Mee 2016: OGBL-Fest

Samschdes hunn Fräiwëlleger zesummen mat Flüchtlingen Spezialitéiten aus hiren Länner preparéiert.

Hei gesitt der en Taboulé no palestinensescher Recette vum Wafaa.

Eng Grupp vun Schüler aus der Benevolat-Optioun vum Lycée Michel Rodange hunn eis tatkräfteg ënnerstëtzt.

Samschdes hunn Fräiwëlleger zesummen mat Flüchtlingen Spezialitéiten aus hiren Länner preparéiert.
Eng erfollegräich Integratioun kann nëmme gelénge wann Awunner an Flüchtlingen sech a alldeegleche Situatioune begéinen. Mir sinn iwwerzeegt, dass zesumme kachen an iessen eng super Geleeënheet dofir ass. Dofir hunn mer den 30. Abrëll Fräiwëlleger a Flüchtlingen zesumme bruecht fir Spezialitéiten aus dem Irak, Syrien a Palestina ze kachen.
Dës Saache sinn dann den 1. Mee an der cuisine culturelle vun der ASTI um Fest vum OGBL an der Abtei Neumünster verkaaft ginn. Och hei konnten d'Flüchtlingen mat Fräiwëllegen an Visiteuren an Kontakt kommen. Mir krute vu béide Säiten - Flüchtlingen an Awunner - en immens positive Feedback a versichen an noer Zukunft eng ähnlech Aktioun ze organiséieren.