top of page

Zesummen Fir All

Intégratiouns-Iessen

Kontaktpersoun:

Amandine Rafael

a.rafael@association-narin.com

Den Projet an der Iwwersiicht

Detailer

D'Idee ass et Flüchtlingen a Lëtzebuerger bei engem Iessen zesummen ze bréngen, fir dass d'Leit sech kenne léieren. Mir mengen, dass den direkte Kontakt dobäi hëllefe ka Viruerteeler op béide Säiten ze besäitegen. Ausserdeem ass en flotten Nomëtten oder Owend mat vill Animatioun schonn un sech eng gutt Saach.

Firwat?

Säit d'Flüchtlingskris sech am Summer 2015 zougespëtzt huet, kommen a villen europäesche Länner ëmmer méi friemefeindlech Stëmmen op.

Et ass also indispensabel fir Viruerteeler aus der Welt ze schafen a zesummen fir eng erfollegräich Integratioun ze schaffen.

Wéi dier hëllefe kennt

Wann dier interesséiert sidd beim Event ze hëllefen (den nächsten Datum steet nach net fest), da schreift iech an eisem Bénévolat-Formulaire an. Mir kontaktéieren iech da soubal mer méi Detailer hunn. Wann dir soss gäre méi Informatiounen zum Event hätt, da mëllt iech beim Amandine op a.rafael@association-narin.com.

De Projet bis elo

IMG_0123_edited
IMG_0164
IMG_0155
IMG_0134
IMG_0142
IMG_0143
IMG_0146
12722278_922482657869210_990560754_o
12380916_922482761202533_1680963703_o
38
37
36
32
30
35
33
29
28
27
26
25
18
24
20
21
22
23
17
16
11
10
13
12
15
9
8
14

MERCI VIRUN ALLEM UN EIS BENEVOLlEN! DIR SIDD SUPPER! 

Zesumme mat der ASTI hunn mir den 12. Mäerz dat éischt Iessen organiséiert. Vun 14 - 17 Auer gouf et d'Méiglechkeet sech méi no kenne ze léieren. Nieft Iessen a Gedrénks goufen och Kanneraktivitéite proposéiert esou wéi eng Magier-Show, déi vill Succès hat. Ausserdeem huet ee vu den Flüchtlinge mat senger Gittar vir eng entspaanten Atmosphär gesuergt. 

Virun allem sinn eng Rei Flüchtlingen ausgezeechent ginn, déi mat Succès en Alphabetisatiounscours ofgeschloss hunn an elo Franséisch léiere kënnen. D'Association Narin gratuléiert de 26 Flüchtlingen déi och elo weider mam Franséischcours maachen. Et war en flotten Nomëtten a mir soe Merci un all déi Léit déi do waren, besonnesch dem Herr Xavier Bettel, deen och am Nomëtte laanscht koum an sech mat Benevollen a Flüchtlingen ausgetosch huet.  

#SOLIDARITY

bottom of page