 Eng Woch no eiser éischter Collecte hunn mer 107 Këschten op den Flüchtlings-Foyer op der Weilerbaach gefouert, wou mer d'Narin kennen geléiert hunn, no deem des Associatioun benannt ass. Seng Liewesfreed an säin Optimismus, trotz all den Saachen déi et erlieft huet, huet eis immens begeeschtert an motivéiert fir des Associatioun ze grënnen! |  Hei gesitt der den Michel zesummen mat zwee vun eisen fläissegsten Benevollen an 3 vun den Jongen, déi op der Weilerbaach en neit Doheem fonnt hunn nodeems se virum Biergerkrich an Syrien geflücht sinn. Mat sou enger klenger Saach wei engem Präbbeli konnt een hinnen schonn eng enorm Freed maachen! |  5 Wochen nom Start vun eiser Sammelaktioun sinn iwwer 1100 Këschten voll mat Kleeder, Hygieneartikel an Spillsaachen op Tréier an en neit Flüchtlingszentrum komm. Wat en Erfolleg! |
---|