Digital Sammelaktioun
- Zesummen mat Digital Inclusion a.s.b.l.
Zesumme mat Digital Inclusion a.s.b.l. huet d'Association Narin eng Sammelaktioun vu Laptops, Smartphones an Tablets organiséiert. Dës goufen da reparéiert oder recycléiert fir Leit disponibel ze maachen déi keen Zougang zum Internet hunn. Mir hunn och op Wonsch all d'Donnéeë komplett gelëscht oder den Hard Disk aus dem Computer geholl an alles op engem USB-Stick gespäichert.
D'Sammelaktioun mat Digital Inclusion a.s.b.l. an der Association Narin war ee grousse Succès. Mir konnten am Ganzen 86 elektronesch Apparater sammelen an doduerch ville Léit déi et brauchen eng grouss Freed maachen.
Mir wollten der City Concorde ee grousse Merci soen, dat mir eisen Stand do opbauen duerften.
Ee grousse Merci fir Digital Inclusion fir hier grouss Hëllef.
An den gréisste Merci gëllt un all déi Léit, déi eppes gespent hunn an déi eis ënnerstëtzen.
