association-narin

Brexit Pt. III: No den englesche Wahlen
Säit Ënn Mäerz dëst Joer ass den Artikel 50 vun England aktivéiert. Säit deem ass de Verhandlungsprozess fir de sougenannte  offiziell lancéiert. Obwuel dës Decisioun an engem  geholl gouf, hat déi britesch Premierministesch Theresa May fir den 08. Juni Neiwahle virgezunn. Firwat goufen dës Wahle gehalen ? Wéi sinn se ausgaangen ? A wat si méiglech Konsequenze fir de Brexit-Prozess an d’Situatioun vun Nordirland?

Den Haaptgrond deen d’May genannt huet fir d’Wahlen ze organiséieren, war fir hir « Hand an de Verhandlungen [iwwert de Brexit] ze stäerken ». Eng héich Victoire hätt hir op 2 Aart a Weise gehollef. Engersäits hätt si kéinte mat der  verhandele mat der Gewëssheet dass d’Majoritéit vum Land kloer hannert hir steet. Anerersäits wär si manner Drock aus hirer eegener Partei ausgesat gewiescht. En Deal mat der EU muss nämlech am Parlament eng Majoritéit kréien. Virun de Wahlen hat si awer just eng Majoritéit vu 17 Leit. Dat heescht dass 18 Leit aus hirer eegener Partei sech hätte kéinten zesummen doe fir hir Demanden an de Brexit-Verhandlungen duerch ze setzen. Wann d’Wahlen dem May also méi eng grouss Majoritéit abruecht hätten, dann hätt si méi Spillraum bei Verhandlunge gehat.

Mee d’Wahle sinn net esou ausgaange wéi d’Premierministesch sech dat erhofft hat. Am Platz eng méi grouss Majoritéit ze kréien, huet si hir kleng Majoritéit souguer verluer. Hir feele säit de Wahlen 8 Setz fir eng Majoritéit ze hunn, déi se versicht mat enger Zesummenaarbecht mat der Democratic Unionist Party ze erreechen. Der Theresa May hir konservativ Partei bleift allerdéngs weiderhin déi stäerkste Partei am britesche Parlament.

Déi zwou Erwaardungen déi d’May hat iert se d’Neiwahlen aberuff huet, sinn also net an Erfëllung gaangen. Vu dass si net wees ob d’Majoritéit vum Land nach hannert hirer Brexit-Strategie steet, geet sinn net mat enger méi staarker Hand an d’Verhandlungen, mee éischter mat enger méi schwaacher. Doduerch dass si elo keng Majoritéit méi mat hirer eegener Partei huet, ass si net nëmmen dem Drock vun eenzele Parlamentarier ausgesat, mee och deem vun der DUP. Domadder kënne méi Parlamentarier méi einfach versichen d’Brexit-Verhandlungen ze beaflossen, wat se wahrscheinlech méi komplizéiert maache wäert. D’Theresa May wäert also net nëmme mat 27 Länner aus der EU en Accord fanne mussen. Dësen Accord wäert och mussen alle Parlamentarier aus senger Partei gefale fir dass en am Parlament akzeptéiert gëtt, wat der Premierministesch hire Spillraum méi kleng, a Kompromisser méi schwéier, mécht.

De Brexit-Prozess kéint allerdéngs och méi komplizéiert gi wéinst dem wahrscheinleche Partner vun der Konservativer Partei – der DUP. Säit dem Karfreidegofkomme wat de Friddensprozess am Nordirlandkonflikt ugefaangen huet, huet déi britesch Regierung sech dozou verflicht neutral ze bleiwen tëscht de Parteien an Nordirland. Doduerch dass der Premierministesch May hir Politik vun der Ënnerstëtzung vun der DUP ofhänke géif, gesi vill Leit d’Neutralitéit vun der britescher Regierung a Fro gestallt. Scho virdru war d’Grenz tëscht der Republik vun Irland an Nordirland en wichtegen Diskussiounspunkt an de Brexit-Verhandlungen. Duerch eng méiglech Ënnerstëtzung vun der DUP ass dëse Punkt nach e Krack méi komplizéiert ginn.

D’Wahlen an England waren also geduecht fir d’Brexit-Verhandlunge fir déi englesch Regierung ze vereinfachen. Allerdéngs wäert den Ausgang vun de Wahlen d’Verhandlunge éischter méi komplizéiert maachen. Eng éischt Iddi ob dëst de Fall ass wäert ee kréie wann d’Verhandlungen an den nächste Woche lass ginn.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwert d'Konsequenze vun de Wahlen fir d'Premierministesch May perséinlech.

http://www.faz.net/aktuell/politik/wahl-in-grossbritannien/wahl-in-grossbritannien-2017-theresa-may-verliert-mehrheit-15053185.html

- En Artikel iwwert d'Konsequenze vun de Wahlen fir de Brexit-Prozess.

http://www.n-tv.de/politik/Theresa-May-ringt-um-ihre-Mehrheit-article19888116.html

Franséisch:

- En Artikel iwwert d'Konsequenze vun de Wahlen op den Nordirland-Friddensprozess.

http://www.lemonde.fr/europe/article/2017/06/11/le-premier-ministre-irlandais-preoccupe-par-une-alliance-entre-les-conservateurs-et-le-pud_5142278_3214.html

- En Artikel iwwert dem Theresa May hir Enttäuschungen an de Wahlen.

http://www.lefigaro.fr/international/2017/06/09/01003-20170609ARTFIG00345-legislatives-britanniques-theresa-may-prise-a-son-propre-piege.php

Englesch:

- En Artikel iwwert méiglech Szenarien an de Brexit-Verhandlungen säit de Wahlen.

https://www.theguardian.com/politics/2017/jun/12/brexit-q-and-a-how-will-uk-election-result-affect-eu-talks

- En Artikel iwwert d'Konsequenze vun de Wahlen op den Nordirland-Friddensprozess.

https://www.washingtonpost.com/news/monkey-cage/wp/2017/06/13/this-is-how-the-uk-election-may-destabilize-northern-ireland/?utm_term=.c925777012eb

Sourcen vun de Biller:

- Bild 1: http://cdn.images.express.co.uk/img/dynamic/139/590x/General-election-2017-Theresa-May-793314.jpg

- Bild 2: http://www.bbc.com/news/election/2017/results

Wéi geet et weider mam Paräis-Traité?
Dem Donald Trump seng Ukënnegung ënnert der Woch aus dem Paräisser Klimaaccord erauszeklammen huet international ganz héich Welle geschloen. Den Accord aus dem Joer 2015, dee jo d’Äerderwiermung op Maximum 2°Celsius bis zum Joer 2100 begrenze soll, géif den USA a virun allem hirer Ekonomie schueden, sou den Trump. Domatten huet den amerikanesche  ee vu senge Wahlverspriechen ageléist, och wann vill international Partner dës Decisioun kritiséiert hunn. Mee wéi eng Konsequenzen huet des Decisioun vir de weltwäite Klimaschutz? An wat bedeit dat vir de Paräisser Accord wann den 2. gréisste CO2 Produzent net méi mat maache well ?

D’Zil vum Accord dass et d’Äerderwiermung op 2°Celsius bis zum Joer 2100 ze begrenzen. Duerno soll just nach souvill  ausgestouss ginn, wei de Planéit selwer rem ofbaue kann. Vir d’Ëmsetzung vun dem Ziel soll ab 2070 komplett op fossil Brennstoffer (Kuel, Äerdgas an Äerdueleg) verzicht ginn, déi duerch erneierbar Energien ersat solle ginn.

Een Austrëtt vun den USA aus dem Accord géif dozou feieren, dass insgesamt nëmmen 3 Länner sech net wëllen dem Paräisser Ofkommes verflichten. Dat wieren an dem Fall Syrien, Nicaragua an eben d’USA. Dobäi sinn d’USA ee vun de weltwäit gréisste CO2 Produzente pro Awunner. Nach ni hat en Klimaschutz-Accord esou vill Signatairen.

Aus dem Grond goufen d’USA vun der internationaler Gemeinschaft zolitter Kritik ausgesat. Mee och op nationalem Niveau weist sech Kritik. Niewent enger ganzer Rei Firmen a Groussstied hun och d’Staaten Kalifornien, New York a Washington ugekënnegt weiderhin sech un Virgabe vum Paräisser Ofkommes ze halen. Dëst kéint dozou féieren, dass dem Trump seng Decisioun um Schluss net grad esou vill Auswierkungen hätt wéi am Ufank geduecht.

Op engem politeschen Niveau huet der USA hiren Austrëtt aus engem wichtegen internationalen Traité Signalwierkung. D’Land gëtt domatten eng Féierungsroll an engem vun deene wichtegste globalen Zukunftssujeten op. De Fait dass d’USA hire Verflichtungen net méi nokomme wëlle feiert dozou, dass elo aner Acteuren sech mei staark an der Responsabilitéit fillen.

Den  Juncker, zum Beispill, gesäit de Paräisser Accord net a Fro gestallt. Bei der Energietransitioun géif et keen Ëmdenke ginn, sou de Juncker. Dobäi well een dann och verstäerkt op eng mei enk Zesummenaarbecht mat China setzen. China selwer ass zwar dat Land wat am meeschte CO2 produzéiert, mee och dat Land wat am meeschten an erneierbar Energien investéiert.

China setzt weltwäit mat engem Undeel vun ongeféier 29% am meeschte CO2 Emissioune fräi a spillt domatten an der Bekämpfung vum Klimawandel eng zentral Roll. De chinesesche Ministerpresident Li bekräftegt dobäi dann och dass China wëlles huet sech weiderhin un de Paräisser Klimaaccord ze halen.  a China plangen hier Cooperativen a punkto erneierbar Energien ze verstäerken an zesummen eng Leaderroll am Klimaschutz anzehuelen.

Den ugekënnegten Austrëtt vun den USA feiert bei der internationaler Gesellschaft deelweis zu engem verstäerkte Bekenntnis zum Klimaschutz an dem Paräisser Accord. Trotzdeem gëtt et schwéier konkret Léisunge géint de Klimawandel ze fannen, ouni een ,,global Player’’ wei d’USA mat anzebezéien. An d’Konsequenze vun enger Absence vun den USA kéinten dowéinst schlëmm sinn. Vir de fréierenUNOGeneralsekretär Ban Ki Moon gouf et bei enger Ried 2015 um Paräisser Klimasommet ,,kee Plang B’’ zum Klimaaccord well et eben ,,kee Planéit B’’ gëtt.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel mat Reaktiounen aus aneren Länner zum Trump senger Entscheedung.

http://www.br.de/nachrichten/reaktionen-trump-klima-100.html

- En Artikel vun engem Auteur deen d'Ëmwelt schütze well, mee deen den Paräiser Traité als wirkungslos an Zäitverschwendung gesäit.

https://www.welt.de/debatte/kommentare/article165139232/Das-Pariser-Abkommen-ist-Vergeudung-von-Zeit-und-Geld.html

Franséisch:

- Déi wichtegst Punkten vum Paräiser Accord zësumme gefaasst.

http://www.lemonde.fr/cop21/article/2015/12/12/cop21-les-points-cles-du-premier-accord-universel-sur-le-climat_4830606_4527432.html

- En Artikel zu den kritesche Reaktiounen op dem Trump seng Decisioun.

http://www.leparisien.fr/international/retrait-des-accords-de-paris-donald-trump-paria-en-europe-01-06-2017-7008009.php

Englesch:

- En Artikel mat ënnerschiddlechen Statistiken zu CO2-Emissiounen.

https://www.theguardian.com/news/datablog/2011/jan/31/world-carbon-dioxide-emissions-country-data-co2

- En Artikel deen am Trump senger Decisioun eng Chance fir China gesäit.

https://www.nytimes.com/2017/06/01/us/politics/climate-accord-trump-china-global-leadership.html

Sourcen vun de Biller:

- Bild 1: http://www.executive-magazine.com/wp-content/uploads/2016/02/23595388112_a931b9305e_o.jpg

- Bild 2: http://www.novethic.fr/fileadmin/user_upload/divers/kit_climat/header-accord-de-paris_.png

Wat sinn d'Transatlantesch Bezéiungen?
Déi lescht Woch ware fir déi transatlantesch Bezéiungen wichteg Evenementer. Engersäits gouf ët en  an awer och de G7 Sommet. Ënnert transatlantesche Bezéiungen versteet een eng enk Kollaboratioun zwëschen Europa an Nordamerika, haaptsächlech der USA. Dowéinst wëlle mir dës Woch erkläre wisou dëst esou wichteg fir déi europäesch Aussepolitik ass.

Den Ufank vun de transatlanteschen Bezéiungen zwëschen Europa an den USA war nom Zweete Weltkrich entstanen.D’USA hunn sech entscheet Europa ze hëllefen an ërem opzebauen, wat si nom Éischte Weltkrich net gemaach haten. Dat ass haaptsächlech duerch deMarshall-Plang geschitt. D’USA hunn den europäesche Staaten Sue ginn, dat si hir Wirtschaft erëm opbaue konnten. D’OEEC (Organisatioun fir europäesch wirtschaftlech Zesummenaarbecht), haut  (Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung), huet sech ëm dës Entwécklungshëllef fir Europa gekëmmert. Fir déi Suen awer ze kréien hunn sech déi europäesch Staaten missten dozou verflichten, dat si sech géigesäiteg hëllefe. Dowéinst hunn sech verschidde Staaten, mat Hëllef vum Schuman-Plang, gëenecht, dat si hir Stäerken zesumme vereenegen. An enger éischter Phase waren dës Stäerke d’Kuelen a de Stol, woufir d’Montanunioun oder EGKS (Europäesch Gemeinschaft fir Kuel an Stol) gegrënnt gouf. Dës zwou Industrien waren virun allem dowéinst esou wichteg, well se béid fir d'Féieren vu Krich gebrauch ginn. Duerch géigesäiteg Kontrollen vun den europäeschen Staaten, sollt esou Krich verhënnert ginn.

Den Nordatlantikpakt (NATO)
(NATO Artikel)
ass och mat der Hëllef vun den USA gegrënnt ginn. Nom Zweete Weltkrich huet sech de West-Ost-Konflikt verstäerkt an eenzel europäesch Staaten hunn Angscht gehat, dat d’kommunistesch Sowjetunioun a Westeuropa afale géif. Dowéinst hunn sech dann déi europäesch Staaten un d’USA gewannt fir ee militäresche Schutz ze kréien.

Duerch de klengen a kuerzen Abléck vum Ufank vun der transatlantescher Bezéiung kann ee verstoen, wéi déif a wichteg dëst Relatiounen zwëschen den USA an Europa sinn. Mee no dem Treffen vun den NATO-Memberen an de G7-Staaten mam amerikanesche President Donald Trump ginn dës Relatiounen a Fro gestallt.

Déi däitsch Bundeskanzlerin huet gesot:“ Die Zeiten, in denen wir uns auf andere völlig verlassen konnten, die sind ein Stück vorbei. Das habe ich in den letzten Tagen erlebt." „Wir Europäer müssen unser Schicksal wirklich in unsere eigene Hand nehmen." Mee wat heescht dat elo genau?

Den Donald Trump huet sech zum Beispill net fir de Klimatraité vu Paräis bekannt. Och beim Thema Migratioun ass den Donald Trump net agaangen.Am Thema Sécherheet huet den US-President gefuerdert, dass d'EU-Staaten selwer méi Suen ausginn fir hir eegen Verdeedegung. Just bei der Bekämpfung vum IS sinn sech Europa an d'USA eenz ginn.Europa huet sech ëmmer op d’USA verloosse kënnen. Mee ët gesäit elo esou aus, dat déi europäesch Staaten selwer handelen mussen an de Froe vu Sécherheet, Verdeedegung, Klima oder Migratioun. Dofir ass d'Idee vun enger EU-Arméi erëm méi aktuell - eng Idee déi schonn 1950 proposéiert gouf. De Problem ass, dat dofir déi néideg Strukture feelen an sech déi wichteg politesch Fro stellt ënnert wiem sengem Kommando dës Arméi stoen géif? De Konsens an der EU besteet esouwäit, dat d’EU méi enk zesumme schaffe muss, mee d’USA awer och net aus den Ae verléiere soll. An wéieng Form dës Zesummenaarbecht huelen soll, ass och nach wäit vu kloer.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

Den Artikel erklärt, wéi wichteg d'USA sinn fir d'Welt

-https://www.welt.de/debatte/kommentare/article159443513/Der-Bruch-mit-den-USA-ist-niemandem-zu-empfehlen.html

International Reaktiounen op dem Angela Merkel hir Ausso

-http://www.zeit.de/politik/2017-05/angela-merkel-presseschau-usa-g7-gipfel

Franséisch:

Déi méiglech Konsequenzen vum Donald Trump sengen Aussoë op déi transatlantesch Bezéiungen

-http://www.francetvinfo.fr/monde/usa/presidentielle/donald-trump/comment-les-declarations-de-trump-peuvent-influencer-les-relations-entre-les-etats-unis-et-l-europe_2022763.html

Eng Analyse iwwert d'Wichtegkeet vu der NATO

-http://www.lefigaro.fr/vox/monde/2017/05/25/31002-20170525ARTFIG00073-sommet-de-l-alliance-atlantique-pourquoi-l-otan-est-toujours-indispensable.php

Englesch:

Eng Analyse iwwert den aktuellen Stand vun den transatlantesche Bezéiungen

-http://foreignpolicy.com/2017/05/30/in-praise-of-a-transatlantic-divorce-trump-merkel-europe-nato/

Een Artikel deen méiglech Zukunftpläng fir d'NATO erkläert

-http://www.politico.eu/sponsored-content/trans-atlantic-security-four-imperatives-for-nato/

Bild1:http://www.zeit.de/politik/ausland/2017-05/nato-ausgaben-donald-trump-jens-stoltenberg

Bild2: http://www.abc.net.au/news/2017-05-28/g7-leaders-end-summit-split-on-climate-change/8566044

Wat ass en Nationalkongress?
Déi lescht Wochen hunn all Partein zu Lëtzebuerg hir Nationalkongresser ofgehalen a sech op d'Gemengewalen am Oktober agestëmmt. Mä wat ass esou e Nationalkongress eigentlech? Iwwert wat gëtt do geschwat a decidéiert? Des Woch brénge mer iech dat méi no.

An der Basis ass e Nationalkongress vun enger politescher Partei e Rendez-Vous, deen normalerweis all Joer statt fënnt an op deem sech d´Memberen aus där Partei aus dem ganze Land treffen. Am normale Fall, ginn op engem Nationalkongress déi grondleeënd Ideologie an déi politesch Grondsätz vun der Partei presentéiert. Ausgeschafft ginn déi vun de Bezierker a vun den Ënnerorganisatioune (z.B. fir Senioren oder fir déi Jonk) vun enger Partei. Dacks gëtt doranner d´Vergaangenheet vun der Partei-Ideologie thematiséiert, ma och wéi ee sech d´Zukunft vun der Partei virstellt. Organiséiert ginn Nationalkongresser vun der Ekipp ronderëm de Parteipresident.

Op Nationalkongresser gëtt och dacks, ma net ëmmer, gewielt. Beispillsweis ginn do Parteiprogrammer fir déi nächst National- oder Gemengewahle presentéiert iert iwwert se ofgestëmmt gëtt. Mä op Nationalkongresser ginn och Leit gewielt: fir de Spëtzekandidat virun de Wahlen a fir Parteiämter éischter no de Wahlen.

Well dëst Joer den Oktober Gemengewahle sinn, waren déi natierlech d´Thema Nummer eent um Agenda vun den respektiven Nationalkongresser. Déi ënnerschiddlech Sloganen sollen déi grondleeënd Iddien vun de Parteien resuméieren an natierlech d´Partei fir de Wieler attraktiv maachen. Mee wat hunn dann déi eenzel Parteien bestëmmt?

Den éischte Kongress dëst Joer war dee vun der ADR. Si hu sech ganz kloer vu de Regierungsparteien (DP, LSAP, Déi Gréng) an der gréisster Oppositiounspartei (CSV) distanzéiert an d´Ideologien praktesch all ofgelehnt. Mat hirem Slogan „Dynamesch an Optimistesch“ hoffe si deemno den 8. Oktober Wieler kenne fir sech ze gewannen.

D´CSV wëll mam Slogan „Kloer, no a Gerecht“ ënnersträichen, dass si fir eng iwwergräifend Politik stinn, dass si fir all Bierger do sinn a virun allem, dass si an den Wahlen als Vollekspartei untrieden. Doriwwer eraus huet d’CSV sech virun allem an der Familljepolitik vun den Regierungsparteien ofgegrenzt.

Déi Lénk hunn sech op hirem Nationalkongress virun allem géint den totalen Konsens gewiert deen all déi aner Parteien an zwee Themen hunn: der Militärpolitik, esou wéi am Verteidegen vun der Finanzplaz. Si wëllen sech virun allem fir besser Conditiounen fir d'Aarbechtsnehmer asetzen.

Bei der LSAP ass et um Kongress virun allem em d'Themen Famill, Wunnengsbau an Liewensqualitéit gaangen. D'Partei huet awer och virun engem Rietsruck gewarnt an d'Oppositiounsparteien (CSV, ADR) dofir kritiséiert, dass déi zwou Parteien keng Alternativen zur Regierungspolitik opweisen kéinten.

Déi Gréng haten hire Kongress den 13. Mee, wou si hire Slogan ´Gréng wierkt´ presentéiert hunn. Si hunn hei ënnert anerem wollte weisen, wéi déi gréng Politik bannent de leschte Jore gewierkt huet. Hier Prioritéite fir d´Gemengewahlen si bezuelbare Wunnraum, Kannerbetreiung an eng gesond Ëmwelt.

D´DP hat hire Nationalkongress als lescht Partei an wëll mam Slogan „Mat Häerz a Séil“ iwwerzeegen. Si hunn ënnerstrach, dass d´DP op nationalem Niveau bannent de leschte Joren eng gutt Aarbecht geleescht hätt, wat ee sech och vu kengem géif schlecht maache loossen.

Nationalkongresser ginn deemno oft als eng éischt Geleeënheet gesinn bei där een déi ënnerschiddlech Parteien fir den nächsten Walkampf kann kennen léieren. En vue vun den Gemengewalen am Oktober ass et also wichteg sech iwwert d’Nationalkongresser vun dësem Joer besonnesch ze informéieren.

Artikelen fir weider ze liesen:

Dës Woch fannt Dir bei eis Artikelen zu den jeeweilegen Kongresser, am Plaatz vun den gewéinlechen 3x2 Artikelen op däitsch, franséisch an englesch.

CSV:

- https://www.wort.lu/de/politik/csv-kongress-in-ettelbrueck-den-wechsel-klar-im-blick-58d6867fa5e74263e13ac8da

DP:

- http://www.journal.lu/top-navigation/article/mat-haeerz-a-seil/

LSAP:

- http://www.tageblatt.lu/digital/foto/story/LSAP-warnt-vor-Rechtsruck-24905523

Déi Gréng

- http://www.tageblatt.lu/nachrichten/story/Grune-Ideen-sind-die-der-Zukunft-28278974

ADR:

- http://www.journal.lu/top-navigation/article/echte-alternative-fuer-das-land/

Déi Lénk:

- http://www.tageblatt.lu/nachrichten/story/Die-Guerillatruppe-16666684

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://www.tageblatt.lu/diashow/9509/9509-LqJJq7yMBJJ1eOcSkwS07w.jpg

- Bild 2: https://blobsvc.wort.lu/picture/9cdd7160c0cf338bc4768ccc5d1335ff/577/356/wortv3/8c7ee843cde558659829f8f0e40b9c6bc7a240b8

Wat ass dem Trump seng Russland-Affär?
Dës Woch war eng immens chaotesch fir den US- Donald Trump. Nieft villen neien Erkenntnisser iwwert seng Verbindungen mat Russland, huet hien fir vill Opreege gesuergt wéi en den FBI-Direkter Comey vun sengem Posten entfernt huet. Mir huelen dës Geleeënheet fir iwwert dem Trump seng Russland-Affär ze schreiwen. Em wat geet et genau ? Wat ass gewosst ? An kann dës Affär dem Trump geféierlech ginn ?

Déi nei Erkenntnisser deiten dorops hin, dass d’Verbindungen tëscht dem Trump an Russland schonn zeréck ginn an d’Zäit virun den Wahlen. Et ass elo gewosst, dass vill vum Trump sengen enksten Beroder sech deemools mam russeschen Ambassadeur Sergei Kislyak getraff hunn. Em wat et an dësen Meetinge gaangen ass, ass net gewosst.

Allerdéngs hunn op mannst zwee wichteg Beroder iwwert dës Meetinge gelunn. Den Jeff Sessions, deen elo Justizminister ass, huet bei senger Confirmatioun virum US-Senat net d’Wourecht gesot. Den Michael Flynn, deen usech schonn als National Security Advisor fir den Trump geschafft huet, misst no nëmmen 3 Wochen ophalen, well hien den Vize-President Mike Pence heiriwwer belunn huet. Weider Beroder déi sech mam Kislyak virun den Wahlen getraff hunn, sinn den Jared Kushner (dem Ivanka Trump säin Mann) an den Paul Manafort (eng Zäit dem Trump säin Wahlcampagnechef).

Mee den Trump huet och selwer fir Spekulatiounen zu sengen Russland-Verbindungen gesuergt wéi hien virun den Wahlen op der Televisioun Russland dozou opgefuerdert huet, dem Hillary Clinton seng E-mails ze hacken an ze publizéieren. Wéi dëst geschitt ass, huet den FBI-Direkter Comey eng nei Investigatioun géint d’Hillary Clinton ugefaangen – eng Entwécklung déi dem Clinton am Wahlkampf geschuet huet.

Deemools huet den Trump den FBI-Chef Comey nach gelueft. Wéi deen awer dunn ugefaangen huet d’Verbindungen tëscht dem Trump sengen Beroder an Russland ze ënnersichen, huet den Trump hien gefrot fir opzehalen domadder an him seng Loyalitéit ze verspriechen. Wéi den Comey dëst net gemaach huet, gouf hien vun sengem Posten entfernt. Obwuel eng Zäit net kloer war firwat den Comey goen misst, huet den Trump selwer bestätegt, dass hien en wéinst der Russland-Investigatioun entlooss huet.

Mee kann dës ganz Affär dem Trump geféierlech ginn ? Den eenzegen Wee en US-President vun sengem Amt ze entfernen ass duerch en « impeachment ». Dëst ass eng Ënnersichung vum  iwwert méiglecht Feelverhalen vum President. En « impeachment » kann nëmmen vum House of Representatives ugefaangen ginn, iert den Prozess bei den US-Senat iwwer geet. Hei huet den President eng Méiglechkeet sech ze verteidegen. Wann doropshin den Senat mat enger Zwee-Drëttel-Majoritéit entscheet, dass den President schëlleg ass, muss hien goen. Am Moment ass dësen Prozess allerdéngs net lancéiert. Een Grond dofir ass, dass d’Republikaner eng Majoritéit an béid dem House of Representatives an dem Senat hunn an sech bis elo wéineg bereet weisen fir en « impeachment » géint en President vun hirer Partei unzefänken.

Dës Affär, déi schonn eng Zäit leeft, schéngt och net an noer Zukunft fort ze goen. Déi neisten Enthüllung ass, dass den Trump während sengem Treffen mam russeschen Ausseminister Lavrov geheim Informatiounen enthüllt huet. Obwuel dëst fir en President net illegal ass, huet et fir weider Spekulatiounen gesuergt. Et bleift also weiderhin wichteg d’Detailer vun dëser Affär ze kennen.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwert dem Trump säin Versuch d'Ermëttlungen géint seng Berooder ze stoppen.

http://www.zeit.de/politik/ausland/2017-05/usa-donald-trump-james-comey-michael-flynn-fbi-russland-ermittlungen

- En Artikel iwwert dem FBI-Direkter Comey seng Entloossung.

https://www.tagesschau.de/ausland/fbi-comey-mccabe-101.html

Franséisch:

- Eng Iwwersiicht vun den bisheeregen Fakten zur Trump-Russland-Affär.

http://www.courrierinternational.com/article/etats-unis-trump-et-la-russie-ce-que-lon-sait-ce-jour

- En Artikel iwwert dem Trump säin Meeting mam russeschen Ausseminister Lavrov, wou hien geheim Informatiounen soll gedeelt hunn.

http://www.lemonde.fr/ameriques/article/2017/05/16/selon-le-washington-post-m-trump-aurait-communique-des-informations-confidentielles-a-la-russie_5128150_3222.html

Englesch:

- Eng Iwwersiicht vun den Détailer déi bis elo gewosst sinn iwwert d'Verbindungen tëscht Russland an Leit aus dem Trump sengem Entourage.

https://www.washingtonpost.com/graphics/national/trump-russia/?utm_term=.f8cad9ca19a9

- Eng Analyse vun der Wahrscheinlechkeet, dass en "Impeachment"-Prozess géif ugefangen ginn géint den Trump.

https://www.vox.com/policy-and-politics/2017/5/15/15640570/trump-comey-russia-republican-voters

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1 : http://assets.nydailynews.com/polopoly_fs/1.3168380.1494884613!/img/httpImage/image.jpg_gen/derivatives/article_750/united-states-russia.jpg

- Bild 2: https://cdn0.vox-cdn.com/thumbor/Z11jTUfCyR74Wm-5EFjwH0RlJzo=/800x0/filters:no_upscale()/cdn0.vox-cdn.com/uploads/chorus_asset/file/8097683/WaPo_Trumpnet.png

100 Deeg Donald Trump
Den Donald Trump ass elo eppes iwwert 100 Deeg  vun de Vereenegte Staaten vun Amerika. Hien huet während dem Walkampf vill versprach an elo gouf dann och gespaant op seng 100 Deeg zeréck gebléckt fir ze évaluéieren ob hien schon en Deel vun sengen Verspriechen anhaalen konnt.

Den Donald Trump selwer huet en Editorial iwwert seng éischt 100 Deeg geschriwwen. Do seet hien, dat hien d’politesch Muecht net vun enger Partei ob déi aner transferéiert huet, mee hien huet déi Muecht aus Washington zeréck un d’Bierger ginn. Hien ass och der Meenung, dass d’Medien net iwwert säi Succès schreiwen, well si vum momentanen System profitéieren. An sengem Editorial weist hien dann och op e puer konkret Mesuren déi hien geholl huet. Eischtens huet hien den TPP-Traité annuléiert, well deen déi amerikanesch Aarbecht outsourcë géif. Hien schreift och, dat hien 29 Dekreter ënnerschriwwen huet, wat säit dem Harry Truman keen President an sengen éischten 100 Deeg méi gepackt huet. Zweetens huet hien Restriktiounen iwwert Produktioun vu fossillen Energien och annuléiert. Zudeem geet hien drop an, dat hien déi illegal  mat Succès gebremst hätt fir dat amerikanescht Vollek ze protegéieren. An der Verteidegungspolitik, schreift hien vun engem erfollegräichem Manöver a Syrien an doriwwer dass wéinst him -Memberen elo hire faire Montant bezuelen géifen. Schlussendlech weist hien och dorop hinn, dass hien en neien Riichter den Neil Gorsuch fir denkonnt ernennen - en konservativen Riichter deen dës Positioun elo liewenslaang huet.

Ee vu sengen Haaptpunkte vum Walprogramm - Obamacare ofzeschaafen – ass net ugeschwat ginn. „Repeal and Replace Obamacare“ war een vum Donald Trump sengen meescht genotzten Ausdréck, mee hien konnt do nach keen Duerchbroch provozéieren. Eréischt beim zweeten Versuch huet en neit Gesondheetsgesetz et duerch d'House of Representatives gepackt. Allerdéngs muss et och nach vum Senat accordéiert ginn. Dem Donald Trump säin Dekret,Mënschen aus bestëmmte Staaten et ze verbidden an d’USA anzereesen, gouf direkt zwee Mol vun Geriichter opgehuewen, obwuel déi zweet Versioun iwwerschafft gouf fir genau dat ze evitéieren. Am Wahlkampf huet den amerikanesche President och Versprach an 30 Deeg, ee Plang ze presentéieren, fir denze zerstéieren. Dat ass bis elo nach net geschitt.

Den Trump ass bis elo och nach net wierklech un engem aneren vun sengen Haaptverspriechen virukomm. Hien wollt eng Mauer tëschent Amerika an Mexiko bauen fir d'illegal Immigratioun ze verrengéren. Allerdéngs sinn am neien Budget, iwwert deen d'Demokraten an  sech laang net eenz waren, keng Suen fir den Bau vun esou enger Grenzmauer virgesinn. Doriwwer eraus ass den Trump wäit hannendran fir vill vun den wichtegsten administrativen Posten vum Staat ze fëllen. Esou haat hien no 100 Deeg manner wéi 10% vun all den Posten gefëllt. Schlussendlech ass seng Administratioun och vun villen Skandaler geprägt, déi Presidenten virun him op mannst an den éischten 100 Deeg evitéieren konnten - sou wéi zum Beispill potentiell Verbindungen vun Leit aus senger Administratioun mat héichen russeschen Offiziellen.

Den Donald Trump konnt bis elo nach net vill Verspriechen halen. Mee dovun ofgesi sinn et bis elo déi éischt 100 Deeg vu senger Amtszäit. Trotzdem wäert hien probéieren esouvill wéi méiglech duerchzesetzen.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

-Dem Donald Trump seng Stéierreform

http://www.zeit.de/politik/ausland/2017-04/donald-trump-usa-steuern-reform

-Den amerikaneschen President géif den Nordkoreaneschen Diktator Kim Jong-Un treffen

http://www.spiegel.de/politik/ausland/nordkorea-donald-trump-wuerde-sich-mit-kim-jong-un-treffen-a-1145616.html

Franséich:

-Frankräich gëtt vum Trump ignoréiert

http://www.leparisien.fr/politique/pour-trump-la-france-ne-compte-pas-17-01-2017-6577830.php

-Een klenge Resumé vun den 100 Deeg

http://www.liberation.fr/planete/2017/04/26/une-partie-d-echecs-a-la-maison-blanche_1565608

Englesch:

-Dem Donald Trump seng Stéierverëffentlechung ass nach ëmmer net aus der Welt

http://www.politico.com/magazine/story/2017/05/02/how-new-york-release-donald-trump-tax-returns-215094

-Eng Analyse wéi d'Stéierreform der sougenannter Mëttelklass hëlefen soll

https://www.bloomberg.com/politics/articles/2017-05-01/trump-s-tax-plan-seen-as-boon-for-rich-unclear-for-middle-class

Source vun de Biller:

Bild1:https://www.whitehouse.gov/administration/president-trump

Bild2: http://www.economist.com/blogs/graphicdetail/2017/04/daily-chart-21

Wéi geet et weider mam Macron?
D’Europahymn gëtt gespillt, wéi den Emmanuel Macron senge Wieler virum Louvre zu Paräis entgéinttrëtt – e klore Statement pro Europa vum kënftege franséische . De Sonndeg huet de 39-järegen parteionofhängege Politik-Newcomer mat 66% vun de Stëmmen d’Presidentschaftswahlen a Frankräich gewonnen, an domat seng Konkurrentin Marine Le Pen ausgestach. Vill Politiker an Bierger an Europa waren erliichtert, well d’Gewannen vum Marine Le Pen nom Brexit a matten an enger Flüchtlingskris e weidert Suergekand fir d’ gewiescht wier. Mee wéi wäert et fir Frankräich weider goen ënnert engem President Macron?

Bis elo ass net ganz kloer, wéi hie sech an verschidden Themen selwer positionéiert. Réischt wann hien seng , dorënner och säi Premier, bekannt gëtt, wäert sech eng kloer Linn weisen. Wéi et dann an de 5 Joer vu senger Amtszäit mat Frankräich weidergeet, ass entscheedend fir déi laangfristeg Zukunft vun der Republik. Dass eng  wéi d’Le Pen esou wäit konnt kommen ass e kloert Zeechen dofir, dass en groussen Deel vun den franséischen Bierger onzefridde sinn an dréngend Verännerung wëllen. De Macron steet also elo virun der schwiereger Aufgab, sech ze beweisen a säi Vollek wierklech ze héieren. Dorënner fale virun allem zwee grouss Beräicher: den Aarbechtsmaart an d’Immigratiounspolitik. Säit Joren sinn a Frankräich reegelméisseg Protester vun de Salariéeën an de , well de Chômage esou héich ass an d’Aarbechtsbedingunge sech verschlechteren. Donieft ginn et säit 2015 duerch eng Serie vun islamistesch motivéierter  ëmmer méi Bierger déi sech géint  ausschwätzen.

De Macron wëllt ob déi Punkte agoen andeems hien Fortbildunge fuerdert, besonnesch bei Chômeuren aus benodeelegte Regiounen. Hien wëll och Entreprise sanktionéiere, déi laangjäregen Ugestallten onbefrist Aarbechtsverträg verweigeren. En vue vum Terrorismus vertrëtt hien d’Astellung, dass sech an enger éischter Linn d’Natioun net dierf spalte loossen, an huet sech a senger Dankesried e Sonnden géint jeglech Diskriminatioun ausgeschwat. Trotz allen Onsécherheeten bei de Fransousen géigeniwwer  an Auslänner, virun allem aus den nërdlech-afrikaneschen an muslimesche Länner, wëll hien eng méi oppe Flüchtlings- an Integratiounspolitik féieren.

Ob den eemolege Banquier seng Projeten realiséiere kann, hänkt maassgeeblech vum nächste Mount of: den 11. an 18. Juni sinn a Frankräich Parlamentswahlen. De Problem dobäi: dem zukünftege President seng Partei „En Marche“ ass eréischt 1 Joer al an huet domadder keng Setz am Parlament. Do bréicht hien awer eng Majoritéit, wann hie bei senge Pläng op Ënnerstëtzung wëll treffen. Dass d’Kandidaten aus senger nei gegrënnter Partei vun null Deputéierten op esou eng Majoritéit kommen ass eng schwiereg Aufgab. Ëmmerhin bräicht hien 289 vun 577 Sëtzer am Parlament fir d’Regierungsmajoritéit ze hunn. Verschidden Experten mengen, dass déi traditionell Parteien besser ofschneiden wäerten wéi de Macron a „seng“ Kandidaten. De Front National ëm d’Marine Le Pen huet och schonn ugekënnegt, en haarde Wahlkampf ze lancéieren fir erfollegräich aus de Parlamentswahlen ervirzegoen.

Et bleift also elo an enger éischter Instanz ofzewaarden, wéi sech och nach déi Wahl entwéckelt. Nëmmen dann kann een wëssen ob den nei gewielten President seng Virstellungen ëmsetzen kann.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Sech Saachen, déi de Macron fir d'Europäesch Unioun virgesäit.

http://www.huffingtonpost.de/2017/05/07/was-macron-mit-europa-vor_n_16468880.html

- En Artikel iwwert dem Macron seng verschidde Facetten.

https://www.welt.de/politik/ausland/article162527219/Die-radikal-neue-Sichtweise-des-Emmanuel-Macron.html

Franséisch:

- En detailléierten Artikel iwwert dem Macron säi Programm.

http://www.linternaute.com/actualite/politique/1343676-programme-de-macron-ce-qu-il-veut-faire-des-2017-puis-jusqu-en-2022/

- E privaten a politeschen Portrait vum Emmanuel Macron.

http://information.tv5monde.com/info/portrait-emmanuel-macron-l-homme-presse-153980

Englesch:

- Dem Macron seng Erausfuerderungen, mat Fokus op d'Parlamentswahlen.

http://www.reuters.com/article/us-france-election-idUSKBN1840GT

- En Artikel iwwert dem Macron seng méiglech Ministeren.

http://www.bbc.com/news/world-europe-39825005

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://twt-thumbs.washtimes.com/media/image/2017/05/07/France_Election_21612.jpg-1a24c_c0-146-3118-1963_s885x516.jpg?0d34f7ed29c41b6a91a7ac140cf8ffbe03eae9a0

- Bild 2: http://www.cartesfrance.fr/cartes/geographie/carte-elections-presidentielles-2017-deuxieme-tour-grand-format.jpg

Wat dierf en(g) franséischen(en) President(in) ?
Den leschten Sonnden waren ons franséisch Noperen opgeruff een neien ze wielen. Dobäi konnten eng ronn 47 Milliounen Fransousen hier Stemm, vir hiren Favorit ofginn. Bei dësem éischten Tour vun den Presidentiellen goung et dorëms vir erauszefannen, wéi eng 2 Kandidaten am meeschten Stemmen kruten. Do konnten sech d’Marine Le Pen vuman den onofhängegen Kandidat Emmanuel Macron duerchsetzen trieden den 7 Mee an engem 2. Tour nach eng Kéier géinteneen un. De Gewënner gëtt dann zum(r) neien(r) President(in). Mee wat sinn iwwerhaapt d’Pouvoiren vun engem franséischen President ? An wei gesinn déi politesch Plang vum Macron an vum Le Pen aus?

Den franséischen President gëtt vir eng Zäit vun 5 Joer gewielt an ass dat héchsten Staatsorgan an sengem Land. Aus deem Grond ass en och mat enger ganzer Rei vun Pouvoiren ausgestallt. Zum Beispill ernennt den President den Premierminister. Doniewent huet hien d'Recht d'Parlament opzeléisen an Neiwahlen ze verkënnegen. Seng Muecht weist sech awer och doduerch, dass den President den héchsten Chef vun der Arméi ass an domadder och eng grouss Roll an internationalen Konflikter spillen kann. Domatten huet den franséischen President an sengem Land een gutt Stéck méi Muecht wei zum Beispill déi däitsch  Angela Merkel an Däitschland oder och de Premierminister zu Lëtzebuerg.

D‘Resultater vun en Sonnden hunn dunn och nawell vir vill Opmierksamkeet gesuergt, well vill Leit dësen Vote och als Vote iwwert d‘Zukunft vun der  gesinn hunn. Obschonns den onofhängegen Kandidat Macron liicht méi Stemmen krut, ass och vill iwwert den Front National vum Marine Le Pen diskutéiert ginn.

Den Front National an d Marine Le Pen suergen ëmmer erëm vir Opmierksamkeet. Enner anerem well d‘Partei den Austrëtt aus der Europäescher Unioun. Doriwwer well d‘Marine Le Pen een ofhalen, am Fall vun enger Victoire. Doniewent sollen och d‘Grenzen vum Land zougemaach ginn vir ze verhënneren dass ze vill Flüchtlingen an net-Fransousen den Wee bis an Frankräich fannen. Well vir den Front National leit do oft d Ursaach vun Aarbechtslosegkeet, Verloscht vun der nationaler Kultur an awer och terroristesch Menacen. Dëst ass en Programm mat dem d‘Marine Le Pen ëmmer méi Zousproch fonnt huet - bei Aal wei och bei Jonk.

Mee wéi stellt den Emmanuel Macron sech Zukunft vun Frankräich vir? Mat eréischt 39 Joer wier den Macron den bis elo jéngsten franséischen President. Am Geijensaatz zum Le Pen schwätzt hien sech kloer vir eng oppen an tolerant Gesellschaft, wei och eng staark EU, aus. Dobäi seet hien vun sech selwer, weder riets nach lénks ze sinn mee all d Fransousen representéieren ze wëllen. Den Macron well d'Land duerch sozial an awer och liberal Reformen weider bréngen. Domatten erhofft hien sech een méi breeden Publikum unzeschwätzen wei d‘Le Pen.

Et bleift also den 7 Mee an den 2. Tour ofzewaarden bis mer genau wëssen wien Frankräich déi nächst 5 Joer dirigéieren wäert. Et ass allerdéngs kloer, dass déi 2 Kandidaten ganz ënnerschiddlech Visiounen hunn an d’Amt vum President an Frankräich dem jeeweilegen Gewënner vill Pouvoiren gëtt fir dës och ëmzesetzen.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Eng Iwwersiicht vun den Programmer vun den 2 Kandidaten.

http://www.heute.de/programme-der-spitzenkandidatin-in-frankreich-was-le-pen-und-macron-wollen-47038044.html

- En Verglach vun den 2 Kandidaten hieren Virstellungen zur Europäescher Unioun.

https://www.tagesschau.de/ausland/nach-der-wahl-frankreich-101.html

Franséisch:

- Eng Iwwersiicht vun den Pouvoiren vum franséischen President.

http://www.lepoint.fr/presidentielle/quels-sont-les-pouvoirs-du-president-de-la-republique-16-08-2016-2061588_3121.php

- En Artikel zu den programmateschen Ennerscheeder tëschent den 2 Kandidaten.

http://www.lemonde.fr/les-decodeurs/article/2017/04/23/emmanuel-macron-et-marine-le-pen-deux-programmes-que-presque-tout-oppose_5116067_4355770.html

Englesch:

- Eng Iwwersiicht vun den Wahlresultater.

https://www.nytimes.com/interactive/2017/04/23/world/europe/french-election-results-maps.html

- Eng Erkläerung an Analyse zum zweeten Tuer vun den Wahlen.

https://www.theguardian.com/world/2017/apr/04/french-elections-all-you-need-to-know

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: https://i.guim.co.uk/img/media/729a1edf7784f256f7f89f8fa0a3dd04b43a11af/0_0_3000_1800/master/3000.jpg?w=300&q=55&auto=format&usm=12&fit=max&s=6d77c5e495f09aebe0c955cd23a5f911

- Bild 2: https://cdn6.24live.co/images/2017/04/24/1492985066300702.jpg

Syrien, USA, Russland - em wat geet et?
Déi lescht Woch gouf et eng nei Attack mat chemeschen Waffen an Syrien. Dëst eleng huet fir vill Noriichten gesuergt, mee och d’Reaktioun vun den USA an den Afloss vun dëser Attack op déi US-russesch Bezéiungen sinn en grousst Thema am Moment. Wat ass geschitt? An firwat ass dat en US-russeschen Problem?

Am , deen säit iwwert 6 Joer am Gaangen ass, goufen schonn e puer Mol Chemiewaffen benotzt. Déi sinn awer vun engem internationalen Traité op Grond vun hirer Grausamkeet verbueden. No enger schwéierer Attack 2013 op en Quartier an Damaskus huet den deemolegen  Obama militäresch Optiounen géint déi syresch Regierung an Erwänung gezunn. Doropshin huet Russland en Deal virgeschloe, deen virgesinn huet dass Syrien all seng chemesch Waffen zerstéiert an och den Traité géint chemesch Waffen ënnerschreift. Den Obama huet dës Léisung enger militärescher Aktioun virgezunn an gemengt den Deal géif sécher stellen, dass Syrien dono keng chemesch Waffen méi hätt – eng Ausso déi elo unzezweiwelen ass.

Déi nei Attack op eng Stad an der Idlib Provënz soll op mannst 58 Leit ëmbruecht hunn, woubäi verschidden Oppositiounsgruppen vill méi grouss Zuelen reportéieren. Idlib ass eng vun den leschten Provënzen wou d’Rebellen kontrolléieren, nodeems si vill Territoire verluer hunn an den leschten Méint. Während et onkloer ass wien d’Attack ausgefouert huet, kéint dëst en Indiz sinn, dass d’Regierung vum Assad sech elo erëm sécher genuch fillt fir géint en internationalen Traité ze verstoussen, deen se nach selwer virun 4 Joer ënnerschriwwen huet.

Op alle Fall huet déi nei US-Regierung net laang gewaart fir eng Reaktioun ze weisen. Si maachen kloer déi syresch Regierung fir déi nei chemesch Attack verantwortlech. Den US-President Trump huet dann och den Befehl ginn d’Militärbasis, vun där d’Fligeren mat den chemeschen Waffen aus fortgeflunn sollen sinn, unzegräifen. Dëst war déi éischten Kéier, dass Amerika direkt militäresch an den Syrien-Krich agegraff hunn – wat géint dem Trump seng eegen Wahlverspriechen geet.

D’Bombardéieren vun der syrescher Militärbasis ass dann och vun Russland veruerteelt ginn, well se net vum -Sécherheetsrot autoriséiert gouf. D’Russen hunn doropshin en Deal mat den USA suspendéiert, deen verhënneren soll, dass amerikanesch an russesch Jets sech iwwert syreschem Gebitt an den Wee kommen. Béid Länner féieren jo Loftattacken an deem Beräich aus. En Tëschefall tëscht Jets vun den zwee Länner kéint séier zu enger méi grousser internationaler Kris féieren.

Mee den Syrien-Krich stellt déi US-russesch Bezéiungen schonn säit Joren ënnert Drock. Déi russesch Ënnerstëtzung vun der Assad-Regierung ass den genauen Géigendeel vun der amerikanescher Opfaassung, dass et keng Zukunft an Syrien gëtt vun där den President Assad en Deel kann sinn. Wéi den Krich ausgeet ass fir béid Länner vun strategescher Bedeitung. D’Russen wëllen weider en Alliéierten mat Mier-Accès am Mëttleren Osten hunn. D’Amerikaner wëllen net, dass en Bündnis aus Syrien an Iran den Mëttleren Osten an Zukunft dominéiert, wat och zwee Länner sinn déi oppen géint Israel, een vun den enksten US-Verbündeten, Stëmmung maachen.

Déi chemesch Attack selwer ass eng Gefor fir déi international Reegelen, déi d’USA verteidegen well. An den Syrien-Krich als Ganzt ass – nieft der  – en groussen Test fir déi US-russesch Bezéiungen, déi schonn vun engem Pressespriecher vum russeschen President Putin als méi schlecht wéi ambezeechent goufen.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwert déi US-russesch Bezéiungen an d'Oneenegkeet iwwert Syrien.

https://www.welt.de/politik/ausland/article163633622/Tillerson-besucht-Moskau-in-einer-neuen-Eiszeit-der-Grossmaechte.html

- En Artikel iwwert d'Méiglechkeet, dass nei chemesch Waffen geheim an Syrien prodzéiert goufen säit 2014.

http://www.spiegel.de/wissenschaft/technik/syrien-warum-es-immer-noch-chemische-waffen-im-land-gibt-a-1142573.html

Franséisch:

- En Artikel iwwert dem Trump seng militäresch Reaktioun op den Gebrauch vun chemeschen Waffen.

http://www.lemonde.fr/syrie/article/2017/04/07/les-etats-unis-lancent-des-missiles-en-syrie_5107220_1618247.html

- En Artikel iwwert dem amerikaneschen Ausseminister Tillerson säin Besuch zu Moskau.

http://www.ledauphine.com/defense/2017/04/11/usa-et-russie-dos-a-dos

Englesch:

- En Iwwerbléck iwwert déi chemesch Attack an der Idlib-Provënz.

http://www.bbc.com/news/world-middle-east-39500947

- En Meenungsartikel zu den méiglechen Eskalatiounen an den US-russeschen Bezéiungen iwwert Syrien.

https://www.washingtonpost.com/posteverything/wp/2017/04/09/what-could-go-wrong-for-the-u-s-in-syria-war-with-russia/

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://static.theglobeandmail.ca/e5a/incoming/article32936029.ece/ALTERNATES/w620/GettyImages-493525678.jpg

- Bild 2: https://gdb.voanews.com/B7F64447-0901-42BA-8D5C-164F3F975B89_w650_r0_s.png

Wat ass de Koreakonflikt?
Dës Woch huet den amerikanesche  sech fir d’eicht zu senger Nord-Korea Politik geäussert. Deemno géif hien och ouni China, déi ee groussen Afloss op Nord-Korea hunn, intervenéieren. Dat wäert sech am Gespréich tëschent dem Donald Trump an dem chinesesche President Xi Jingping ufanks Abrëll méi kloerstellen. Dowéinst wëlle mir des Woch de Koreakonflikt méi genau erklären.

1910 huet sech Japan Korea als Kolonie zu Notze gemaach an iwwert Joren d’Ressourcen un sech geholl. Well Japan den 2. Welktrich verluer huet, ass Korea un d'Sowjetunioun an un d'USA gangen. Den Norde vu Korea ass un d’Sowjetunioun gaangen an de Süden un d’USA. Déi zwee Länner konnten kee Friddenstraité erreechen. Si hunn awer hier politesch Muecht an hire Sektoren etabléiert. 1948 hunn sech dunn déi amerikanesch Truppen zeréck gezunn. D’UN huet 1948 probéiert friddlech Wale fir eng Vereenegung vu Korea ze erméiglechen. Mee et ass zu Protester a Südkorea komm, déi vun Nordkorea ënnerstëtzt goufen. Schlussendlech ass 1948 d'Republik Korea gegrënnt ginn mam Zil d’Hallefinsel ze vereenegen. Puer Woche méi spéit ass dann och Demokratesch Volleksrepublik am Norden ausgeruff ginn. Bis haut bestinn déi 2 Länner separat vuneneen.

1950 ass et dann zum Koreakrich komm. D´kommunistesch Truppen ënnert dem  Kim Il-Sung, sinn a Südkorea eramarschéiert an hunn bannent 3 Méint bal déi ganz Hallefinsel iwwerholl. D'USA sinn awer dunn Südkorea zur Hëllef komm. Während deenen 3 Joer Krich sinn Schätzungen no 3 Millioune Mënsche gestuerwen. De 27. Juli ass et zu Panmunjom zu engem Waffestëllstandsaccord komm. Dat huet d’Deelung vun Nord- a Südkorea zementéiert. Mee bis haut ass et net zu engem Friddensofkommes komm, wat bedeit, dat bis haut offiziell ee Krichszoustand besteet.

Een vun den wichtegsten Aspekter vum Korea-Konflikt ass den Nuklearprogramm vun Nordkorea. Usech huet Nordkorea 1985 ee sougenannten Atomwaffensperrtraité ënnerschriwwen an och 1992 een Traité mat Südkorea ofgeschloss, d’Hallefinsel atomwaffenfräi ze halen. Mee iwwert Satelliten goufen ongewéinlech Aktivitéite vun engem Reakter an Nordkorea entdeckt. Doropshinn wollten d', eng international Organisatioun fir Atomenergie, a Südkorea eng Ënnersichung an Nordkorea duerchféieren.

Mee duerch Verhandlunge tëscht den USA an Nordkorea ass et 1994 zu engem „Agreed Framework“ komm. Nordkorea huet d’Plutoniumsproduktioun agefruer an d’USA hunn sech verflicht Ueleg a Waasserreaktoren ze bauen. Fir net ze vill drop anzegoen, deen Traité huet huet just Limiten fir d’Plutoniumproduktioun virgesinn an net fir d’Uranproduktioun fir Waffen. Wou dann Zeechen do waren, dat Nordkorea Uranproduktioun ugefaangen huet, huet d’USA Nordkorea ënner Drock gesat opzehalen. Nordkorea huet als Reaktioun awer dunn einfach den Atomwaffensperrtraité annuléiert.

Aktuell huet Nordkorea am Februar een Test vun enger Mëttelstreckerakéit mat Succès getest. De Moien fréi huet Nordkorea eng Rakéit an d'Mier virun Japan lancéiert. Des Tester ginn als Provokatioun ugesinn, well Nordkorea domader beweisen well, dass si kéinten Atombommen an Südkorea an och an Japan schéissen. Ausserdeem ass d'Situatioun mat sou tester ëmmer ugespaant, well d'Haaptstad vun Südkorea direkt under Grenz mat Nordkorea leit an domader immens séier kéint ugegraff ginn. Zudeem zweiwelen Experten, ob China nach een Afloss op den nordkoreaneschen Diktator Kim Jong-Un huet, well säit 2012, wou den Kim Jong-Un sengem Papp säin Amt iwwerholl huet, ass et zu kengem perséinlechem Gespréich komm. Virdrun huet China neemlech oft als Vermëttler tëscht Nordkorea an sengen Géigner gehollef fir Verhandlungen ze organiséieren.

Den Donald Trump huet ob déi aktuell Menace aus Nordkorea gesot, dat China entweder hëllefe kéint, oder d’USA géif sech drëms këmmeren. Nordkorea drot säit laangem d’USA mat enger Atomwaff z’attackéieren. Vu que dat hire rezenten Test positiv war, ass d’Menace méi grouss ginn.De 6. an de 7. Abrëll trëfft den Trump de chinesesche President Xi Jinping an da wäerte mir villäicht méi wëssen, wéi et mat Nordkorea wieder geet.Op alle Fall ass den Korea-Konflikt, deen schonn säit Jorzéngten besteet, elo erëm vill méi aktuell.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

Een kuerzen Artikel iwwert Kim-Dynastie

-http://www.faz.net/aktuell/politik/nordkorea-die-kim-dynastie-11042615.html

Een Artikel deen gudd erkläert, wéi prekär d'Situatioun am Moment ass fir d'USA

-http://www.sueddeutsche.de/politik/aussenansicht-koreanische-albtraeume-1.3446893

Franséisch:

Aktuell, den 05.04.17 huet Nordkorea eng Rakéit an d'Mier virun Japan lancéiert

-http://www.leparisien.fr/international/la-coree-du-nord-tire-un-missile-en-mer-du-japon-05-04-2017-6825303.ph

Malaysien an Nordkorea sinn am Moment an engem diplomatesche Konflikt

-http://www.leparisien.fr/flash-actualite-monde/les-malaisiens-otages-de-fait-en-coree-du-nord-07-03-2017-6739551.php

Englesch:

3 Méiglechkeeten wéi den Donald Trump kéint firgoen

- http://edition.cnn.com/2017/04/03/politics/trump-north-korea-china-xi/

Historësche Iwwerbléck iwwert den Koreakonflikt

-http://www.bbc.co.uk/history/worldwars/coldwar/korea_hickey_01.shtml

Soucen vun de Biller:

Bild 1: http://www.telegraph.co.uk/news/worldnews/donald-trump/12092353/Donald-Trump-praises-Kim-Jong-un-for-his-firm-hand-with-executed-uncle.html

Bild 2: https://www.welt.de/politik/ausland/article115200727/Nordkorea-hat-das-Potenzial-fuer-Dutzende-Atombomben.html

Wéi geet den Brexit weider?
Elo wou England offiziell den Prozess ugefangen huet fir aus der EU auszetrieden, ass den sougenannten "" natierlech erëm an den Schlagzeilen. Am Oktober dat lescht Joer haten mir schonn dëst Thema ugeschwat. Mee elo wou den Artikel 50 déclenchéiert gouf, geet et an eng aner Phase vum Brexit op déi mir elo wëllen méi genau agoen.

Am Juni 2016 ass an England an engem  ofgestëmmt ginn fir aus der  auszetrieden. Doropshinn huet sech och eng nei Regierung ënnert dem Theresa May gebilt, déi elo d'Verhandlungen mat der EU féiert. Fir d'Resultat vun dësem Referendum an d'Réalitéit emzesetzen huet England missen den Artikel 50 vum Lissabon-Traité aktivéieren. Dëst ass haut (Mëttwochs, den 29. Mäerz) offiziell mat engem Bréif un den  geschitt. Domader kënnen d'Verhandlungen an den nächsten Wochen ufänken an mussen bis Mäerz 2019 ofgeschloss sinn.

Allerdéngs dierften sech déi Verhandlungen als immens schwiereg erweisen. Den engleschen Brexit-Minister David Davis huet souguer gemengt et kéinten déi komplizéiertesten Verhandlungen jeemools ginn. Alleng den Ufankspunkt wéivill Suen England der EU schëllegt ass emstridden. Heibäi handelt et sech em versprachen Suen déi England nach mat décidéiert huet, mee déi nach net ausbezuelt ginn sinn, esou wéi Investissement-Projekter oder Pensiounen. Ob an wéivill vun dësen versprachenen Suen England der EU iwwerweist wäert een vun den éischten Sträitpunkten ginn.

Een vun den gréissten Probleemer ass dass déi bisheereg Positiounen tëscht England an der EU immens ënnerscheedlech sinn. Während d'Englänner drop hoffen, dass et wéineg Sënn mécht fir d'EU England fir den Austrëtt ze bestroofen, sinn vill europäesch  der Meenung dass een misst aus England en Beispill maachen, wat geschitt wann een d'EU verléisst. Zum Beispill huet d'Angela Merkel gemengt, dass England sech net kéint just déi Stécker aus der EU eraussichen déi hinnen gefalen. Dëst ass eng Positioun déi och vum Mark Rutte an Holland an dem franséischen Präsident François Hollande gedeelt gëtt.

Dat bréngt een awer direkt bei den nächsten komplizéierten Faktor vun den Verhandlungen - den Timing. An den nächsten 12 Méint stinn Wahlen an Frankräich, Däitschland an Italien um Programm, 3 Länner iwwert déi oft gesoot gëtt, dass net vill an der EU leeft wann si net d'accord sinn. An well den Brexit-Prozess innerhalb vun 2 Joer ofgeschloss muss sinn, wäert d'Halschent vun der Zäit schonn ofgelaaf sinn iert, dass dës Wahlen all eriwwer sinn.

Virun den Wahlen wäerten d'Regierungscheffen vun dësen Länner wuel éischter net bereet sinn vill Kompromisser mat England anzegoen. An d'Wahlen selwer kënnen dozou féieren dass d'Verhandlungspositiounen abrupt änneren kënnen, wann eng nei Partei an den jeeweilegen Länner un d'Muecht kënnt. Sou kann et also sinn, dass d'Verhandlungen an der Mëtt op d'Kopp gestallt ginn. Den Probleem ass neemlech en Accord ze fannen deen all EU-Member an och d'EU-Parlament akzeptabel fënnt, well deen muss vun all Parlamentginn.

An dëst sinn nëmmen d'Komplexitéiten vum Prozess selwer. Déi eenzel Themen sinn och äußerst komplex - wéieen Accès kritt England op den EU-Marché nom Brexit? Wat fir Rechter wäerten EU-Bierger an England hunn (an emgedréint)? Wat fir eng militäresch Coopératioun wäert an Zukunft gemaach ginn? An dann huet England selwer nach intern Probleemer déi d'Verhandlungen kéinten méi schwiereg gestalten, sou wéi d'Verlangen vun Schottland fir en zweeten Onofhängegkeetsreferendum. Et gesäit also dono aus wéi wann et wierklech kéinten déi schwieregst Verhandlungen säit laangem ginn.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Eng Iwwersiicht vun den elementarsten Froen ronderem den Brexit.

http://www.spiegel.de/politik/ausland/brexit-alles-was-sie-zum-referendum-wissen-muessen-a-1089870.html

- En Artikel zur Verhandlungspositioun vun der EU.

http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/brexit/brexit-antrag-abgegeben-bruessel-reagiert-kaempferisch-14947974.html

Franséisch:

- En Artikel zur Verhandlungspositioun vum Michel Barnier, den Responsablen fir d'EU-Säit bei den Brexit-Verhandlungen.

http://www.latribune.fr/economie/union-europeenne/brexit-michel-barnier-pose-ses-conditions-668897.html

- Wat geschitt wann keen Accord fonnt gëtt bis Mäerz 2019?

http://www.huffingtonpost.fr/2017/03/28/maintenant-que-le-brexit-est-lance-quel-sort-reserve-lunion-eu_a_22015550/

Englesch:

- Eng Iwwersiicht vun den Positiounen vun all EU-Land vis-a-vis vun den Brexit-Verhandlungen.

http://www.politico.eu/article/what-the-eu27-wants-from-brexit/

- Eng Iwwersiicht vun den Haaptnegotiateuren op béiden Säiten.

http://www.bbc.com/news/world-europe-39236683

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://ichef-1.bbci.co.uk/news/624/cpsprodpb/1AD3/production/_90076860_thinkstockphotos-526561176.jpg

- Bild 2: http://ichef.bbci.co.uk/news/624/cpsprodpb/F9AF/production/_90091936_img_5827.png

Wat ass de Schulz-Effekt?
Elo ass et offiziell. Nodeems den 61-järege Politiker Martin Schulz a ganz Däitschland eng „Schulzmania“ ausgeléist huet, gouf hien de Sonden um ausseruerdentleche Parteidag vun der SPD zu hirem neie Parteichef gewielt – mat engem Resultat, dat an d’Geschicht ageet. 100% vun de 605 gültege Stëmmen huet hie kritt, just 3 Vote waren net gülteg. Domat stellt de Schulz en neie Rekord an der Nokrichszäit op. Mä wouhier kënnt dat Resultat?

Den eemolege President vum  hat am November 2016 ugekënnegt, vun der Europapolitik zréck an d’Bundespolitik an Däitschland ze wiesselen. Den 29. Januar 2017 gouf hie vum SPD-Parteivirstand eestëmmeg zum Kanzlerkandidat ernannt – den Ufank vu sengem Rakéitenopstieg. Säit des Decisioun getraff gouf, huet d’SPD 13000 nei Membere kritt, an net nëmmen dat: d’Partei ass an de Wielerëmfroen op méi wéi 30% Zoustëmmung eropgeklommen a liwwert sech domat en ebenbürtege Kampf mat der CDU/CSU. Dat weist, dass de Schulz-Hype real ass. Wéi deen zustane komm ass, do sinn sech d’Leit oneeneg.

Fakt ass, dass de Schulz bis elo inhaltlech net vill ugekënnegt huet. Bis zur Ofstëmmung vum Wahlprogramm vun der Partei am Juni hält hie sech verdeckt a bleift bei allgemengen Äusserungen. Sou huet hie sech de Sonde fir eng Politik vun der „Gerechtegkeet, Respekt a Würd“ ausgesprach, a fir eng gratis Ausbildung vun der Précoce bis an de Studium. Weiderhinn huet hien un der AfD an dem Donald Trump kee gutt Hoer gelooss, mä och déi geplangten Steierreform vun der CDU/CSU huet hie schaarf kritiséiert. Konkret Mesurë sengersäits oder méiglech Koalitioune bleiwen dobäi aus. Muencheree spekuléiert elo, dass dat eng bewosst Strategie ass. Soulaang de Schulz kee klore Programm presentéiert a Positioun bezitt, gëtt et keng Ugrëffsfläch géint hien. Soubal hien nämlech eng Meenung äussert, wäert et Kritiker ginn, déi net domat averstane sinn. Dofir kënnt et him momentan zugutts, net all ze vill ze verroden.

Eng aner Erklärung fir de Schulz-Effekt ass eng ganz mënschlech: säi Charisma. Vill Leit gesinn de Schulz als e sympatheschen an éierleche Mënsch, wat virun allem an enger Politikwelt, där oft Ligen a Korruptioun virgeworf ginn, wëllkomm ass. Net zu lescht ass hien och dowéinst sou beléift, well hien net d’Merkel ass. Déi amtéierend Bundeskanzlerin huet an deene leschte Joren notamment mat hirer Flüchtlingspolitik vill un Zoustëmmung agebüßt, a vill Leit wëlle Verännerung. Do kënnt fir vill Leit en erfahrene, charismatesche Sozialdemokrat grad richteg. Déi Stëmmung am Vollek spigelt sech och an der Partei erëm. D’Membere reagéieren euphoresch, wéi dat historescht Ergebnis verkënnegt gouf. Bei souenger Meenung vun de Bierger, kann d’SPD näischt anescht maache wéi op de Schulz-Zuch mat opzesprangen, fir villäicht erëm eng Chance ze hunn selwer den Kanzler ze stellen.

Wat de Parteidag fir d’Parteimemberen nach méi erfollegräich gemaach huet, ass d’Reaktioun vum eemolege Parteichef Sigmar Gabriel. Hien huet mat ausdrécklecher Zoustëmmung seng Platz fir de Martin Schulz fräi gemaach a gouf mat Dankbarkeet vun der Partei als Chef verabschit. Néng Joer laang war hien de Kapp vun der SPD. Op „d’Schulzmania“ wieder undauert, wäert sech weisen, wann de Schulz am Juni säi Programm presentéiert, a letztendlech natierlech de 24. September bei der Bundestagswahl selwer.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Ausschnëtt aus dem Schulz senger Ried, an seng Errungeschaften:

http://www.t-online.de/nachrichten/deutschland/parteien/id_80668738/rekord-martin-schulz-spd-mit-100-prozent-zum-parteichef-gewaehlt.html

- En Artikel doriwwer, wien de Schulz ass, a wéi d’Leit zu him stinn:

https://www.merkur.de/politik/martin-schulz-spd-wahl-2017-wofuer-steht-er-politisch-zr-7323992.html

Franséisch:

- De Schulz als Hoffnung a Symbol fir d’SPD:

http://www.lemonde.fr/international/article/2017/03/19/en-portant-martin-schulz-a-leur-tete-les-socio-democrates-allemands-retrouvent-de-l-espoir_5097186_3210.html

- En Artikel zum Schulz sengen Chancen géint d'Merkel an den Wahlen:

http://www.liberation.fr/planete/2017/02/07/allemagne-martin-schulz-une-menace-pour-angela-merkel_1546887

Englesch:

- De Schulz a seng Aussoen um Parteidag an der Iwwersiicht:

http://www.bbc.com/news/world-europe-39321678

- En Artikel iwwert dem Schulz seng Chancen géint d'Angela Merkel:

https://www.theguardian.com/world/2017/jan/26/can-man-of-the-people-martin-schulz-oust-chancellor-angela-merkel-germany-election

Sourcen vun den Biller:

Bild 1: https://timedotcom.files.wordpress.com/2017/01/martin-schulz.jpg?w=1100&quality=85

Bild 2: http://www.tagesspiegel.de/images/spd-bundesparteitag/19538636/1-format6001.jpg

Tierkeschen Walkampf am Ausland
Dës Woch huet d’Tierkei erëm fir vill Opreegung gesuergt, well Regierungsmemberen am Ausland Walkampf fir den  bedreiwe wollten. Mee firwat ass dem Recep Tayyip Erdoğan den Referendum esou wichteg? Wéi hunn verschidden -Staaten réagéiert, wou ee Member vun der tierkescher Regierung Walkampf maache wëllen?

Iwwert den Referendum an der Tierkei soll de 16ten Abrëll ofgestëmmt ginn. D'Ännerungen gesinn vir, dass de President gläichzäiteg de Staats- an de Regierungschef soll ginn. De President kéint och Dekreter erloossen, déi direkt wéi en Gesetz a Kraaft trieden. De President a  sollen um selwechten Dag gewielt ginn an d‘Legislaturperiod soll 5 Joer daueren an op zwou Legislaturperiode begrenzt sinn, mee bei Neiwale kéint de President sech nach eng Kéier opstellen. Neiwahle kënne vum President oder och vum Parlament ervir goen, dowéinst gëtt awer eng 3/5 Majoritéit gebraucht an de President an d’Parlament ginn nei gewielt. Zudeem kritt den tierkesche President méi eng grouss Influence op d’Justiz.

Fir dat den Referendum positiv ausfält, braucht den tierkesche  Recep Tayyip Erdoğan eng absolut Majoritéit. Mee well an der Tierkei dem Erdoğan seng Partei AKP bei Walen ëmmer ënner 50% louch, braucht den Erdoğan Stëmme vun den Tierken, déi am Ausland liewen. Déi meescht Liewen an Däitschland, Belge, Eisterräich, Holland a Frankräich.Do hunn d’Tierken d’AKP an der Moyenne mat 55,8% gewielt, wat dem President an der Tierkei vill gehollef huet. Well d’Stëmme vun den Tierken, déi am Ausland liewen esou wichteg sinn, probéiert déi tierkesch Regierung alles fir hier Stëmmen ze kréien. Dowéinst gi verschidden Experten dovun aus, dat ee Verbuet fir déi tierkesch Regierungsmembere fir verschidde Walkampfoptrëtter méi Stëmmen an Opmierksamkeet op sech zéie géifen, wéi den Optrëtt selwer. Mee net all Tierken déi am Ausland liewe sinn op dem Erdoğan senger Säit, well meeschtens mol net d’Halschent vun den Tierke bei der Wal matmaachen.

Wéi ginn dann elo déi eenzel Länner domat ëm? Oder gëtt et eng gemeinschaftlech Léisung an der EU? Eisterräich ass géint eng gemeinschaftlech Léisung, well si der Meenung sinn, dat ee Verbuet déi eenzel Länner ausschwätze sollen am Platz vun der EU. Dänemark huet Opgrond vun den aktuelle Spannungen zwëschen der Tierkei a verschiddenen EU-Staaten gefrot fir de Besuch vum Ministerpresident Binali Yilderim fir dëse Weekend ze verleeën. Schweden dogéint huet een tierkesche Vertrieder säin Optrëtt maache gelooss, well et zu der Meenungsfräiheet gehéiert. Polen an osteuropäesch Staaten sinn eichter op der Säit vun der Tierkei, well si d’Sécherheet op eichter Platz gesinn an dofir gëtt Tierkei gebraucht. Holland huet allerdéngs ee komplette Verbuet fir esou Optrëtter ausgeschwat. Souguer den Aussenminister huet net dierfen mam Fliiger landen an och d'Familljeministesch gouf aus dem Land eraus geheit, wéi si versicht haat mam Auto an Holland ze kommen fir en Optrëtt. Däitschland wëll et op Bundesebene net verbidden, mee gëschter huetd’Saarland awer gesot, dat si net wëllen, dat tierkesche Walkampf bedriwwe sollt ginn.
Zudeem gëtt et säit 2008 ee Gesetz an der Tierkei selwer, wat en Walkampfoptrëtt am Ausland verbitt, mee awer net mat Strofe sanktionéiert gëtt.

Et muss een elo ofwaarden, wéi sech EU-Staaten mateneen ofschwätzen a kucke wéi si weiderfuere wellen. Allerdéngs hunn déi momentan Spannungen mat Holland schonn zu enger diplomatescher Kris gefouert.

Weider Artikelen fir ze liesen:

Däitsch:

Een tierkescht Gesetz verbitt Walkampf am Ausland

-https://www.welt.de/politik/deutschland/article162717184/Tuerkisches-Gesetz-verbietet-explizit-den-Wahlkampf-im-Ausland.html

D'Nato an d'EU lénken an

-http://derstandard.at/2000054051132/Niederlande-wollen-sich-bei-Tuerkei-nicht-entschuldigen

Franséisch:

Walkampfoptrëtt zu Metz

-http://www.france24.com/fr/20170313-turquie-meeting-electoral-erdogan-metz-critiques-gauche-droite-fillon-lepen-macron

Tierkei provozéiert Europa weider

-https://www.lesechos.fr/monde/europe/0211878609108-la-guerre-des-mots-entre-la-turquie-et-leurope-se-poursuit-2072251.php

Englësch:

Wéi geet et elo weider mam Flüchtlingsdeal?

-http://foreignpolicy.com/2017/03/14/did-turkey-just-kill-the-refugee-deal-with-europe/

Setzt den Erdogan déi ganz Bezéihungen zu der EU op d'Spill?

-https://www.nytimes.com/2017/03/13/world/europe/turkey-erdogan-disunity-europe.html?_r=0

Sourcen vun de Biller:

-Bild1:http://www.tagesspiegel.de/politik/noch-mehr-macht-fuer-erdogan-die-tuerken-sollen-im-april-dem-praesidialsystem-zustimmen/14719604.html

-Bild2:http://www.n-tv.de/politik/politik_kommentare/Seltsam-was-Wahlkampf-bewirken-kann-article19745728.html

Wat ass Wikileaks?
Wikileaks ass dës Woch an den Noriichten nodeems d'Organisatioun nei Dokumenter vum amerikaneschen Geheimdéngscht CIA (Central Intelligence Agency) verëffentlecht huet. Mee et ass net déi éischten Kéier, dass Wikileaks iwwert déi lescht Joren an den Noriichten ass. Dofir beäntweren mir haut d'Froen: Wat ass Wikileaks? An wat fir brisant Verëffentlechungen hunn si bis elo gemaach?

Wikileaks ass eng Organisatioun, déi geheim Informatiounen publizéiert fir se der Ëffentlechkeet zur Verfügung ze stellen, woubäi d'Organisatioun selwer seet, dass si sech op Informatiounen iwwert Krich, Spionage an Korruptioun konzentréiert. Wikileaks ass geduecht fir sou genannten "Whistleblower" ze hëllefen. En "Whistleblower" ass eng Persoun déi Informatiounen vun enger Organisatioun verëffentlecht well des Organisatioun entweder illegal oder onethesch Saachen mécht. Oft hunn Whistleblower awer Angscht em hir Carrière oder souguer hiert Liewen an hunn Problemer hir Informatiounen un d'Ëffentlechkeet ze bréngen. Wikileaks bitt dofir anonymmen Sourcen un hir Informatiounen ze publizéieren.

Wikileaks ass och bekannt fir d'Situatioun vun sengem Grënner, dem Julian Assange. Wéinst sengen Aktivitéiten mat Wikileaks ass hien an Amerika ugeklot ginn. Ausserdeem ass hien an Schweden wéinst Vergewaltegung ugeklot. Hien dementéiert dës Virwërf. Hien fäert awer, dass Schweden hien un Amerika ausliwweren géif wann hien an Schweden géif goen fir sech géint des Vergewaltegungsvirwërf ze wieren. Dofir huet hien politeschen Asyl an Ecuador ugefrot. Dësen krut en accordéiert, mee England huet decidéiert dass hien direkt un Schweden ausgeliwwert géif ginn wann hien aus der Ambassade vum Ecuador zu London eraus kënnt. Zënterhier lieft hien also an der ecuadorianescher Ambassade zu London.

Déi neisten Dokumenter wäerten an Etappen verëffentlech ginn - an enger Serie déi Wikileaks "Vault 7" nennt, déi um Schluss déi gréissten Verëffentlechung vun CIA-Daten jeemools soll sinn. "Vault 7" soll um Enn méi Dokumenter ëmfaassen wéi d'Revelatiounen vum Edward Snowden am Joer 2013. An déi éischt Etapp vun "Vault 7" weist schonn nei Weeër wéi d'CIA Leit ausspionéieren kann. Zum Beispill kann d'CIA iwwert Samsung Smart TVs Leit oflauschteren - souguer wann d'Televisioun aus ass. Ausserdeem sinn och vill Dokumenter déi beleeën, dass d'CIA Efforten mécht fir sech an Smartphonen vun allen groussen Firmen ze hacken (Apple, Google, Windows). D'CIA huet och Weeër fonnt fir bekannten an vill benotzten Software-Programmer mat ze liesen oder ofzelauschteren. Sou huet d'CIA anscheinend Programmer wéi Skype an Whatsapp geknackt an kann Audio an Video späicheren iert d'Daten verschlësselt ginn, virausgesat den Geheimdéngscht kann sech Accès op den Smartphone verschafen.

Mee dëst ass net déi éischten Kéier dass Wikileaks an den Noriichten ass wéinst sengen Enthüllungen. Sou hunn si nach lescht Joer intern Korrespondenz vun amerikaneschen Ambassaden verëffentlecht, déi beweisen sollen, dass en aneren amerikaneschen Geheimdéngscht, d'NSA, déi wichtegst Politiker vun der Welt ofgelauschtert huet - vum Angela Merkel, Ban-Ki Moon, Silvio Berlusconi an Nicolas Sarkozy ass do d'Ried. Donieft ass Wikileaks awer och fir vill aner Affairen verantwortlech, wéi zum Beispill déi em d'Chelsea Manning oder och déi em d'Demokratesch Partei an Amerika, wou verëffentlecht E-mailen weisen sollen, dass d'Hillary Clinton vis-à-vis vum Bernie Sanders bevirdeelegt gouf.

Et ass also net nëmmen wichteg ze wëssen wat Wikileaks ass fir des nei Noriichten iwwert der CIA hir Spionageméiglechkeeten ze verstoen, mee och fir vill aner international Affairen besser kennen ze verfollegen.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwert CIA-Spionage vun Däitschland aus.

http://www.spiegel.de/netzwelt/netzpolitik/wikileaks-enthuellung-vault-7-cia-soll-auch-von-deutschland-aus-spionieren-a-1137580.html

- Eng Iwwersiicht vun den CIA-Spionageméiglechkeeten déi Wikileaks mat "Vault 7" publizéiert huet.

https://www.welt.de/politik/ausland/article162661269/Neue-Wikileaks-Enthuellungen-bringen-die-CIA-in-Bedraengnis.html

Franséisch:

- Eng Iwwersiicht vun den neisten Enthüllungen an d'Konsequenzen fir Smartphones an Software-Programmer.

http://www.lemonde.fr/pixels/article/2017/03/07/iphones-android-teles-connectees-le-catalogue-des-outils-d-espionnage-electronique-de-la-cia_5090785_4408996.html

- En Artikel iwwert dem Julian Assange seng Situatioun

http://www.lefigaro.fr/flash-actu/2017/02/06/97001-20170206FILWWW00245-julian-assange-reclame-sa-liberation.php

Englesch:

- Eng Iwwersiicht vun den neisten Enthüllungen déi Wikileaks "Vault 7" nennt.

https://www.nytimes.com/2017/03/07/world/europe/wikileaks-cia-hacking.html

- En Artikel zu den Enthüllungen déi Wikileaks iwwert dem Hillary Clinton seng Campagne verëffentlech huet.

https://www.theguardian.com/us-news/2016/nov/06/wikileaks-emails-hillary-clinton-campaign-john-podesta

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://akomanet.com/content/images/cover/87fdafc3dc2d40f782009be9277752f81473842224342.png

- Bild 2: http://ichef.bbci.co.uk/news/660/cpsprodpb/D17D/production/_88092635_013873333-1.jpg

Europa vu verschiddenen Vitessen
Et héiert een ëmmer méi „Europa vun zwou Geschwindegkeeten“ an de Medien. Mee wat bedeit dat iwwerhaapt? Wou gesäit een , dat et schonn een Europa vun den zwou Geschwindegkeete gëtt? Dat wëlle mir des Woch an eisem Artikel behandelen.

Dofir kennt eeklengen Iwwerbléck iwwert d´Europäesch Unioun domat et besser ze verstoen ass. De Robert Schuman gëllt als wichtegst Persoun fir den europäesche Prozess. De Schuman-Plang oder EGKS -Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol- ass vun de BENELUX-Staaten, Frankräich, Italien an Däitschland 1951 gegrënnt ginn. De But war d´Kontroll vun der däitscher a franséischer Kuel- a Stolindustrie. Groussbritannien wollt bei der Organisatioun net dobäi sinn, well dat ze supranational wier. 1957 ass dann EURATOM an den EWG – Europäesche Wirtschaftsraum- gegrënnt ginn. Doduerch solle Wirtschaft an d´Landwirtschaft duerch eng gemeinsam Politik gestäerkt ginn, wei zum Beispill d´Ewechfale vum Zoll. EURATOM sollt fir eng friddlech Benotzung vun Atomenergie a Fuerschung stoen. 1958 sinn dann d´Europäesch Organer entstanen: Europäesch Kommissioun, Europäescht Parlament, Ministerrot an de Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun. Dono koumen dann nach all déi verschidden Traitéen dobäi (Lissabon, Maastricht, Amsterdam, Nice) an de Rescht vun de Memberstaaten 28.

Firwat kann een elo scho gesinn, dat et een Europa mat zwou oder verschidde Vitesse gëtt? Als eicht kann een sech d´Währungsunioun ukucken.Net all Staat huet den EURO, aktuell 19 vun den 28 Memberen. Den Zweck vum Euro ass et déi verschidde Schwankunge vun de verschiddene Wärungen ze stoppen, de Leit et méi liicht maachen an aner Länner ze reesen, d´Wirtschaft ze stabiliséieren an ze stäerken. Déi Europäesch Zentralbank kontrolléiert den Euro. Den Euro gëllt dowéinst als een Europäeschen Integratiounsfaktor.

Et schwätzt ee vun engem “Käreuropa”, wann verschidde Staaten an der EU eng méi staark Integratioun vun der EU wëllen. Oder vun engem “Europa à la carte”, wann verschidde Membere bei verschidde Beräicher op nationalem Niveau bleiwe wëllen.

Dat gesäit een zum Beispill bei derFlüchtlingspolitik, well verschidde Staaten sech mat dem Thema léiwer op nationalem Niveau këmmere wëllen, wei zum Beispill d´Visegrad-Staaten. Bei der Ëmverdeelung vun de Flüchtlingen hunn sech verschidden EU-Memberen net bereet erkläert hir Quoten anzehalen.

Ee weidert Beispill ass de Schengener-Traité, well net all Memberstaat ass am Schengener-Traité dobäi a Staaten, déi net an der EU sinn, sinn dobäi.Dësen internationalen Traité ass während der “Flüchtlingskris” vu verschiddene Staaten temporär annuléiert ginn, fir Grenzkontrolle maachen ze kennen.

Ass ee “Europa mat verschiddene Vitessen” dann elo positiv oder negativ? Wann sech verschidde Memberen dozou entscheede just bei verschidde Beräicher mat der EU zesummen ze schaffen, heescht dat net, dat si maache kenne wat si wëllen. Well fir si gëllt awer nach de Rechtsstaat, Mënscherechter oder och d´Fräiheete vum Binnenmarché.

De Problem ass awer, dat sech vläicht ee parallelt System an der EU entwéckele kéint, well d´Staaten vum Käreuropa sech aner Institutiounen opbaue wëllen, wei zum Beispill eng Europäesch Staatsanwaltschaft. D´Aarbecht vun der EU wier intransparent, well een net weess fir wien eng nei Richtlinn oder Veruerdnung gëllt. Steierung vun engem “Europa mat verschidde Vitessen” wier och schwéier ze steieren an ze kontrolléieren, dowéinst muss een ofwaarde wei sech d´EU weiderentwéckelt.

Weider Artikelen fir ze liesen:

Däitsch:

10 Joer Osterweiderung-een Resumé (2014)

- https://www.welt.de/wirtschaft/article127497595/Das-hat-die-Ost-Erweiterung-der-EU-gebracht.html

EU an hir Sécherheetspolitik

- http://www.zeit.de/politik/2016-02/europa-krise-fluechtlinge-instrumente

Franséisch:

Konsequenzen vum Austrieden aus der Eurozone/EU vum Front National

-https://www.lesechos.fr/elections/marine-le-pen/0211812836869-sortie-de-leuro-les-effets-desastreux-du-projet-economique-du-front-national-2066884.php

Robert Schuman een Europäer

-http://www.robert-schuman.eu/fr/robert-schuman-et-l-idee-europeene

Englësch:

Groussbritannien an hiren Euroskepsis

- https://www.theguardian.com/politics/2016/feb/07/british-euroscepticism-a-brief-history

Wei affektéiert Schengen Groussbritannien?

- http://ukandeu.ac.uk/the-uk-and-the-schengen-system/

Sourcen vun de Biller:

-Bild1:http://www.nachrichten.at/nachrichten/politik/aussenpolitik/Juncker-fuer-eine-EU-der-verschiedenen-Geschwindigkeiten;art391,2494392,B

-Bild2:https://www.google.at/imgres?imgurl=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/61/Supranational_European_Bodies-de.svg/2000px-Supranational_European_Bodies-de.svg.png&imgrefurl=https://de.wikipedia.org/wiki/Europa_der_zwei_Geschwindigkeiten&h=1438&w=2000&tbnid=OBJsKh32GmhSpM:&vet=1&tbnh=151&tbnw=210&docid=TJfkscvq2K66YM&usg=__AzyS35u7BgaqiEWYlCYJg1kmP54=&sa=X&sqi=2&ved=0ahUKEwi97OSw_LPSAhUkCcAKHWbYDKMQ9QEIJTAA#h=1438&imgrc=OBJsKh32GmhSpM:&tbnh=151&tbnw=210&vet=1&w=2000

Kënnt de "Grexit"?
Dës Woch gëtt erëm méi iwwer d’Scholdekris vu Griicheland geschwat. Mee firwat gëtt elo erem iwwert Griicheland an de „Grexit“ geschwat? Weieng Konsequenze kennen dat fir Europa a Griicheland bedeiten?

Griicheland huet an den Joren virun der  méi Suen ausginn, wei si Akommes haten. Mat der Finanzkris ass awer gläichzäiteg de Wuesstum gefall an d'Banken sinn immens virsiichteg ginn fir weider Suen ze léinen. Des Suen goufen benotzt fir ze importéieren amplaatz z’investéieren. Nodeems Griicheland zouginn huet jorelaang Zuelen gefälscht ze hunn, war Enn 2009 den Defizit vum PIB bei 13,6%. Fir dat et net zum Staatsbankrott komme sollt, goufen 3 finanziell Hëllefe vun den europäesche Staatscheffen decidéiert.D’Troika besteet aus der , dem  an der  (EZB) an si kontrolléieren, ob Griicheland déi néideg Reforme mëscht fir d'Kris ze iwwerwannen.

Griicheland muss dëst Joer erëm Scholde vun 7,4 Milliarden Euro un d‘EZB zréckbezuelen. Dofir brauchen si en neien Deel vum accordéierten Hëllefsprogramm. Mee den IWF hat iwwerluecht keng Kreditter méi un Griicheland wieder ze ginn, wann net gläichzäiteg Griicheland en Deel vun sengen Scholden erlooss kritt. Si mengen neemlech, dass den momentanen Scholdenstand net zeréck ze bezuelen ass an en negativen Afloss op de Wuesstum huet an domader d'Reformen an Griicheland manner effektiv sinn. Deen Plang well den däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble awer net akzeptéieren. Dowéinst huet den IWF bis elo keng Suen vum 3. Hëllefspak un Griicheland iwwerwisen. Ee weidere Faktor, deen d’Situatioun méi komplizéiert mëscht sinn d’Walen an den Niederlanden, Frankräich an Däitschland. An allen 3 Länner sinn d'Hëllefen fir Griicheland immens onbeléift an déi meescht Politiker verspriechen (oder hunn versprach) keng weider Suen un Griicheland ze ginn oder en Deel vun den Scholden ze erloossen.

Eng zweet Méiglechkeet ass den sougenannte „Grexit“, dee vu verschiddene Politiker gefuerdert gëtt. De „Grexit“ bedeit an deem Fall net, dat Griicheland aus der EU austriede soll, mee aus der Euro-Zone. En weideren Ennerscheed zum "" ass dass hei Griicheland an hir Bevëlkerung den Austrëtt net décidéieren, mee déi europäesch Staaten. Den däitsche Kanzlerkandidat vun der SPD, Martin Schulz, gesäit doran awer eng Gefor. Hien mengt, dass een d'Deelung vun Europa net nach virun dreiwen soll, well d‘EU am Moment viru schwieregen Zäite steet.

Wat géif ee „Grexit“ fir den Euro a Griicheland bedeiten? Griicheland géif dann hir aal Wärung Drachme zréckkréien, mee mat enger grousser Ofwäertung. D’Exporter géifen zwar méi bëlleg ginn an doduerch méi interessant fir aner Staaten, mee d’Importer ginn fir Griicheland méi deier. Dëst kéint immens sozial Folgen hunn. Nodeems Griicheland schonn en Véierel vun senger Wirtschaft an dëser Kris verluer huet an nach emmer en Véierel vun der Bevëlkerung arbechtslos ass, mengt déi griichesch Nationalbank, dass déi griichesch Wirtschaft duerch ee „Grexit“ géif geschwächt ginn an d'Aarbechtslosegkeet nach weider an d’Luucht géif goen, Zudeem kéint en Verloscht vun Importer bedeiten, dass d'Land vill Medikamenter net méi kéint kréien. Aner Ekonomiste gesinn och eng Chance am „Grexit“, well den d’schwaache Drachme den Tourismus ukuerbele kéint. D’Scholde vu Griicheland missten och an Euro zeréckbezuelt ginn, wat d'Scholden an engem Coup nach vill méi grouss géif ginn loossen.

Griicheland wäert nach eng gutt Zäit ee wichtegt an een zentraalt Thema an der EU sinn. Duerch de Populismus an Europa wäert d'Problematik nach méi komplizéiert ginn, falls et zu Scholdenerliichterungen oder weideren Krediter kommen sollt.

Weider Artikelen fir ze liesen:

Däitsch:

"Bundeszentrale für politische Bildung" erklärt Griichelandkris

- http://www.bpb.de/geschichte/zeitgeschichte/griechenland/178328/die-griechenlandkrise-als-weltwirtschaftskrise

Een Reformcheck-Wat huet Griicheland vun Reformen gemaach?

- http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/eurokrise/griechenland-im-reform-check-14223390.html

Franséisch:

D'Konsequenzen fir Frankräich am Fall vum "Grexit"

-http://www.lepoint.fr/economie/grexit-quel-impact-pour-les-francais-si-la-grece-sort-de-l-euro-28-06-2015-1940615_28.php

Kritik vun der griechescher Spuerpolitik

- https://www.monde-diplomatique.fr/2014/10/BASU/50879

Englësch:

Den IWF an Europa hunn verschidde Virstellungen fir Griicheland

- http://www.economist.com/news/europe/21717043-biggest-difference-now-between-imf-and-europeans-greeces-creditors-are-now-main

Wei hunn aaner Staaten (Portugal, Spunien, Island,Irland, Zypern...) et gepackt der Kris ze entkommen?

- https://www.theguardian.com/business/2015/jun/20/spains-improving-economy-is-not-reaching-everyone

Sourcen vun de Biller:

-Bild1:http://www.handelsblatt.com/politik/international/griechenland-debatte-weiter-kredite-oder-doch-lieber-grexit/19416694.html

-Bild2:http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/eurokrise/griechenland/wie-viel-schulden-griechenland-schon-erlassen-wurden-ein-offener-und-ein-verdeckter-schuldenschnitt-13391476.html

Wahlen an Holland
Den 15. Mäerz gëtt an Holland en neit  gewielt. Des Wahlen suergen awer fir méi Opreegung am Rescht vun Europa wéi normalerweis. Dowéinst geet et haut an eisem Blog dorëm wien gutt Chancen huet den nächsten Premierminister ze ginn an firwat des Wahlen esou wichteg fir Europa sinn.

Den momentanen Premierminister Mark Rutte vun der VVD - enger liberaler Partei - geet och fir des Wahlen erëm als Spëtzekandidat vun senger Partei an d'Rennen. An den meeschten Ëmfroen gesäit et awer esou aus wéi wann seng Partei vill Stëmmen wäert verléieren - verschiddenen Ëmfroen no souguer bal 50% vun den Setz déi d'VVD den Moment am Parlament huet. Fir d'Scholden vum Land ze reduzéieren, huet dem Rutte seng Regierung vill onpopulär Politiken duerchgesat déi souguer schonn 2012 zu neien Wahlen gefouert haten. Allerdéngs gëtt en och kritiséiert well hien bei den leschten Wahlen versprach hat keng Suen méi fir en weideren Rettungsplang fir Griicheland ze bezuelen - wat en dunn awer gemaach huet.

Den Rutte féiert momentan eng Koalitioun mat der PvdA un - enger sozial-demokratescher Partei. Mee och fir d'PvdA sinn d'Ëmfroen alles anescht wéi villverspriechend. Si verléieren villen Ëmfroen no souguer zwee Drëttel vun den Setzer déi se den Ament am Parlament hunn. Well d'PvdA also och en Deel vun der Regierung ass, kréien si ähnlech Kritiken gemaach wéi den Rutte an seng Partei.

Déi zwou Parteien déi wahrscheinlech am meeschten Stëmmen bäigewannen wäerten sinn déi Gréng an d'PVV, woubäi mir eis op déi zweet konzentréieren wäerten, well d'PVV net nëmmen wäert vill méi Stëmmen kréien, mee souguer kéint no den Wahlen déi Partei mat den meeschten Setz am Parlament sinn. D'PVV - "D'Partei fir d'Fräiheet" - gëtt ugefouert vum Geert Wilders. Hien an seng Partei vertrieden säit Joren eng  Politik, déi sech virun allem op den Islam als Gefor fokusséiert. Sou huet den Geert Wilders zum Beispill schonn den Koran mat "Mein Kampf" vum Hitler verglach an gefuerdert dass all Moscheeën an Holland zougemaach ginn, well do Haass an Gewalt gepriedegt géif ginn. Seng Partei ass och fir en Austrëtt vun Holland aus der  an huet schonn no engem Referendum nom briteschen Beispill gefrot.

An et ass ënner anerem dowéinst wou d'Wahlen fir déi ganz EU wichteg sinn. Engersäits ass déi direkt Gefor en Referendum an méiglechen Austrëtt vun Holland aus der EU, falls den Geert Wilders den nächsten Premierminister sollt ginn. Dësen wier ënner Ëmstänn nach méi dramatesch wéi den Brexit, well Holland en Grënnungsland ass an bei all wichtegem Deel vun der EU mat mécht. Gläichzäiteg besteet eng méi indirekt Gefor dass en Erfolleg vun enger Europa- an friemefeindlecher Partei an Holland ähnlechen Parteien an den Wahlen an Frankräich an Däitschland méi spéit dëst Joer hëllefen kéint.

Obwuel den Geert Wilders gutt Chancen huet d'Wahlen ze gewannen, ass seng Partei wäit ewech vun den néidegen Sëtz am Parlament fir alleng ze regéieren. Vill aner grouss Parteien lehnen awer eng Koalitioun mat der PVV kategoresch of. Sollt d'PVV also tatsächlech stäerkst Partei an den Wahlen ginn, dierft et schwéier ginn eng Koalitioun ze formen. Grad sou schwéier dierft et awer och ginn déi stäerksten Partei an  ze schécken.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwert dem Geert Wilders seng Anti-Islam-Politik.

https://www.welt.de/politik/ausland/article162014806/Geert-Wilders-setzt-Koran-mit-Mein-Kampf-gleich.html

- Eng Prognose fir d'Wahlen am Mäerz.

http://www.spiegel.de/politik/ausland/niederlande-parlamentswahlen-geert-wilders-trumpt-auf-a-1133097.html

Franséisch:

- En Artikel iwwert dem Geert Wilders säin Verspriechen en Referendum iwwert den Austrëtt aus der EU ze organiséieren.

http://www.lemonde.fr/referendum-sur-le-brexit/article/2016/06/25/tentation-referendaire-aux-pays-bas_4958022_4872498.html

- Eng Analyse vun den Wahlen an den méiglechen Koalitiounen.

http://www.lepoint.fr/monde/pays-bas-des-elections-scrutees-par-l-extreme-droite-en-europe-14-02-2017-2104682_24.php

Englesch:

- En oppenen Bréif vum Premierminister Rutte iwwert d'Situatioun an Holland.

https://www.theguardian.com/world/2017/jan/23/netherlands-pm-mark-rutte-dutch-citizens-open-letter-pvv

- En méi détailléierten Iwwerbléck iwwert dem Wilders seng Popularitéit an d'Stëmmung am Land virun den Wahlen.

http://www.bbc.com/news/world-europe-38956740

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://cdn.images.express.co.uk/img/dynamic/139/590x/754518_1.jpg

- Bild 2:https://www.stratfor.com/analysis/elections-will-measure-euroskepticism-netherlands

Wien gëtt franséischen President?
Des Woch geet et em déi wichtegst franséisch Presidentschaftskandidaten: Emmanuel Macron (En Marche!), Benoît Hamon (PS), François Fillon (LR), Marine Le Pen (FN). Si hunn sech an Wahlen innerhalb vun hiren Parteien duerchgesat an trieden elo bei der Presidentschaftswahl un. Dowéinst wëlle mir ee kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Kandidaten/Kandidatin an den franséischen Wahlsystem ginn.

Déi franséisch Wahle sinn den 23. Abrëll 2017. Falls do keen Kandidat méi wéi 50% vun den Stëmmen wäert kréien – wat immens wahrscheinlech ass – dann ass eng Stéchwahl fir den 7. Mee 2017 ugesat. Do trieden dann just déi 2 Kandidaten un déi am éischten Tuer déi meeschten Stëmmen kruten.

Den Emmanuel Macron war nach d’lescht Joer Wirtschaftsminister ënnert dem President François Hollande bis hien demissionéiert huet fir seng Bewegung „En Marche!“ ze grënnen. Hien well sech och net engem traditionellem Lénks-Riets Schema ënnerstellen. Duerch seng Bewegung stellt hien sech als parteilos duer. Hien huet allerdéngs och nach keen genauen Programm vun senger Beweegung virgestallt. Hien verfollegt wirtschaftsliberal Virstellungen, ass fir Europa an well sech géint all Diskriminéierung asetzen. Säin grousst Zil ass et déi franséisch politesch Strukture ze changéieren mat deenen vill Fransousen onzefridden sinn. Ëmfroen no huet hien gutt Chancen an d'Stéchwahl ze kommen.

De Benoît Hamon vun der Parti Socialiste huet an de Virwahle géint den momentanen Premierminister Manuel Valls gewonnen. Hien gehéiert dem lénken Spektrum bei den Sozialisten un a steet fir eng lénks Wirtschaftspolitik an eng liberal Gesellschaftspolitik. Den Hamon wëll ee Grondakommes vun 750 Euro fir all Bierger an d’Aarbechtszäit vun 35 op 32 Stonnen d’Woch begrenzen. Déi Fuerderunge ginn verschiddenen Sozialisten awer ze wäit an si wëllen hien net ënnerstëtzen. Seng Chance an Stéchwahl ze kommen ginn éischter als méi kleng ugesinn, well d’Kandidaten vun der grénger Partei an der kommunistescher Partei déi selwecht Leit unzéien.

De François Fillon gehéiert der Republikanescher Partei un, déi éischter fir eng konservativ Politik steet. Hien wëll de Pensiounsalter op 65 Joer eropsetzen an d’Aarbechtsstonnen erhéijen. De Marché soll dereguléiert ginn. Zudeem ass hien géint eng Adoptioun duerch gläichgeschlechtlech Koppelen. Vis-à-vis vun der EU, fuerdert den Fillon, dass manner Pouvoir zu Bréissel zentraliséiert gëtt an d’Staaten erëm méi Muecht kréien. Aussepolitesch wëll hien ee Stopp vun de Russlandsanktiounen. An den leschten Wochen war den Fillon an Kritik geroden, well hien senger Fra soll iwwert vill Joeren en Salaire bezuelt hunn, während si an engem Interview behaapt huet si géif net schaffen. Mëttlerweil huet den Fillon sech dofir entschëllegt an erkläert dass hien näischt Illegales gemaach hätt.

D’Marine Le Pen gehéiert dem Front National hunn an ass ausser Konkurrenz als Kandidatin vun hirer Partei gewielt ginn. Si wëll déi franséisch Souveränitéit erëm etabléieren, d’Sécherheet stäerken, d’Migratioun begrenzen an den Islam bekämpfen. Dofir wëll si ee Referendum iwwert den Austrëtt vun der EU halen. D’EU ass fir si eng Aart Diktatur déi déi franséisch Identitéit zerstéiert. Déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht wéilt si awer bäibehalen. Si ass fir eng 35 Stonnewoch an fir méi Sozialleeschtungen, déi awer just an Ausnahme fir Migrante gëlle soll. D’Marine Le Pen ass accuséiert ginn, dat si Mataarbechter vun der FN mat EU-Gelder finanzéiert huet an hätt missten 300.000 Euro zréckbezuelen, wat si awer net gemaach huet.

Zwee Méint virun der éischter Ronn ass et also nach net kloer wéi eng zwee Kandidaten et an déi zweet Ronn packen. Déi beschten Chancen huet d’Marine Le Pen, déi allerdéngs an Ëmfroen iwwert eng eventuell zweet Wahlronn ëmmer géint hir méiglech Géigner verléiert an dat am kloersten géint den Emmanuel Macron.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwert dem Front National seng Finanzéierung aus Russland.

http://diepresse.com/home/ausland/aussenpolitik/5137342/Bericht_Front-National-bittet-Russland-um-30-Millionen-Euro

- En Artikel iwwert nei Virwerf géint den François Fillon.

http://www.faz.net/aktuell/politik/ausland/francois-fillon-geraet-immer-weiter-in-bedraengnis-14866532.html

Franséisch:

- En Bilan vum Emmanuel Macron senger Aarbecht als Wirtschaftsminister.

http://www.lemonde.fr/les-decodeurs/article/2016/08/30/quel-bilan-pour-emmanuel-macron-au-gouvernement_4990086_4355770.html

- En Artikel zum Benoît Hamon.

http://www.liberation.fr/elections-presidentielle-legislatives-2017/2017/02/07/autour-de-hamon-l-unite-dans-quelle-mesure_1547032

Englesch:

- En Artikel zur Méiglechkeet dass Russland sech kéint an déi franséisch Wahlen amëschen.

https://www.washingtonpost.com/world/europe/russian-media-leap-on-french-presidential-candidate-with-rumors-and-innuendo/2017/02/06/d123676a-ec7d-11e6-a100-fdaaf400369a_story.html?utm_term=.45a189dd33ee

- En Iwwerbléck iwwert dem President seng Muecht am franséischen politeschen System.

http://www.cfr.org/france/powerful-frances-president/p38736

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://m.slate.fr/sites/default/files/styles/500x229/public/five_0.jpg

- Bild 2: http://www.telegraph.co.uk/news/2017/02/03/french-presidential-election-polls-shaping-race-become-president/

Wat ass den "Muslim ban"?
Des Woch huet den amerikanesche  mat sengem „Executive Order“ décidéiert, dass Mënschen aus Syrien, Iran, Sudan, Libyen, Somalien, Yemen an dem Irak während den nächsten 90 Deeg net méi an d´USA areesen dierfen. Dat huet weltwäit fir Opreegung an Proteter gesuergt. Dofir wëlle mir des Woch erklären em wat et bei dem „Muslim Ban“ geet an wat en „Executive Order“ iwwerhaapt ass.

Generell ass en „Executive Order“ eng Veruerdnung vum amerikanesche President, déi de Verwaltunge virschreift, wéi si ze schaffen hunn. Den amerikanesche President steet un der Spëtzt vun den nationalen Verwaltungen an dowéinst mussen all Ministérien sech un desen Uweisungen orientéieren.

Mee wat ass elo den „muslim ban“? Wei schonn uewen geschriwwen, verbitt dësen Executive Order d´Areese vun de Mënschen aus de genannte Staaten. Leit mat zwou Nationalitéiten woufunner eng vun engem vun deene Staaten ass, sollen deen Pass weisen deen am weinegsten „suspekt“ ass. Zudeem kennen an den nächsten 90 Deeg keng  méi an d´USA areesen. Dono sollen chrëschtlech Flüchtlingen aus muslimesche Staaten Virrang hunn. Zudeem ass d´Zuel vun de Flüchtlingen, déi opgeholl sollen ginn, op 50.000 reduzéiert ginn.

Wéi gesoot, huet dës Veruerdnung awer fir allerhand Kritik an Protester gesuergt, virun allem well vill Leit doranner eng gezielten Attack géint muslimesch Länner gesinn. A villen Stied an op de Fluchhafe sinn Leit am gaangen ze demonstréieren. An och Entreprisë kritiséieren de „Executive Order“, wéi Amazon oder Expedia. Déi Entreprisen ënnerstëtzen de Justizminister vu Washington bei enger Uklo virum Bundesgeriicht. Währenddeem huet och Starbucks ugekënnegt iwwert déi nächst Joeren wëllen 10'000 Flüchtlingen eng Aarbecht unzebidden.

Et stellen sech vill Leit d’Fro ob dem President Trump seng Veruerdnung legal ass – well en Executive Order net dierf géint en Gesetz oder  verstoussen. Den „Immigration and Nationality Act“ vun 1965 verbitt zum Beispill d’Diskriminatioun op Grond vun den nationalen Originnen. Op mannst een Expert ass dowéinst der Meenung dass dem President Trump säin Executive Order illegal wier. Den President berifft sech allerdéngs beim Areesverbuet op ee Gesetz vun sengem Virgänger Obama. Et ass awer net kloer ob den Trump hei dat selwecht mécht wéi den Obama, well den Trump een generellen Verbuet géint en ganzt Land ausgesprach huet. Den Obama huet d´Visa-Prozedur fir déi Leit erschwéiert déi no 2011 an déi betraffen Staaten gereest waren.

Den Rudi Giuliani, een Beroder vum Trump deen un dësem Executive Order geschafft huet sot, dass dësen sech net op d´Relioun konzentréieren géif, mee op d´terroristesch Gefor déi vun dësen Länner ausgeet. Mee wat dorun net logesch schéngt ass, dass aner Länner aus deenen Terroristen komm sinn, déi an den leschten 30 Joer Attacken an Amerika ausgeübt hunn, net op der Lëscht stinn. Sou steet zum Beispill Saudi-Arabien net op der Lescht, obwuel déi meescht  vum 11. September vun do komm sinn.

Et schéngt wéi wann Amerika säit der Wahl vum President Trump vun Daag zu Daag méi gespalten gëtt. Esou niddreg Emfrowäerter wéi den Trump haat nach keen President sou fréi an senger Amtszäit. An och sou grouss Protester sinn et net oft ginn an der amerikanescher Geschicht. Wéi sech den „Muslim ban“ entwéckelt bleift ofzewarden, genau esou wéi nei Executive Orders vum neien President.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

D´Folgen vum Donald Trump sengem Dekret

- http://www.sueddeutsche.de/politik/reisebeschraenkungen-welche-konsequenzen-das-einreiseverbot-hat-1.3355971

D´amerikanesch Universitéiten an hier Forscher wieren sech dogéint

-http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/us-universitaeten-wehren-sich-gegen-einreiseverbot-von-muslimen-14799530.html

Franséisch:

Eng Emstridden Emfro iwwert den Executive Order

-http://www.lemonde.fr/donald-trump/article/2017/01/31/57-des-americains-approuvent-le-muslim-ban-un-sondage-a-prendre-avec-beaucoup-de-precautions_5072308_4853715.html

Sportwelt ass staark dovun betraff, och Candidature vun Los Angeles fir d´Olympesch Spiller 2024 ass an Gefor

-http://www.liberation.fr/planete/2017/01/30/comment-le-decret-de-trump-touche-le-monde-du-sport_1545125

Englesch:

Och bei den Republikaner mecht sech esou lues d´Ongedold breet

-http://www.independent.co.uk/news/world/americas/donald-trump-executive-order-muslim-ban-refugees-immigration-visas-impeachment-congress-senate-a7556351.html

Ass et een "muslim ban"? Reaktionen iwwert den Dekret

-https://www.theguardian.com/us-news/2017/jan/28/trump-immigration-ban-syria-muslims-reaction-lawsuits

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: https://ixquick-proxy.com/do/spg/show_picture.pl?l=english&rais=1&oiu=http%3A%2F%2Fwww.telegraph.co.uk%2Fcontent%2Fdam%2Fnews%2F2017%2F01%2F30%2FMUSLIMBAN_CK_620-large_trans_NvBQzQNjv4BqqBYMlWmNSsYKmyFVDYjgrUHQvb2UFjW03QidnNDMhGA.jpg&sp=d2f227dabfd6028c15a66ca1aab080fa

- Bild 2: http://ichef.bbci.co.uk/news/624/cpsprodpb/52CA/production/_93849112_2801_trump_ban.png

Wat sinn d'israelesch Siidlungen?
Den Mëttwoch huet déi israelesch Regierung decidéiert 2500 weider Wunnengen an sougenannten "Siidlungen". Dëst war déi zweet esou Decisioun säit den Trump als amerikaneschen President ageschwuer ginn ass. Mee wat sinn déi Siidlungen? Wat hunn se mam Israeli-palestinenseschem Konflikt ze dinn? An wat ass d'Verbindung mam Trump sengem Ufank als US-President?

Fir ze verstoen wat déi Siidlungen genau sinn an firwat se esou kontrovers sinn, muss een d'Geschicht vum Israeli-palestinenseschem Konflikt kennen. Schonn virum zweeten Weltkrich, wéi England d'Gebitt vum haitegen Israel an Palestina kontrolléiert huet, hunn d'Judden an d'Araber sech bekämpft. Béid gesinn d'Land an virun allem Jerusalem als helleg un.

Während dem Zweeten Weltkrich sinn vill Judden, déi virum Holocaust fortgelaaf sinn an vun aneren Länner keng Protectioun ugebueden kruuten, an Palästina geflücht. Nom Zweeten Weltkrich huet eng Kommissioun vun den Vereenten Natiounen dunn decidéiert dass d'Gebitt sollt an en israeleschen Staat fir d'Judden an en palestinenseschen Staat fir d'Araber gedeelt ginn. D'Stad Jerusalem sollt kengem Land gehéieren. Dëst ass nach ëmmer d'Grondiddi vun enger "Zwee-Staaten-Léisung" vum Konflikt. Déi israelesch Communautéit huet dësen Plang akzeptéiert.

Doropshinn huet den David Ben-Gourion den 14. Mee 1948 d'Grënnung vum Staat Israel bekannt ginn. Dëst huet dozou gefouert dass Jordanien, Libanon, Syrien, Egypten an den Irak dat nei-gegrënnten Israel ugegraff hunn. Israel huet dësen Krich awer gewonnen an huet Territoiren besat déi, nom UN-Plang, fir den palestinenseschen Staat virgesinn waren. Dës néi Grenz um Enn vun 1948 gëtt als "Gréng Ligne" bezeechent. 1967 huet Israel dunn seng Nopechlänner op Grond vun bedreelechen Aktiounen, wéi zum Beispill dem Zesummenzéien vun egypteschen Truppen un der Grenz mat Israel, ugegraff. Israel huet an dësem Krich nach méi Territoiren erobert, déi bis dohin ënner egyptescher an jordanescher Kontroll waren: den Gaza-Sträifen, d'Westjordanland an Jerusalem.

An et ass hei wou d'Siidlungen an d'Spill kommen. Säit dem Krich vun 1967 hunn verschidden israelesch Regierungen an dësen nei eroberten Territoiren Wunnengen gebaut fir israelesch Bierger. Dës Wunnengen leien ausserhalb vun der sougenannter "Grénger Ligne" vun 1948. Dowéinst ginn si och vun den Vereenten Natiounen als illegal ugesinn. Mëtt 2012 gouf et 250 esou Siidlungen an deenen iwwert 600'000 Leit gewunnt hunn.

D'Relatiounen tëschent Israel an Amerika waren schonn ëmmer en wichtegen Faktor an dësem Konflikt, woubäi Amerika awer oft eng zweedeiteg Roll hat. Engersäits sinn d'Amerikaner déi gréissten Ënnerstëtzer vun Israel mat 3 Milliarden Dollar pro Joer säit 1985. Anerersäits hunn déi meescht Presidenten den Bau vun israeleschen Siidlungen op palestinenseschem Territoire kritiséiert an versicht en dauerhaften Fridden auszehandelen. An sengem leschten Mount als President huet den Obama awer decidéiert fir eng Resolutioun vun den Vereenten Natiounen net ze stoppen. Dës Resolutioun veruerteelt den israeleschen Siidlungsbau als illegal.

Säit dem Trump senger Victoire an den Wahlen huet Israel awer nei Siidlungen geneemegt. Den Trump an säin Team hunn neemlech eng méi pro-israelesch Politik ugekënnegt nom Obama senger UN-Aktioun. Sou sinn zum Beispill dräi israelesch Vertrieder déi den Siidlungsbau verteidegen als Éieregäscht zum Trump senger Inauguratioun agelueden ginn - eppes wat keen President virdrun gemaach huet. Obwuel den Trump nach net säin Team fir Aussepolitik zesummen huet an sech nach net als President ëffentlech dozou geäußert huet, huet seng Wahl also schonn en Afloss op den israeli-palestinenseschen Konflikt.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Eng "Timeline" zum israeli-palestinenseschem Konflikt.

http://www.bpb.de/internationales/asien/israel/171045/zeitleiste

- En Artikel zur israelescher Siidlungspolitik no der UN-Resolutioun vun 2016.

https://www.welt.de/politik/ausland/article160582617/Israel-steht-mit-seiner-Siedlungspolitik-jetzt-isoliert-da.html

Franséisch:

- En Artikel zur UN-Resolutioun vun 2016.

http://www.lemonde.fr/international/article/2016/12/23/la-resolution-de-l-onu-reclamant-l-arret-de-la-colonisation-israelienne-a-ete-adoptee_5053630_3210.html

- En Artikel zur Positioun vun der Europäescher Unioun zum israeli-palestinenseschem Konflikt.

http://www.liberation.fr/planete/2015/05/14/quel-est-le-role-de-l-europe-dans-le-conflit-israelo-palestinien_1309462

Englesch:

- En Artikel iwwert déi neisten Décisioun vun Israel fir 2500 Wunnengen an der Westbank ze bauen.

https://www.theguardian.com/world/2017/jan/24/israel-announces-2500-more-west-bank-settlement-homes

- En Artikel zum Obama senger Decisioun fir d'UN-Resolutioun duerchgoen ze loossen.

http://edition.cnn.com/2016/12/26/politics/understanding-unsc-resolution/

Sourcen vun den Biller:

Bild 1: https://static.guim.co.uk/sys-images/Guardian/Pix/pictures/2012/2/13/1329140700025/Binyamin-Netanyahu-007.jpg

Bild 2: http://imemc.org/wp-content/uploads/may2015/israeli_settlements_map.gif

Wéi ongläich ass Lëtzebuerg?
Dës Woch huet déi international Organisatioun Oxfam erëm hiren Rapport zur Ongläichheet an der Welt publizéiert. 2016 hunn si fonnt, dass déi 8 räichsten Männer (nëmmen Männer) zesummen esou räich sinn wéi déi äermsten 50% vun der ganzer Welt. Natierlech sinn ënnert den 8 räichsten Leit zum Beispill den Bill Gates an Warren Buffett déi vill vun hiren Suen spenden. Mee den Trend iwwert déi lescht 30 Joren ass eendeiteg: d'Welt gëtt méi ongerecht. Mee wéi ass dat zu Lëtzebuerg eigentlech?

Vill Leit - inner- an ausserhalb vun Lëtzebuerg - kennen déi berühmten Statistik, dass Lëtzebuerg säit Joren ënnert den räichsten Länner vun der Welt ass. Mee den Räichtum vun engem Land verréit engem wéineg iwwert d'Verdeelung vun dësem Räichtum an der Populatioun. Et gëtt ënnerschiddlech Weeër fir dës Verdeelung ze rechnen. Deen bekanntsten ass den GINI-Koeffizient, deen eng Zuel tëscht 0 an 1 ugëtt. 0 bezeechent eng Situatioun wou jiddereen am Land genau dat selwecht Akommes huet, während 1 eng Situatioun bezeechent wou eng eenzel Persoun dat ganzt Akommes kritt.Do schneit Lëtzebuerg relativ gutt of - mat engem Koeffizient vun 0.285 am Joer 2015 leit et do virun Länner wéi England, Italien an Däitschland, mee awer hannert Finnland an Dänemark.

Mee den GINI Koeffizient ass eng relativ grob Aart an Weis fir Ongläichheet ze moossen. Sou kann een zum Beispill och kucken wéi vill Leit an der relativer Aarmut wunnen. Weltwäit, wunnt een an relativer Aarmut wann een manner wéi d'Halschent vun der Mediane vum Land verdéngt. D'Mediane ass déi Zomme déi d'Populatioun genau an 2 deelt - an aner Wierder, wou 50% vun den Leit méi verdéngen an 50% manner. An Europa ass d'Limite awer normalerweis net 50%, mee 60% vun der Mediane, woubäi een déi Leit déi tescht 50 an 60% faalen als "en risque de pauvreté" bezeechent. Wann een dann d'Limite bei 60% vun der Mediane setzt, liewen zu Lëtzebuerg 15.3% an Gefor vun relativer Aarmut. Déi Zuel ass domadder säit 2003 em 3.4% an d'Luucht gaangen. Während des Leit am internationalen Verglach immens räich ausgesinn, bréngt hinnen dat relativ wéineg wann si mussen hiren Logement, Transport an Iessen zu Lëtzebuerg bezuelen. Bei dëser Mesure schneiden virun allem Kanner schlecht of. 2016, wuessen UNICEF no 25% - oder all véiert Kand - zu Lëtzebuerg am "risque de pauvreté" oder an relativer Aarmut op. Dat ass ganzer 8.5% méi héich wéi nach 2003 (cf. Tableau 1).

Tableau 1: Prozentsatz vun 0-18 Jähregen déi zu Lëtzebuerg am "risque de pauvreté" opwuessen 2003-2015 (source: http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/chartView.aspx)

En weideren Wee fir d'Ongläichheet vun engem Land ze analyséieren ass fir den Rapport tëschent verschiddenen Bevëlkerungsgruppen vum Land auszerechnen. Sou kann een zum Beispill d'Populatioun an 20 Stécker opdeelen - jeeweils 5%. Esou verdéngen déi bescht bezueltsten 5% vun der Populatioun den Ament am Duerchschnëtt 11 Mol méi wéi déi 5 schlecht bezueltsten 5%. D'Top 10% verdéngen ëmmerhin nach 7 Mol méi wéi déi ennechst 10%. Während béid Zuelen sech am Verglach mat 2003 wéineg verännert hunn, war den Ecart tëscht den ieweschten an ennechsten 5% net ëmmer esou grouss. Nach 2007 hunn si nëmmen 8 Mol méi verdéngt.

Och wann Lëtzebuerg en räicht Land ass, profitéiert net jiddereen selwecht vun dësem Räichtum. Virun allem vill Kanner liewen elo schonn an relativer Aarmut. An och Auslänner sinn vill méi vun Aarmut betraff wéi Lëtzebuerger. Dëst ass e wichtegt Thema, well vill Studien en negativen Zesummenhang tëschent Ongläichheet an aner sozialen Aspekter wéi Gewalt, Verhaftungen, Bildung an Bezéiungen mat der Noperschaft weisen. An engem ongläichen Land sinn och alleguerten d'Awunner manner gesond, souwuel mental wéi physesch.

Däitsch:

- En Interview mam President vun der Chambre des Salariés zu den Ongläichheeten zu Lëtzebuerg.

http://www.wort.lu/de/politik/sozialpanorama-2016-reding-tendenz-steigender-ungleichheiten-56f9693a1bea9dff8fa75416

- En Artikel deen op aner Aspekter vun Ongläichheet zu Lëtzebuerg ageet.

http://www.journal.lu/top-navigation/article/wachsende-ungleichheit/?L=0&cHash=24e6034e73130b7059bfe95c0cee8954

Franséisch:

- Den UNICEF-Rapport zur (On)gläichheet ënnert de Kanner.

http://unicef.lu/rc13

- En lien zu den Statistiken iwwert Ongläichheet zu Lëtzebuerg.

http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12956&IF_Language=fra&MainTheme=3&FldrName=1&RFPath=29

Englesch:

- Den Oxfam-Rapport zur (On)gläichheet weltwäit.

https://www.oxfam.org/en/pressroom/pressreleases/2017-01-16/just-8-men-own-same-wealth-half-world

- En Artikel iwwert d'Situatioun an der EU mat Erkläerungen zu wichtegen Begrëffer an der Debatt em Onglaichheet.

http://www.poverty.org.uk/summary/eapn.shtml

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://www.global-economic-symposium.org/knowledgebase/dealing-with-rising-inequalities/photo_overlay

Wien ass den Antonio Guterres ?
Den 31. Dezember 2016 ass dem Ban Ki-Moon säin Mandat als UN-Generalsekretär ofgelaaf. Den Portugies Antonio Guterres ass säit dem 1. Januar säin Nofolger. Mee wien ass den Guterres ? Wat kann hien an senger neier Positioun bewierken ? An wat fir Erausfuerderungen erwarden hien ?

Obwuel denGuterres en diploméierten Ingenieur ass, ass hien schonn säit 40 Joer politesch aktiv. Tëschten 1995 an 2002 ass hien zweemol zum Premierminister vun Portugal gewielt ginn.Nodeems en den Posten als President vun derrefuséiert huet fir nom Dout vun senger Fra op seng Kanner opzepassen, ass hien 2005 zum Chef vun der UNHCR ginn– der Agence fir Flüchtlingen vun den Vereenten Natiounen. Während den 10 Joer wou hien den Posten gefëllt huet, war hien responsabel fir den globalen Management vun der gréisster Flüchtlingskriis säit dem Zweeten Weltkrich– haaptsächlech wéinst dem .

Den Posten als Generalsekretär deen den Guterres elo ungetrueden ass, ass den wichtegsten innerhalb vun den . Hien ass net nëmmen responsabel fir den $5.4 Milliarden schwéieren Budget an déi44'000 Beamten vun den Vereenten Natiounen, mee muss och als internationale Diplomat d’Vereenten Natiounen vertrieden. Dorenner fällt virun allem seng Roll als Médiateur fir den Fridden. Sou huet z.B. den leschten Generalsekretär Ban-Ki Moon 2012 den Posten als Friddensgesandten fir Syrien erschaaft, an deem 3 verschidden Männer bis elo probéiert hunn en Friddensplang fir Syrien ze développéieren.

Gläichzäiteg huet den
Generalsekretär awer relativ wéineg eegen Muecht an ass fir d’Fonktionnéieren vun sengen Friddenspläng op d’Zesummenaarbecht mam UN-Sécherheetsrootugewisen
, an deem 5 Länner d’Recht hunn alléng all Initiative ze stoppen. Net emsoss mengen dofir vill Leit dass dem Guterres seng schwéiersten Erausfuerderung wäert sinn, sech heiansdo géint déi grouß Länner vun der Welt – virun allem Amerika an Russland – duerchzesetzen.

Dat bréngt eis dann direkt zu den Erausfuerderungen déi op den Guterres waarden. Virun allem déivill Kricher op der Welt déi säit Joeren ongeléist weiderginn stinn um Guterres senger Lescht ganz uewen. An senger éischter Ried soot hien dass Konflikter, wéi an Syrien, Jemen an aneren Platzen, ‘keen gewënnt – jiddereen verléiert’. Och well et sou schwéier ass des Konflikter ze léisen, huet den Guterres an dëser Hinsiicht virun allem dofunner geschwat zukünfteg Konflikter ze vermeiden.

Dann ass den neien UN-Generalsekretär och responsabel fir all d’Länner vun der Welt dozou ze beweegen hiren Deel zum Bekämpfen vum Klimawandel bäizedroen, virun allem säitdeem dendat lescht Joer zu Paräis ennerschriwwen gouf. Well d’Vereenten Natiounen geschaaft goufen fir international Probleemer ze léisen, versicht d’UN schonn säit Joeren och den Probleem vun internationalem Terrorismus unzegoen. Mam Erstaarken vum deen sech iwwert déi lescht Joeren an Syrien an am Irak verbreet huet, sou wéi Terror-Attacken an Europa an an der Tierkei begangen huet, ass dësen Probleem nach méi akut ginn.

Do dernieft wäert denGuterres eng Lescht vun ähnlechen Probleemer hunn wéi vill vun sengen Virgänger– Honger an Aarmut an der Welt bekämpfen ; wuessend Inégaliéit redresséieren; den Finanzement vun der UN garantéieren ; d’UN-Bürokratie verréngeren, fir nëmmen puer ze nennen. Ob den Guterres deenen Aufgaben gewuess ass, bleift ze gesinn. Op alle Fall sinn sech déi meescht Leit eenz, dass hien en äußerst kompetenten Mann ass mat vill Erfahrung.

Artikelen fir weider ze liesen:

Daitsch :

-http://www.spiegel.de/politik/ausland/antonio-guterres-weltdiplomat-fuer-die-grossen-krisen-a-1115507.html

-https://www.welt.de/politik/ausland/article158586220/Der-machtlose-Sieger-des-Machtkampfs-von-New-York.html

Englesch :

-http://www.nytimes.com/2016/12/12/us/antonio-guterres-united-nations.html?_r=0

-https://www.theguardian.com/world/2017/jan/01/will-antonio-guterres-be-the-uns-best-ever-secretary-General

Franséisch :

-http://www.lemonde.fr/idees/article/2016/09/16/antonio-guterres-le-bon-candidat-pour-l-onu_4998819_3232.html

-http://www.liberation.fr/planete/2017/01/01/qui-est-antonio-guterres-le-nouveau-patron-de-l-onu_1538325

Source Biller:

Bild1: http://www.ibtimes.co.uk/antonio-guterres-tops-1st-united-nations-straw-poll-secretary-general-post-1572048

Bild2:http://www.un.org/apps/news/story.asp?NewsID=55224#.WHUX-IWcEyE

Wat sinn Fake-News?
An dëser Woch wëlle mir iwwert „Fake-News“ opkläeren, déi am Zäitalter vun sozialen Medien ëmmer méi optauchen. De Problem ass, dass d´Leit des Fake-News gleewen an keng aner Source vun Informatiounen erunzéien. Dowéinst gouf dann och d´Wuert vum Joer 2016 „postfaktesch“. Dësen Artikel soll beschreiwen, wat Fake-News sinn an d´Lieser op dës Problematik opmierksam maachen.

Fake-News sinn einfach fräi erfonnten Noriichten, déi ouni Recherchen a Wëssen op de sozialen Medien gedeelt ginn. D´Ziel ass et Suen ze maachen an/oder politesch Meenungen an Entscheedungen ze beaflossen.

En Beispill vun der éischter Motivatioun ass d’Falschmeldung dass eng berühmt Persoun gestuerwen ass, déi dorop gezielt huet sou vill wei méiglech „klicks“ ze kréien an esou méi Suen duerch Werbung anzekasséieren. Mee „Fake-News“ kennen och d´Ziel hunn d´Mënschen ze manipuléieren an sou politesch Entscheedunge gezielt ze veränneren. Ee Beispill dovunner ass, d’Falschmeldung dass een 13-jäeregt Meedche mat russesche Wuerzele vun engem Flüchtling vergewaltegt soll ginn sinn. Mee déi däitsch Police huet dëse Virworf als falsch deklaréiert. Trotzdem sinn vill Russen an Däitschland demonstréiere gaangen an de russeschen Ausseminister huet sech souguer zu Wuert gemëllt. Doduerch soll Däitschland destabiliséiert ginn oder och d´Bundeskanzlerin Angela Merkel geschwächt ginn.

An dësem Joer huet een dann och oft d´Wuert „postfaktesch“ héieren . „Postfaktesch“ erkläert einfach, dass d´perséinlech Wuelbefanne méi ee staarke Grond ass eppes ze gleewen, wéi sachlech Argumenter oder Fakten. D´Emotioune sinn méi wichteg wéi d´Fakten. Mee et soll een sech net mat deem „postfakteschen Zäitalter“ zefridde ginn an mat Argumenter an der Wourecht argumentéieren. Leider gleewen d’Leit deenen Argumenter awer oft net. Et ass neemlech psychologesch bewisen, dass d’Leit Informatiounen net gleewen, déi hieren bisheeregen Informatiounen widderschwätzen. Dat bedeit also dass déi éischt Informatioun déi eng Persoun liest immens wichteg ass – egal ob „echt“ oder „fake“. Vill Analysten gesinn an esou „Fake-News“ en Problem fir d’Politik well keng gemeinsam Grondlag fir Diskussioun méi besteet. Esou ginn dann zum Beispill „Fake-News“ zum Deel fir den Brexit an dem Trump seng Victoire matverantwortlech gemaach.

Wéi kann een deene Fake-News dann elo entgéint goen? Allgemeng soll een ëmmer hannerfroen wéi eng Persoun/Zeitung/Internetsäit op seng Behaaptungen kënnt. Et ginn dofir Internetsäiten, déi sech op dee Problem mat de Fake-News spezialiséiert hunn. Wéi zum Beispill „mimikama.at“. Des Säit kontrolléiert op bestёmmte Meldunge falsch kéinten sinn an da stellen si Recherchen un.

„Hoaxmap.org“ huet sech op Falschmeldunge vun Asylbewerber spezialiséiert. Op enger Landkaart vun Däitschland kann een dann kucke wéi eng Meldunge falsch sinn (Bild uewen). „bildblog.de“ ,huet näicht mat der BILD-Zeitung ze dinn, mee si recherchéieren Artikele vun der däitscher Press an TV-Sendungen, ob déi Saache richteg sinn, déi publizéiert oder ausgestrahlt ginn.

Mee Dir kennt och selwer Recherchen ustellen a kucken op äre geliesten Artikel richteg ass oder ob et sech em een „Hoax“ handelt. Do kennt Dir dann einfach bei Google ären Artikel sichen a wann oft de selwechten Artikel gewise gëtt, dann ass d´Chance grouss, dat et sech em eng Falschmeldung handelt. Zudeem kann ee bei Google och Biller noverfollegen a kucken op déi valabel oder an en falschen Zesummenhang gesat goufen.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

-Wéinst enger Falschmeldung iwwert Hillary Clinton gouf et an enger Pizzeria eng Schéisserei

http://www.sueddeutsche.de/panorama/washington-mann-schiesst-in-pizzeria-um-sich-wegen-fake-news-ueber-hillary-clinton-1.3280151

-Geforen vun den Fake-News

https://www.welt.de/politik/deutschland/article160303690/Invasion-der-Meinungs-Roboter-bedroht-die-Demokratie.html

Franséich:

-Een Artikel den sech mat den Originne vun de Fake-News beschäftegt

http://www.lemonde.fr/big-browser/article/2016/11/30/le-spectre-de-la-desinformation-russe-derriere-les-fake-news-sur-internet_5040983_4832693.html

-Wat kann Facebook géint Fake-News maachen?

http://www.lesechos.fr/tech-medias/hightech/0211514195195-que-peut-faire-facebook-contre-les-fake-news-2045309.php

Englesch:

-Den Artikel beschreift entstoe vun engem Hoax

http://www.nytimes.com/2016/11/20/business/media/how-fake-news-spreads.html?_r=0

-Ee méi kriteschen Artikel iwwer „postfaktesch“

http://www.economist.com/news/leaders/21706525-politicians-have-always-lied-does-it-matter-if-they-leave-truth-behind-entirely-art

Sourcen vun den Biller:

-Bild1: https://62e528761d0685343e1c-f3d1b99a743ffa4142d9d7f1978d9686.ssl.cf2.rackcdn.com/files/146282/wide_article/width1356x668/kbnntj3s-1479322591.jpg

-Bild2: http://hoaxmap.org/

Wien ass den Duterte?
Alt erëm eng Kéier ass den President vun den Philippinnen an den Noriichten. Dës Kéier huet hien zouginn, dass hien schonn perséinlech Leit ëmbruecht huet. Well et net déi éischten Kéier ass, dass den Rodrigo Duterte mat fragwürdegen Aussoen an den weltwäiten Noriichten lant, geet et des Woch an eisem Blog em hien.

Als éischt zu sengen neisten Offenbarungen. Den Duterte huet den Méindeg an enger Ried dovunner erzielt wéi hien zu Davao – déi Stad an den Philippinnen wou hien Buergermeeschter war iert en President ginn ass – an der Nuecht duerch d’Stroossen gefuer ass fir Krimineller ze fannen, déi en erschoss huet. Hien seet hien wollt domadder der Police weisen, dass och si kënnen hir Waffen gebrauchen fir Kriminalitéit ze stoppen.

Mee fir den Duterte, deen am Juni dëst Joer zum President vun den Philippinnen gewielt gouf, war et net déi éischten Kéier, dass hien mat esou Aussoen opfält. Sou huet hien am leschten Joer och schonn den Poopst Franziskus als “fils de pute” bezeechent, well den Duterte bei der Visite vum Poopst an den Philippinnen am Stau stoung. Den US-President Barack Obama gouf dann mat den selwechten Wieder betitelt, well hien den Duterte fir säin Ëmgoen mat Mënscherechter kritiséiert hat.

Allerdéngs sinn dem Duterte seng Aussoen net dat eenzegt firwat hien an d’Noriichten kënnt. Hien war bekannt als Buergermeeschter vun Davao iert en President ginn ass wéinst senger Politik géint Kriminalitéit. Hien huet der Police erlaabt Krimineller ze erschéissen an en soll och privat Leit mat Waffen ausgerüst hunn, dass si Krimineller kéinten erschéissen wann d’Police et net mécht – sougenannten “death squads”. Béid Politiken goufen schonn deemools kritiséiert well se d’Mënscherecht op e fairen Geriichtsprozess net berécksiichtegt hunn.

Dës brutal Politik huet hien elo op dat ganzt Land ausgebreet zënterhier en zum President gewielt gouf. Virun allem Drogendealer an Drogesüchteger ginn aktiv gejot als Deel vum President sengem “war on drugs” – oder Krich géint Drogen. Genau Zuelen vun den Leit déi op der oppener Strooss erschoss ginn sinn schwéier ze fannen. Dass en eenzegen Reporter vun der New York Times alléng an 35 Deeg iwwert 57 Doudeger photographéiert huet, léisst awer wéineg Zweiwel drun, dass immens vill Leit an den Philippinnen momentan erschoss ginn – vun der Police an vun “death squads”. En aneren Reporter vun der BBC huet mat Leit geschwat déi Krimineller als Job erschéissen. Eng jonk Fra bericht do zum Beispill, dass si 5 Leit op Uerder vun der Police erschoss huet säit deem den Duterte seng Politik agefouert huet. Fir all Mord krut si em déi 20’000 pesos ($430) wat virun allem fir arem Leit eng attraktiv Zomme ass. Béid Berichter loossen wéineg Zweiwel drun, dass d’Zuel vun den Affer elo schonn an den Dausenden leit.

Den Duterte huet dann och ugekënnegt, dass hien och 3 Milliounen Drogesüchteger géif ëmbréngen wann en misst. An vu dass hien versprach huet, dass d’Unzuel vun den Affer näischt un senger Politik änneren wäert, muss een dovunner ausgoen, dass dës brutal Politik an den President vun den Philippinnen weiderhin an den Noriichten wäerten bleiwen.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Resume vum Duterte senger Anti-Drogenpolitik

http://www.spiegel.de/politik/ausland/rodrigo-duterte-auf-den-philippinen-auf-menschenjagd-a-1104577.html

- En Artikel zum Duterte sengen villen fragwürdegen Aussoen an Aktivitéiten an senger awer nach héicher Beléiftheet.

http://www.zeit.de/2016/38/rodrigo-duterte-praesident-philippinen-beliebtheit

Franséisch:

- En Profil vum Rodrigo Duterte an sengen Usiichten

http://www.liberation.fr/planete/2016/06/30/rodrigo-duterte-un-sherif-a-la-presidence-des-philippines_1462875

- En Artikel iwwert dem Duterte radikal Methoden an säin Versuch d'Doudesstroof erem anzeféieren.

http://www.lemonde.fr/asie-pacifique/article/2016/05/16/philippines-tout-juste-elu-president-rodrigo-duterte-veut-retablir-la-peine-de-mort_4920067_3216.html

Englesch:

- Eng Fotoreportage vun den Affer vum Duterte senger Politik - Warnung: graphesch Biller.

http://www.nytimes.com/interactive/2016/12/07/world/asia/rodrigo-duterte-philippines-drugs-killings.html?_r=0

- Eng Sammlung vun Zitater déi den Duterte an Probleemer bruecht hunn.

http://www.bbc.com/news/world-asia-36251094

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: :http://www.aljazeera.com/news/2016/08/rodrigo-duterte-human-rights-160806211448623.html

- Bild 2: http://img.huffingtonpost.com/asset/scalefit_630_noupscale/577558221800002400fa35ad.jpeg

Trump an seng Taiwan-China-Politik
De President-Elect Donald J. Trump huet an der leschter Woch fir vill Opreegung an der internationaler Politik gesuergt, wéinst sengem Telefonat mat der Presidentin vum Taiwan. Mee firwat ass déi ganz Opreegung gewiescht? An firwat huet China den USA Konsequenze gedrot?

Fir ee besseren Iwwerbléck ze kréien, mussen déi historesch Aspekter kuerz erkläert ginn. D´politesch Relatioune vun den USA an Taiwan sollen op den TRA (Taiwan Relations Act) vun 1979 opbauen. Dësen Traité erkläert, dat d´USA demokratesch Entwécklungen ënnerstëtzt. Zudeem kann d´USA defensiv militäresch Waffen un si weiderginn. Mee am Fall vu enger militäreschen Attack muss d´USA si net verteidegen. Dësen Traité huet China kritesch gesinn, well d´USA sech a chinesesch Affairen anmesche géif. Dowéinst huet d´USA deen Traité ofgebrach fir China politesch méi nozekommen.

Doropshinn huet Amerika eng Een-China-Politikverfollëgt. Dësen Ausdrock beschreift eng Politik déi Verhandlungen nëmme mat China akzeptéiert. China gesäit neemlech Taiwan als en Deel vu China. Fir mat China ze verhandelen, dierfen amerikanesch Presidenten also net mat Taiwan schwetzen, well si soss Taiwan als onofhängeg géif ugesinn.

Den Donald Trump huet awer elo Kontakt mat Taiwan opgeholl. Säit Joren huet dat keen amerikanesche President méi gemaach fir d´chinesesch Bezéiungen net ze gefährden. Den zukünftegen amerikanesche President seet, dat hien déi taiwanesch Presidentin net ugeruff hätt, mee si hätt hien ugeruff fir him ze felicitéieren. D´Washington Post huet Insideren no allerdéngs Informatioune kritt, dat dëst Telefonat schonn méi laang geplangtwar. Dëst wier och net erstaunlech wann een dem Trump seng streng Proposen géint China am Wahlkampf consideréiert.

Dem Donald Trump seng Beroder spillen dee Virfall erof. Zudeem wëllen si och, dat ee Politiker sech net méi un déi „political correctness“ hält. Dem Stephen Moore, Beroder fir wirtschaftlech Froe, war et zimlech egal, wat China dovun hält. China huet bis dato och net scharf dorop réagéiert. Si hunn dat éischter als een Lapsus vun Taiwan ugesinn. China geet net dovun aus, dat d´USA vun hirer Een-China-Politik ewech kommen. Esou eng relaxéiert Reaktioun vun China huet zum Beispill och den fréiere US-Ausseminister Henri Kissinger erstaunt, deen fir d’Ufäng vun der Een-China-Politik responsabel war an den 1970er Joren.

Mee den Toun aus China huet sech no e puer Deeg schnell verschäerft. Staatsmedien betitelen den Trump als „diplomateschen Amateur“. Si schreiwen, dat ee schlecht Verhältnis zwëschen den USA a China, Amerika net „grouss“ maache géif, dem Donald Trump säi Wahlkampfmotto. Hien gëtt och als onerfueren a gedankenlos bezeechent an opgefuerdert sech un déi prinzipiell Politik vu senge Virgänger ze halen.

Dowéinst stellt sech d’Fro, ob d’Beroder vum zukünftegen amerikanesche President, bewosst Relatiounen zwëschen Taiwan an den USA opbauen an eng aner China-Politik bedreiwe wëllen. Als eng méiglech Konsequenzkéint China UN-Sanktioune géint dat nordkoreanescht Atomprogramm ofbriechen. Eng aner Méiglechkeet wier och, dat China ee méi aggressive Stand am Südchinesesche Mier géint US-Schëffer demonstréiere geif.

Den Donald Trump ass am Moment nach ëmmer onberechenbar. Duerch den Telefonat mat der taiwanescher Presidentin huet hien dat gewisen. Dat ass ee groussen Affront géint China gewiescht, zudeem huet hien oft nach géint China „getwittert“. Schonn iert en als President ageschwuer gëtt, huet en schonn en éischten wichtegen Schrëtt an internationaler Politik gemaach.

Sourcen vun de Biller

Bild1:http://www.wsj.com/articles/donald-trumps-call-with-taiwan-leader-raises-fresh-uncertainty-over-u-s-china-relations-1480789321

Bild2:https://www.welt.de/politik/ausland/article116866505/Chinas-Praesident-verordnet-seinem-Volk-einen-Traum.html

Em wat geet den Referendum an Italien?
Dëse Sonnden ass an Italien ee  iwwert eng Ännerung vun der  geplangt. Een negativen Ausgang vum Referendum wäert ee groussen Impakt ob Italien an d´ hunn. Wat fir eng Verännerung ass iwwerhaapt an der Diskussioun? Wei eng Konsequenze komme bei engem negativen Ausgang op Europa duer? Dat wäerte mir dës Woch méi genau erklären.

An Italien besteet  aus zwou Kummeren, dem Senat an der Chamber des députés. Déi zwou Institutioune si gläichwäerteg. Fir ee Gesetz duerchzebrénge mussen déi zwou Kummeren hiren Accord ginn. Dat ass fir de Ministerpresident, Matteo Renzi, en Problem, well dat et schwéier mécht Reformen op den Wee ze bréngen. Dowéinst well hien per Referendum eng Ännerung vun de Kompetenze vun deenen zwou Kummeren virhuelen fir Blockaden an der italienescher Politik opzehiewen.

Den Referendum gesäit dowéinst eng Ofschwächung vum Senat fir. Deemno soll de Senat vun 315 Setzer op 100 gekierzt ginn. Membere vum Senat sollen och net méi direkt gewielt ginn, mee si sollen nëmmen nach vun de Regiounen an de Senat geschéckt ginn. Den Senat soll ausserdeem nëmmen nach bei Konstitutiounsännerungen oder bei internationalen Traitéen en Vetorecht hunn. Dat kéint awer trotzdem vun der Chamber mat enger méi grousser Majoritéit iwwerstëmmt ginn. Zudeem sollen d´Regiounen ofgeschwächt ginn, sou dat den Zentralstaat méi Entscheedungen iwwert Regiounen ewech treffe kann. Domat soll Italien besser stabiliséiert ginn ouni dat Gesetzer vum Senat an de Regioune blockéiert kenne ginn. Zudeem soll d’Wahlgesetz nei strukturéiert ginn: falls eng Partei 40% oder méi vun den Stëmmen kritt, soll si automatesch eng Majoritéit vun 340 Setzer vu 630 Setzer an der Chamber kréien. Wann keng Partei souvill Stëmmen zesummekritt soll et eng Stéchwahl ginn tëscht den zwou stäerksten Parteien an dann kritt de Gewënner d´Majoritéit an der Chamber. D´Ännerung vum Wahlrecht ass bei de Géigner onbeléift, well aus dem Gesetzestext onkloer ass, wei sech d’Regiounen op en Senateur eenege sollen. Weider fäerten si, dat d´Regierung eng ze staark Muecht huet am Verglach zu virdrun.

Beim negativen Ausgang vum Referendum huet den italienesche Ministerpresident ugekënnegt, dat hien demissionéiere géif. Doduerch huet hien an der politescher an och an der wirtschaftlecher Welt fir vill Opreegung gesuergt. Well Italien wirtschaftlech schlecht am europäesche Verglach do steet, géif en Récktrëtt vum Matteo Renzi fir Instabilitéit suergen. Am Fall vum „NEE“ beim Referendum gëtt gefaart, dat Bourse fale wäert an dat Zënsen op Staatsscholden an d´Luucht ginn. Zudeem kéint bei Neiwahlen déi lenks europakritesch Partei (Fënnef Stären) vum Komiker Beppe Grillo gewannen, déi den Moment an Ëmfroen gutt léit.

De Risiko ass, dat Italien seng Scholden net méi bezuele kann, wat bei dësem Land nach vill méi Konsequenzen fir d’Weltwirtschaft hätt wéi déi griichesch Kris vun 2013. Am Fall dat Partei Fënnef Stäre gewanne géif, wëllen si och dass Italien aus der EU austriede soll. Domat hätt Italien dann och keen  méi, mee d´Scholde stéingen awer nach am Euro. Dat wier en Problem, well d’Lira – an deem Fall, déi nei italienesch Währung – staark un Wäert verléieren géif vis-à-vis vum Euro. Dat heescht, dass d’Scholden vun Italien extrem wuessen géifen. Ausserdeem dierft d’ dann Italien net méi hëllefen an den  (IWF) hätt net déi néideg finanziell Mëttelen fir en Fall vun der Gréisst vun Italien.

Dëse Sonndeg um 4. Dezember gëtt an Italien ee Referendum ofgehalen a mir kenne eréischt dono méi genau wëssen, wéi et wieder goe wäert. Et ass allerdéngs kloer, dass dësen Referendum vun immenser Wichtegkeet ass.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel zu den wirtschaftlechen Konsequenzen vum Referendum.

http://www.zeit.de/2016/49/italien-verfassungsreform-matteo-renzi

- Eng Kolumne zu den méiglechen Konsequenzen vum Referendum an Italien.

http://www.spiegel.de/wirtschaft/soziales/italien-steuert-auf-ein-schuldendrama-zu-a-1123237.html

Franséisch:

- Eng Analyse vun den méiglechen Konsequenzen fir d'EU am Fall vun engem Vote géint dem Matteo Renzi seng Propose am Referendum.

http://www.france24.com/fr/20161129-brexit-italexit-referendum-italie-renzi-grillo-m5s-union-europeenne-zone-euro

- En Artikel iwwert d'Debatten tëscht dem Premierminister Matteo Renzi an dem Chef vun der Partei "Fënnef Stären", dem Beppe Grillo.

http://www.lemonde.fr/europe/article/2016/11/29/en-italie-la-campagne-du-referendum-se-perd-dans-les-invectives_5039848_3214.html

Englesch:

- En Round-up mat all den wichtegen Informatiounen zum Referendum.

https://www.theguardian.com/world/2016/nov/30/italy-referendum-all-you-need-to-know-about-renzis-crunch-vote

- En Artikel iwwert den Afloss deen den Referendum op d'Banken an d'Scholden vun Italien kéint hunn.

https://www.ft.com/content/bc656c2c-8d2d-35b0-b297-0ca57bfe740f

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://d1udmfvw0p7cd2.cloudfront.net/wp-content/uploads/2014/02/w1-renzi-a-20140223.jpg

- Bild 2: http://static4.uk.businessinsider.com/image/5838577759a3cf1f008b506a-1313/screen%20shot%202016-11-25%20at%20145719.png

Fillon an Juppé – wien sinn si?
Dës Woch geet et em  bei der Republikanerpartei an Frankräich, wou den François Fillon den éischten Tuer fir sech entscheeden konnt. Em wat geet et hei? An wien sinn déi zwee Kandidaten déi elo nach an Fro kommen fir als Presidentschaftskandidat vun den Republikaner an d’Wahlen ze goen?

Den System no deem d’Republikaner hiren Kandidat auswielen ass ähnlech wei deen vun den Presidentschaftswahlen selwer. Bei béiden ginn d’Wahlen an zwee Tier gemaach. Beim éischten Tuer kann jidereen sech zur Wahl stellen. Beim zweeten Tuer dierfen dann just nach déi zwee beschten Kandidaten aus dem éischten Tuer Deel huelen an all d’Wieler dierfen sech dann nach eng Kéier tëschtent hinnen zwee entscheeden. Leschten Sonnden hunn den François Fillon an den Alain Juppé et op déi éischt zwou Plaatzen gepackt. Domader huet den Nicolas Sarkozy, deen och ugetrueden war, relativ iwwerraschend keng Chance méi bei den Wahlen 2017 erem  ze ginn. Nächsten Sonnden ass dann den zweeten Tuer.

Den François Fillon, deen mat 44% op déi éischt Plaatz koum, war fir 5 Joer Premierminister ennert dem Nicolas Sarkozy. Hien steet fir eng méi konservativ Politik.An der Aarbechtspolitik ginn seng Ideen oft mat den Reformen vum Gerhard Schröder an Däitschland verglach. Sou well hien zum Beispill 500’000 Aarbechten beim Staat sträichen an d’Cotisatiounen vun den Firmen un d’Pensiouns- an d’Aarbechtslosenkeesen verréngeren. Ausserdeem soll d’35-Stonnen-Woch ofgeschaaft ginn, sou dass d’Franzousen méi laang schaffen missten.Mee den Fillon huet sech och mat enger méi konservativer Politik an Saachen Immigratioun an Défense duerchgesat. Sou well hien en Referendum driwwer haalen ob d’Parlament all Joer eng Quote bestemmen soll déi festleet wéivill Auslänner an Frankräich dierfen liewen kommen. Ausserdeem well hien et erméiglech Franzousen den Pass ofzehuelen déi aus dem Irak oder Syrien erem kommen mam Verdacht do fir den  gekämpft ze hunn. An der Sozialpolitik, well hien dann d’Gesetz zum Bestiednis vun Homosexueller esou emänneren, dass homosexuell Koppelen keng Kanner méi adoptéieren kënnen.

Den Alain Juppé, deen déi zweet meeschten Stëmmen kruut an fir deen et awer schwéier dierft ginn säin Rival ze iwwerhuelen, war och schonn Premierminister – dat allerdéngs ënnert dem Jacques Chirac an den 90er-Joeren. Hien verfollëgt ähnlech Politiken wéi den François Fillon, mee an verschiddenen Hinsiichten eng manner radikal Versioun. Sou well hien “nëmmen” 200’000 Staatsbeamtenplaatzen ofschaafen. Een Punkt wou den Alain Juppé awer kloer sech vum Fillon oftrennt ass an senger Positioun zum . Hien well, am Géigensatz zu sengem Rival, net mam Bashar al-Assad zesummen schaffen fir den Islameschen Staat ze besiegen.

Mee des Virwahlen sinn just en Deel vum ganzen Prozess fir en neien franséischen President ze fannen. Déi meescht Experten ginn dovunner aus, dass keen vun den sozialisteschen Kandidaten et wäert bis an den zweeten Tuer packen, well d’Partei an den momentanen President Hollande immens onbeléift sinn. Dowéinst ginn dës Virwahlen als Zeechen gesinn wien am wahrscheinlechsten am Juni 2017 géint Marine Le Pen vumuntrieden wäert. Si ass bis elo d’Favoritin fir et an den zweeten Tuer ze packen. Och wann des Wahlen also nach laang keng Entscheedung brengen, sinn se awer en immens wichtegen Moment an den Presidentschaftswahlen 2017.

Weider Artikele fir ze liesen

Däitsch: - En Verglach vum Fillon senger Politik mat där vum Gerhard Schröderhttp://www.tagesschau.de/ausland/interview-frankreich-wahl-101.html - Eng Analyse vum Fillon sengem Erfolleg am éischten Tuer.https://www.welt.de/politik/deutschland/article159634313/Das-steckt-hinter-dem-ploetzlichen-Erfolg-von-Francois-Fillon.htmlFranséisch: - En Verglach tëscht den zwee Kandidaten: Fillon an Juppé.http://www.lemonde.fr/les-decodeurs/article/2016/11/21/primaire-de-la-droite-ce-qui-differencie-fillon-et-juppe-dans-leurs-programmes_5034820_4355770.html - En Kommentar zum éischten Tuer an dem Rennen am zweeten Tuer.http://www.ouest-france.fr/elections/presidentielle/primaire-droite/primaire-de-la-droite-les-cartes-sont-rebattues-commentaire-4624524Englesch: - En Verglach tëscht den zwee Kandidaten: Fillon an Juppé.http://www.bbc.com/news/world-europe-38049636 - Eng Analyse vum Fillon sengem Erfolleg am éischten Tuer. http://www.nytimes.com/aponline/2016/11/21/world/europe/ap-eu-france-election.html

Sourcen vun den Biller:

-Bild 1: http://www.challenges.fr/election-presidentielle-2017/primaire-de-la-droite-le-match-des-programmes-fillon-juppe_439395

- Bild 2: http://www.ouest-france.fr/sites/default/files/styles/image-640/public/2016/11/20/direct-primaire-droite-fillon-soutenu-par-sarkozy-nkm-derriere-juppe.jpg?itok=5QAYwihM

Protester an den USA – wat elo?
New York, Chicago, Portland: wou een an den USA och hikuckt, a villen Groußstied protestéieren Leit géint den designéierte President Donald Trump. Dobäi gouf de Republikaner eréischt virun enger Woch gewielt an ass emol nach net am Amt. Vill Leit maachen sech Suergen, dass d’Situatioun eskaléiert, well et schonn zu Ausschreidunge mat Gewalt komm ass. Elo stellen sech mat Vue op d’Demonstratiounen e puer Froen: Wat sinn d’Ursaachen, firwat d’Leit ausgerechent géint den Trump protestéieren, obwuel och aner Wahle scho knapp waren? Firwat protestéieren d’Leit iwwerhaapt? A wat sinn d’Konsequenze vun de Protester?

Den Haaptgrond firwat vill Demokraten-Wieler elo géint den Trump protestéieren, ass laut den Demonstrante seng radikal an ofgrenzend Astellung géigeniwwer vu Fraen, Minoritéiten, LGBT Leit an Auslänner. Kee Presidentschaftskandidat virun him huet dëst esou oppe gewise. D’Demonstrante fäerten en Ausaarte vun der Situatioun, déi si zréck zu méi Diskriminatioun féiere géing. Dofir fënnt een op de Protester och vill Schëlter, déi hier Solidaritéit mat de concernéierte Gruppen ausdrécken.

Et kënnt dobäi, dass d’Demonstrante sech vun de Wahlergebnisser bestätegt fillen: den Trump huet zwar gewonnen, well hien d’Majoritéit vun de Wahlmänner fir sech gewonnen huet (mindestens 270 vun de 538), mä effektiv huet d’Clinton 220’000 Stëmme méi wéi hire Rival kritt. Dat kann doduerch geschéien, dass d’USA en indirekte Wahlsystem huet – de sougenannten Electoral College. Konkret heescht dat an dësem Fall, dass d’Wieler Representante wielen, sougenannte Wahlmänner. All Staat huet eng festgeluechten Unzuel dovun. Normalerweis funktionéiert dat ganz nom Prinzip: „The winner takes it all“, d.h. wann d’Majoritéit an engem Staat fir eng Partei ass, geet d’Gesammtunzuel vun de Wahlmänner un de jeeweilege Parteikandidat. Eng Majoritéit am Electoral College muss also net gläichbedeitend mat enger Majoritéit bei de Wieler sinn. Egal wéi knapp eng Partei an engem Staat gewënnt, kritt si trotzdem all d’Wahlmänner vum Staat. Et mëscht also keen Ënnerscheed, op ee Kandidat e Staat mat knapp 50,5% gewënnt oder mat klore 60%. D’Demonstrante fannen dësen System ondemokratesch, well eng knapp Majoritéit fir d’Hillary Clinton gewielt huet, mee si net Presidentin gett.

Fir d’Zukunft bedeiten d’Protester fir d’éischt mol, dass d’Land gespalt wäert bleiwen. De Rodney Hero, Politikwëssenschaftler op der University of California zu Berkley, mëscht an engem Interview drop opmierksam, dass elo villes vum Trump ofhänkt. Wann hie sech zukünfteg méi moderat gëtt, kann et sinn, dass d’gespalte Lager vun der Natioun sech erëm unnäheren. Do ass et wichteg ze gesinn, ob den Trump verschidden vun sengen ugekënnegten Mesuren, wéi de Mauerbau un der mexikanescher Grenz oder d’Ausstousse vun de Muslimen, tatsächlech duerchzitt. Och politesch gesi bréngt d’Zukunft eventuell Turbulenzen. D’Protester weisen, dass vill Leit sech iwwergaange fillen an kéinten eng Ureegung sinn, de Wahlsystem ze iwwerdenken. Mä dëst ass éischter onwahrscheinlech, well et immens opwenneg wär fir eng Verfassungsännerung virzehuelen.

Den Trump selwer presentéiert sech op Twitter am Zwispalt iwwert d’Protester: engersäits fënnt hier et ongerecht, no enger legitim gewonnener Wahl op esou vill Resistenz ze treffen. Anerersäits ass hie stolz op d’Vollek, dat weist, dass et sech aus Léift zum Land fir hiert Amerika asetzt.

Weider Artikele fir ze liesen:

DÄITSCH:

-De kompletten Interview mam Politikwëssenschaftler Rodney Hero, University of California, Berkley

http://www.focus.de/politik/ausland/us-wahlen-2016/nach-den-us-wahlen-amerika-stehen-schwierige-zeiten-bevor-der-protest-auf-den-strassen-ist-berechtigt_id_6191804.html

FRANSÉISCH:

-En Artikel den erkläert, wéi et zu der Differenz tëschent de Wielerstëmmen an de Wahlmännerstëmme kënnt

http://www.lemonde.fr/elections-americaines/article/2016/11/10/hillary-clinton-a-remporte-le-vote-populaire_5028873_829254.html

ENGLESCH:

-E puer Impressioune vum Verlaf vun de Protester

http://www.usatoday.com/story/news/2016/11/13/protests-sunday-donald-trump-president/93769564/

-Um Site vun archives.gov ass méi genee erkläert, wat den Electoral College ass a wéi e funktionéiert

https://www.archives.gov/federal-register/electoral-college/about.html

Sourcen vun de Biller:

Bild 1:http://www.cbsnews.com/news/thousands-protest-donald-trump-in-new-york-city-election-2016/

Bild2:
http://www.businessinsider.de/anti-donald-trump-protest-united-states-2016-11?r=US&IR=T

Wat dierf en US-President?
Elo wou d’Wahlen an Amerika no villen Méint op en Enn komm sinn an den Donald Trump zum President gewielt gouf, stellen sech natirlech vill wichteg Froen. Wéi wäert den Trump versichen d’Land no sou enger gëfteger Campagne erem zesummen ze féieren? Wéi wäert déi eidel Plaaz am Ieweschten Geriichtshaff gefëllt ginn? Mee hannert all deenen Froen steet eng méi generell Fro: wat dierf en President an Amerika iwwerhaapt maachen?

Dem President seng Pouvoiren hänken ganz vill vum Beräich oof. Dat huet domat ze dinn, dass déi amerikanesch Konstitutioun en immens komplexen System firgesäit an deem déi eenzel Institutiounen sech géigensäiteg kennen iwwerwaachen. An dësen System ass méi entwéckelt an der Innenpolitik wéi an der Außenpolitik.

An der nationaler Politik deelt den President en groußen Deel vun der Muecht mam Kongress – dem amerikaneschen Parlament. Hei ass dem President säin gréissten Pouvoir, dass all Gesetz muss vun him ënnerschriwwen ginn. Deemno huet den President en Vetorecht fir all Gesetz ofzelehnen, dat net sengen Wensch entsprecht. Allerdéngs kann dësen Veto vun enger Zwee-Drëttel Majoritéit am Parlament iwwerstemmt ginn, wat awer schwéier ze erreechen ass.Dem President seng Pouvoiren sinn nach méi begrenzt an dësem legislativen Prozess – den Prozess fir en Gesetz ze schaafen – well hien keng Gesetzer dierf proposéieren. En zweeten groußen Pouvoirdeen den President an der Innenpolitik huet ass dass hien d’Ministeren an d’Direkteren vun den meeschten Agencen ernennt. Et ass och dësen Pouvoir deen sou wichteg ass bei der Ernennung vun engem neien Riichter um Ieweschten Geriichtshaff. Mee och bei dësen Ernennungen ass den President dorop ugewisen, dass d’Parlament seng Nominatiounen akzeptéiert. Am Resumé kann den Trump zwar vill Gesetzer blockéieren an och seng Kandidaten fir wichteg Posten virschloen, mee bei béiden Pouvoiren ass hien op d’Parlament ugewisen.

An der internationaler Politik huet den President allerdéngs méi Fräiheeten. Hei ass seng wichtegst Roll déi vum “Commander-in-Chief”, déi den Donald Trump zum ieweschten Kommandeur vum Militär mécht. Domat kann hien d’Truppen vun der USA befehlen, obwuel hien net offiziell engem Land den Krich erkläeren kann ouni Accord vum Parlament. Och beim Ennerschreiwen vun internationalen Traitéen muss den President den Accord vum Parlament hunn. Et ass awer sou, dass et en puer legal Weeer gëtt fir ronderem dëst ze kommen. Dat mécht d’Roll vum Parlament an der Aussenpolitik manner wichteg an domader déi vum President emsou méi. An och den Pouvoir vum Ieweschten Geriichtshaff ass manner staark an der Aussenpolitik wéi an der Innenpolitik. Alles an allem, wäert den Trump also kënnen d’Militär vun den USA kommandéieren an international Politik dirigéieren ouni mussen souvill mam Parlament an dem Ieweschten Geriichtshaff zesummen ze schaffen wéi an der Innenpolitik.

Well et awer während der Campagne relativ onkloer war wéieng Politiken den Trump emsetzen well, bleiwt et och onkloer wat den Trump mat dësen Pouvoiren wäert maachen wann en bis am Januar 2017 zum President ernannt gëtt. Och fir déi Politiken déi hien ugekennegt huet – wéi d’Renegotiatioun vun NAFTA an d’Bauen vun enger Grenzmauer mat Mexiko – ass et net sécher wéi hien dës an d’Realitéit emsetzen well.

Source vun de Biller

Bild1:https://static.independent.co.uk/s3fs-public/styles/story_large/public/thumbnails/image/2016/11/09/00/donald-trump-9.jpg

Bild2:https://twitter.com/HillaryClinton?ref_src=twsrc%5Egoogle%7Ctwcamp%5Eserp%7Ctwgr%5Eauthor

„Jungle“ geraumt – wat elo?
Calais huet een am Zesummenhang mat der „Flüchtlingskris“ schonn oft héieren. Dëse Méinden war den Flüchtlingscamp an der Géigend vun Calais an den Noriichten, well ugefaangen gouf deen ze raumen. Mee wéi geet et elo weider wann „d’Flüchtlingscamp“ vun de franséischen Autoritéiten bis opgeléist ass? Zudeem stellt sech och d’Fro, wéi d’Ëmverdeelung vun den Flüchtlingen innerhalb vun der Europäescher Unioun am groußen Ganzen virun geet.

Am Camp zu Calais sollen bis zu 10.000 Flüchtlingen sech ophalen an d’Situatioun ass miserabel. Well do sou schlecht Zoustänn herrschen, gëtt den Flüchtlingscamp och „Jungle“ genannt. D’Leit wunnen op engem alen Dreckstipp an Zelter, ouni richteg Sanitäranlagen. Si sinn do, well si hoffen eng Chance ze fannen ee Wee a Groussbritannien ze fannen. Si versichen sech duerch denEurotunnelze kämpfen, sech a Camionen ze verstoppen oder si schwammen am Mier fir op ee Schëff ze komme fir Groussbritannien ze erreechen.

De Méindeg huet d’Reimung ugefaangen. D’Flüchtlinge sinn opgefuerdert ginn sech registréieren ze loossen, fir dat si an Frankräich verdeelt kënne ginn. Si ginn a verschidden Gruppéierungen agedeelt: Mannerjäreger, Familljen, Leit déi eleng sinn a gebriechlech Leit. Si kënnen zweschend der Bretagne an der Côte d’Azur wielen. Mee net nëmmen an Frankräich ginn Flüchtlingen emverdeelt. Och d’Europäesch Unioun als Ganzt huet esou en Programm.

De 22. September 2015 hunn d’EU Inneministeren decidéiert 120'000 Flüchtlingen aus Griicheland an Italien op EU-Memberstaaten ze verdeelen. Am Ufank sollt eng Quote agefouert ginn, déi de Staaten fir ginn hätt, weivill Flüchtlingen si ophuele missten. Mee well Ungarn, Tschechien, Slowakei a Rumänien net d’accord waren, ass d’Quote net agefouert ginn an elo sollen d’Flüchtlingen op fräiwëlleger Basis duerch ee Verdeelerschlëssel vun der EU-Kommissioun opgedeelt ginn.

Mee de Bilan fällt no engem Joer schwaach aus. Ungarn a Slowakei hunn eng Uklo un den Europäesche Geriichtshaff geschéckt, fir keng Flüchtlingen ophuelen ze mussen. Zuel vun 120'000 ass op 160'000 erop geklommen déi bis 2017 verdeelt musse ginn. An vun deene goufe reicht 5'300 op EU-Länner verdeelt. Et ginn verschidde Grënn firwat déi Relocatioun esou lues, respektiv guer net fonctionnéiert. D’Flüchtlinge mussen eng grouss Wahrscheinlechkeet hunn fir de Statut als Refugié unerkannt ze kréien, wat am oftsten bei Syrer, Zentralafrikaner an Eriträer den Fall ass. Bei aneren Nationalitéiten ass et schon méi schwéier. Een weidere Problem sinn déi verschidde sozioekonomesch Grënn, well a verschiddenen EU-Staaten een héije Chômage, schlecht Ekonomie, finanziell Problemer etc. ... virleien. De gréisste Problem ass awer politescher Natur. Aktuell kréie rietspopulistesch Parteien ëmmer méi Zoulaaf an do wëllen déi établéiert Parteie keng Wieler verléieren a maache léiwer naicht.

Zum Beispill huet Ungarn Ufanks Oktober een Referendum duerchgefouert. Domat well sech déi ungaresch Regierung géint d’Ëmverdeelung vun de Flüchtlingen an der EU duerch hier Bevëlkerung stäerke loossen. Mee de Referendum ass fir ongülteg erkläert ginn, well manner wéi 50% wiele gaange sinn. Mee vun deenen déi ofgestëmmt hunn waren 98% der Regierung hirer Meenung.

Lëtzebuerg war ee vun den éischten Staaten, déi Flüchtlingen aus dem Relocatiouns-Plang opgeholl hunn.Bis Enn 2017 wäert Lëtzebuerg nach wieder 557 Flüchtlingen iwwert dësen System ophuelen.

Weider Artikele fir ze liesen

Däitsch:

-Een Artikel deen iwwert Konsequenze vun der Evakueierung an der Hoffnungslosegkeet informéiert

http://www.morgenpost.de/politik/article208488401/Fluechtlinge-in-Calais-Niemand-in-Europa-will-uns-helfen.html

-D’Situatioun vun Italien gëtt erkläert a firwat d’EU hëllefe muss

http://www.zeit.de/politik/ausland/2015-04/fluechtlinge-mittelmeer-italien-forderung

Franséich:

-D’Flüchtlingen hoffen dat de Brexit hinnen d’Grenzen op mécht

http://www.liberation.fr/france/2016/06/29/a-calais-on-espere-que-la-frontiere-va-s-ouvrir_1462998

-De President vun der Europäescher Kommissioun, Jean-Claude Juncker wëll duerch de Relocatiouns-Plang méi Solidaritéit an der EU

http://www.france24.com/fr/20150909-crise-migratoire-ue-juncker-discours-parlement-europeen-refugies-irak-syrie

Englesch:

-Een Artikel deen iwwert Verflichtung vu Groussbritannien hiweist Frankräich beim Flüchtlingscamp zu Calais ze hëllefen

https://www.theguardian.com/world/2016/sep/26/calais-migrant-camp-must-go-by-end-of-year-francois-hollande

-Een kriteschen Artikel iwwert d’Reussite vun dem Relocatiouns-Plang vun der EU mat Grafiken

https://www.theguardian.com/world/2016/mar/04/eu-refugee-relocation-scheme-inadequate-will-continue-to-fail

Sourcen vun de Biller:

-Bild 1:

http://www.spiegel.de/fotostrecke/calais-fluechtlingscamp-dschungel-balue-haus-fotostrecke-135223.html

-Bild2:

http://www.economist.com/blogs/graphicdetail/2015/09/europe-s-migrant-crisis

Wat ass eng Konstitutioun?
Dësen Weekend ass et an der lëtzebuergescher Politik ënner anerem em d’Reform vun der Konstitutioun gaangen. Beim Partei-Konvent vun der CSV den Samschden huet den Claude Wiseler nämlech gesot den Referendum iwwert déi nei Verfaassung sollt eréischt no den nächsten Wahlen statt fannen. Mee wat ass eng Konstitutioun an firwat versicht Lëtzebuerg seng ze änneren?

Eng Konstitutioun leet déi fundamental Prinzipien festno deenen en Staat fonctionnéiert. An enger Demokratie ginn do virun allem d’Rechter vum Bierger erkläert. Zum Beispill assuréieren vill Konstitutiounend’Recht fir all Mënsch am Land seng Meenung ze soen an seng Relioun ze praktizéieren. Ausserdeem bestëmmt eng Konstitutioun d’Bezéiungen tëscht den verschiddenen Institutiounen. An enger Demokratie ginn esou d’Pouvoiren fir een Gesetz ze bestëmmen (Legislative), eent ëmzesetzen (Exekutive), an fir Streidereien iwwert Gesetzer ze reegelen (Judikative) vuneneen getrennt. Gläichzäiteg kréien d’Parlament, d’Regierung an d’Geriichter awer och d’Méiglechkeet an d’Aufgab sech géigesäiteg ze iwwerwaachen fir allméiglechen Abus vun Staatsmuecht ze verhënneren.

Well et an dësem Dokument em déi fundamental Prinzipien geet an engem Land, ass et normalerweis méi schwéier eng Konstitutioun ze änneren wéi en normaalt Gesetz. Während een normaalt Gesetz géint den Wëllen vun der Oppositioun duerchgesat kann ginn, ass dat bei enger Verfaassungsreform oft net méiglech. Fir anAmerika eng Ännerung un der Konstitutioun ze proposéieren muss een entweder zwee Drëttel vun den Stëmmen am Parlament hunn oder zwee Drëttel vun den Staaten mussen sech dofir ausschwätzen. Dono muss déi Propose dann vun dräi Véierel vun den Staaten ugeholl ginn.

Aus deem Grond ass et dann och ëmmer en laangen Prozess fir d’Konstitutioun vun engem Land ze änneren – sou och zu Lëtzebuerg, wou souguer déi ganz Konstitutioun soll iwwerschafft ginn. Dowéinst gëtt schonn iwwert 10 Joer dorunner geschafft, virun allem säit 2008 en Problem opgetrueden ass. Deemools hat d’Parlament en neit Gesetz zur Euthanasie – oder Sterbehilfe – ofgestëmmt, dat den Grand-Duc allerdéngs net ënnerschreiwen wollt. Dofir sinn d’Aarbechten vir d’Konstitutioun vun 1848 ze ersetzen nees virun gedriwwen ginn fir dass esou Situatiounen net méi virkommen.

Deen Prozess soll elo gläich fäerdeg sinn. Um Schluss muss déi ganz Konstitutioun souwuel vun enger zwee Drëttel Majoritéit am Parlament wéi och an engem Referendum vun enger Majoritéit vun der Bevëlkerung ugeholl ginn.An vir dass déi Ofstëmmungen sech net em vereenzelt Punkten dréinen déi immens ëmstridden sinn, goufen 3 Froen am Referendum vun 2015 (iwwert d’Wahlrecht fir 16-jähreger, d’Wahlrecht vir Auslänner an d’Begrenzung vun Ministermandater), schonn eenzel gefrot.

Mee den Referendum em deen et den Moment an den Noriichten geet ass den Referendum um Schluss vum Prozess. Deen war bis elo fir dat nächst Joer geplangt, mee gëtt elo eréischt fir no den nächsten Wahlen 2018 geplangt. D’Erklärung dofir ass dass een well d’Diskussiounen em déi nei Konstitutioun vun den Diskussiounen bei den Wahlen trennen, well et bei der Konstitutioun drëm goen soll en Accord ze fannen mat deem all Säiten liewen kënnen fir dass jiddereen sech och dono un déi nei Konstitutioun hält. Allerdéngs kann een dovunner ausgoen, dass déi nei Verfaassung wäert fréier oder spéider erëm diskutéiert ginn, well et eben esou en wichtegt Dokument fir den Fonctionnement vum Staat ass.

Source vun de Biller:

1.http://www.luxembourg.com/chambre-des-deputes/

2
.http://lux2013.weebly.com/gauche-et-droite.html

Wéi geet den Brexit weider?
De Sonnden huet déi nei Premierministesch vun Groussbritannien, Theresa May, op der Parteikonferenz vun den Konservativen eng Ried gehalen. Dobäi huet si e puer Ablécker ginn, wéi si wëlles huet aus der  auszetrieden – den sougenannten . Dowéinst wëlle mir dës Woch op dës Ried agoen an och kucken, wéi eng Konsequenzen dat op Groussbritannien an d’EU huet.

Theresa May huet nach eng Kéier an hirer Ried dat gestäerkt, wat si schonns gesot hat-„Brexit means Brexit“. Den Artikel 50 wëll si bis spéitstens de Mäerz 2017 bei der EU areechen. Dann hätt Groussbritannien 2 Joer Zäit fir mat der EU hiren Austrëtt ze verhandelen, woubäi deen Zäitraum mat engem Accord vu béide Säite nach eng Kéier kéint verlängert ginn.

An der Ried huet si awer och erkläert wéi si Groussbritannien an Zukunft vis-à-vis vun Europa an der Welt positionéieren well. Si well hirt Land weider oppen halen an an deem Sënn huet si gesot dat 8 Natiounen dorënner och China, Singapur an Indien bereet sinn een Handelsofkommes z’ënnerschreiwen. Weider wëll d’Premierministesch net méi vum Europäesche Geriichtshaff ofhängeg sinn a schwätzt vun engem souveräne Staat. Do huet een dann och een vun den gréissten Sträitpunkten vun den Verhandlungen mat der EU fonnt. Theresa May well d'Immigratioun an Groussbritannien selwer regelen, mee oppen Grenzen fir EU-Bierger sinn eng Konditioun fir am EU-Marché ze partizipéieren. Een weideren Probleem vum Brexit ass d'Ophiewen vun EU-Gesetzer, déi an quasi allen Beräicher vun der englescher Gesetzgebung stinn. Dofir huet d'Premierministesch ee grousst Ophiewungsgesetz annoncéiert, dat offiziell Deel vum Regierungsprogramm wäert ginn wann d'Queen Elisabeth II dëst Gesetz bei hirer Throunried ukënnegt.[4] Dat Gesetz soll engersäits europäesch Gesetzer an britescht Droit ëmwandelen an anerersäits kennen d'Ministeren Ännerungen firhuelen fir dem Resultat vum Referendum Rechnung ze droen.

Eng weider Konsequenz vum Brexit ass den neien Versuch vun den Schotten fir sech onofhängeg ze maachen, well Schottland mat enger Majoritéit vun 62% fir den Verbleif an der EU gestëmmt huet. D'Theresa May well hinnen keng Chance ginn fir dat ze réaliséieren. D’Nicola Sturgeon, déi schottesch First Minister huet Theresa May accuséiert, dat si d’Meenung vun de Schotten net interesséiert. Beim éischten Versuch vun engem  war ënner anerem d'Onsécherheet driwwer ob Schottland dann an der EU bleiwen géif een Grond fir d'Resultat.

No der Ried vun der britescher Premierministesch ass de Pond op een historesch niddregen Wäert gefall. Doduerch sinn ënner anerem d'Wäerter op der Londoner Bourse an d’Luucht geklotert, wëll auslännesch Investoren elo méi bëlleg kënnen an Groussbritannien investéieren. Op der anerer Säit sinn awer britesch Pensionären déi am Ausland liewen, mee eng Pensioun an Pond bezuelt kréien, elo méi schlecht drun.

Et wäert also nach eng Zäit daueren, bis Groussbritannien den Artikel 50 ausléise wëll. Den EU-Rotspresident, Donald Tusk, huet nach eng Kéier kloer gemaach, dass d'EU un schnellen Verhandlungen interesséiert ass an géif direkt ufänken mat verhandelen wann den Artikel 50 aktivéiert ass. Duerch d’Ried vum Sonndeg konnt een awer schonn ee klengen Abléck an d’Richtung vun de Verhandlunge kréien. Wann d’Immigratioun vun de Brite selwer kontrolléiert soll ginn, dann ass et immens schwéier gläichzäiteg am EU-Marché ze bleiwen. Wat fir eng Form vun Accès Groussbritannien an deem Fall op den EU-Marché kritt ass ze schwéier fir firaus ze soen.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Een Artikel mat enger kritescher Siicht op dem Theresa May seng Ried.

https://www.tagesschau.de/ausland/tories-parteitag-101.html

- Eng Opzielung vun den gréissten Problemer déi Groussbritannien am Moment huet.

http://www.stern.de/parteitag-in-birmingham-die-fuenf-wichtigsten-baustellen-der-theresa-may-7084714.html

Franséisch:

- Een Artikel deen och op d'Meenungskonflikter an der Konservativer Partei vum Theresa May ageet.

http://www.lemonde.fr/referendum-sur-le-brexit/article/2016/10/02/le-royaume-uni-enclenchera-la-procedure-de-sortie-de-l-ue-avant-fin-mars-2017-annonce-theresa-may_5006867_4872498.html

- Een Artikel iwwert d'Positioun vun den USA vis-à-vis vun Brexit.

http://www.liberation.fr/planete/2016/10/04/brexit-les-usa-plaident-pour-une-relation-etroite-entre-les-deux-futurs-divorces_1519577

Englesch:

- Déi ganz Ried vum Theresa May fir no ze liesen.

http://www.independent.co.uk/news/uk/politics/theresa-may-conference-speech-article-50-brexit-eu-a7341926.html#commentsDiv

- Eng Anaylse vun den ökonomesch Konsequenzen vum Brexit.

http://www.bbc.com/news/uk-politics-37549796

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://www.telegraph.co.uk/news/2016/10/05/theresa-may-patriotic-speech-conservative-party-conference-live/

- Bild 2: http://www.thenational.scot/news/brexit-face-off-prime-minister-theresa-may-set-for-clash-with-nicola-sturgeon-over-scotlands-place-in-eu.19892

Firwat sinn d'Kandidaten onbeléift?
D'Thema wat dës Woch d'Norichten dominéiert ass kloer déi éischt Debatt em d'Presidentenamt an Amerika tëscht dem Donald Trump and dem Hillary Clinton. Iwwert den Wahlsystem an Amerika kënnt der an eisem Artikel vum Februar liesen. Dës Woch ginn mer der Fro no wat dës Debatt zur meescht gekukten Debatt jeemols gemaach huet.

Dass dës éischt Debatt tatsächlech déi mat denmeeschten Spectateuren jeemols war huet manner mat der Brillianz vun den zwee Kandidaten ze dinn an méi mat hierer Onpopularitéit. Tatsächlech sinn déi zwee déi onpopulärsten Kandidaten säit et Emfroen gëtt. Dem Hillary Clinton trauen 55.1% net zou eng gutt Presidentin ze ginn an dem Donald Trump trauen dat 58.3% net zou. Tatsächlech huet en Véierel vun den Wieler eng negative Vue vun béiden Kandidaten. Ënnert "net-wäissen" Minoritéiten huet den Trump souguer en ähnlechen Niveau vun Leit déi him trauen wéi den Barry Goldwater 1964 - en republikaneschen Kandidat deen nëmmen dat schlechtsten Resultat nom zweeten Weltkrich haat. Et ass also och keen Wonner dass zwee Drëttel vun den Amerikaner mengen d'Land géif sech an déi falsch Richtung beweegen. Mee firwat sinn déi zwee Kandidaten dann esou onbeléift?

Hillary Clinton geet et virun allem em en Image vun Onéierlechkeet. Engersäits huet si als Aussenministesch en privaten Server fir hir E-mailen benotzt. Dat ass en Probleem well si deelweis Informatiounen an dësen E-mail verschéckt huet déi als "geheim" agestuuft waren an hätten missen iwwert en offiziellen Server geschéckt ginn. Obwuel den FBI net genug Grënngesinn huet fir d'Clinton unzekloen, ass fir vill Leit dëst een vun den kloersten Zeechen vun hirer Onéierlechkeet. Virun allem dem Trump seng Supporteren gesinn dëst immens kritesch an ruffen reegelmeeseg "Lock her up" - oder "sperrt et an den Prisong". Ähnlech Uschëllegungen vun onéierlechem Verhalen ginn et och an Verbindung mat der Clinton Foundation. Et soll virkomm sinn, dass Leit déi genug Spenden un dës Foundation gemaach hunn en direkt Zougang an Rendez-Vous mam Hillary Clinton kruuten während si nach Aussenministesch war.

Beim Donald Trump sinn et virun allem zwee Grënn déi zu senger Onpopularitéit féieren. Eischtens gesinn immens vill Liet hien als rassistesch. Direkt bei der Ried déi en gehalen huet fir seng Kandidatur ze annoncéieren huet en mexikanesch Immigranten als Drogendealer, Verbriecher an Vergewalteger bezeechent. Dunn huet en och proposéiert, dass Amerika keng Moslemen méi dierft an d'Land eran loossenbis dass kéint gekläert ginn wien islamistesch Terroristen wieren. Ënnert republikaneschen Wieler ass den Trump virun allem wéinst senger Onerfahrung als Politiker onbeléift. Tatsächlech kéint den Trump den éischten President ginn deen virdrun nie en Job am ëffentlechen Secteur haat. Dëst gëtt virun allem kritiséiert bei Aussenpolitik, wou solch Erfahrung am ëffentlechen Secteur nach méi wichteg ass. Ausserdeem fäerten vill Leit, dass den Trump kéint d'Land wéi eng Firma leeden - woubäi dat fir aner Leit erem en Grond wier fir den Trump ze wielen.

Bei dëser Wahl geet et also méi doremmer den manner onbeléiften Kandidat ze sinn am Plaaz ze versichen den beléifsten Kandidat ze ginn. Mat manner wéi 50 Deeg bis d'Wahlen wäert et béiden Kandidaten och schwéier faalen hirt respektivt Image ze verbesseren.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwert d'Clinton Foundation an hir Roll an der Wahl.

https://www.welt.de/politik/ausland/article158219097/Hillarys-riskante-Cash-Maschine.html

- Eng Iwwersiicht vun den Reaktiounen op déi éischt Debatt.

http://www.spiegel.de/politik/ausland/hillary-clinton-und-donald-trump-im-tv-duell-die-reaktionen-a-1114063.html

Englesch:

- Eng iwwersiicht vun der Onpopularitéit vun den zwee Kandidaten

https://www.washingtonpost.com/politics/the-year-of-the-hated-clinton-and-trump-two-intensely-disliked-candidates-begin-their-face-off/2016/05/08/76a87ce2-13bd-11e6-8967-7ac733c56f12_story.html

- En Versuch fir ze entscheeden wien déi éischt Debatt gewonnen huet.

http://www.bbc.com/news/world-us-canada-37481070

Franséisch:

- En Resumé vun der Debatt

http://www.lexpress.fr/actualite/monde/amerique-nord/etats-unis-trois-choses-a-retenir-du-premier-debat-trump-clinton_1834613.html

- Eng Iwwersiicht vun den Reaktiounen op déi éischt Debatt.

http://www.lefigaro.fr/elections-americaines/2016/09/27/01040-20160927ARTFIG00092-debat-presidentiel-clinton-remporte-le-premier-round-selon-la-presse-americaine.php

Sourcen vun den Fotoen:

1.https://rawconservative.com/2016/03/donald-trump-beats-hillary-clinton/

2.http://www.nytimes.com/interactive/2016/06/03/us/elections/trump-and-clinton-favorability.html

Wat sinn d’EPAs?
An der leschter Zäit huet een ëmmer nees vun

an héieren. Dat sinn Fräihandelsofkommes déi d’EU am Moment mat den USA, respektiv Kanada, verhandelt. An villen EU-Staaten hunn d’Bierger Angscht, dat d’Entreprisë duerch dës Ofkommen en méi groussen Afloss op d’Politik kréien . Mee d’EU verhandelt nach aner esou Ofkommen, déi oft manner bekannt sinn – „

EPAs sinn Fräihandelsofkommen, déi d’ am Moment mat verschiddenen afrikanesche Staaten verhandelt. Mee vill afrikanesch Länner wëllen dës Ofkommen net, well se negativ Konsequenze fir hir Ökonomie fäerten. Déi Kontrakter gesinn nämlech fir, dat si hire Marché ëm 83% fir Produkter aus der EU opmaache mussen a lues awer sécher den Zoll an aner Zougangsbeschränkungen opléisen. Als Géigeleeschtung kënnen déi afrikanesch Entreprisen zollfräi hier Wuer um EU-Marché verkafen.

De Problem ass, dat d’EU duerch dës Ofkommen d’Aarmut an den afrikanesche Staaten méiglecherweis vergréissere wäert, well déi afrikanesch Baueren hier Produkter net méi wäerte verkaaft kréien. De Grond ass, dass d’Produkter aus der EU méi bëlleg an Afrika verkaaft ginn an doduerch vill Geschäfter a Baueren hier Existenze verléiere kéinten. Als Beispill Kenia - ee vun dë gréissten Exporteure vu Kakao, Kaffi an Téi. Kenia wollt den Traité net ënnerschreiwen an doropshin huet d’EU den Zoll fir kenianesch Importwueren erhéicht. Doduerch hunn vill Aarbechter hir Aarbecht verluer well hier Entreprisen net méi hir Wueren an der EU verkaaft kruten. No dësem Drock huet sech Kenia dann trotzdem dozou entscheet den Traité ze ënnerschreiwen. Well vill afrikanesch Staaten Entwécklungshëllefe vun der EU kréien, hunn der vill dem Drock no ginn an ënnerschriwwen. Just 3 Staaten wieren sech nach géint d’EPAs – Nigeria, Mauretanien an den Niger.

Nigeria ass dat Land wou am meeschten iwwert Vir- an Nodeeler diskutéiert gëtt. D’Land ass scho méi developpéiert wéi vill vu sengen Noperen a verschidde Wirtschaftsexperte ginn dovun aus, dat Nigeria vum EPA-Traité profitéiere géif. Aner Experte fäerten allerdéngs dat déi europäesch Produkter den nigerianesche Marché iwwerschwemme kéinten an doduerch nigerianesch Entreprisen a Bauere Problemer wäerte kréien. Ausserdeem gëtt kritiséiert dass déi afrikanesch Staaten hiren Zoll opléise mussen, wat eng grouß Quell vu Suen ass. Doduerch kéinten da Suen an anere Beräicher feelen, ënner anerem a fir Educatioun, Gesondheet, oder Infrastrukturen. Dofir fuerderen déi Experten, dass d’EPAs méi balancéiert solle sinn fir den afrikanesche Staaten eng Chance ze ginn, dat si sech weiderentwéckele kënnen.

Dës Ofkommen hunn awer natierlech och en Afloss deen iwwert dat Ekonomescht eraus geet. Obwuel een ëmmer méi héiert, dass Fluchtursaache bekämpft musse ginn, schwätzen d’Leit oft hei vun de Situatiounen a Syrien, Irak an Afghanistan, wou d’Fluchtursaach Gewalt a Krich ass. An Afrika ass awer d’Aarmut déi gréissten Ursaach firwat Leit versichen aus hire Länner an d’EU ze flüchten. En Traité ze verhandelen dee genau déi Aarmut potenziell erhéicht kéint also Nodeeler an engem anere Beräich vun der Politik bréngen.

Wat dës Ofkommen am Moment esou interessant mécht, ass dass d’EU an dësem Fall déi Roll spillt déi d’USA/Kanada am Fall vun TTIP a CETA spillen an déi vill Leit am Moment kritiséieren. An Däitschland sinn dëse Weekend méi wéi 100.000 Leit op d’Stroosse gaange fir genau géint sou ee Firgoen ze protestéieren.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

Een Artikel, deen iwwert d’Konsequenzen vum Traité informéiert

http://www.dw.com/de/ostafrika-verschmäht-absatzmarkt-europa/a-19539393

-Een méi wëssenschaftlechen Artikel iwwert EPAs

https://www.swp-berlin.org/fileadmin/contents/products/aktuell/2013A70_scm.pdf

Franséich:

-Een Artikel dee vum Ufank bis zu de Konsequenzen d’EPAs analyséiert

http://www.monde-diplomatique.fr/2014/09/BERTHELOT/50757

-Een kritesche Artikel iwwert EPAs

http://www.liberation.fr/debats/2014/12/12/entre-l-europe-et-l-afrique-de-l-ouest-un-libre-echange-a-sens-unique_1162358

Englesch:

-Déi negativ Säite vum Traité fir Nigeria

http://dailypost.ng/2016/09/19/nigeria-will-lose-1-3trn-ecowas-eu-backed-economic-partnership-agreement-man/

-Een aktuellen Artikel iwwert den Fortschrëtt vun der Ratifizéierung vun den EPAs

https://www.capitalfm.co.ke/business/2016/09/four-million-jobs-safeguarded-mps-ratify-epa/

Sourcen vun de Biller:

-Bild 1:http://www.globalmarshallplan.org/kontroverses-handelsabkommen-zwischen-eu-und-afrika

Wien mécht wat an der EU?
Haut (Mëttwoch) den Mueren war d’Ried zur Lag vun der Europäescher Unioun. Den Jean-Claude Juncker huet hei déi wichtegst Themen ugeschwat déi d’ momentan beschäftegen. Wat huet hien gesot? An wien huet iwwerhaapt wéi eng Roll an der EU?

Als éischt ass et wichteg en Iwwerbléck iwwert d’Rollen vun den eenzelen Institutiounen ze hunn. Well dës Rollen oft geännert hunn iwwert déi 65-järeg Geschicht vun der EU sinn dës fir vill Leit oft onkloer. Dobäi kennt dass d’EU och ënnerschiddlech Rollen fir ënnerschiddlech Themen huet. Zum Beispill huet si méi Afloss op Ëmweltpolitik wéi op Verdeedegungspolitik. Säit dem Lissabon-Traité verfollegen allerdéngs 89% vun allen Proposen déi selwecht Prozedur – d’Ordinary Legislative Procedure (OLR).

Fir déi éischt Etapp ass d’ zoustänneg, well si alleng d’Recht huet Direktiven ze proposéieren. Et ass awer esou dass den , d’Parlament, d’Zentralbank, d’Investmentbank an EU-Bierger iwwert eng Petitioun kënnen der Kommissioun nei Reegelen virschloen. Am Generellen soll si nei Gesetzer proposéieren, den Budget managen, d’Anhalen vun EU-Reegelen iwwerwaachen an d’EU international vertrieden. An der Kommissioun setzt een Member aus all EU-Land. Den Kommissiounspresident – momentan den Jean-Claude Juncker – gëtt vum Conseil proposéiert an vum Parlament confirméiert.

Dono kennt den Virschlag an d’Europäescht Parlament deem seng Haaptrollen d’Accordéieren vun Gesetzer an d’Iwwerwaachen vun der Kommissioun sinn. D’Parlament kann den Virschlag vun der Kommissioun esou weiderleeden oder Ännerungen virschloen. Obwuel d’Parlament laang Zäit net vill Muecht hat, kann hautzedaags an der OLR keng Propose duerchkommen ouni Accord vum Parlament. D’Parlament besteet aus 751  aus den 28 EU-Länner, déi fir jeeweils 5 Joer gewielt ginn. Momentan ass den Martin Schulz den President.

Fir déi nächst Etapp kennt d’Propose dann an den Conseil, deem seng Haaptroll och d’Accordéieren vun Gesetzer ass. Allerdéngs treffen sech hei déi jeeweileg Ministeren aus den eenzelen Länner. Falls et em Ëmweltpolitik geet, dann sinn et d’Ëmweltministeren déi beroden. Wann den Conseil d’Propose vum Parlament unhëlt ass d’Prozedur ofgeschloss an d’Gesetz wäert an Kraaft trieden. Wann den Conseil net zoustëmmt, kennt d’Propose erëm an d’Parlament. Esou geet dat maximal dräimol hin an hier. Falls beim drëtten Versuch entweder d’Parlament oder den Conseil net d’accord ass, gëtt d’Propose net Gesetz.

Fir en Bilan vun der EU ze maachen, hëlt den Kommissiounspresident säit 2010 all Joer eng Ried virum Parlament. Dëst Joer huet den Juncker virun allem iwwert fehlend Solidaritéit an Kooperatioun geschwat. Ze oft géifen d’EU-Länner national Interessen iwwer gemeinschaftlech Interessen stellen an domader Populisten an Europa bestäerken. Hien huet och versprach den Investmentfonds op 630 Milliarden ze erhéichen fir méi Aarbechtsplatzen an der EU ze schaafen. Och d’Flüchtlingskriis gouf ugeschwat wou den Juncker op d’Matschaffen vun den Staaten gedrängt huet, mee och gewarnt huet een Land ze zwengen Flüchtlingen opzehuelen wann et net well. Schlussendlech huet den Juncker och gemengt, dass den “Brexit” zwar en Verloscht fir d’EU wier, mee een deen d’EU iwwerliewen géif. Am groußen Ganzen huet den Juncker probéiert un d’Solidaritéit vun den EU-Länner ze appelléieren fir déi vill Krisen vun der EU ze iwwerwältegen.

Hei nach en Video zur Geschicht vun der EU:

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- D'Ordinary Legislative Procedure mat engem einfachen Graphik an zousätzlechen Infos erkläert.

http://www.europarl.europa.eu/aboutparliament/de/20150201PVL00004/Legislativbefugnis

- Eng Iwwersiicht zu den wichtegsten Institutiounen an der EU.

https://www.bundesregierung.de/Webs/Breg/DE/Themen/Europa/Funktion/_node.html

Franséisch:

- D'Ordinary Legislative Procedure mat engem einfachen Graphik an zousätzlechen Infos erkläert.

http://www.europarl.europa.eu/aboutparliament/fr/20150201PVL00004/Pouvoir-l%C3%A9gislatif

- En kriteschen Artikel zur Zukunft vun der EU.

http://www.liberation.fr/planete/2016/01/01/crise-apres-crise-l-europe-fonce-vers-l-abime_1423901

Englesch:

- D'Ordinary Legislative Procedure mat engem einfachen Graphik an zousätzlechen Infos erkläert.

http://www.europarl.europa.eu/aboutparliament/en/20150201PVL00004/Legislative-powers

- En Artikel zum Brexit an sengen Konsequenzen.

http://www.bbc.com/news/uk-politics-eu-referendum-36420148

Sourcen vun de Biller:

- Bild 1: https://www.google.lu/url?sa=i&rct=j&q=&esrc=s&source=images&cd=&ved=0ahUKEwjljonT3o7PAhWHDxoKHYgUA94QjBwIBA&url=http%3A%2F%2Fdefiris.ec.streamcloud.be%2Ffindmedia%2F04%2F125464%2FTHUMB_I125464LV1W_01.jpg%3Flatest%3D0004521761&psig=AFQjCNFcPLMzE2lAtZEmbrKQIAfvDjhxww&ust=1473938415312457

- Bild 2: http://collections.internetmemory.org/haeu/content/20160313172652/http://eeas.europa.eu/top_stories/images/050216_informal_defence_council_.jpg

Wat ass G20?
Dësen Weekend gouf an der chineesescher Stad Hangzhou den Sommet vun der G20 eröffnet. Hei hunn sech den Obama, Putin, d’Merkel an 16 weider Staatschefen getraff. Mee wat ass den G20? Firwat gëtt et en an wat ass dës Kéier beschwat ginn?

D’G20 ass en Forum an deem sech d’Staats- an vun den Länner mat den 20 gréissten Ökonomien vun der Welt treffen fir iwwert ökonomesch, politesch an Emweltprobleemer ze berooden, déi vun kenger anerer Organisatioun kennen geléist ginn. Et ass also en Versuch fir international Probleemer mat internationaler Zesummenaarbecht ze léisen am Plaatz dass all Land probéiert déi Probleemer alléng – oder guer net – ze léisen. Nieft dem Sommet vun den Staats- an Regierungschefen treffen sech och d’Finanzminister an d’Gouverneuren vun den Zentralbanken vun den 20 Länner.

G20 gëtt et säit 1999 an besteet aus den 19 Länner mat den gréissten Ökonomien an engem Setz fir . Den Forum baséiert op der selwechter Idee wéi d’G8, déi sech 1975 fir déi éischten Kéier getraff hunn.
Säit derass allerdéngs d’G20 zum wichtegsten Forum fir d’ Léisen vun international Wirtschaftsprobleemer ginn. Haut representéiert d’G20 iwwert zwee Drëttel vun der Weltbevëlkerung, 80% vum Welthandel an 85% vum globalen PIB.
Nieft ökonomeschen Probleemer diskutéieren d’Politiker bei den G20-Gipfelen och Sécherheets- an Emweltprobleemer.

Wat ass dann beim Treffen vun dësem Joer beschloss ginn? Zwar huet China néischt dem Zoufall iwwerlooss an all den Awunner vun Hangzhou souguer eng Woch Congé ginn fir d’Stad komplett sécher ze maachen fir den Sommet.Mee vill Organisatiounen waren vun den Resultater enttäuscht. Op der méi positiver Säit sinn sech d’Länner awer eenz ginn fir all méiglech Mëttelen ze notzen fir d’Weltökonomie erem un d’Laafen ze bréngen fir Scholden an Aarbechtslosegkeet ofzebauen. Ausserdeem hunn Amerika an China – déi zwee gréissten Produzenten vun emweltschiedlechen Treibhausgasen – ugekënnegt den Klimavertrag vun Paräis am nächsten Joer ze ratifizéieren.

Allerdéngs ginn et och vill Enttäuschungen. Obwuel d’Länner zu méi Solidaritéit an der Flüchtlingskriis opruffen, ass néischt Konkretes beschloss ginn an et läit um nächsten Organisator (Däitschland) fir handfest Léisungen ze fannen. D’Länner sinn och weder beimnach beimenger Léisung méi no komm. Zwar hunn sech Amerika, Russland, Frankräich an Däitschland iwwert dës zwee Konflikter berooden, mee et goufen keng Resultater matgedeelt. Och beim Sträit am südchineeseschem Mier – iwwert deen dier an eisem Artikel vum Juli liesen kennt – ass wéineg Fortschrëtt ze vermëllen.

Den G20-Gipfel ass also een vun den héchsten internationalen Foren op der Welt an versicht puer vun den wichtegsten Probleemer ze léisen – virun allem wann dës Probleemer iwwert Grenzen ewech vill Länner betreffen an domader d’Kapazitéiten vun eenzelnen Länner iwwersteigt. Wann d’Länner nächst Joer zu Hamburg zesummen kommen wäerten sécherlech erem déi wichtegst Probleemer vum Moment beschwaat ginn.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch: - Eng Bilanz vum G20 Treffen.http://www.spiegel.de/wirtschaft/soziales/g20-gipfel-in-china-grosse-probleme-keine-loesungen-a-1110962.html - Eng Erklärung firwat G20 och netzlech sinn wann keng konkret Resultater dobäi rauskommen.http://www.welt.de/wirtschaft/article157958920/Warum-G-20-Gipfel-ergebnis-aber-nicht-nutzlos-sind.htmlFranséisch: - En Artikel deen erkläert wéi wichteg d’EU an verschiddenen Beräicher fir G20 ass.http://www.lefigaro.fr/economie/le-scan-eco/dessous-chiffres/2016/09/03/29006-20160903ARTFIG00060-ce-que-represente-le-poids-de-l-ue-dans-le-g20.php - En Artikel zu den ökonomeschen Décisiounen vum G20 Sommethttp://www.lemonde.fr/economie/article/2016/09/03/g20-les-dirigeants-du-monde-au-chevet-de-l-economie-mondiale_4991994_3234.htmlEnglesch: - En Artikel zu den Entscheedungen vun der G20 zum Thema Klimawandel.https://www.theguardian.com/environment/2016/sep/06/g20-reaffirms-climate-commitments-but-dodges-deadlines - Eng kuerz Iwwersiicht vun 7 Themen vun dësem G20 Sommet.http://time.com/4479763/g20-7-things-obama-china-staircase-plane/

Sourcen vun den Biller:

-Bild 1:http://english.cri.cn/mmsource/images/2016/01/14/963f651a27cd4ce882edb1851d369623.jpg

-Bild 2:

https://i.guim.co.uk/img/media/418c20e895321eb64c66b148b006e47321688b0e/0_123_4928_2958/master/4928.jpg?w=620&q=55&auto=format&usm=12&fit=max&s=ee4d6b8dffe870327b46bdd50ea0ef21

Ween sinn d'Kurden?
Säit dem  an dem  ass de Kurdekonflikt erëm méi an den Medien ze fannen. E besteet ewell säit bal 100 Joer, an eng definitiv Léisung ass nach ëmmer net an Aussicht. Mä em wat geet et eigentlech an wéi huet et iwwerhaapt ugefaangen?

Mir ginn zeréck an d’Joer 1920. Fir den 1. Weltkrich formell ze beenden goufe verschidde Verträg opgestallt. Een dovunner war de Vertrag vu Sèvres, deen tëschent der Triple Entente (Frankräich, Groussbritannien, Russland) an dem Osmanesche Räich ofgeschloss gouf. Dësen huet d’Opdeelung vum Osmanesche Räich an Nationalstaate reglementéiert. Ënner anerem kruten dat heutegt Syrien an Irak hir Onofhängegkeet zougesprach, an och d’Kurde sollte laut Vertrag hiert eegent Land kréien. Währenddessen huet déi heuteg Tierkei vun 1919 bis 1922 en Onofhängegkeetskrich gefouert fir hiren eegene Staat kënnen ze leeden. De Mustafa Kemal Atatürk war deemools de Kapp vun der Bewegung a gouf méi spéit dann den éischte President vun der Tierkei. Hien huet d’Kurden ëm hier Ënnerstëtzung am Krich gefrot an am Géigenzuch hinnen seng Ënnerstëtzung bei der Erschaafung vu Kurdistan versprach. Nodeems d’Tierkei den Onofhängegkeetskrich gewonnen hat, huet den Atatürk awer en neie Vertrag ënnerschriwwen, de Vertrag vu Lausanne. Dësen huet him d’Recht ginn, de Vertrag vu Sèvres deelweis no senge Virstellungen ze veränneren. Hien huet mat där Muecht d’Gebitt, dat de Kurden zougesprach sollt ginn, aus dem Vertrag vu Sèvres erausgeholl – a soumat säi Versprieche gebrach. Säithier fillen d’Kurden sech bedrunn: si hunn dem tierkesche Vollek gehollef, mä kruten dann en eegent Land verweigert.

Säithier lieft d’kurdescht Vollek a 5 verschiddene Länner: d’Majoritéit an der Tierkei, anerer am Irak, am Iran, a Syrien an eng knapp hallef Millioun an Armenien. D’Gesamtzomm vun de Kurde beleeft sech op ongeféier 25 Milliounen. Si hunn am Verlaf vun de Joren, virun allem an der Tierkei, e puer mol Protester an Opstänn duerchgefouert. Mee se ginn oft ënnerdréckt. Beispillsweis waren d’kurdesch Sprooch, Literatur a Musek bis viru kuerzem an der Tierkei komplett verbueden a goufen am Fall vun engem Verstouss mat Prisong bestrooft. 1978 gouf dunn,d’Aarbechterpartei Kurdistan, gegrënnt. Dës huet et sech zum Zil gemaach, duerch eng Revolutioun e kurdesche Staat ze grënnen. E wichtegen Deel vun hirer Politik war ëmmer schonn d’Gewalt. International gëtt d’Partei als terroristesch agestuuft. Am Kampf géint den  (IS) ginn si an notamment och hir Schwësterpartei PYD (Partei vun der Demokratescher Unioun) awer als wichteg Partner vun der UN ugesinn. D’UN veruerteelt dowéinst och schaarf den Erdogan, deen de Krich géint den IS mëssbraucht fir kurdesch Regiounen ze attackéieren, wéi z.B. 2015, wou hien a Syrien net nëmmen den IS, mä och Lager vun der PKK bombardéiere gelooss huet.

Haut hunn vill Kurde den Wonsch opginn en eegent Land ze schafen. Dat huet verschidde Grënn. Éischtens ass et politesch zimlech onrealistesch, en Deel vun engem oder e puer Länner ofzeplécke fir en eegent Land ze grënnen. Zweetens, an dat ass vill méi wichteg, sinn d’Kurden ënner sech hautdesdaags extrem gespalt. Si si regional opgespléckt, schwätze verschidde Sproochen an hunn ënnerschiddlech Reliounen. Déi Differenzen hunn, wéi verschiddener fannen, ze vill Konfliktpotential fir dass se vernünfteg zesummepassen. An awer bleift den Kurdenkonflikt en wichtegen Deel fir déi momentan Situatioun am Mëttleren Osten ze verstoen.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Den Hannergrond an déi aktuell Situation nach eemol méi détailléiert erkläert.

http://www.bpb.de/internationales/weltweit/innerstaatliche-konflikte/54641/kurdenkonflikt

- En Artikel iwwert den annuléierten Verbuet vun der kurdescher Sprooch.

http://www.dw.com/de/die-kurdische-sprache-in-der-türkei/a-17183125

Franséisch:

- En Artikel iwwert d'Differenzen, den Ursprong an d'Ziler vun de Kurden.

http://www.lemonde.fr/les-decodeurs/article/2014/09/09/qui-sont-les-kurdes_4484311_4355770.html

- En Artikel iwwert d'Situation vun den Kurden am Syrien-Krich.

http://www.lefigaro.fr/vox/monde/2016/08/25/31002-20160825ARTFIG00274-un-kurdistan-independant-peut-il-vraiment-emerger-du-chaos-syrien.php

Englesch:

- Een Profil vun der PKK an hiren Wäerter.

http://www.bbc.com/news/world-europe-20971100

- D'Kurden an 6 wichtegen Froen beschriwwen.

http://www.bbc.com/news/world-europe-20971100

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: https://i.ytimg.com/vi/2qE3urPP0-w/maxresdefault.jpg

- Bild 2: http://ichef.bbci.co.uk/news/624/media/images/78409000/gif/_78409411_kurds_map624_kobane.gif

Wat ass d’Kris a Venezuela?
D’Kris a Venezuela kann een an zwee Aspekter ënnerdeelen: den ekonomeschen an den humanitären. D’Ekonomie vum süd-amerikanesche Land huet 2014 ugefaangen de Bierg erof ze goen, wéi d’Petrolspräisser weltwäit gefall sinn. Venezuela ass weltwäit dat Land mat de gréissten Pëtrolsreserven, an Uelech mecht 95% vum Land sengen Exporten aus. Mat deem Akommes keeft d’Land vill am Ausland an, well et villes net selwer produzéiert. Enn 2014 sinn d’Pëtrolspräisser awer extrem agebrach, wouduerch de Gewënn aus den Exportgeschäfter sech staark verréngert huet. Als Konsequenz huet d’Land elo vill manner Sue fir néideg Güter zu importéieren. Dest ass och Grond fir eng ekonomesch säit 2014. Dobäi kënnt eng enorm , déi bis haut en extreme Problem duerstellt. D’Inflatioun – an aneren Wieder, eng Usteigung vun den Präisser fir vill Güter – ass zustane komm, well Venezuela nët méi genuch Suen haat an doduerch d’relativ Präisser vun auslännesche Güter (also hire Präis am Verglach zu inlännesche Güter) gestiege sinn. Well Venezuela esou vill importéiert huet dat vill verschidden Güter betraff. Als Suite huet d’Regierung d’Salairen erhéicht a méi boer Suen an Ëmlaf bruecht fir de Leit erëm méi Kafkraaft ze ginn. Béid Mesuren féieren awer och zu weiderer Inflatioun. 2014 hat des en Niveau vun 68,5%, d’Joer drop 140%, a fir 2016 rechent denmat enger Inflatioun vu 750%. Dat bedeit, dass d’Güter ëmmer méi deier ginn, a, well et duerch Inflatioun och méi schwéier ass am Ausland anzekaafen, ginn vill Güter och méi seelen. Als Konsequenz aus dëser Entwécklung huet sech de Schwaarzmaart fir déi méi knapp Güter extrem weiderentwéckelt, d’Präisser sinn nach méi iwwerdeiert an d’Leit kënnen sech villes net méi leeschten.

Den humanitären Aspekt ass dann eng Konsequenz vun deser ekonomescher Kriis. Eng Hongersnout ass am Land ausgebrach, souwuel well net genuch Liewensmëttel do sinn, ewéi och well se sou deier sinn.Déi äermste si scho vum Verhongere bedreet. Et kënnt erschwéierend dobäi, dass d’Land mat enger Dréchent ze kämpfen huet an d’Waasser och ausgeet. Dat suergt dofir, dass beim El Guri, dem gréissten hydroelektreschen Damm a Venezuela, och Waasserdéifstand herrscht. D’Elektricitéit ass plazeweis deemno och net méi geséchert. E weidere ganz graven Probleem ass de Mangel u Medikamenter, well déi zum groußen Deel soss am Ausland kaaf goufen. Et gouf entre temps déi éischt Doudeg duerch Mangelernährung a fehlend Medikamenter.

Mee wéi konnt et sou wäit kommen? Déi eenzel politesch Acteure weisen sech géigesäiteg d’Schold zou. Fir dat ze verstoen, ass hei just e kuerzen Abléck an d’venezolanesch Politiklandschaft: 14 Joer laang war den Hugo Chávez Staatspresident vu Venezuela. Hien ass international bekannt fir seng lénks-sozialistesch Politik a seng Investitiounen a sozial Projeten, déi awer ekonomesch net nohalteg sinn. Säit sengem Dout 2013 ass den Nicolás Maduro Staatspresident. Hie féiert gréisstendeels  weider. D’Oppositioun dominéiert awer säit de leschte Wahlen am Parlament, a gëtt elo der Politik vum Chávez a Maduro d’Schold un der Kris. Duerch déi chavinistesch Virgoensweis huet d’Land nämlech keng nennenswäert finanziell Reserven. Ausserdeem soll a villen Entreprisen déi dem Staat gehéieren, notamment den Uelegkonzerner, extrem Korruptioun herrschen an Gelder vun Beamten ënnerschlo ginn. D’Oppositioun huet als Konsequenz elo Duerchféierung vun engem Mësstrauensreferendum géint de Maduro duerchgesat. D’Regierung gëtt sengersäits den Entreprisë Schold, déi anscheinend virsätzlech d’Produktioun erofgeschrauft hunn a Güter horte fir d’Präisser an d’Luucht ze dreiwen.

Elo bleift ofzewaarde wéi de Referendum ausgeet, a wéi d’venezolanesch Regierung hiert Land aus der ekonomescher an humanitärer Kris erausféiere wëll.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

-En Dossier mat verschiddenen Artikelen zum chronologesche Verlaf vun der Kris:

https://amerika21.de/dossier/venezuela-krise

-En Interview mam Luis Carlos Díaz vu Global Voices fir d’Kris besser ze verstoen:

https://de.globalvoices.org/2016/06/26/schlussel-zum-verstandnis-der-venezuela-krise/

Franséisch:

-D’venezloanesch Kris a 5 Froen, beäntwert vun der Professesch fir Politikwëssenschaft op der Université du Montréal, Graciela Ducatenzeiler:

http://ici.radio-canada.ca/nouvelles/international/2016/06/23/007-venezuela-crise-politique-economique-analyse.shtml

Englesch:

-D’Originnen an d’Zukunft vun der Kris:

http://www.nytimes.com/2016/05/28/world/americas/venezuela-crisis-what-next.html

-D’Ausmoosse vun der Hongersnout a Venezuela:

http://www.breitbart.com/national-security/2016/06/20/venezuela-nearly-90-percent-people-report-not-access-food/

Sourcen vun den Biller:

-Bild 1: http://www.revolutionpermanente.fr/IMG/arton4260.jpg?t=12345?

-Bild 2:

http://www.jolpress.com/sites/default/files/styles/article_content_big/public/field/image/url_309.jpg?itok=afkzQ9tz

Wat ass den Referendum an Thailand?
Dës Woch schwätze mir iwwert den Referendum an Thailand, an deem d’Bevëlkerung iwwert eng nei  ofstëmme konnt. Duerch de positiven Ausgang vum Referendum konnt sech d’Militär méi eng grouss Muecht ofsécheren.

Thailänner hunn mat 61% den Referendum de Sonnden akzeptéiert. Si hunn zwou Froe gestallt kritt, déi si mat Jo oder Nee beäntwerte konnten. Déi éischt Fro war, ob si déi néi Konstitutioun vum Militär esou wéi se ass akzeptéieren an déi zweet Fro war, ob déi aktuell Militärregierung de Premierminister matbestëmmen dierf. Ofgesinn dovunner, dass doduerch d’Militär eng méi staark Roll kruut, ass si och duerch den positiven Vote vun der Bevëlkerung legitiméiert ginn. Allerdéngs ass d’Debatt iwwert déi néi Konstitutioun immens vum Militär ënnerdréckt ginn. Mënschen déi géint d’Ännerung waren, sinn attackéiert ginn, Journalisten an international Observateure sinn vun de Wahlen ausgeschloss ginn. Léit, déi sech an de sozialen Netzwierker géint de Referendum ausgeschwat hunn sinn inhaftéiert ginn. Dës Leit kennen bis zu 10 Joer Prisongsstrof kréien, wëll d’Uklo op Majestéitsbeleidegung ass. Den Generol Theerachai Nakvanich huet souguer ugekënnegt, dass Lager wäerten erriicht ginn fir Leit "nei ze éduquéieren" falls si mat der Regierung net d'accord sinn. Dëst ass natierlech wéi vill Diktatoren esou Lager justifiéiert hunn fir hir Géigner anzesperren an emzebréngen.

Mee wéi ass d’Militär an Thailand un d’Muecht komm ? Do muss een scho bis an d’Joer 2006 zeréck goen, wou den deemolege Premierminister Thaksin Shinawatra gestierzt ginn ass. Hien huet sech duerch populistesch Handlunge bei der méi Bevëlkerung um Land beléift gemaach. Obwuel den Shinawatra huet missen an  goen fir enger Prisongsstrof ze entgoen, huet hien d’Politik an Thailand weider beaflosst. Dëst konnt en ab 2011 erem méi gezielt maachen wou seng Schwester Yingluck Premierminister gouf. Allerdéngs gouf hatt och 2014 vum Militär an engem Putsch vun der Muecht bruecht. D'Militär wollt sécherstellen, dass d'Land vun Leit regéiert gëtt déi fir si an géint den Thaksin Shinawatra sinn. Dowéinst sinn vill Leit iwwerzeegt, dass den Referendum och geduecht war fir d'Supporteren vum Thaksin ze schwächen. D'Militär ass dann och méi staark, well d'Monarchie an Thailand esou schwaach ass. De Krounprënz Maha Vajiralongkorn ass an Thailand bei der Bevëlkerung onbeléift a kann doduerch Krisen am Land och net léisen.

Mee wat genau gëtt dann an der neier Konstitutioun geännert? Déi wahrscheinlech wichtegst Ännerung gesäit fir dass all Senateuren vum Militär kënnen ausgewielt ginn. Vu dass d'Senateuren kënnen en Mësstrauensvote stellen an den Premierminister bestëmmen – souguer eng Persoun déi guer net zur Wahl stung – sinn Wahlen domader komplett onwichteg. Ausserdeem sinn eng Reih Plaatzen am Senat reservéiert fir déi wichtegst Leit am Militär. Den zweeten Deel vum thailänneschen, deen demokratesch gewielt gëtt, ass domader komplett muechtlos vis-à-vis vum Senat.

An wat heescht dat alles lo fir d’Zukunft vun Thailand ? Aus der Siicht vum Militär huet dësen Ausgang vum Referendum den Virdeel, dat si hire Afloss gestäerkt hunn. Doduerch hoffen si sech d'Muecht op eng laang Zeit geséchert ze hunn. Ob bei den Wahlen 2017 d'Wieler géint d'Militär ofstëmmen ass onkloer. Am Referendum op allen Fall huet eng kloer Majoritéit fir d'Positioun vum Militär gewielt – och wann dat kann sinn well si wéineg Choix haaten.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel mat all den Hannergrond-informatiounen zum Referendum.

http://www.bpb.de/politik/hintergrund-aktuell/231947/verfassungsreferendum-thailand

- Een kriteschen Artikel iwwert d'Putschen an Thailand vun 2006 an 2011.

http://www.sueddeutsche.de/politik/thailand-der-putschist-dein-feind-und-helfer-1.3111164

Franséisch:

- Een Porträit vum thailänneschen Krounprenz.

http://geopolis.francetvinfo.fr/thailande-maha-vajiralongkorn-prince-heritier-et-playboy-a-scandale-112899

- En Artikel deen Stëmmen vun der Oppositioun an den Mëttelpunkt stellt.

http://www.liberation.fr/planete/2016/08/08/referendum-en-thailande-apres-la-victoire-de-la-junte-l-opposition-sur-la-touche_1470910

Englesch:

- En Artikel iwwert déi radikal Moosnahmen déi d'Militär géint d'Oppositioun vun der neier Konstitutioun geholl huet.

https://www.theguardian.com/world/2016/jul/24/thailand-police-charge-eight-year-olds-with-obstruction-in-run-up-to-referendum

- En Artikel deen d'Moosnahmen an der neier Konstitutioun gutt resuméiert.

http://www.independent.co.uk/news/world/asia/thailand-votes-by-public-referendum-to-make-its-government-even-less-accountable-to-the-people-a7177526.html

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/96/Thaksin_DOD_20050915_(crop).jpg/220px-Thaksin_DOD_20050915_(crop).jpg

- Bild 2: http://www.straitstimes.com/sites/default/files/styles/article_pictrure_780x520_/public/articles/2016/08/07/39353303_-_07_08_2016_-_thailand_politics_referendum.jpg?itok=aga5yisx

Wat ass eng "Convention"?
D’United States presidential nominating convention, oder kuerz d’Convention, fënnt an den USA all 4 Joer kuerz virun de Presidentschaftswahle statt. Et handelt sech dobäi ëm dat wat mir als Parteideeg kennen an dauert insgesamt 4 Deeg. D’Parteidelegéierten, déi all Partei no eegene Critèrë bestëmmt, komme fir d’Convention aus zwee Grënn zesummen. Engersäits gëtt iwwert déi sougenannten Platform ofgestëmmt, déi de Parteiprogramm fir déi nächst 4 Joer bestëmmt.

Anerersäits gëtt de jeeweilege Presidentschaftskandidat vun de Parteie gewielt. Béid Parteien hunn esou eng Convention:  an . Well d’Kandidaten definitiv vun hire Parteien nominéiert musse ginn, fannen dës Conventions dann och emmer puer Méint virun den Wahlen statt. Wann an de  oder dem  nach kee vun de Kandidaten eng absolut Majoritéit kritt huet, gëtt tëschent de Kandidate gewielt. Huet awer well een d’Majoritéit kritt, steet just nach dee Kandidat zur Auswiel. (Zu Primaries an Caucus kënnt der eisen Artikel vum Februar liesen)

Wat genee ass dann dëst Joer op de Conventions vun den Demokraten an de Republikaner geschitt?

Bei den Demokrate stoungen d’Kandidaten Hillary Clinton an de Bernie Sanders a Konkurrenz zoueneen. Nodeems d’Delegatioune vun all de Staaten hier Stëmm engem vun de Kandidaten zougesprach hunn, hat d’Hillary Clinton 2842 Stëmmen an de Bernie Sanders der 1865. Obwuel d’Clinton scho genuch Stëmmen hat (et ginn der 2382 gebraucht), huet de Sanders sech erhuewen an firgeschlo, dass d’Clinton zum Kandidat ernannt gëtt. Si ass domat an der Geschicht vun den USA déi éischt weiblech Kandidatin iwwerhaapt fir de Posten als President. Nieft dem President, gëtt op enger Convention och den Kandidat fir Vize-President – och als „running mate“ bekannt – gewielt. Bei den Demokraten ass dofir den Tim Kaine ernannt ginn.

Bei de Republikaner war alles e bëssi méi chaotesch. Well den Donald Trump aus de Primairies mat enger Majoritéit vun de Stëmmen op senger Säit erauskomm ass, war hien den eenzege verbleiwende Kandidat fir d’Nominéierung als republikanesche Presidentschaftskandidat. D’Reegelwierk vun der Republikanescher Partei beseet dass d’Délégéierten mussen fir deen ofstëmmen deen an hirem Staat déi meeschten Stëmmen kruut.

Allerdéngs huet eng Grupp vun Delegéierten déi géint den Trump sinn eng Petitioun beim Virsetzende vun der Convention agereecht. An där Petitioun hunn si eng Ofstëmmung iwwert eng méiglech Nidderleeung vun de Regelwierker gefuerdert. Engersäits wollten se et den Delegéierten erméiglechen aanescht ofzestëmmen wéi an hirem Staat. Si wollten ausserdeem, dass bei der Ofstëmmung all eenzel Delegatioun opgeruff an hire Vote opgezeechent gëtt. Dat hätt erméiglecht, dass Géigner vum Trump zu Wuert kéinte kommen. Dës Ännerungen sinn allerdéngs net vum Partei-Comité ugeholl ginn, wat dozou gefouer huet dass den Trump dunn definitiv zum offizielle Kandidat fir d’Republikaner gewielt gouf. Hien huet mat 69,8% vun de Stëmmen allerdéngs dat schlechtste Resultat säit 40 Joer erziilt. De Kandidat fir Vize-President bei den Republikaner ass de Mike Pence.

Och wann vill aner Saachen op den Conventions geschitt sinn – vun Plagiatsfirwërf géint Melania Trump, en weideren E-mail-Skandal bei den Demokraten an Protester bei béiden Conventions – ass et elo offiziell dass entweder den Donald Trump oder d’Hillary Clinton nächsten President vun Amerika gëtt. Op allen Fall ass et eng vun den wichtegsten Décisiounen déi dëst Joer falen wäerten.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Erkläerungen zu deene wichtegsten Elementer a Konzepter vun den Conventions.

http://derstandard.at/2000037981902/Party-Conventions-Alles-zu-den-Nominierungsparteitagen-in-den-USA

- Eng Iwwersiicht vun de wichtegsten Datumer a Resultater vun de Presidenschaftswahlen an Amerika.

http://www.focus.de/politik/ausland/us-wahlen-2016-termine-und-ergebnisse-im-ueberblick_id_5255503.html

Franséisch:

- Implikatiounen an Sondagen iwwert den Ausgang vun den Conventions.

http://www.linternaute.com/actualite/monde/1270466-elections-americaines-2016-ca-se-durcit-entre-trump-et-clinton-sondages-resultat-des-primaires-date/

- Eng Duerleeung vun der Roll vun den Conventions.

http://www.lexpress.fr/actualite/monde/amerique-nord/presidentielle-americaine-qu-est-ce-qu-une-convention-nationale_1153300.html

Englesch:

- En Verglach vum Inhalt vun de Riede vum Hillary Clinton an dem Donald Trump op hiren jeeweilegen Conventions.

http://www.theguardian.com/us-news/ng-interactive/2016/jul/31/hillary-clinton-donald-trump-convention-speeches-america

- Eng flott Iwwersiicht vun allen Aspekter vun den Wahlen an Amerika.

http://www.bbc.com/news/election/us2016

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://www.eonline.com/eol_images/Entire_Site/201569/rs_1024x759-150709052426-1024.Donald-Trump-Hillary-Clinton-JR-70915_copy.jpg

- Bild 2: http://www.realclearpolitics.com/epolls/2016/president/us/general_election_trump_vs_clinton-5491.html

Amoklaf zu München
Freides owes war München am Ausnamezoustand, wéinst engem Amoklaf am Olympiaakafszentrum bei deem 9 Persoune gestuerwe sinn. Mee wat weess een iwwert den Täter? An wéi eng Motiven hat den Täter fir den Amoklaf duerchzeféieren?

Fir unzefänke wëlle mir iwwert dem Täter, den David Ali S., säi Background schwätzen. Hien war 18 Joer an ass a München gebuer an opgewuess. Et weisen vill Indizien dorop dass hien en Mensch mat psycheschen Problemer. Ee Bekannten aus der Schoul seet, dat keen hien sou richteg gäeren haat an dass hien immens oft alleng war an der Klass. Hien soll och ee komescht Verhalen gehat hunn, während si Counter-Strike, en Egoshooter-Videospill, gespillt haten. Anscheinend huet den David Ali S. sech an deem Spill „Haas“ genannt an ass duerch een aggressivt Verhalen opgefall. Weiderhinn huet den Täter am Chat vum Videospill xenophob an antisemitesch Parolë geschriwwen.

Zudeem huet den David Ali S. Unzeeche gemaach, dat hien den Tim K. veréiere géif. Ënner anerem huet hien "Tim K. ist unvergessen" geschriwwen. Beim Amoklaaf vu Winnenden 2011 haatt den Tim K. 15 Mënschen erschoss. Mee den David Ali S. huet och gewisen, dat hien Tugce Albayrak gehaasst huet, een Meedchen dat sech bei engem Konflikt am Joer 2014 agemescht huet fir ze schlichten, mee tëschten d’Fronten geroden war an wéinst senge schwéiere Blessurë gestuerwen ass. Iwwert hatt huet den Täter geschriwwen: "Fuck Tugce", "Scheiß Tugce", "Warum mischt sich diese Missgeburt ein?". Et ass ausserdeem bekannt dass den Täter wahrscheinlech depressiv war an en Drang hat Opmierksamkeet ze kréien, well hie gemobbt gouf. Mee och eng narzisstesch Stéierung kann nach een Ausléiser fir dës Gewaltdot gewiescht sinn.

Obwuel direkt no der Doot, vill Leit geduecht hunn, dass et sech em en weideren islamisteschen Attentat an Europ handelt, gëtt et der Police no keen Grond op sou eng Motivatioun ze schléissen. Am Zëmmer vum David Ali S. huet Police vill Saache fonnt, déi een Amoklaf thematiséieren, wéi zum Beispill ee Buch „Amok im Kopf“. Police mengt dass d’Inspiratioun vum Amoklaf vum Alexander Breivik oder vum Amoklaf zu Winnenden koum. Den Freiden waren et genau fënnef Joer hier dass den Breivik, en militanten Rietsextreem, an Dänemark 77 Leit embruecht.

D’Affer vum Amoklaf waren zwësche 14 – 20 Joer al, een Affer 45 Joer al an bis op eng Ausnahm haten si auslännesch Wuerzelen. Fir d’Doot selwer, huet den Amokleefer ee Fake-Facebookprofil erstallt, wou hien sech dann un seng jonk Affer gewannt huet an hinne versprach huet eppes vu McDonalds ze bezuelen. "Kommt heute um 16 Uhr Meggi am OEZ ich spendier euch was wenn ihr wollt, aber nicht zu teuer." D’Pistoule huet sech den Täter am Darknet kaf, wat eng Zort parallelt Internet ass, wou een allerhand illegal Saache kafe kann. Fir do iwwerhaapt eran ze komme braucht ee schonn ee gewëssene Know-How an speziell Software.

An engem Video vum Amoklaf gesäit een dann och, dat een Awunner mam Täter „diskutéiert“ an hien beleidegt huet. Mee d’Police warnt firun sou Saachen well en Amokleefer dann aneschters reagéiere kéint. Den Täter ënner Drock ze setzen kann geféierlech ginn.

No dësem, an den Tragedien vun Würzburg, Ansbach an Reutlingen, kann een nëmmen hoffen dass déi traureg Noriichten aus Däitschland an dem Rescht vun Europa geschwen manner ginn.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel deen den Amoklaf resuméiert.

http://www.zeit.de/gesellschaft/zeitgeschehen/2016-07/amoklaeufer-muenchen-waffe-darknet

- En Artikel iwwert dem David S. säin Hannergrond.

http://www.spiegel.de/panorama/justiz/muenchner-amoklaeufer-david-s-er-nannte-sich-hass-a-1104451.html

Englesch:

- En Artikel iwwert dem David S. seng minutiös Préparatioun.

http://www.bbc.com/news/world-europe-36878436

- En Artikel iwwert d'Affer vum Amoklaf.

https://www.theguardian.com/world/2016/jul/23/victims-of-munich-shooting-were-predominately-teenagers

Franséisch:

- En Artikel iwwert d'Roll vum Darknet an dësem Amoklaf.

http://www.lemonde.fr/pixels/article/2016/07/25/l-auteur-de-la-tuerie-de-munich-a-vraisemblablement-achete-son-arme-sur-le-dark-net_4974346_4408996.html

- En Artikel iwwert dem David S. seng Préparatiounen.

http://www.lefigaro.fr/international/2016/07/23/01003-20160723ARTFIG00073-fusillade-de-munich-le-tueur-serait-un-forcene.php

Sourcen vun den Biller:

Bild 1: http://www.infranken.de/storage/scl/ft/nachrichten/ueberregionales/2273243_t1w454h300q75v9240_M_nchen_Marcus_da_Gloria_Mart.jpg?version=1469285007

- Bild 2: http://www.20min.ch/diashow/178320/178320-f50070accd58176f0d26cb391ede3f56.jpg

Wat ass den Putsch an der Tierkei?
Spéit um Freiden Owend ass d’Noriicht an Europa komm, dass an der Tierkei d’Militär en Putsch – op franséisch en Coup d’Etat – probéiert huet fir den President Recep Erdogan ofzesetzen. Wat ass en Coup d’Etat dann iwwerhaapt genau? An wat ass säit deem an der Tierkei geschitt?

Bei engem Putsch handelt et sech em den Versuch vum Militär fir d’Muecht am Land mat engem schnellen, strategeschen Plang ze iwwerhuelen. Den Freiden war et eng Grupp vun Zaldoten aus der tierkescher Arméi déi genau dat probéiert huet. Si hunn versicht wichteg ëffentlech Platzen an der Haaptstad Ankara an zu Istanbul ze besetzen, ënner anerem dat tierkescht Parlament. Ausserdeem hunn se vill Medien – virun allem d’Telé an den Radio – iwwerholl fir d’Informatiounen ze kontrolléieren déi un d’Bevëlkerung erausginn.

Fir een Moment huet een geduecht, dass de Putsch erfollegräich wier, well d’Militär dësen Message iwwert déi besaten Medien verbreet huet. Allerdéngs huet dunn den President Erdogan bei een vun den leschten Fernsehsender unzeruffen deen nach net besat war an seng Supporteren dozou opgefuerdert op d’Strooss ze goen. Dëst Zeechen vum Erdogan huet dann och den Rescht vun der tierkescher Arméi dozou bruecht d’Putschisten ze bekämpfen. Um Samschden Mueren war dann och kloer, dass den Erdogan weider President bleift an nëmmen e puer Putschisten sech mat engem Helikopter op eng griichesch Insel retten konnten. Den Putsch war keen Succès.

Säit deem huet den Erdogan seng bishereg streng Politik vis-à-vis vun der Oppositioun an den fräien Medien nach eng Kéier verstäerkt (iwwert dem Erdogan seng bishereg Politik, kennt der an eisem Artikel vum Abrëll liesen). Direkt den Dag dono waren schonn iwwert 2300 Zaldoten festgeholl well se am Verdacht stoungen den Coup ënnerstëtzt ze hunn. Dunn sinn och bal 3000 Riichter suspendéiert ginn, grad sou wéi 8000 Polizisten. Gëschter waren et dann 15’000 Mataarbechter am Educatiounsministère déi entlooss goufen.

Dës Aktiounen – an virun allem d’Ukënnegung dass d’Doudesstrof erëm kéint agefouert ginn fir d’Putschisten ze bestrofen – hunn bei villen Länner an internationalen Organisatiounen fir Empörung gesuergt.  Merkel an den  Juncker hunn schonn kloer gemaach, dass d’Aféieren vun der Doudesstrof zum Enn vun allen Verhandlungen géif féieren déi d’Tierkei am Moment huet fier derbäizetrieden. Den amerikaneschen Ausseminister huet d’Tierkei och gewarnt dass esou eng Politik och Konsequenzen fierhätt. Dann huet och den-Commissaire fir Mënscherechter d’Tierkei opgefuerdert d’Putschisten en fairen Prozess ze maachen.

Déi schwiereg Situatioun an der Tierkei huet och en Afloss op europäesch Länner. Grad wéi an der Tierkei sinn d’Tierken och am Ausland sech immens oneens wien um Putsch Schold ass. An Däitschland, Eisterräich, Holland an der Belsch sinn d’Supporteren vum President Erdogan op d’Strooss gaangen fir hier Ënnerstëtzung ze weisen.

Dëst ass also net nëmmen eng wichteg Zäit fir d’Tierkei an virun allem d’Demokratie an der Tierkei, mee et huet och wichteg Konsequenzen fir international Organisatiounen an verschidden Länner an der EU – definitiv eng Affaire à suivre.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Rapport vun der Associatioun "Reporter ohne Grenzen" iwwert den Putschisten hier Attack op Medien an der Tierkei.

https://www.reporter-ohne-grenzen.de/t%C3%BCrkei/alle-meldungen/meldung/putschisten-besetzen-medien-toeten-fotograf/

- En Artikel iwwert der EU hir Reaktioun op d'méiglecht Aféieren vun der Doudesstrof an der Tierkei.

http://www.spiegel.de/politik/ausland/bundesregierung-todesstrafe-in-tuerkei-wuerde-eu-beitrittsgespraeche-beenden-a-1103485.html

Franséisch:

- En Artikel zum Putsch an dem Erdogan säin Uruff bei en Fernsehsender.

http://www.lefigaro.fr/international/2016/07/16/01003-20160716ARTFIG00109-en-plein-coup-d-etat-erdogan-appelle-a-resister-via-facetime.php

- Eng Iwwersiicht vun den Evenementer vun der Nuecht vum Putsch mat villen Videoen vun Zeien.

http://www.lemonde.fr/international/article/2016/07/15/turquie-le-premier-ministre-denonce-un-coup-d-etat_4970404_3210.html

Englesch:

- En Artikel zu den Putschisten déi sech an Griichenland retten konnten.

http://www.independent.co.uk/news/world/europe/turkey-coup-turkish-military-helicopter-greece-soldiers-requests-asylum-lands-troops-latest-a7140431.html

- En Meenungssteck zu den Konsequenzen vum Putsch.

http://www.nytimes.com/2016/07/18/opinion/turkeys-coup-that-wasnt.html

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://s.newsweek.com/sites/www.newsweek.com/files/2016/04/12/erdogan.jpg

- Bild 2: http://ichef.bbci.co.uk/news/660/cpsprodpb/0353/production/_90415800_turkey.jpg

Konflikt am Südchineseschem Mier
Dës Woch huet een internationaalt Schiidsgeriicht zu Den Haag een Uerteel iwwert den Konflikt zwëschen China an den Philippinnen gesprach. D’Schiidsgeriicht huet den Hoheitsusproch vun China ob verschidden Gebieter am Südchineseschen Mier net unerkannt. Ëm wat geet et an deem Konflikt? Wat heescht dat Uerteel elo fir déi zwou Parteien? Dat wëllen mir an dëser Woch an eisem Politik-Blog méi genau erklären.

Den Konflikt besteet zwëschen China an den Philippinnen an spillt sech am Südchineseschen Mier of. Ähnlech Streidereien gëtt et och mat aner Länner wéi zum Beispill dem Vietnam, well China 80% vum Südchineseschen Mier duerch selwer gemaachten Grenzen fir sech unerkannt. Engersäits ass dat Gebiet eng wichteg Handelsstrooss op där Material am Wäert vun iwwert 5 Trilliounen US Dollar transportéiert gëtt. An anerersäits ass d’Mier voller Ressourcen – vun groussen Fëschbestänn bis zu Äerdueleg an Gasreserven.

China probéiert dësen Territoire mat historeschen Grënn ze rechtfäerdegen an baut säit e puer Joer kënstlech Inselen, wou ënner anerem militäresch Equipementer positionéiert ginn. Dat provozéiert d’Nopeschlänner, wéi de Vietnam, Malaysien, Taiwan, Brunei an Philippinnen. Et gëtt dann och ähnlech Konflikter mat deenen Länner. China an Taiwan streiden sech em d’Diaoyu-Inselen déi 200km vun Taiwan ewech sinn an wou et och grouss Gas-an Äerduelegvirkommen soll ginn. Bei den Paracel-Inselen huet China den Vietnam vun 130 Koralleninselen verdriwwen, well do och Äerduelegvirkommen entdeckt ginn sinn. An d’Spratley-Inselen déi aus 200 Inselen bestinn ginn direkt vun China, Vietnam, Malaysien, Brunei, Philippinnen an och dem Taiwan an Usproch geholl.

Dowéinst hunn d’Philippinnen sech un den internationale Schiidsgeriicht zu Den Haag geriicht fir dem Konflikt entgéint ze wierken. Dat Schiidsgeriicht déngt als Mediateur fir bei internationalen Konflikter ze hëllefen. Sou gesinn ass et keen richtegt Geriicht an kann dowéinst net iwwert staatlech Territoiren uertdeelen. D’Philippinnen wëllen domat erreechen, dat verschidden Inselen déi vun China besat goufen, obwuel se nëmmen bei marée basse ze gesinn sinn, als Deel vun den Philippinnen ugesinn ginn.

D’Argumentatioun vun den Philippinnen berout um UNCLOS (United Nations Convention on the Law of the Sea) wat en internationalen Traité ass, deen 1982 an Kraaft getrueden ass an deen festhält dass den Territoire bis zu 200 Séimeilen (370 km) vun der Küst och deem Land gehéiert deem d’Küst gehéiert. Alles wat méi wéit ass, ass oppent Mier wou jiddereen en Usproch drop huet. Dat Ofkommes gesäit och fir, dat bei Konflikter een Schiidsgeriicht kontaktéiert muss ginn.

Wat dësen Problem nach méi akut mécht sinn d’Allianzen op béiden Säiten. Während China des Gebieter onbedéngt halen well, hunn déi meescht aaner Staaten enk Bezéiungen zu den USA, wou versprach huet am Fall vun engem Konflikt hiren Partner ze hëllefen. Den amerikaneschen President Obama huet och nach eng Kéier kloer gemaach, dass d’USA sech als eng „pazifesch Natioun“ gesäit an weider wäert sengen Partner militäresch an wirtschaftlech hëllefen. Dat mécht China just nach méi nervös well si sech dann agekreest fillen.

Muss China dann dat Uerteel vum Schiidsgeriicht zu Den Haag akzeptéieren? Well China an d’Philippinnen allen zwee d’-Ofkommen UNCLOS signéiert an och ratifizéiert hunn, misst China dat theoretesch unerkennen. D’Uerteel vum Schiidsgeriicht kann allerdéngs net wierklech erzwongen ginn. Et ass allerdéngs méiglech dass verschidden Länner no dësem Uerteel Wirtschaftssanktiounen géint China ufänken fir se ënner Drock ze setzen déi Inselen opzeginn.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwert d'Décisioun vum Schiidsgeriicht an d'Verhalen vun China.

http://www.sueddeutsche.de/politik/streit-mit-philippinen-schiedsgericht-weist-pekings-ansprueche-im-suedchinesischen-meer-ab-1.3074737

- Den Artikel erkläert wéi wichteg d'Fëscherei fir China ass.

http://www.dw.com/de/fischereikonflikt-zwischen-indonesien-und-china-eskaliert/a-19342737

Franséisch:

- En Artikel iwwert d'Reaktiounen vun China an den Philippinnen nom Uerteel.

http://www.lemonde.fr/asie-pacifique/article/2016/07/11/mer-de-chine-arbitrage-attendu-sur-le-conflit-entre-pekin-et-manille_4967793_3216.html

- En Artikel iwwert déi strategesch Aspekter an dësem Konflikt.

http://www.liberation.fr/planete/2016/07/08/chine-meridionale-bras-de-fer-pour-un-bras-de-mer_1465039

Englesch:

- Eng kuerz Erkläerung zu den wichtegsten Aspekter vun dësem Konflikt.

http://www.bbc.com/news/world-asia-pacific-13748349

- En Artikel iwwert d'chineesesch Reaktioun op d'Uerteel.

https://www.theguardian.com/world/2016/jul/12/philippines-wins-south-china-sea-case-against-china

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://ichef-1.bbci.co.uk/news/624/media/images/67616000/gif/_67616829_south_china-sea_1_464.gif

- Bild 2: http://www.jpost.com/HttpHandlers/ShowImage.ashx?ID=334063

Wat huet d'EZB an der Finanzkriis gemaach?
Nodeems mer déi lescht Woch iwwert déi verschidden Rollen geschwat hunn, déi eng Zentralbank an enger Economie erfellt, geet et dës Woch drem wat d’Europäesch Zentralbank (EZB) dann an den leschten Joeren gemaach huet säitdeems 2008  ugefangen huet.

Als éischt zur EZB selwer. D’EZB ass säit 1998 d’Zentralbank vum Euro an këmmert sech domadder em d’Geldpolitik vun den 19 Länner déi an der Eurozone sinn. An den EU-Verträg steet dass der EZB hier Haaptroll d’Stabilitéit vun Präisser ass. An aneren Wieder heescht daat dass d’EZB dofir suergen soll dass et weder ze vill Inflatioun (i.e. Präisser ginn erop) nach ze vill Deflatioun (i.e. Präisser ginn erof) gëtt. Wéi se daat erreechen kann steet an eisem leschten Artikel.

Während der Finanzkriis huet d’EZB virun allem probéiert ze évitéieren, dass den Bankensystem zesummen brecht. Obwuel d’Kriis an den Joeren 2007-08 an Amerika ugefangen huet waren séier och europäesch Banken kuerz virum Bankrott. Dëst konnt geschéien well déi grouß Banken sech vill Suen ennerteneen geléint hunn. Wann d’Bank A an Probleemer kennt bréngt se déi d’Banken B an C och an Probleemer fir déi néideg Suen ze léinen déi d’Banken B an C brauchen fir hir Rechnungen ze bezuelen. Wann aner Banken an Probleemer sinn muss eng Bank ausserdeem méi oppassen wiem se léint oder se kritt d’Suen net zeréck. Dowéinst hunn d’Banken ugefangen sech net méi ze trauen.

Fir dass den System net ennert dësen zwee Probleemer zesummen brecht huet d’EZB missen asprangen. Engersäits huet se probéiert den Problem vun Mësstrauen ze léisen andeems si selwer den Banken Suen geléint huet. Vu datt eng Zentralbank technesch gesinn net faillite kann goen (se print io Suen) kann een hier emmer trauen. Anerersäits huet d’EZB Reegelen no deenen si Suen léinen kann. Wann eng Bank Suen léint vun der EZB muss se hier eppes als Pfand ginn. Wat Banken kënnen als Pfand ginn ass kloer festgeluegt an et sinn dës Reegelen déi während der Kriis och erof gesaat goufen.

D’EZB huet awer och probéiert d’Kriis ze limitéieren an se net an déi “reell Wirtschaft” iwwergoen ze loossen. Ënnert der “reeller Wirtschaft” versteet een déi normal Firmen an Bierger déi produzéieren an konsomméieren. Fir dëst ze erreechen huet d’EZB 2008 ugefangen den Zenssatz erofzesetzen (Graphique uewen). Den Raisonnement dohannert ass den folgenden. Banken an der Eurozone léinen Suen bei der EZB zu engem festgesaten Zenssatz. D’Banken léinen déi Suen weider un den normalen Bierger an un Entreprisen. Wann d’Zentralbank deen Zenssatz rofsetzt fir deen Banken bei hier Suen léinen kënnen, dann wäerten d’Banken hieren och rofsetzen an den normalen Bierger an Entreprisen kënnen um Schluss méi bëlleg Krediter kréien. Dat Ganzt soll dann dobéi hëllefen dass méi produzéiert an konsomméiert gëtt an domadder d’Wirtschaft weider wiisst.

Wat genau d’EZB mécht ass natierlech bëssen méi technesch wéi daat heiten. An se huet sech ab 2009 och missen sech em d’Eurokriis kemmeren, sou dass se och nach aner Mesuren geholl huet. Ausserdeem hunn nierft der Zentralbank och d’Regierungen probéiert d’Finanzkriis ze léisen. Dësen Artikel kann also net all d’Mesuren ernennen, mee déi uewen weisen wéi wichteg eng Zentralbank ass fir eng Wirtschaft, an virun allem den Bankensecteur, ze stabiliséieren.

Hei ass en Video zum Fonctionnement vun der EZB:

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://www.newyorker.com/wp-content/uploads/2015/01/Cassidy-ECB-Quantitative-Easing-1200.jpg

- Bild 2: http://www.cbrates.com/charts/eurozone.jpg

Brexit - an elo?
Dës Woch geet et em den  – den Vote an deem Groussbritannien doriwwer entscheet huet ob et well an der  bleiwen. Dësen war den 23. Juni an huet zënterhier d’Politik an d’Noriichten an ganz Europa dominéiert. Wat ass do geschitt? An wéi geet et virun? Iwwert d’Argumenter vun béiden Säiten am Brexit-Vote haaten mer am Februar geschriwwen (hei den Link).

Als éischt zum Resultat selwer. Am ganzen Land hunn 51.9% dofir ofgestëmmt aus der EU auszetrieden an dat bei enger Wahlbedeelegung vun 72.2%. Et gëtt allerdéngs grouß Variatiounen tëschent verschiddenen Regiounen. D’Vereenegt Kinnekräich besteet aus England, Wales, Schottland an Nordirland. Déi éischt zwee hunn an der Majoritéit fir en Austrëtt aus der EU gestëmmt – Schottland an Nordirland dogéint. Zu Belfast an Nordirland (74.1%) an zu Edinburgh an Schottland (74.4%) ass dëst am kloersten ze gesinn. Innerhalb vun England selwer sinn och Variatiounen ze fannen. Do hunn d’Leit zu Stoke-on-Trent mat bal 70% fir den Brexit gewielt, während zu London iwwert 75% dogéint gestëmmt hunn.

D’Resultat weist also ganz kloer dass d’Land regional gespléckt ass. Mee wann een den Vote no Alter opdeelt entsteet eng ähnlech Divisioun. Ëmfroen no huet bei den Leit tëscht 18-24 Joer nëmmen all véierten fir den Brexit gestëmmt, während eng Majoritéit bei deenen iwwert 45 dofir gestëmmt huet. Allerdéngs sinn vun deenen Jonken och vill manner wielen gaangen.

Dës Resultater hunn dann natierlech och Konsequenzen. Obwuel et och ekonomesch Folgen op der Bourse gouf, konzentréieren mir eis hei op déi politesch Auswierkungen. Als éischt huet den Premierminister David Cameron, deen sech géint den Austrëtt aus der EU agesat huet, säin Récktrëtt bis spéitstens Oktober ugekënnegt. Dono wäert d’Konservativ Partei, déi am Moment d’Majoritéit am  huet, een neien Chef an Premierminister wielen – wahrscheinlech een deen fir en Austrëtt aus der EU war.

Eng zweet Konsequenz ass d’Verlaangen vun Schottland fir en zweeten Referendum iwwert eng schottesch Onofhängegkeet vun Groussbritannien. Dëst Verlaangen baséiert op dem Fait dass an Schottland all eenzel Regioun géint den Brexit gewielt hunn. Am September 2014 war am Referendum knapp géint d’Onofhängegkeet gewielt ginn, enner anerem well Schottland dann aus der EU hätt missen austrieden. Elo fuerdert Schottland en zweeten Onofhängegkeets-Referendum fir dann kënnen sech elleng erem an der EU unzemellen.

Déi drëtt Konsequenz dréint sech em den Artikel 50 vum Lisbon-Traité. Dësen Artikel gëtt aktivéiert wann en Land deklaréiert aus der EU austrieden ze wëllen. Ab deem Moment leeft eng Frist vun 2 Joer – dono ass d’Land automatesch aus der EU. An England versichen d’Vertrieder vun der “Leave”-Campagne op Zäit ze spillen fir en neien Deal mat der EU auszehandelen. An der EU hunn awer schonnan d’Parlament kloer gemaach dass den Artikel 50 soll sou séier wéi méiglech aktivéiert ginn. Och d’Bundeskanzlerin Angela Merkel huet betount dass et keng Verhandlungen wäert ginn bis dass d’Frist vun 2 Joer leeft.

D’Resultat vum Brexit-Referendum ass enorm wichteg fir England an d’EU als ganzt. Nach ni ass een Member aus der EU ausgetrueden. Säit dem Vote hunn an Holland an Frankräich schonns eenzel Parteien dozou opgeruff och an hiren Länner en Referendum ze organiséieren. D’Konsequenzen vum Brexit wäerten d’Noriichten also an den nächsten Méint weider dominéieren.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel mat véier méiglechen Zeenarien fir d'Zukunft vun der EU.

http://www.welt.de/politik/ausland/article156565651/Vier-Szenarien-fuer-die-Zukunft-der-EU.html

- D'Regierungserklärung vun Däitschland zum engleschen Vote am Referendum.

https://www.tagesschau.de/inland/merkel-brexit-101.html

Franséisch:

- En Artikel iwwert déi ekonomesch Konsequenzen vum Brexit.

http://www.lefigaro.fr/conjoncture/2016/06/25/20002-20160625ARTFIG00015-sept-consequences-economiques-a-retenir-sur-le-brexit.php

- En Artikel iwwert d'Debatt am franséischen Parlament zum Brexit-Vote.

http://www.lemonde.fr/referendum-sur-le-brexit/article/2016/06/28/les-parlementaires-francais-debattent-des-consequences-du-brexit_4959798_4872498.html

Englesch:

- En Artikel deen déi wichtegst Konsequenzen vum Vote erkläert.

http://www.vox.com/2016/6/23/12021222/brexit-what-happens-next

- En Editorial vun der New York Times zu den Verspriechen vun der "Leave"-Campagne.

http://www.nytimes.com/2016/06/28/opinion/brexit-proponents-false-promises-crumble.html

Sourcen vun de Biller:

- Bild 1: http://img.huffingtonpost.com/asset/scalefit_630_noupscale/576cfb1c2200002e00f82c23.png

- Bild 2: http://www.jpost.com/HttpHandlers/ShowImage.ashx?id=331830&h=530&w=758

Wéi fonctionnéieren d'Vereenten Natiounen?
Dës Woch ass et 71 Joer hier dass d’Erschaffen vun den  (UN) mam Ënnerschreiwen vun der UN-Charta zu San Francisco. Et huet een bestëmmt schonn oft dovun héieren: am Zesummenhang mat der Flüchtlingskris, mat militäreschen Operatiounen oder mat Ofstëmmungen am Sécherheetsrot. Mee wat sinn dann elo d’Aufgaben vun dëser internationaler Organisatioun?

D’UN ass den 26. Juni 1945 gegrënnt ginn an besteet haut aus 193 Memberstaaten. All Member huet d’UN-Charta ënnerschriwwen, déi di wichtegst Zieler an Aufgaben festleet. D’Haaptpunkte sinn: De Weltfridden an ouni Gewalt op eng friddlech Léisung vun Konflikter hin ze schaffen; Respekt virun den Mënscherechter ze sécheren ouni op Hierkonft, Geschlecht, Sprooch oder Relioun ze kucken; international zesummen ze schaffen fir sozioekonomesch a kulturell Problemer ze léisen.

Sou vill fir d’Zieler, mee wéi fonctionnéiert d’UN? Déi wichtegst Positioun innerhalb vun den Vereenten Natiounen ass déi vum Generalsekretär – aktuell den Ban Ki-Moon. Dëst Amt kann een als eng Mëschung aus Affekot, Beamten an Diplomat ugesinn. All 5 Joer proposéieren déi 15 Länner am Sécherheetsrot Kandidaten/innen, déi dann vun der Generalversammlung – wou all Land een Setz huet – muss unerkannt ginn. Den Generalsekretär huet vill Aufgaben: hien muss den Budget erstellen, d’UN Organisatioun opstellen, Friddenspläng erstellen, Studien an Protokoller erstellen, bei Konflikter vermëttelen an d’UN no baussen representéieren. Well den Ban Ki-Moon an sengem leschten Joer ass, ginn potentiell Kandidaten gesicht fir hien nächst Joer ze ersetzen.

Dat bréngt eis zur UN-Generalversammlung, déi wéi gesot iwwert dësen Kandidat muss ofstëmmen. Ausserdeem treffen sech all Joers am September d'Staats- an Regierungschefen vun allen Memberen an der Generalversammlung, fir iwwert déi wichtegst politesch Themen ofzestëmmen. All Staat kann hei ofstëmmen – allerdéngs sinn d’Resolutiounen vun der Generalversammlung net legal zwéngend.

Als nächst kënnt den UN Sécherheetsrot, deen aus 5 permanenten (Frankräich, China, Russland, USA, England) an 10 ofwiesselnden Membere besteet (Lëtzebuerg war 2013-2014 am Sécherheetsrot vertrueden). Déi 5 Länner déi en permanenten Setz hunn, hunn och all en Veto-Recht. An aner Wieder, wann een vun den 5 géint eng Propose ofstëmmt, dann kann dës Propose net unerkannt ginn. Déi generell Aarbecht vum Sécherheetsrot ass d’Sécherstellen vum internationalem Fridden. Dowéinst kann dëse Sécherheetsrot duerch verschidden Instrumenter, wéi Sanktiounen, op Aggressioune reagéieren – wat och erkläert firwat d’Resolutiounen vum Sécherheetsrot international als legal zwéngend ugesinn ginn.

Schlussendlech muss een och den Internationalen Geriichtshaff ernimmen, deem seng Aufgab et ass bei legalen Konflikter zwësche verschiddene Staaten eng Léisung ze fannen. Dofir mussen d’Staaten den internationale Geriichtshaff och unerkannt hunn. Zudeem kann den internationale Geriichtshaff och bei allgemeng gesetzlech Froen vun der UN abezunn ginn.

D’Vereenten Natiounen hunn sech allerdéngs immens wieder entwéckelt säit deem d’Grondstruktur an den Joren nom Zweeten Weltkrich erschaaft goufen. Et hunn sech immens vill bekannten Organisatiounen innerhalb vun den Vereenten Natiounen gebilt:

UNICEF fir d’Rechter vun den Kanner op der Welt

UNHCR fir d’Rechter an d’Versuergen vun den Flüchtlingen op der Welt

UNESCO fir d’Fërderung vun Wëssenschaft an d’Erhalen vun Kulturen

IWF fir d’Iwwerwaachen vun Währungs- an Geldpolitiken

WHO fir d’Bekämpfen vun weltwäiten Krankheeten an Epidemien.

D’Vereenten Natiounen sinn also net nëmmen wäertvoll fir d’Zieler an d’Grënn firwat dës Organisatioun gegrënnt ginn ass, mee och immens wichteg fir d’Léisen vun ganz ënnerschidlechen weltwäiten Problemer. Den UNHCR ass d'Haaptorganisatioun déi sech em d'Flüchtlingskriis këmmert. Den WHO huet d'Epidemie vun Ebola bekämpft. An den IWF ass zentral fir d'Léisen vun der Euro-Kriis.

En Video deen erkläert wéi d'UN fonktionnéiert an ob dësen System emmer fonctionnéiert:

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Eng Brochüre zum Fonktionnéieren vum UN-Sécherheetsrot.

http://www.dgvn.de/fileadmin/user_upload/PUBLIKATIONEN/Basis_Informationen/basisinfo41_sec_counc.pdf

- En Artikel zum neisten Rapport vum UNHCR zur Flüchtlingskriis.

http://www.berliner-zeitung.de/politik/unhcr-jahresbericht-zahl-der-fluechtlinge-weltweit-hoch-wie-nie-zuvor-24262852

Franséisch:

- Eng Ulaafstell vun der WHO fir den Verlaaf an d'Bekämpfen vun der Ebola-Epidemie.

http://www.who.int/csr/disease/ebola/fr/

- En Artikel iwwert den Klimapakt deen vun den Vereenten Natiounen verhandelt gouf.

http://www.lemonde.fr/cop21/article/2016/04/22/a-new-york-171-pays-reunis-pour-signer-l-accord-de-la-cop21-sur-le-climat_4907201_4527432.html

Englesch:

- En Artikel iwwert der UNICEF hieren neisten Rapport zur Bildung vun Kanner.

http://www.bbc.com/news/world-36199901

- Eng Infographik déi den UN-Sécherheetsrot erkläert an méiglech Reformen analyséiert.

http://www.theguardian.com/world/ng-interactive/2015/sep/23/un-security-council-failing-70-years

Sourcen vir Biller:

- Bild 1: https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/2f/Flag_of_the_United_Nations.svg/2000px-Flag_of_the_United_Nations.svg.png

- Bild 2: http://blogs.reuters.com/ian-bremmer/files/2012/10/RTR38EAW.jpg

Wat mécht eng Zentralbank?
Quasi all Land op der Welt huet eng Zentralbank an d’Europäesch Zentralbank (EZB) ass säit der Aféierung vum Euro 1999 reegelméisseg an den Noriichten. Mee oft ass et net kloer em wat et geet wann een iwwert d’EZB liest. Wat mécht eng Zentralbank dann iwwerhaapt? Eng Zentralbank kann een als eng Zort Bank fir d’Banken gesinn. Hier Haaptaufgaben kéint een graff ob 4 Punkten opdeelen:

1. Monopol vun den Suen:

An deenen meeschten Länner huet d’Zentralbank den gesetzlechen Monopol ob d’Erschaffen vun Suen, an ass och responsabel vir des Währung géint Fälschungen etc ze schützen.

2. Bank vun den Banken:

All kommerziell – “normal” – Bank muss bei der Zentralbank een bestëmmten Prozentsaz vun hirem Kapital als Reserven deposéieren. Esou kann d’Zentralbank Iwwerweisungen tëschent zwou Banken reegelen.

3. “Lender of Last Resort”:

Eng vun den wichtegsten Rollen vun enger Zentralbank ass déi vun Créditeur an leschter Instanz (Lender of Last Resort). Hautdesdaags gëtt eng Bank eng méi grouss Zomme un Kreditter eraus wei si iwwerhaapt Reserven hunn. Dës Reserven sinn d’Suen déi Leit an Entreprisen op hiren Konten hunn. Dëst ass an normalen Zäiten keen Problem, et ass onwahrscheinlech dass esou vill Leit beieneen hier Suen wëllen ophiewen dass d’Bank net méi genuch Boergeld op Lager huet. Am Fall vun engem externen Schock, wei zB eng Finanzkris, kann et awer zu engem esou genannten Bank Run kommen, wou d’Leit all beieneen hier Suen wëllen ophiewen. D’Banken probéieren dann e puer Investitiounen ze verkafen vir dat noutwendegt Boergeld opzebréngen an den Leit hier Erspuernisser auszebezuelen.

Well dëst awer ganz schnell muss geschéien kritt d’Bank een schlechten Präis vir déi Investitiounen, wat mat sech bréngt dass si der ëmmer méi muss verkafen. Dëst dréckt dann weider den Präis erof well eng grouss Offer do ass. Een Däiwelskrees fänkt un deen och aner Banken kann an Problemer bréngen.

An esou engem Fall kennen d’Banken dann bei der Zentralbank een Noutkredit ophuelen an kréien Boergeldreserven vun hier assuréiert vir den Spuerer hier Suen kennen auszebezuelen, ouni dass d’Bank een Groussdeel vun hiren Investitiounen ënner Valeur muss verkafen. Dat ass d’Roll vum “Lender of Last Resort”.

En Erklärvideo zu den Funktiounen vun enger Zentralbank:

4. Stabilisatioun vun der Ekonomie (Geldpolitik):

Duerch d’Fixéieren vum Zënssätz an vun der Quantitéit un Suen déi am Ëmlaf sinn beaflosst d’Zentralbank déi wirtschaftlech Aktivitéit an der Ekonomie. An der Kuerzfaassung kann een Folgendes verhalen: Méi niddereg Zënsen maachen et méi bëlleg fir Entreprisen an Konsumenten Suen ze léinen an Suen an nei Projeten ze investéieren. Dëst dreift dann d’Demande an der Ekonomie an d’Luucht an soll den wirtschaftlechen Wuesstem undreiwen. Den Problem heimatter ass awer dass dëst net ouni Käschten ass: méi héich ekonomesch Aktivitéit duerch niddereg Zënsen ass normalerweis mat méi héijer Inflatioun verbonnen.

Sou wäit fir d’Theorie. Wat d’Zentralbank an der Kris vun 2008-09 an momentan mécht ass d’Thema vun eisem nächsten Artikel. Do gëtt dann och ganz séier kloer wat fir eng wichteg Roll eng Zentralbank vir d’Funktionéieren vun enger Ökonomie huet.

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: https://europoint.stonybrook.edu/wp-content/uploads/2014/05/Eurotower-Frankfurt-am-Main1.jpg

- Video: https://www.youtube.com/watch?v=J0DWeYV5TVY

Manifestatioun vum Pfleegepersonal
De Samschden ass et an der Staat zu enger grousser Demonstratioun vum Pfleege-,Sozial- a Gesondheetssecteur komm. De Medien no sinn ca. 6500-9000 Persounen dem Opruff vun de  LCGB an OGBL no komm. Mee firwat ass demonstréiert ginn a wat sinn Fuerderunge vun de Gewerkschaften? Dat wëlle mir dës Woch erklären.

Ee vun de wichtegsten Themen ass d’Gesetz aus dem Joer 2014, well do festgehale gouf, dat am Kollectivtraité déi Beruffer am Gesondheets-, Fleege- an Sozialberäich als Beruffer vum ëffentlechen Déngscht unerkannt sinn. Sou wëllen d’Gewerkschaften dat dat ëmgesat gëtt, well dat en Afloss op Salairen an d’Aarbechtsbedingungen huet. Si wëllen ausserdeem eng Erhéijung vun 2,2% souwéi eng eemoleg Prime vun 0,9% duerchsetzen. D’Nora Back vun der Gewerkschaft OGBL argumentéiert, dat déi lescht Augmentatioun vun den Salairen am Spidol 2009 an am Fleege- a Sozialberäich 2007 war.

Zudeem komme Fuerderunge vun enger Verbesserung vun de Karriären an der korrekter Urechnung vun de Studiejoren, déi och duerch de Kollektivvertrag festgehale goufen. Et gëtt kritiséiert, dat Karriären nach net richteg ugepasst goufen an dat „commission paritaire ASFT“ sech nach net mat der Berechnung vun dëser Upassung befaasst huet, obwuel am Mäerz 2015 schonn alles prett gewiescht wier. Zoustänneg vun dëser Aberuffung ass de Familljeministère.

Déi Kommissioun ass ee wichtege Punkt, well de Budget pro Joer a verschiddene Secteure vum Staat festgeluecht gëtt. Als Beispill huele mir Spidoler. Déi kréie vum Staat ee bestëmmten Budget a mussen domat hiren Haushalt regelen. Dowéinst kënnen Direktere vun de Spidoler net direkt op Fuerderungen agoen a mussen als éischt op eng Reaktioun vun der Regierung an der Kommissioun waarden.

D’Nora Back kritiséiert zousätzlech, dat „Fédération des Hôpitaux“ nëmmen op een Deel vun hire Fuerderungen agoe wëll a Verbesserunge vun de Karriäre solle fir 18 Méint nach net weidergefouert ginn.

Sou gëtt och kritiséiert, dat COPAS, eng Vereenegung vun de Pfleegedienstleister, hiert Personal ënner Drock sëtze wëll, mat Personalofbau a vu Präisserhéijungen vun hire Pfleegearriichtungen.

De Kär vun den Aussoen ass, dat d’Kollektivtraitéen angehalen sollen ginn, wëll et soss zu wieder Manifestatiounen komme kéint.

Déi zwou Gewerkschaften OGBL a LCBG brénge verschidden Ongerechtegkeeten a Punkto Salairen. Si ziele verschidde Beruffer op, déi net no hirem Diplome gerecht bezuelt géife ginn. Als Beispill: Den Educateur/Educatrice huet eng 14ième gemaach, mee gëtt bezuelt als hätt hien/si eng 11ième. Een Educateur/Educatrice gradué/e huet ee Bachelor, mee de Salaire gëtt bezuelt wéi eng Persoun mat enger 13ième. Den Infirmier/Infirmière mécht een BTS oder nach eng Spezialisatioun a gëtt bezuelt wéi ee mat 11ième respektiv 13ième.

Corinne Cahen, Familljeministerin huet de Sonnde matgedeelt, dass d’Kommissioun, déi fir d’Berechnunge vun de Karriären am Gesondheets- a Sozialsecteur zoustänneg ass, aberuff ginn ass.

Vu dat duerch d'Manifestatioun d’Regierung ëffentlech ënner Drock geroden ass, wäerten mir am Laf vun Deeg/Woche méi vun dësem Thema héieren. Sou kann een nëmme soen, dat déi Beruffer, déi ëmmer méi an eiser Gesellschaft gebraucht ginn och fir eng méi héich Unerkennung kämpfen, op gesellschaftlecher a politescher Ebene.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel zu den Fuerderungen vun den Gewerkschaften.

http://www.journal.lu/top-navigation/article/maer-halen-elo-net-mei-op/

- En Artikel zur Manifestatioun.

http://www.wort.lu/de/politik/krankenschwestern-pfleger-und-erzieher-demonstrieren-massive-teilnahme-an-grossdemo-5752c2d4ac730ff4e7f61754

Franséisch:

- En Artikel zur Manifestatioun.

https://www.wort.lu/fr/politique/grande-manif-a-luxembourg-samedi-aide-soignants-infirmiers-et-educateurs-descendent-dans-la-rue-5751bb66ac730ff4e7f616cc

- En Artikel zu den Fuerderungen vun den Gewerkschaften.

http://paperjam.lu/news/les-syndicats-dans-la-rue-ce-samedi

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://lcgb.lu/de/2016/06/04/grande-manif-fhl-sas-pour-une-revalorisation-des-professions-de-sante-et-socio-pedagogiques/p1000395/

- Bild 2: http://www.mfi.public.lu/le_ministere/ministre/

Wat bestemmt den Uelegpräis?
An der Lescht gëtt an den Medien des öfteren iwwert d’Bensin an Mazout Präisser geschwat. Mee wisou ass Ueleg eigentlech esou wichteg fir déi global Ekonomie an wisou ass den Uelegpräis momentan esou niddereg?

Ueleg ass eng vun den wichtegsten Sourcen vun Energie an gëtt als Basis vir en Groussdeel vun Produiten gebraucht: vum Bensin deen Autoen, Camionen, Baggeren an Fligeren undreift, bis zu den verschiddensten Plastiksartikelen deenen een am Alldag begéint. Dëst mëscht Ueleg, an méi spezifesch den Uelegpräis, esou een wichtegen Faktor vir déi global Ekonomie.

Wann d’Uelegpräisser an d’Luucht ginn bréngt dat méi héich Käschten vir d’Produzenten/Firmaen mat sech, wat dann zu méi niddregen Beneficer oder méi héijen Präiser fir Konsumenten féiert. Wann d’Uelegpräisser falen, dann falen d’Bensins- an Heizkäschten fir d’Konsumenten. Mat den Suen déi d’Leit spueren kënnen si dann aner Saachen kafen, wat d’Demande fir aner Produit’en an d’Luucht hieft.

Den Graphique weist dass den Uelegpräis vun méi wéi 110 $ pro Barrel ob ëm 50$ pro Barrel gefall ass.

Fir dëst ze verstoen, muss een wëssen, dass am Normalfall den Preis vun engem Produit duerch d’Offer an Demande festgeluecht gëtt. Wann d’Offer erop oder d’Demande erof geet, dann ass méi vun engem Produit am Marché wéi gebraucht gëtt. En Verkeefer kann net méi souvill Suen froen, well den Keefer den Choix huet bei wiem hien den Produit keeft.

Op der Säit vun der Offer, ass d’OPEC ganz wichteg. D’OPEC ass en Groupe vun 13 Länner déi 42% vum weltwäiten Ueleg produzéieren. Dowéinst kann een d’OPEC als Kartell bezeechnen. Dat bedeit, dat si an enger Positioun sinn, wou hir Aktiounen direkt den Preis beaflossen. Wann si bewosst wéineg produzéieren, bleift den Uelechpreis héich.

Dëst fonctionnéiert awer net méi. Engersäits sinn sech d’OPEC-Länner net méi eens wéi vill si produzéieren sollen. Well all Land probéiert esouvill wei méiglech ze verkafen, gëtt et méi Ueleg ze kafen an den Preis fält. Anerersäits, gëtt et och méi Ueleg um Marché wéinst der amerikanescher Fracking-industrie.

Als Reaktioun dorop huet Saudi-Arabien seng Produktioun an d’Luucht gesat. Well et dann nach méi Ueleg ze kafen gëtt, soll den Preis nach méi falen. Saudi-Arabien huet gehofft domadder déi amerikanesch Fracking-Industrie onprofitabel ze maachen. Och wann dat kuerzfristeg zu Verloschter feiert, hätt dëst den OPEC-Länner erméiglecht eng méi grouss Partie vum Marché ze kontrolléieren. Wann dann bis déi aner Produzenten faillite sinn, hätten si d’Produktioun erëm reduzéiert an den Preis an d’Luucht gedriwwen. Dësen Plang ass awer net opgaangen. Eng Rei vun technologeschen Entwécklungen huet et den amerikaneschen Produzenten erméiglecht weider profitabel ze bleiwen.

Mee den Uelegpräis ass och gefall wéinst enger liichter Reduktioun an der Demande. Éischtens wiisst d’Ekonomie an Europa an China net méi sou wéi virdrun. Wann manner produzéiert gëtt, gëtt och manner Ueleg gebraucht. Ausserdeem ginn Autoen an Fligeren ëmmer méi effizient an brauchen manner Ueleg. Een schwaachen Wirtschaftswuesstem an Europa an an den Schwellelänner, kombinéiert mat ëmmer méi effizienten Autoen, Fligeren etc. huet dozou gefouert dass d’Demande fir Ueleg licht méi schwaach gewuess ass wéi an der Vergaangenheet.

Als Conclusioun kann een dann soen dass eng niddreg Demande gekoppelt mat enger ze grousser Offer d’Ulegpräisser niddreg hält.

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: bloomberg.com

- Bild 2: opec.com

Neit Aarbechtsgesetz an Frankräich
D’Raffinerien si blockéiert, d’Aarbechter ginn op d’Strooss an d’Produktioun vun den Atomkraaftwierker soll erofgedréint ginn: dat sinn e puer Auswierkungen déi d’Protester géint de Gesetzesentworf zum  a Frankräich no sech zéien. Mä wéi genee ass et dozou komm, a wat steet an deem Entworf iwwerhaapt?

De Gesetzesentworf, och no der Aarbechtsministesch El Khomri genannt, gesäit Ännerungen am Aarbechtsgesetz fir. D’Aarbechtsgesetz besteet aus legislativen a reglementären Texter, déi d’Aarbechtsrechter betreffen an ëmsetzen. Ziel vum neie Gesetz ass et, den Entreprisen méi Fräiheeten ze loossen, woumat d’Regierung d’Intentioun verfollegt, d’Entreprisen méi maartfäheg ze maachen a soumat d’Ekonomie unzekuerbelen. Allerdéngs kënnen dës Ännerungen och negativ Konsequenzen fir d’Salariéen hunn.

De Gesetzesentworf beinhalt e puer gréisser Ännerungen, wouvun déi zwou déi am stäerksten kritiséiert ginn déi folgend sinn:

Laut Artikel 2 sollen Accorden déi innerhalb vun Entreprisen iwwert d’Aarbechtszäiten getraff ginn elo iwwert Accorden vun den eenzelen Secteuren gestallt ginn. Domat gëtt d’Hierarchie renverséiert a kann dozou féieren, dass d’Gewerkschaften manner Afloss op d’Reegelungen hunn. Dësen Artikel betrëfft ënner anerem d’maximal Aarbechtsstonnen, d’Iwwerstonnen an de bezuelten Congé. D’ Entreprisen kënnen hiren Mataarbechter no enger festgeluechter Unzuel vun Trimesteren mat schlechter Konjunktur kënnegen. An aneren Wieder heescht dat dass eng Firma méi einfach kann Leit entloossen wann si manner Emsaatz mécht.

Am Februar 2016 gouf en éischten Entworf zum Aarbechtsgesetz am franséischen , der Assemblée Nationale, deposéiert a gouf staark vun den  kritiséiert. Doropshin gouf de 24. Mäerz eng nei Versioun deposéiert. D’Gewerkschaft CFDT (Confédéreation française démocratique du travail) ass mat der neier Versioun esou wäit averstanen, dass si sech net opposéieren. Déi gréissten Gewerkschaft a Frankräich, den CGT (Confédération générale du travail), allerdéngs sprécht sech staark géint den neien Entworf aus a wëll d’Gesetz verhënneren. D’Grënn heifir sinn haaptsächlech eben déi zwee genannten: d’Vereinfachung vun der Kënnegung aus ekonomeschen Grënn esou ewéi déi nei Entscheedungsgewalt vun den Entreprisen iwwert d’Aarbechtszäiten.

De Premierminister Manuel Valls huet dunn den 10. Mee 2016 annoncéiert, dass d’Regierung decidéiert huet den Artikel 49:3 vun der Konstitutioun a Kraaft ze setzen. Deemno ass et dem Gouvernement erlaabt, a bestëmmte Fäll de Vote vum Parlament un en  ze bannen. Wann d’Parlament an deem Fall nach ëmmer d’Gesetz blockéiert, muss d’Regierung automatesch demissionéieren.

Als Reaktioun op dem Premierminister seng Decisioun an aus der Onzefriddenheet mam Gesetzesentworf eraus huet de CGT zum Streik opgeruff. Zu Paräis, Bordeaux an Havre gouf beispillsweis demonstréiert, woubäi et och zu Gewaltausschreitungen komm ass. Zu Marseille, Bordeaux a Perpignan ginn d’Stroossen blockéiert, an vill Raffinerien am Land si mëttlerweil och vun den Demonstranten besat. Doduerch wäert Frankräich geschwënn d’Bensinsreserven ausgoen. Zousätzlech sollen elo och d’Atomkraaftwierker hier Produktioun erofschrauwen, wat eng Uschafung vu Stroum aus dem Ausland néideg maache kéint. Dat ganzt ass en enormt Drockmëttel vun der CGT, déi mat allen Mëttelen wëllen den Gouvernement dozou kréien den Gesetzesentworf zeréckzezéien.

Et bleift also ofzewaarden, wéi de Muechtkampf tëscht der Gewerkschaft an der Regierung sech elo weiderhin entwéckelt, a mat wat fir Konsequenzen d’franséischt Vollek nach konfrontéiert wäert ginn.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Eng Iwwersiicht iwwert déi aktuell Situatioun vun den Protester an den Kritiken:

https://www.tagesschau.de/ausland/arbeitsmarktreform-frankreich-107.html

- Eng kuerz Duerstellung vun der Problematik aus béiden Perspektiven.

http://www.nzz.ch/meinung/kommentare/mit-streiks-gegen-die-arbeitsmarktreform-sinnlose-machtprobe-in-frankreich-ld.84986

Franséisch:

- Méi détailléiert Informatiounen iwwert den Inhalt vum Gesetzesentworf.

http://droit-finances.commentcamarche.net/faq/52536-loi-el-khomri-loi-travail-ce-qui-va-changer

- Eng Erkläerung vum Artikel 49:3 vun der franséischer Konstitutioun an eng Begrënnung firwat den Manuel Valls dësen benotzt huet.

http://www.gouvernement.fr/l-article-49-3-comment-ca-marche

Englesch:

- Eng Erkläerung vun den Haaptmesuren am Gesetzesentworf an eng Virstellung vun den Haaptkritiker.

http://www.theguardian.com/world/2016/may/26/why-france-labour-reforms-proved-so-contentious

- Eng Duerstellung wéi déi franséisch Institutiounen mat den Protester ëmginn.

http://www.theguardian.com/world/2016/may/28/france-gripped-by-escalating-protests-over-labour-bill-police-woman-throw

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://i.tmgrup.com.tr/dailysabah/2016/03/09/HaberDetay/1457524705563.jpg

- Bild 2: http://medias.mensquare.com/wp-content/uploads/2015/04/07103638/manuel-valls.jpg