top of page

Zesummen Fir All

Jugend a Politik

Kontaktpersoun:

Michel Scholer

m.scholer@association-narin.com

Den Projet an der Iwwersiicht

Detailer

D'Idee ass et an Schoulen mat Schüler zesummen ze schaffen fir si ze encouragéieren sech méi fir Politik ze intresséieren an sech ze engagéieren. Dofir benotzen mer momentan d'Thema vun der Flüchtlingskris, well mer an deem Feld schonn eegen Erfahrungen gesammelt hunn an et en Thema ass wou vill an den Medien ass.

Firwat?

Vill Studien weisen dass Jugendlecher sech ëmmer manner fir Politik intresséieren an manner wëssen. Mier sinn awer iwwerzeegt, dass sou een Interesse absolut essentiell ass an enger Demokratie.

Well mer selwer Jugendlecher sinn, denken mer virun allem déi Jonk méi einfach ze erreechen wei vill Politiker.

Wéi dier hëllefen kennt

Wann dier selwer Proff sidd oder een kennt, dann erzielt hinnen vun eisem Projet fir dass mer sou vill wéi méiglech Schoulen an Klassen besichen kennen. Mee eisen Projet ass net op Schoulen begrenzt. Mir besichen och gären Jugend-Associatiounen. Egal wéi, kennt der iech beim Michel mëllen op m.scholer@association-narin.com.

Den Projet bis elo

Mier hunn bis elo 9 Schoulen besicht: den Lycée Belval, den Athénée Luxembourg, den Lycée Michel Rodange, den Lycée des Garçons Luxembourg, den Lycée Robert Schuman, den Lycée Technique Mathias Adam, den Lycée Technique Michel Lucius, den Lycée Hubert Clement an den Neien Lycée zu Miersch.

Eis Presentatioun ass bis elo iwwert 1400 Schüler firgestallt ginn. Iwwert 600 alleng am Lycée Technique Michel Lucius. An dësem Schouljoer konnten mir dann och schonn 3x souvill Schüler erreechen wéi nach dat Schouljoer virdrun.

Mir sinn ëmmer an Kontakt mat Schoulen fir weider Presentatiounen ze organiséieren, sou dass mer hoffen geschwen weider Schüler ze motivéieren sech selwer ze engagéieren. Mee wann Dir selwer Professor sitt, kënnt Dir Iech och gäeren direkt bei eis mëllen fir eng Interventioun an äerer Schoul ze organiséieren.

Dir kënnt d'Power-Point Slides vun der Présentatioun entweder hei ënnen drënner gesinn oder iwwert den Knëppchen riets eroflueden. Et kann virkommen, dass d'Slides net ganz aktuell sinn, well se ëmmer kuerz virun enger Présentatioun aktualiséiert gëtt.

  • Facebook Social Icon
  • LinkedIn Social Icon

Contact:

bottom of page