top of page

Eis Projeten

Sammelaktioun - Digital Inclusion

Den 4. Februar hunn mir zesummen mat Digital Inclusion iwwert 80 digital Apparater gesammelt. Dës Spenden ginn elo nei programméiert an Leit zur Verfügung gestallt, déi keen Zougang zur digitaler Welt hunn.

Projet SMILE 2016

Fir Nikloosdaag hunn mir Spenden gesammelt an Kanner déi aus ënnerschiddleche Grënn an Heemer wunnen en Cadeau gemaach. D'Kanner konnten sech selwer eraussichen wat si wollten an kruuten et dann vum Kleeschen bruet.

Projet SMILE 2016

Den Kleeschen, deen duerch vill Heemer gereest ass, gouf an allen ganz ongedëlleg erwaart.

Fussball-Tournoi 2016

Am Juli 2016, hunn mir en Fussball-Tournoi organiséiert bei deem gemëschten Equippen vun Awunner a Flüchtlingen Deel geholl hunn.

Fussball-Tournoi 2016

Och nieft dem Fussball gouf et Aktivitéiten fir zesummen ze maachen.

Sammelaktioun - Collecte

En groussen Merci un all d'Benevollen déi eis sou kuerzfristeg bei der éischter Collecte, den 5. September, gehollef hunn. Hei gesitt der d'Benevolen vun der Käerjenger Gare, en Top Team!

Sammelaktioun - Collecte

Fir den Transport tëscht den Collecte-Punkten an dem Lager bei der éischter Collecte hunn d'Entreprisen Manuel Cardoso an Happy Snacks eis jee 1 Camionnette zur Verfügung gestallt, woufir mir eis häerzlech bedanken!

Sammelaktioun - Collecte

An och en riesegen Merci un d'Benevollen déi eis bei der zweeter Collecte um Wandhaff, den 12. September, stonnelaang gehollef hunn d'Spenden an Container ëmzeraumen. En super Effort an e flotten Dag!

Sammelaktioun - Triage

Op eisem drëtten Dag Triage kruten mer Besuch vun der Integratiounsministesch Mme Corinne Cahen an dem Deputéierten Max Hahn, déi während dem ganzen Projet ëmmer bereet stoungen fir eis mat organisatoreschen Problemer ze hëllefen, virun allem fir d'Distributioun vun enger Partie Këschten un d'Flüchtlingszentrum op der Weilerbaach!

Sammelaktioun - Weilerbaach

Eng Woch no eiser éischter Collecte hunn mer 107 Këschten op den Flüchtlings-Foyer op der Weilerbaach gefouert, wou mer d'Narin kennen geléiert hunn, no deem des Associatioun benannt ass. Seng Liewesfreed an säin Optimismus, trotz all den Saachen déi et erlieft huet, huet eis immens begeeschtert an motivéiert fir des Associatioun ze grënnen!

Sammelaktioun - Weilerbaach

Hei gesitt der den Michel zesummen mat zwee vun eisen fläissegsten Benevollen an 3 vun den Jongen, déi op der Weilerbaach en neit Doheem fonnt hunn nodeems se virum Biergerkrich an Syrien geflücht sinn. Mat sou enger klenger Saach wei engem Präbbeli konnt een hinnen schonn eng enorm Freed maachen!

Sammelaktioun

5 Wochen nom Start vun eiser Sammelaktioun sinn iwwer 1100 Këschten voll mat Kleeder, Hygieneartikel an Spillsaachen op Tréier an en neit Flüchtlingszentrum komm. Wat en Erfolleg!

bottom of page