September 2015: “Sammelaktioun fier Flüchtlingen”
9 Container voll mat Kleeder, wat 2000 Caddien aus dem Supermarché entspriecht.
217 Benevollen, wat 1 Airbus A320 Fliger fëlle géif.
40 Tonnen hunn all d'Spenden zesumme gewien. Dat entspriecht 57 Limousin-Kéi.
800 Spender, déi eng Mënscheketten iwwert déi ganz Ramblas zu Barcelona maache kéinten.

D'Ziel vun eisem éischten Projet "Sammelaktioun fir Flüchtlingen" war et Kleeder an Spillsaachen fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg an Tréier ze sammelen. Eis éischt Collecte huet zäitgläich Samschdes Moies um P+R Bouillon an op der Käerjenger Gare statt fonnt.

En groussen Merci un all d'Benevollen déi eis sou kuerzfristeg bei der éischter Collecte, den 5. September, gehollef hunn. Hei gesitt der d'Benevollen vun der Käerjenger Gare, en Top Team!

Zu Tréier hunn Fräiwëlleger dann gehollef des Këschten sou séier wéi méiglech auszelueden an no engem System anzeraumen.

D'Ziel vun eisem éischten Projet "Sammelaktioun fir Flüchtlingen" war et Kleeder an Spillsaachen fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg an Tréier ze sammelen. Eis éischt Collecte huet zäitgläich Samschdes Moies um P+R Bouillon an op der Käerjenger Gare statt fonnt.
Well virun allem Däitschland vun enger héijer Unzuel un Flüchtlingen iwwerwältegt ginn ass a Solidaritéit keng Grenze kenne soll, hunn mer eng Kleeder- a Spillsaachen-Sammelaktioun gestart fir op verschidden Opnahmzentren an der Groussregioun ze verdeelen, virun allem zu Lëtzebuerg an Tréier.
Innerhalb vun zwou Wochen hunn mer d'Kleeder net nëmmen gesammelt, mee och triéiert an un d'Zentre geliwwert.
Am Ganze konnte mer bei zwou Collecten 40 Tonnen Kleeder sammelen, déi vun 217 Benevollen triéiert goufen. 107 Këschten sinn un de Foyer op der Weilerbaach gaangen, während iwwer 1000 Këschten direkt op Tréier an en Opnahmzentrum komm sinn.
Am Juni 2016 sinn de Michel an d'Amandine fir dës Sammelaktioun a stellvertriedend fir all Benevollen an der Flüchtlingsthematik mat engem Ordre d'Honneur vum Grand-Duc ausgezeechent ginn.