Fussballs-Tournoi

D'Ziil vum Tournoi war et frëndschaftlech Bezéiungen tëschent den Awunner vu Lëtzebuerg a Flüchtlingen ze etabléieren an domadder eventuell Viruerteeler aus der Welt ze schafen. Dowéinst hunn mir d'Equippen mat Awunner a Flüchtlingen gemëscht fir dass d'Leit sech besser kenne léieren.

Den Tournoi war en groussen Succès. D'Spiller waren zefridden a vill hunn schonn ugekënnegt, dass si dat nächst Joer nach eng Kéier mat maache géifen. Vill Spiller hunn dann och ënnert eneen T-Shirten a Futtballsschong verschenkt. Och d'Benevollen an d'Visiteuren hunn d'Ambiance an d'Iessen genoss.

Mir wollten dem Fussballclub Alisontia Steesel an der Gemeng Steesel villmools Merci soen, dass si et eis erméiglecht hunn den Tournoi op hirem Terrain ze organiséieren. Och de ville Benevollen an Sponsoren - Pizza Hut, Brasserie Munhowen, Infopla, SNJ, Axa Agence Zenner a Groupe Manuel Cardoso - en groussen Merci fir d'Hëllef.

  • Facebook Social Icon
  • LinkedIn Social Icon

Contact:

info@association-narin.com

+352 661 298 868

Tél.:

Les activités de l'Association Narin a.s.b.l. sont soutenues par le projet "mateneen" de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

http://www.oeuvre.lu/initiatives/mateneen/

© 2017 by Association Narin