Em wat geet et am Syrien-Krich?
Dës Woch war den Biergerkrich an Syrien erëm een vun den Haaptthemen an den Noriichten. Zu London konnten d’Vertrieder vun villen developpéierten Länner sech dorop eenegen fir 6 Milliarden Dollar bis Enn vum Joer un d’Affer vum Krich ze spenden. Gläichzäiteg huet an Syrien selwer eng nei Regierungs-Attack op déi gréissten Stad vum Land, Aleppo, dozou gefouert, dass zéngdausenden Leit Richtung Tierkei geflücht sinn. Mee wéi ass et zu deem Krich komm? Ween bekämpft ween? An fir