top of page
Projet smile
Den Projet an der Iwwersiicht
Detailer
All Kand verdéngt e flotten Niklosdag. A mir wëllen dobäi hëllefen. Dësen Niklosdag wëlle mir erëm sou vill wéi méiglech Kanner déi an engem Kannerheem, Flüchtlingsheem oder am Spidol liewen en Cadeau maachen. Si kréien eng Lëscht vu Cadeaue vun där si sech een eraus siche kënnen, wat den Hellegen Niklos da perséinlech laanscht bréngt.
Firwat?
2017, hunn zu Lëtzebuerg 1191 Kanner an Heemer oder bei Fleegefamilljen geliewt. Dobäi kommen nach Kanner a Flüchtlingsheemer a kriibskrank Kanner, déi am Spidol liewen. All dës Kanner hunn et verdéngt, wéi all anert Kand, op Niklosdag en Kaddo vum Hellegen Niklos ze kréien. An dëst Joer kritt de vill beschäftegten Niklos eis Hëllef!
Wéi dier hëllefen kennt
Dier kënnt eis bei dësem Projet op verschidde Weisen ënnerstëtzen. All Euro deen dir op eise Konto (LU86 0019 4655 8693 3000) mat der Kommunikatioun "Projet SMILE" spent, gëtt ausschliisslech dofir benotzt engem Kand en Cadeau ze kafen. Dir kënnt eis och beim Apake vun de Cadeauen hëllefen. Mëllt Iech dofir op
benevolat@association-narin.com.
Den Projet 2019
Sue gesammelt:
Kaddoen erméiglecht:
Zesummenaarbecht mat:
Gruppen an Heemer
Video vum Projet 2019
bottom of page