top of page

Zesummen Fir All

Jugend a Politik

Kontaktpersoun:

Michel Scholer

m.scholer@association-narin.com

Den Projet an der Iwwersiicht

Detailer

D'Idee ass et a Schoule mat Schüler zesummen ze schaffe fir si ze encouragéieren sech méi fir Politik ze intresséieren an sech ze engagéieren. Dofir benotze mer momentan d'Thema vun der Flüchtlingskris, well mer an deem Feld schonn eegen Erfahrunge gesammelt hunn an et en Thema ass wou vill an de Medien ass.

Firwat?

Vill Studie weisen dass Jugendlecher sech ëmmer manner fir Politik intresséieren an manner wëssen. Mier sinn awer iwwerzeegt, dass sou een Interesse absolut essentiell ass an enger Demokratie.

Well mer selwer Jugendlecher sinn, denke mer virun allem déi Jonk méi einfach ze erreeche wei vill Politiker.

Wéi dier hëllefen kennt

Wann dier selwer Proff sidd oder ee kennt, dann erzielt hinne vun eisem Projet fir dass mer sou vill wéi méiglech Schoulen a Klasse besiche kennen. Mee eise Projet ass net op Schoulen begrenzt. Mir besichen och gäre Jugend-Associatiounen. Egal wéi, kennt der iech beim Michel mëllen op m.scholer@association-narin.com.

Den Projet bis elo

Mier hunn bis elo 9 Schoulen besicht: de Lycée Belval, den Athénée Luxembourg, de Lycée Michel Rodange, de Lycée des Garçons Luxembourg, de Lycée Robert Schuman, de Lycée Technique Mathias Adam, de Lycée Technique Michel Lucius, de Lycée Hubert Clement an den Neie Lycée zu Miersch.

Eis Presentatioun ass bis elo iwwert 1400 Schüler virgestallt ginn. Iwwert 600 alleng am Lycée Technique Michel Lucius. An dësem Schouljoer konnte mir dann och schonn 3x souvill Schüler erreeche wéi nach dat Schouljoer virdrun.

Mir sinn ëmmer an Kontakt mat Schoulen fir weider Presentatiounen ze organiséieren, sou dass mer hoffen geschwënn weider Schüler ze motivéieren sech selwer ze engagéieren. Mee wann Dir selwer Professer sidd, kënnt Dir Iech och gären direkt bei eis mëllen fir eng Interventioun an ärer Schoul ze organiséieren.

Dir kënnt d'Power-Point Slides vun der Presentatioun entweder hei ënnen drënner gesinn oder iwwert de Knäppche riets eroflueden. Et ka virkommen, dass d'Slides net ganz aktuell sinn, well se ëmmer kuerz virun enger Presentatioun aktualiséiert ginn.

bottom of page