top of page
Zesummen Fir All
Intégratiouns-Iessen
Den Projet an der Iwwersiicht
Detailer
D'Idee ass et Flüchtlingen an Lëtzebuerger bei engem Iessen zesummen ze bréngen, fir dass d'Leit sech kennen léieren. Mir mengen, dass den direkten Kontakt dobäi hëllefen kann Viruerteeler op béiden Säiten ze besäitegen. Ausserdeem ass en flotten Nomëtten oder Owend mat vill Animatioun schonn un sech eng gutt Saach.
Firwat?
Säit d'Flüchtlingskris sech am Summer 2015 zougespëtzt huet, kommen an villen europäeschen Länner ëmmer méi friemefeindlech Stëmmen op.
Et ass also indispensabel fir Viruerteeler aus der Welt ze schafen an zesummen fir eng erfollegräich Integratioun ze schaffen.
Wéi dier hëllefen kennt
Wann dier interesséiert sidd beim Event ze hëllefen (den nächsten Datum steet nach net fest), dann schreift iech an eisem Bénévolat-Formulaire an. Mir kontaktéieren iech dann soubal mer méi Detailer hunn. Wann dir soss gären méi Informatiounen zum Event hätt, dann mëllt iech beim Amandine op a.rafael@association-narin.com.
Den Projet bis elo
![]() | ![]() |
---|---|
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
![]() |
MERCI VIRUN ALLEM UN EIS BENEVOLlEN! DIR SIDD SUPPER!
Zesummen mat der ASTI hunn mir den 12. Mäerz dat éischt Iessen organiséiert. Vun 14 - 17 Auer gouf et d'Méiglechkeet sech méi no kennen ze léieren. Nieft Iessen an Gedrénks goufen och Kanneraktivitéiten proposéiert esou wéi eng Magier-Show, déi vill Succès hat. Ausserdeem huet een vun den Flüchtlingen mat senger Gitarre vir eng entspaanten Atmosphär gesuergt.
Virun allem sinn eng Rei Flüchtlingen ausgezeechent ginn, déi mat Succès en Alphabetisatiounskuer ofgeschloss hunn an elo Franséisch léieren kënnen. D'Association Narin gratuléiert den 26 Flüchtlingen déi och elo weider mam Franséischkuer maachen. Et war en flotten Nomëtten an mir soen Merci un all déi Léit déi do waren, besonnesch dem Herr Xavier Bettel, deen och am Nomëtten laanscht koum an sech mat Benevollen an Flüchtlingen ausgetosch huet.
#SOLIDARITY
bottom of page