Eis Geschicht . . .
Nodeem am Summer 2015 all Woch méi Flüchtlingen an Europa ukomm sinn an ëmmer méi friemefeindlech Stëmmen haart gi sinn, hunn de Michel an d'Amandine eng privat Kleeder-Collecte fir Flüchtlingen gestart. Si hunn doropshin hier Kollegen iwwert Facebook encouragéiert mat ze spenden. Dësen Opruff huet sech séier verbreet, sou dass innerhalb vun zwou Wochen iwwert 15'000 Leit dovu gelies hunn a bal 40 Tonne Kleeder gespent goufen. Net nëmmen de Volume vun de Spenden, mee virun allem den Elan an Enthusiasmus vun den iwwert 200 Benevollen huet si iwwerwältegt an dozou bruecht eng A.S.B.L ze grënne fir an Zukunft kënne punktuell Aktioune fir bedürfteg Leit ze organiséieren.
Des A.S.B.L ass benannt nom Narin, engem syresche Meedchen, wat aus Kobane zu Fouss bis op Lëtzebuerg geflücht ass, an trotzdeem en Laachen an eng ustiechend Liewesfreed behalen huet !

"Des Associatioun versicht jidderengem säi Recht op gläich Méiglechkeeten ze fërderen an ze sécheren, onofhängeg vu senger Nationalitéit, sengem Geschlecht, senger Relioun, senger sexueller Orientatioun oder senge physesche Capacitéiten. Doduercher gëtt d'Ziel vun enger méi inklusiver Gesellschaft ugestrieft."
(Iwwersetzung vum Artikel 1 vun eisen Statuten)