Zesummen Fir All
Kreditkaart / PayPal
Fir direkt mat Ärer Kreditkaart oder mat Ärem PayPal-Account en Don ze maache musst der op den giele Knäppchen ënnen drécken. Dëse schéckt Iech weider op d'PayPal-Säit, déi komplett securiséiert ass. Do kennt der dann auswielen ob der wëllt mat Kreditkaart (ënne lenks) oder mat Ärem PayPal Account (uewen an der Mëtt) bezuelen.
Virement
Wann Dier wëllt en Virement iwwert Är Bank maachen, kennt der eis Konto-Informatiounen riets fannen. Ausserdeem kennt der iwwert de PDF-Knäppchen ënnen drënner en Virement vierge eroflueden, deen der ausfëllen an op Är Bank brénge musst.
Kontos-Informatiounen:
BCEE:
LU86 0019 4655 8693 3000
(BIC: BCEELULL)
Spenden
Firwat ginn Spenden benotzt?
All Spende gi fir den nächste Projet benotzt, ausser d'Käschte si schonn ofgedeckt. Eis Associatioun besteet bal ausschliisslech aus Benevollen. Keng Spent gëtt fir Salaire benotzt.
Wat ka meng Spend bewierken?
All Spend zielt!
-
Mat 5€ konnte mer 4 Këschte fir eis Sammelaktioun bezuelen.
-
Mat 20€ konnte mer dat néidegt Schreif- a Schneidmaterial fier eng ganz Woch Triage bezuelen.
-
Mat 50€ konnte mer d'Gedrénks fir all d'Benevollen um Fussball-Tournoi bezuelen.
Wéi kann ech spenden?
Et gëtt 2 Wëer ze spenden:
Kreditkaart / Paypal oder Virement.
Fir béid Methode fannt der Detailer hei ënnen drënner

