Wat sinn d'Transatlantesch Bezéiungen?

Déi lescht Woch ware fir déi transatlantesch Bezéiungen wichteg Evenementer. Engersäits gouf ët en NATO an awer och de G7 Sommet. Ënnert transatlantesche Bezéiungen versteet een eng enk Kollaboratioun zwëschen Europa an Nordamerika, haaptsächlech der USA. Dowéinst wëlle mir dës Woch erkläre wisou dëst esou wichteg fir déi europäesch Aussepolitik ass. Den Ufank vun de transatlanteschen Bezéiungen zwëschen Europa an den USA war nom Zweete Weltkrich entstanen. D’USA hunn sech entscheet Europa ze hëllefen an ërem opzebauen, wat si nom Éischte Weltkrich net gemaach haten. Dat ass haaptsächlech duerch de Marshall-Plang geschitt. D’USA hunn den europäesche Staaten Sue ginn, dat si hir Wirtschaft e

Wat ass en Nationalkongress?

Déi lescht Wochen hunn all Partein zu Lëtzebuerg hir Nationalkongresser ofgehalen a sech op d'Gemengewalen am Oktober agestëmmt. Mä wat ass esou e Nationalkongress eigentlech? Iwwert wat gëtt do geschwat a decidéiert? Des Woch brénge mer iech dat méi no. An der Basis ass e Nationalkongress vun enger politescher Partei e Rendez-Vous, deen normalerweis all Joer statt fënnt an op deem sech d´Memberen aus där Partei aus dem ganze Land treffen. Am normale Fall, ginn op engem Nationalkongress déi grondleeënd Ideologie an déi politesch Grondsätz vun der Partei presentéiert. Ausgeschafft ginn déi vun de Bezierker a vun den Ënnerorganisatioune (z.B. fir Senioren oder fir déi Jonk) vun enger Partei. D

Wat ass dem Trump seng Russland-Affär?

Dës Woch war eng immens chaotesch fir den US-President Donald Trump. Nieft villen neien Erkenntnisser iwwert seng Verbindungen mat Russland, huet hien fir vill Opreege gesuergt wéi en den FBI-Direkter Comey vun sengem Posten entfernt huet. Mir huelen dës Geleeënheet fir iwwert dem Trump seng Russland-Affär ze schreiwen. Em wat geet et genau ? Wat ass gewosst ? An kann dës Affär dem Trump geféierlech ginn ? Déi nei Erkenntnisser deiten dorops hin, dass d’Verbindungen tëscht dem Trump an Russland schonn zeréck ginn an d’Zäit virun den Wahlen. Et ass elo gewosst, dass vill vum Trump sengen enksten Beroder sech deemools mam russeschen Ambassadeur Sergei Kislyak getraff hunn. Em wat et an dësen M

100 Deeg Donald Trump

Den Donald Trump ass elo eppes iwwert 100 Deeg President vun de Vereenegte Staaten vun Amerika. Hien huet während dem Walkampf vill versprach an elo gouf dann och gespaant op seng 100 Deeg zeréck gebléckt fir ze évaluéieren ob hien schon en Deel vun sengen Verspriechen anhaalen konnt. Den Donald Trump selwer huet en Editorial iwwert seng éischt 100 Deeg geschriwwen. Do seet hien, dat hien d’politesch Muecht net vun enger Partei ob déi aner transferéiert huet, mee hien huet déi Muecht aus Washington zeréck un d’Bierger ginn. Hien ass och der Meenung, dass d’Medien net iwwert säi Succès schreiwen, well si vum momentanen System profitéieren. An sengem Editorial weist hien dann och op e puer kon

Wéi geet et weider mam Macron?

D’Europahymn gëtt gespillt, wéi den Emmanuel Macron senge Wieler virum Louvre zu Paräis entgéinttrëtt – e klore Statement pro Europa vum kënftege franséische President. De Sonndeg huet de 39-järegen parteionofhängege Politik-Newcomer mat 66% vun de Stëmmen d’Presidentschaftswahlen a Frankräich gewonnen, an domat seng Konkurrentin Marine Le Pen ausgestach. Vill Politiker an Bierger an Europa waren erliichtert, well d’Gewannen vum Marine Le Pen nom Brexit a matten an enger Flüchtlingskris e weidert Suergekand fir d’Europäesch Unioun gewiescht wier. Mee wéi wäert et fir Frankräich weider goen ënnert engem President Macron? Bis elo ass net ganz kloer, wéi hie sech an verschidden Themen selwer po

Les activités de l'Association Narin a.s.b.l. sont soutenues par le projet "mateneen" de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

http://www.oeuvre.lu/initiatives/mateneen/

© 2017 by Association Narin