Mathias Adam, den Lycée Technique Michel Lucius, den Lycée Hubert Clement an den Neien Lycée zu Miersch.
Eis Presentatioun ass bis elo iwwert 1400 Schüler firgestallt ginn. Iwwert 600 alleng am Lycée Technique Michel Lucius. An dësem Schouljoer konnten mir dann och schonn 3x souvill Schüler erreechen wéi nach dat Schouljoer virdrun.
Mir sinn ëmmer an Kontakt mat Schoulen fir weider Presentatiounen ze organiséieren, sou dass mer hoffen geschwen weider Schüler ze motivéieren sech selwer ze engagéieren. Mee wann Dir selwer Professor sitt, kënnt Dir Iech och gäeren direkt bei eis mëllen fir eng Interventioun an äerer Schoul ze organiséieren.
Dir kënnt d'Power-Point Slides vun der Présentatioun entweder hei ënnen drënner gesinn oder iwwert den Knëppchen riets eroflueden. Et kann virkommen, dass d'Slides net ganz aktuell sinn, well se ëmmer kuerz virun enger Présentatioun aktualiséiert gëtt.