top of page

Eis Geschicht . . .

Nodeem am Summer 2015 all Woch méi Flüchtlingen an Europa ukomm sinn an ëmmer méi friemefeindlech Stëmmen haart ginn sinn, hunn den Michel an d'Amandine eng privat Kleeder-Collecte fir Flüchtlingen gestart. Si hunn doropshin hier Kollegen iwwert Facebook encouragéiert mat ze spenden. Dësen Opruff huet sech séier verbreet, sou dass innerhalb vun zwou Wochen iwwert 15'000 Leit dovun gelies hunn an bal 40 Tonnen Kleeder gespent goufen. Net nëmmen den Volume vun den Spenden, mee virun allem den Elan an Enthusiasmus vun den iwwert 200 Benvollen huet si iwwerwältegt an dozou bruecht eng A.S.B.L ze grënnen fir an Zukunft kënnen punktuell Aktiounen fir bedürfteg Leit ze organiséieren.

Des A.S.B.L ass benannt nom Narin, engem syreschen Meedchen, wat aus Kobane zu Fouss bis op Lëtzebuerg geflücht ass, an trotzdem en Laachen an eng ustiechend Liewesfreed behalen huet !

"Des Associatioun versicht jidderengem säin Recht op gläich Méiglechkeeten ze fërderen an ze sécheren, onofhängeg vun senger Nationalitéit, sengem Geschlecht, senger Relioun, senger sexueller Orientatioun oder sengen physeschen Capacitéiten. Doduercher gëtt d'Ziel vun enger méi inklusiver Gesellschaft ugestrieft."

 

(Iwwersetzung vum Artikel 1 vun eisen Statuten)

bottom of page