Brexit Pt. III: No den englesche Wahlen

Säit Ënn Mäerz dëst Joer ass den Artikel 50 vun England aktivéiert. Säit deem ass de Verhandlungsprozess fir de sougenannte Brexit offiziell lancéiert. Obwuel dës Decisioun an engem Referendum geholl gouf, hat déi britesch Premierministesch Theresa May fir den 08. Juni Neiwahle virgezunn. Firwat goufen dës Wahle gehalen ? Wéi sinn se ausgaangen ? A wat si méiglech Konsequenze fir de Brexit-Prozess an d’Situatioun vun Nordirland? Den Haaptgrond deen d’May genannt huet fir d’Wahlen ze organiséieren, war fir hir « Hand an de Verhandlungen [iwwert de Brexit] ze stäerken ». Eng héich Victoire hätt hir op 2 Aart a Weise gehollef. Engersäits hätt si kéinte mat der EU verhandele mat der Gewëssheet

Wéi geet et weider mam Paräis-Traité?

Dem Donald Trump seng Ukënnegung ënnert der Woch aus dem Paräisser Klimaaccord erauszeklammen huet international ganz héich Welle geschloen. Den Accord aus dem Joer 2015, dee jo d’Äerderwiermung op Maximum 2°Celsius bis zum Joer 2100 begrenze soll, géif den USA a virun allem hirer Ekonomie schueden, sou den Trump. Domatten huet den amerikanesche President ee vu senge Wahlverspriechen ageléist, och wann vill international Partner dës Decisioun kritiséiert hunn. Mee wéi eng Konsequenzen huet des Decisioun vir de weltwäite Klimaschutz? An wat bedeit dat vir de Paräisser Accord wann den 2. gréisste CO2 Produzent net méi mat maache well ? D’Zil vum Accord dass et d’Äerderwiermung op 2°Celsius bi

Les activités de l'Association Narin a.s.b.l. sont soutenues par le projet "mateneen" de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

http://www.oeuvre.lu/initiatives/mateneen/

© 2017 by Association Narin