Wat huet d'EZB an der Finanzkriis gemaach?
Nodeems mer déi lescht Woch iwwert déi verschidden Rollen geschwat hunn, déi eng Zentralbank an enger Economie erfellt, geet et dës Woch drem wat d’Europäesch Zentralbank (EZB) dann an den leschten Joeren gemaach huet säitdeems 2008 d’Finanzkriis ugefangen huet. Als éischt zur EZB selwer. D’EZB ass säit 1998 d’Zentralbank vum Euro an këmmert sech domadder em d’Geldpolitik vun den 19 Länner déi an der Eurozone sinn. An den EU-Verträg steet dass der EZB hier Haaptroll d’Stabili